Nei Demarche fir e Rendez-vous am Kader vum Large Scale Testing ze huelen

Ab Sonndeg dem 20. Juni, wäert all Persoun ab 6 Joer, déi eng Matricule huet, e Rendez-vous fir ee PCR-Test am Kader vum Large Scale Testing iwwert covidtesting.lu huele kënnen. Dëse gratis a fräiwëllegen Zougang soll Persounen, déi bis elo nach geimpft konnte ginn, d'Méiglechkeet ginn ee PCR-Test maachen ze loossen. Bei engem negativen Testresultat kréie si een negative COVID-19 Test-Certificat am europäesche Format mat engem séchere QR-Code (EU-DCC).

Wéi am leschte Regierungsrot decidéiert, wäert de Large Scale Testing tëschent dem 16. Juli an dem 15. September un engem representativen Echantillon vun der Bevëlkerung oprechterhale ginn. Dëst betrëfft och déi serologesch Tester. D'Invitatioune fir déi serologesch Tester gi fir d'Rentrée am September verstäerkt verschéckt.

Doriwwer eraus gëtt de reegelméissege Monitoring vun eelere Leit, déi an engem Alters- oder Fleegeheem liewen, bäibehalen, genausou wéi d'Méiglechkeet, Zilgruppen anzelueden oder ad hoc mat de mobillen Ekippen z'intervenéieren.

Als Rappel: déi 8 Teststatiounen an d'Statioun um Findel si weiderhi fir Tester disponibel.

D'Zil vum Large Scale Testing - Phas 3 (LST3) ass et, déi epidemiologesch Situatioun effikass z'iwwerwaachen, d'Impfcampagne ze suivéieren an d'Ausbreedung vum Virus ze kontrolléieren.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert