D'COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC) sinn op de Feierdeeg zou

Déi zwee COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht, bleiwen ausnamsweis op de Feierdeeg am Mee, also den 1., 9. an 13. Mee 2021, zou. 

Et sief ugemierkt, dass d'CCC am Prinzip 7/7 Deeg vun 09:00 bis 15:00 Auer op sinn 

Rappel: D'CCC empfänken nëmme symptomatesch Persounen iwwert 6 Joer, dat heescht Persounen déi Symptomer vun enger COVID-19-Infektioun opweisen oder Persounen, déi positiv op COVID-19 getest goufen. Kanner vu manner wéi 6 Joer musse vun hirem behandelnden Dokter oder an enger Klinik, spezifesch der Kannerklinik vum CHL, versuergt ginn. 

D'CCC si keng Teststatiounen oder Centres de prélèvement. Se sinn net fir den Traitement vu Persoune mat seriöe Gesondheetsproblemer (Otemproblemer, Péng an der Broscht, staarkt Féiwer, Zyanosen) ekipéiert. Dës Persoune musse sech un d'Urgencë vun de Klinicken wenden. 

Fir weider Informatiounen, gitt wgl op d'Websäit vun der Regierung: www.covid19.lu

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert