COVID-19 "Booster"-Impfung: Nei Modalitéiten fir den Impf-Rendez-vous ab dem 1.12.2021

Ab dem 1. Dezember 2021, kann den Impf-Rappel géint COVID-19 ("Booster" oder "3. Dosis") just nach op Rendez-vous an engem vun den 3 Impfzentere Victor Hugo, Esch-Belval oder Ettelbréck agi ginn. Déi erwuesse Populatioun déi vum Impf-Rappel betraff ass, ass gebieden op d'Invitatioun ze waarden, déi se vun der Lëtzebuerger Regierung per Post geschéckt kritt, mat detailléierten Instruktiounen iwwert d'Demarche. 

An den 3 Impfzenteren ka just nach déi éischt Dosis ouni Rendez-vous gemaach ginn.

Vum Impf-Rappel géint de COVID-19 si Persounen a follgende Fäll betraff:

  • bei enger Impfung mat 2 Dosissen (Moderna, BioNTech/Pfizer): 6 Méint no enger kompletter Éischtimpfung
  • bei enger Impfung mat 2 Dosissen (AstraZeneca): 4 Méint no enger kompletter Éischtimpfung
  • bei enger Impfung mat 1 Dosis (Johnson & Johnson): 1 Mount no enger kompletter Éischtimpfung

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert