COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 7. bis den 13. Juni

An der Woch vum 7. bis den 13. Juni, a fir déi 11. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 324 op 189 (-41,6%) weider erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, déi vun 908 op 742 Kontakter erofgaangen ass (-18,2%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 7. bis den 13. Juni duerchgefouert goufen, ass vu 47.273 op 45.745 erofgaangen.

230 Persounen hunn e positiven Antigen-Schnelltest gemellt.

Den 13. Juni war d'Zuel vun den aktiven Infektioune mat 500 nees erofgaangen (am Verglach zu 677 de 06.06), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 68.761 op 69.127 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll bleift mat 33 Joer relativ stabel.

D'Woch vum 7. bis den 13. Juni ass déi éischt Woch, säit der Woch vum 21. bis de 27. September 2020, wou et keen neien Doudesfall am Zesummenhang mat COVID-19 gouf (2 Doudesfäll gouf et an der Woch virdrun).

De Réckgang an de Spideeler hält weider un, mat enger Baisse vu 15 op 12 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better och vu 4 op 2 zeréckgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente bleift stabel bei 54 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) op 0,69 erofgaangen (géintiwwer 0,89 an der viregter Woch), an de Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing) ass, mat 0,41% par rapport zu 0,69% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt), och zeréckgaangen. Déi selwecht Tendenz gëtt et och beim Positivitéitstaux vun den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, deen elo bei 1,19% läit, géintiwwer 1,91% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux geet kloer weider erof a läit op 7 Deeg bei 30 Fäll pro 100.000 Awunner, am Verglach zu 51 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch vum 31. Mee. Am Verglach zu der viregter Woch geet den Inzidenz-Taux bei den Alterstranchen tëschent 0 a 60 Joer ëm 40% bis 60% erof. An der leschter Woch gouf et 6 Fäll vu COVID-19 an der Alterstranche 75+ Joer, wat eng liicht Hausse par Rapport zu der Woch virdru bedeit (+2,4 Fäll). D'Alterstranche vu 15-29 Joer weist deen héchsten Inzidenz-Taux op, mat 44 Fäll pro 100.000 Awunner.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 7. bis den 13. Juni, ware 686 Persounen an Isolatioun (-18%) a 663 a Quarantän (-16% par rapport zu der Woch virdrun).

Kontaminatiounen

Fir déi 189 nei Fäll bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 45,5% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Reesen a d'Ausland (5,8%) an d'Fräizäitaktivitéiten (4,8%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 39,1% erofgaangen.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 7. bis den 13. Juni, goufen am Ganze 50.111 Dosissen aginn. 17.426 Persoune kruten eng 1. Dosis an 32.685 kruten déi 2. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 15. Juni op 452.571 (1. an 2. Dosis). 197.036 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz.

Den 3. monatleche Rapport iwwert d'Niewewierkunge vun de COVID-19-Impfunge kann um Site covid19.lu ënnert folgendem Link opgeruff ginn: https://covid19.public.lu/fr/vaccination/infovaxx.html.

Evolutioun vun de Varianten

An der Woch vum 31. Mee bis de 6. Juni louch de Sequenzéierungtaux bei 45,1%.

Fir déi 324 Echantillonen, déi fir d'Kalennerwoch 22/2021 duerchgefouert goufen, konnt folgend Verdeelung vun de Variante festgestallt ginn:

  • d'Alpha-Variant (brittesch Variant B.1.1.7) representéiert 47,4% vun de Fäll, am Verglach zu 66% an der Woch 21
  • d'Delta-Variant (indesch Variant B.1.617.2) representéiert 30,9% vun de Fäll, am Verglach zu 15,4% an der Woch 21
  • keen neie Fall vun der Beta-Variant (südafrikanesch Variant B.1.351) gouf detektéiert (3,1% an der Woch 21)
  • keen neie Fall vun der Gamma-Variant (brasilianesch Variant P.1) gouf detektéiert (2,1% an der Woch 21)

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch 23/2021 ënnersicht goufen, weist eng konstant Tendenz no ënnen an deene leschte Wochen, woubäi de Kontaminatiounsniveau a verschidde Kläranlagen no oder ënnert der Limitt loung, fir detektéiert kënnen ze ginn. Dës Tendenz muss allerdéngs duerch d'Analyse vun deenen nächste Woche confirméiert ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert