COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 31. Mee bis de 6. Juni

An der Woch vum 31. Mee bis de 6. Juni a fir déi 10. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 354 op 324 (-8,5%) weider liicht erofgaangen, woubäi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vu 766 op 908 Kontakter geklommen ass (+18,5%).

Et sief unzemierken, dass d'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 31. Mee bis de 6. Juni duerchgefouert goufen, vu 44.490 op 47.272 geklommen ass.

217 Persounen hunn e positiven Antigen-Schnelltest gemellt.

De 6. Juni war d'Zuel vun den aktiven Infektioune mat 675 nees erofgaangen (am Verglach zu 883 den 30.05), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 68.233 op 68.763 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass liicht vun 32,6 op 33,9 Joer geklommen.

D'Zuel vun den neien Doudesfäll ass ëm d'Hallschent erofgaangen, mat 2 Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass op 57 Joer staark erofgaangen.

De Réckgang an de Spideeler hält weider un, mat enger Baisse vun 19 op 15 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better och vun 13 op 4 substanziell zeréckgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten bleift stabel bei 55 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,89 relativ stabel bliwwen (géintiwwer 0,82 an der viregter Woch), an de Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing) ass liicht zeréckgaangen, mat 0,69% par rapport zu 0,80% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt). Déi selwecht Tendenz gëtt et och beim Positivitéitstaux vun den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, deen elo bei 1,92% läit, géintiwwer 2,25% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux geet weider erof a läit op 7 Deeg bei 51 Fäll pro 100.000 Awunner, am Verglach zu 56 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch vum 24. Mee. Am Verglach zu der viregter Woch geet den Inzidenz-Taux bei den Alterstranchë vu 0-14 Joer (-10%), 15-29 Joer (-9%), 30-44 Joer (-1%) a 45-49 Joer (-3%) zeréck. D'Alterstranche vu 75+ Joer weist deen niddregsten Inzidenz-Taux op, mat 9,6 Fäll pro 100.000 Awunner, dono kënnt d'Alterstranche vu 60-74 Joer, mat 24 Fäll pro 100.000 Awunner. Den héchsten Inzidenz-Taux gëtt et bei der Alterstranche 15-29 Joer, mat 80 Fäll pro 100.000 Awunner.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 31. Mee bis de 6. Juni, waren 836 Persounen an Isolatioun (-28%) a 789 a Quarantän (-30% par rapport zu der Woch virdrun).

Kontaminatiounen

Fir déi 324 nei Fäll bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 35,1% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Fräizäitaktivitéiten (5,1%) a Reesen a d'Ausland (3,9%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 50% geklommen.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 31. Mee bis de 6. Juni goufen 43.934 Dosissen ingesamt aginn, wat der bal duebel esou vill si wéi déi Woch virdrun. 22.769 Persoune kruten eng 1. Dosis an 21.165 kruten déi 2. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 8. Juni op 406.570 (1. an 2. Dosis). 163.500 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz.

Evolutioun vun de Varianten

An der Woch vum 24. bis den 30. Mee louch de Sequenzéierungtaux bei 55,4%.

Fir déi 354 Echantillonen, déi fir d'Kalennerwoch 21/2021 duerchgefouert goufen, konnt folgend Verdeelung vun de Variante festgestallt ginn:

  • d'Alpha-Variant (brittesch Variant B.1.1.7) representéiert 66% vun de Fäll, am Verglach zu 76,1% an der Woch 20
  • d'Delta-Variant (indesch Variant B.1.617.2) representéiert 16,3% vun de Fäll, am Verglach zu 7,5% an der Woch 20
  • d'Beta-Variant (südafrikanesch Variant B.1.351) representéiert 2,8% vun de Fäll, am Verglach zu 2,5% an der Woch 20
  • d'Gamma-Variant (brasilianesch Variant P.1) representéiert 2,1% vun de Fäll, am Verglach zu 2,2% an der Woch 20

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun de Wochen 21 an 22/2021 ënnersicht goufen, weist eng konstant Tendenz no ënnen an deene leschte Wochen, mat enger Stabilisatioun vum Signal bei deene leschten Analysen. Dës Tendenz muss allerdéngs duerch d'Analyse vun deenen nächste Woche confirméiert ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert