Zertifiéiert Antigène-Schnelltester kënnen ab dem 12. Mee an deenen éischten Apdikte gemaach ginn

Ab dem 12. Mee kënnen Antigène-Schnelltester (RAT) per Ofstréch an der Nues, an awer och Selbsttester, an den éischten Apdikten gemaach an zertifiéiert ginn. All d'Apdikten, déi hei matmaachen, bidden dëse Service ab dem Méindeg 17. Mee un. D'Testresultat kritt een a manner wéi 30 Minutten.

Déi bedeelegt Apdikten stellen ee speziell dofir agriichte Raum zur Verfügung an definéieren déi verschidde Modalitéite selwer, z. B. ob et obligatoresch ass ee Rendez-vous ze huelen oder ob et ee System ouni Rendez-vous gëtt, mee mat der Méiglechkeet, sech zu bestëmmten Auerzäiten testen ze loossen.

Am Kontext vun der limitéierter Unzuel u Patienten, déi gläichzäiteg an d'Apdikt eran dierfen, gëtt de Leit generell ugeroden déi jeeweileg Apdikt am Viraus ze kontaktéieren, fir sech iwwert déi spezifesch Prozedur z'informéieren. Et sief och drop higewisen, dass d'Tester net duerchgefouert kënne ginn, wann d'Apdikt Garde huet.

Patienten, déi Symptomer vun enger COVID-19-Infektioun opweisen, si gebieden net an d'Apdikt ze goen.

Nom Test kritt déi geteste Persoun ee Certificat mam Resultat. Dëse Certificat, deen eng Ënnerschrëft vum Gesondheetsberuffler an e Logo vun der Gesondheetsdirektioun drop huet, gëlt als Beweis vun engem negativen Testresultat, wéi se z. B. gefrot gi fir verschidden Deplacementer, Aktivitéiten oder Entréeën (z. B. Restauranten, Caféen, Concerten, ...)

Ee positiivt Resultat gëtt direkt vum Gesondheetsberuffler bei der Gesondheetsdirektioun deklaréiert, fir den Patient kënnen ze begleeden an de Contacttracing ze lancéieren.

D'Käschte vum Test gi vun der Persoun, déi sech teste léisst, gedroen.

D'Lëscht vun den Apdikten déi Antigène-Schnelltester duerchféieren, kann op www.pharmacie.lu an op covid19.lu nogekuckt ginn.
 

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Apdikteschsyndikat (Syndicat des Pharmaciens Luxembourgeois, SPL)

Aktualiséiert