COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 15. bis de 21. Februar

An der Woch vum 15. bis den 21. Februar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.099 op 1.249 (+13,7%) eropgaangen, wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.766 Fäll am Verglach zu 2.860 (-3,3%) Fäll an der Woch virdrun, erofgaangen ass.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 15. bis den 21. Februar duerchgefouert goufen, ass vu 70.617 op 60.717 erofgaangen.

Den 21. Februar goufen et insgesamt 2.613 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 2.597 de 14.02), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 49.770 op 50.931 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass op 38,1 Joer geklommen.

An där betruechter Woch gouf et och 16 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verglach zu 11 an der viregter Woch. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 80 Joer.

An de Spideeler ass d'Situatioun aktuell stabel, mat 59 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg a 15 an der Intensivfleeg an der Woch vum 15. bis den 21. Februar, géintiwwer 55, respektiv 13 an der viregter Woch. ​

Déi zwee COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht, goufe säit hirer Erëffnung am Ganzen 8.098 Mol besicht, dovu 430 Visitten an der Woch vum 15. bis den 21. Februar, wat e bësse méi Visitten ewéi an der Woch virdru (399) sinn.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

An der Referenzperiod ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) vun 1,00% op 1,05% liicht eropgaangen. Eng Hausse ass och beim Positivitéistaux vun den Tester (Ordonnance, Large Scale Testing) z'observéieren, mat 2,06% géintiwwer 1,56% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt). Et gëllt awer ze bemierken, dass de Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, staark eropgaangen ass, mat 5,70% géintiwwer 3,52% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 200 Fäll pro 100.000 Awunner. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 8. Februar den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 176 Fäll pro 100.000 Awunner louch. Et gouf festgestallt, datt den Inzidenz-Taux an allen Altersgruppe geklommen ass, mat Ausnam vun der Alterstranche 0-14 Joer (-24%), wat warscheinlech op d'Schléissung fir 2 Woche vun de Schoulen zeréckzeféieren ass. Am Verglach zu der viregter Woch gouf et déi héchsten Haussë bei den Altersgruppe vu 60-74 a vun 30-44 Joer (+75% resp. +49%). D'Alterstranche vun 30-44 Joer huet elo deen héchsten Inzidenz-Taux, wärend d'Alterstranche 60-74 Joer weiderhin deen niddregsten Inzidenz-Taux opweist.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 15. bis den 21. Februar waren 2.511 Persounen an Isolatioun (+4%) an 2.747 a Quarantän (-28% par Rapport zu der Woch virdrun).

Kontaminatiounen

Fir déi 1.249 nei Fäll bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 45,6% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Fräizäitaktivitéiten (5,7%) an d'Aarbecht (4,8%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 34,9% geklommen.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 15. bis den 21. Februar goufen am Ganzen 8.092 Dosissen aginn. 6.004 Persoune kruten eng 1. Dosis an 2.088 kruten déi 2. Dosis.

De Planning vun den Allokatioune vun den Dosissen, op déi Lëtzebuerg theoretesch Usproch huet, entspriechend dem Undeel vun 0,14% vun der Lëtzebuerger Populatioun, wéi et an de Verträg vun der Kommissioun mat de verschidde Produzente virgesinn ass, esou wéi déi bis elo un de Grand-Duché geliwwert a bis Enn Abrëll erwaarten Allokatiounen, kënnen am Rapport hei drënner opgeruff ginn.

Aktuell ass also virgesinn, bis Enn Mäerz 2021 eng 69.887 Persoune geimpft ze hunn. Et sief awer dorun erënnert, dass d'Allokatioune vu Woch zu Woch ugepasst kënne ginn, jee no Produktiounskapazitéite vum Produzent an de Liwwerungen.

Evolutioun vun de Varianten

Wéi schonn an de viregten Ausgabe vum Wocheréckbléck annoncéiert, huet den Nationale Gesondheetslabo (LNS) iwwert déi lescht Wochen e System fir d'Sequenzéierungen erstallt, deen et erlaabt iwwert representativ Resultater fir d'Gesamtbevëlkerung zu Lëtzebuerg ze verfügen.

Fir déi representativ Stéchprouf vun 132 Tester, déi fir d'Woch vum 8. bis de 14. Februar duerchgefouert gouf, konnt folgende Verdeelung vun de Variante festgestallt ginn:

  • déi brittesch (UK-)Variant (B.1.1.7.) representéiert 76 Fäll = 57.6%,
  • déi südafrikanesch (SA-)Variant (B.1.351) representéiert 6 Fäll = 4.5%,
  • keen neie Fall vun der brasilianescher Variant (P.1 oder P.2) gouf detektéiert.

Et sief ze bemierken, datt d'Stéchprouf vun 132 Tester 12% entsprécht, wat iwwert deem vun der ECDC recommandéierten optimalen Taux vun 10% fir representativ Stéchprouwe leit.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

Dem leschte CORONASTEP Rapport no, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, huet de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen an der Woch vum 15. bis den 21. Februar eng héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. Wéi an der viregter Woch, war am Ufank vun der Kalennerwoch 7 eng liicht Tendenz no uewen ze bemierken, déi awer an der zweeter Hallschent vun der Woch net méi vermierkt gouf. Et gëllt awer weider virsiichteg bei den Interpretatiounen ze bleiwen an d'Resultater vun den nächsten Analysen ofzewaarden, fir eng wierklech Tendenz z'identifizéieren.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert