Communiqué a Relatioun mat den neie sanitäre Mesurë fir Deplacementer aus Indie mat Destinatioun Lëtzebuerg

Wéinst der Evolutioun vum Coronavirus SARS-CoV-2 um internationalen Niveau, a besonnesch an Indien, an der Zirkulatioun vu mutéierte Stämm vum Virus SARS-CoV-2, bei deenen d'Ustiechungsgefor méi héich soll sinn an déi dowéinst d'Populatioun engem méi héijen Infektiounsrisiko aussetzen, informéieren den Aussen- an Europaministère an de Gesondheetsministère iwwert déi nei zousätzlech sanitär Mesuren, déi vum 1. Mee 2021 bis de 15. Mee 2021 inclus gëllen, an dat fir all Deplacementer aus Indie mat Destinatioun Lëtzebuerg.

Jiddwereen, dee sech bannent 14 Deeg viru senger Arrivée zu Lëtzebuerg an Indien opgehalen huet, muss, soubal en hei am Land ukënnt, een COVID-19-Test (PCR-, TMA- oder LAMP-Methoden [1]) duerchféiere loossen. Wichteg ass, dass ee beim Test de Laboratoire fir medezinesch Analysen op säin Openthalt an Indien hiweist. Dës Test-Obligatioun gëllt fir all Persoun, déi sech 14 Deeg virun hirer Arees op Lëtzebuerg, an Indien opgehalen huet, an dëst onofhängeg vum Transportmëttel a vun der Dauer vum Openthalt an Indien oder zu Lëtzebuerg. All Persoun déi iwwert de Loftwee an de Grand-Duché areest, huet d'Méiglechkeet dësen Test gratis am COVID-19-Testzenter um Flughafen ze realiséieren.

Déi betraffe Persoune mussen direkt no hirer Arrivée am Grand-Duché fir eng Dauer vu 7 Deeg an eng strikt Quarantän, an ab dem 6. Dag vun der Quarantän een 2. Test op SARS-CoV-2 duerch Amplifikatioun vum viralen RNA (PCR-, TMA- oder LAMP-Methoden) duerchféiere loossen. Bei Verweigerung vum Test no der Arrivée oder no der Quarantän vu 7 Deeg, gëtt déi obligatoresch Quarantän ëm 7 Deeg verlängert, op also insgesamt 14 Deeg.

Déi betraffe Persoune si verflicht sech bei der Inspection sanitaire ze mellen (per E-Mail: contact-covid@ms.etat.lu oder Telefon: 247-65533), déi fir de Monitoring an den Tracing zoustänneg ass.

Als Rappel: déi bestoend Mesurë bleiwe weiderhin a Kraaft. Dat bedeit, dass jiddwereen, dee 6 Joer oder méi al ass a mam Fliger Destinatioun Lëtzebuerg fléie wëll, onofhängeg vu senger Nationalitéit, virum Boarding een negatiivt Testresultat (op Pabeier oder elektronesch) vun engem Test op SARS-CoV-2 duerch Amplifikatioun vum viralen RNA (PCR-, TMA- oder LAMP-Methoden) oder engem Antigen-Schnelltest [2] virleeë muss. Deen Test dierf net méi al si wéi 72 Stonnen a muss vun engem Laboratoire fir medezinesch Analysen oder all aner dofir zougeloossener Entitéit ausgestallt gi sinn.

D'Obligatioune vun den Tester déi fir jiddwereen zoutreffen, dee mam Fliger op Lëtzebuerg areesen wëll, kommen zu den temporäre Restriktiounen dobäi, déi scho fir net essentiell Reesen an d'Europäesch Unioun gëllen.

D'Detailer zu de Restriktiounen an den verschiddenen Ausnamen, fannt Dir op folgender Internetsäit: https://covid19.public.lu/lb/reesen/letzebuerg-besichen.html.

[1] PCR: polymerase chain reaction; TMA: transcription-mediated amplification; LAMP: loop-mediated isothermal amplification

[2] Entspriechend de Krittäre vun der Weltgesondheetsorganisatioun: Antigen-detection in the diagnosis of SARS-CoV-2 infection using rapid immunoassays, Interim Guidance, 11 September 2020)

 

Communiqué vum Gesondheetsministère/ Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert