Start vun der 2. Phas vun der COVID-19-Impfcampagne

Bis Enn der Woch ginn d'Invitatioune fir d'Persounen aus der Phas 2 vun der Impfcampagne verschéckt.

Wéi schonn no der Decisioun vum Regierungsrot vum 29. Januar ugekënnegt, sinn dat Residente mat méi wéi 75 Joer, ugefaange bei deenen eelsten (Phas 2a) a Persounen déi opgrond vun hirem Gesondheetszoustand héich vulnerabel sinn. Zu deene Krankheete gehéieren: Zu deene Krankheete gehéieren:

  • Trisomie 21, Erwuessener
  • Organtransplantatioun, mat abegraff Persounen, déi op enger Waardelëscht stinn
  • Hämatopoetesch Stammzellentransplantatioun, wärend den éischte 6 Méint oder behandelt mat Immunsppressoren
  • Kriibs oder béisaartege Bluttkrankheeten a Behandlung (Chimiotherapie, Radiotherapie, Immunotherapie)
  • Persoune mat ugebuerener Immunschwächt

Wéi huelen ech e Rendez-vous?

Déi vun der Phas 2a betraffe Persounen, also déi mat méi wéi 75 Joer, kréien eng Invitatioun vum Gesondheetsministère per Post geschéckt, mat detailléierten Instruktiounen iwwert de Virgang fir sech e Rendez-vous an engem Impfzenter no Choix ze huelen. Eng personaliséiert Hëllef gëtt och iwwert eng speziell dofir ageriichten Hotline ugebueden: (+352) 247-65533

Persoune mat enger Kriibs-Pathologie a reegelméissegem Suivi an engem Oncologie-Service am Land ginn direkt vum behandelnde Spidol invitéiert fir sech do impfen ze loossen. Déi aner Persounen, déi als héich vulnerabel no der Definitioun vun der Phas 2 gëllen, kënne vun hirem Hausdokter oder Spezialist fir d'Impfung ageschriwwe ginn, dat ab dem 1. Mäerz, a si kréien dann eng Invitatioun per Post geschéckt.

D'Invitatioune ginn no an no a Funktioun vun den disponibelen Impfdosisse verschéckt.

Ouverture vun zwee neien Impfzenteren

Parallel zum Start vun der Phas 2 maachen och zwee weider Impfzenteren hir Dieren op, dat am Norden an am Oste vum Land. De 25. Februar geet den Impfzenter an der Sportshal vum Centre hospitalier neuro-psychiatrique (CHNP) zu Ettelbréck um 08:00 Auer op, an um 13:00 Auer geet den Impfzenter am Scouts-Chalet "Badboeschelchen" zu Munneref op.

Ab dem 26. Februar sinn den Oflaf an d'Ëffnungszäiten d'selwecht an allen Impfzenteren zu Lëtzebuerg.

Ëffnungszäiten:

  • Méindeg: vun 13:00 bis 19:00 Auer
  • Dënschdeg bis Freideg: vun 07:00 bis 19:00 Auer
  • Samschdeg: vun 07:00 bis 13:00 Auer

Adressen:

Impfzenter Ettelbréck

Sportshal CHNP

Rue du Deich

L-9012 Ettelbruck

Impfzenter Munneref

Scouts-Chalet Badboeschelchen

1, route de Burmerange,

L-5659 Mondorf-les-Bains

 

Méi Informatiounen op www.covidvaccination.lu.

 

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert