COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 8. bis de 14. November

An der Woch vum 8. bis de 14. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.211 op 1.444 geklommen (+19%).

Vun den 1.444 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 356,49 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 157,23 Fäll pro 100.000 Awunner.

Et sief drop higewisen, datt net geimpfte Persounen engem duebel esou héije Risiko ausgesat sinn, wéi Persounen mat engem kompletten Impfschutz.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou ware 17 vun den 31 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (14 haten ee kompletten Impfschutz). An der Intensivfleeg waren 8 vun den 14 Patienten net geimpft.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 8. bis de 14. November duerchgefouert goufen, ass vu 17.316 op 18.904 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 23 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 26 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 441. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufen 804 positiv Fäll gemellt (mat 0 Fäll an der Woch vum 8. bis de 14. November). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéistaux net matgerechent ginn.

De 14. November war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 2.608 geklommen (am Verglach zu 2.285 de 07.11.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 80.157 op 81.270 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass vu 36,1 Joer op 35,4 Joer liicht erofgaangen.

An der Woch vum 8. bis de 14. November, gouf et 8 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 79 Joer.

An de Spideeler goufen et 31 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 29 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun geet d'Zuel vun de beluechte Better vun 13 op 14 erop. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vun 57 op 58 Joer eropgaangen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,01 géintiwwer 1,11 an der viregter Woch, liicht erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance,Contacttracing) ass op 7,64% géintiwwer, 6,99% an der Woch virdrun, geklommen.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 228 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 191 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenz-Taux an all den Altersgruppe geklommen, ausser der Kategorie vu 75+ Joer. Déi héchsten Haussë gëtt et bei den Altersgruppe vu 30-44 Joer (+32%), vu 45-59 Joer (+23%) a vu 15-29 Joer (+21%). Deen héchsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vun 0-14 Joer mat 339 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vu 75+ Joer.

Quarantän, Isolatioun a Kontaminatiounen

Aus technesche Grënn konnten d'Daten zur Unzuel u Kontakter, zu de Quarantänen, zu den Isolatiounen an zu de Kontaminatiounen net rechtzäiteg fir d'Publikatioun vun dësem Wocheréckbléck zesummegestallt ginn.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 8. bis de 14. November, goufen am Ganzen 13.387 Dosissen aginn. 3.396 Persoune kruten eng 1. Dosis, 2.491 kruten déi 2. Dosis an 7.500 Persoune kruten eng komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschutz. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 17. November op 864.030.

422.453 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 76,4% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwert 12 Joer).

Zousätzlech Impfdosis ("Booster")

All Persoun, déi fir eng zousätzlech Impfdosis ("Booster-Impfung") no der initialer Impfung a Fro kënnt, kritt spéitstens 1 Woch nom Oflafen vun engem Delai vu 6 Méint (am Fall vun enger initialer Impfung mat mit AstraZeneca, Moderna oder BioNTech/Pfizer) bzw vun 1 Mount (bei enger Impfung mat Janssen) eng Invitatioun fir sech impfen ze loossen.

Déi betraffe Persoune kréie vun der Lëtzebuerger Regierung eng Impf-Invitatioun per Post geschéckt, mat detailléierten Informatiounen fir en Impf-Rendez-vous an engem vun den 3 Impfzenteren oder beim Hausdokter ze huelen.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 8. bis de 14. November ënnersicht goufen, hunn eng nach ëmmer héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. D'Resultater vun dëser Woch weisen eng liicht Erhéijung vun de SARS-CoV-2-Stréim, woubäi d'Wäerter nees op engem änleche Niveau si wéi viru 15 Deeg. Déi generell Tendez iwwert e puer Wochen oder Méint gekuckt, weist kloer no uewen. Dës Hausse ass awer éischter lues a progressiv par rapport zu de Welle virdrun. Eng generell Tendenz no uewen ass och um regionalen Niveau fir déi meescht analyséiert Kläranlagen ze erkennen, ouni regional Disparitéiten.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/

 

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert