Déi nei COVID-19-Teststrategie: ee weidere Schratt a Richtung Normalitéit

Verdeelung vun Antigène-Selbsttester

Nieft de PCR-Tester, déi op Ordonnance a medezineschen Laboratoiren oder am Kader vum Large Scale Testing gemaach ginn, an den Antigènë-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert ginn, gesäit d'Regierung am Kader vu senger Teststrategie nach zousätzlech eng breet Verdeelung vun Antigène-Selbsttester vir. Dës Verdeelung ass fir de Grand public bestëmmt, deen dës Selbsttester selwer duerchféiere kann. 

  1. ©MSAN

    (vu l. no r.) Paulette Lenert, Gesondheetsministesch ; Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé
  2. ©MSAN

    Dr Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé
  3. ©MSAN

    Paulette Lenert, Gesondheetsministesch

 

D'Aféierung vu Selbsttester ass ee Bestanddeel vun der Teststrategie vun der Regierung, déi zu enger progressiver Reprise vum sozio-ekonomesche Liewen an zu enger neier Normalitéit bäidroe soll. Mat de Selbsttester ass et méiglech, d'Lëtzebuerger Bevëlkerung nach méi ëmfaassend a reegelméisseg ze testen. Dës Tester, déi einfach ze benotze sinn, kritt ee säit Kuerzem an de Geschäfter oder Apdikten ze kafen. De Virdeel vun dëse Selbsttester ass, dass se iwwert een einfachen Ofstréch an der Nues gemaach ginn, an dass dee méi déiwen an dacks onangeneemen Ofstréch an dësem Fall net noutwendeg ass. 

Duerch hir méi limitéiert Capacitéit eng méiglech Infektioun ze detektéieren, ersetzen dës Selbsttester allerdéngs weder de PCR-Test am Kader vum Large Scale Testing nach PCR-Tester op Ordonnance. Villméi handelt et sech ëm eng zousätzlech Mesure fir d'Verbreedung vum Virus anzedämmen. Zousätzlech zu dësen Tester mussen d'Hygiènesmesuren an d'Geste-barrièrë weiderhin agehale ginn.

D'Verdeelung vun den Antigène-Selbsttester baséiert op 5 Pilieren:

1. Reegelméisseg Liwwerunge fir déi prioritär Beräicher am Kampf géint de Virus: 

  • Spideeler a spezialiséiert Strukturen
  • COPAS, FEDAS an aner Aktivitéiten am Beräich vun eelere Persounen a Leit mat enger Behënnerung
  • Strukturen aus dem soziale Beräich, besonnesch am konventionéierte Secteur 
  • Schoul- an Héichschoulberäich

Et sief nach drun erënnert, dass säit Oktober-November reegelméisseg Antigène-Schnelltester u Spideeler a Strukture fir eeler Persounen oder fir Persoune mat enger Behënnerung verdeelt ginn. 

2. Verdeelung vun engem "Starter Kit" fir déi berufflech aktiv Bevëlkerung: 

  • Privat Entreprisen, Fräiberuffler, Saisonsaarbechter an Etablissement-publicen (säit dem 17. Mee)
  • Fonction publique (säit dem 17. Mee)
  • Fonction publique am kommunale Secteur (säit dem 15. Mee)
  • Fonction publique an europäeschen an internationalen Institutiounen (säit dem 18. Mee)

3. Verdeelung vu Bonge fir de Rescht vun der Bevëlkerung (pro Haushalt):

  • Rentner 
  • Beneficiairë vum Revis 
  • Beneficiairë vun enger Chômage-Indemnitéit

All betraffenen Haushalt kritt ee gesécherte Bong zougeschéckt, mat deem een eng Këscht mat Tester zesumme mat engem Informatiouns-Flyer ofhuele kann. Den Envoi vun dëse Bongen huet de 14. Mee ugefaangen an leeft wärend 2 Wochen. Et sief ze bemierken, dass all Haushalt nëmmen ee Bong kritt, och wa méi Persounen zum Haushalt gehéieren. D'Selbsttester (Wondfo Test Antigene Rapid nCoV) kënnen op Presentatioun vum Bong ab dem 20. Mee an den entspriechenden Apdikten ofgeholl ginn. 

  • Och d'Seniore-Clubben, d'Aktivitéite fir Senioren an d'Iessen-op-Rieder-Servicer kréie Selbsttester zur Verfügung gestallt.

4. Eemoleg Verdeelung vun Antigène-Selbsttester am Kader vun enger progressiver Erëffnung: 

  • Horeca-Secteur 
  • Kultur-Secteur 
  • Sport-Secteur

5. Fir am Fall vun enger staarker Hausse vun den Infektiounszuele schnell kënnen ze reagéieren, ass eng national Reserv vu Selbsttester virgesinn. D'Zil vun dëser Moossnam ass et, bei Bedarf, d'Verbreedung vum Virus anzedämmen, an dëst duerch e séiert Agräifen bei engem groussen Deel vun der Bevëlkerung, amplaz nei Aschränkungen mussen anzeféieren. 

Bis haut goufe 17 Millioune Selbsttester bestallt. D'Liwwerunge vun de bestallten Tester sinn den Ament amgaangen a misste bis Mëtt Mee ofgeschloss sinn.

Wie kann en Antigène-Schnelltest ausféieren an zertifiéieren?

 

Déi iwwerflächlech Ofstrécher kënne vu jiddwerengem bei enger anerer Persoun duerchgefouert ginn, oder am Kader vun engem Selbsttest, och bei sech selwer, ouni dass eng spezifesch Formatioun néideg ass.

D'Resultat vun engem Schnelltest kann zertifiéiert gi vun: 

  • medezineschem Fachpersonal (Dokter, Apdikter, Aide-soignant, Infirmier, Anästhesie-Infirmier, Pediatrie-Infirmier, Psychiatrie-Infirmier, Hiewan, Laborant, Masseur-Kiné, Osteopath), dat eng Zouloossung huet fir zu Lëtzebuerg ze schaffen, 

oder

  • engem Employé oder Fonctionnaire public deen zu dësem Zweck vum Direkter vun der Santé designéiert gouf. 

Dës Persoune kënnen d'Resultat vum Schnelltest allerdéngs just zertifiéieren, wann déi betraffe Persoun den Test direkt ënnert hirer Opsiicht duerchgefouert huet. 

De Certificat gëtt op Basis vun engem Modell erstallt, dee vun der Gesondheetsdirektioun elaboréiert gouf.

Wat maache bei engem positiven Selbsttest?

 

Wann Äre Selbsttest positiv ass, musst Dir direkt an Eegen-Isolatioun goen an d'Resultat op www.covidtracing.public.lu mellen. Et gëtt recommandéiert, d'Resultat vum Selbsttest duerch ee PCR-Test confirméieren ze loossen. Et ass och wichteg, Är enk Kontakter z'informéieren, fir dass si an Eege-Quarantän ginn.

Et sief dorun erënnert, dass Antigène-Schnelltester, déi vu Fachpersonal duerchgefouert ginn, och direkt vum Fachpersonal deklaréiert ginn.

Weider Informatioune fannt Dir op www.covid19.lu: Contact Tracing an op YouTube: Antigène-Selbsttest - YouTube

Weider Informatiounen zu den Antigène-Tester: Selbsttester an op Youtube: Expert Q&A: Dr. Thomas Dentzer - #2-4 Antigen-Tester - YouTube

 

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert