COVID-19-Neiinfektiounen - Réckbléck op d'Woch vum 5. bis 11. Oktober

An der Woch vum 5. bis 11. Oktober ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen (806, +47%) an den domat verbonnenen enke Kontakter (6.868, +50%) staark geklommen.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 129 positive Fäll pro 100.000 Awunner, respektiv bei 217 Fäll pro 100.000 Awunner op 14 Deeg gekuckt.

D'Zuel vun den duerchgefouerte PCR-Tester läit bei 39.651 am Vergläich zu 38.735 an der Woch virdrun.

Den 8. Oktober goufen et insgesamt 1.364 aktiv Infektiounen (am Vergläich zu 1.006 de 04.10), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 7.792 op 8.234 geklommen ass. D'Opnamekapazitéit vun de Spideeler gouf méi staark an Usproch geholl wéi an der Woch virdrun. Et gouf sechs weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19 an der Woch vum 5 bis 11 Oktober.

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass vun 1,17 op 1,37 geklommen an de Positivitéitstaux vun den Tester läit bei 2,03% par rapport zu 1,42% an der Woch virdrun.

D'Altersmoyenne vun de Fäll als liicht erofgaange vu 37,6 op 36,8 Joer. D'Evolutioun vum Inzidenz-Taux weist eng rezent Erhéijung an allen Alterskategorien. D'Alterstranche vu 15-29 Joer stécht aktuell als am meeschte betraff ervir, mat engem Inzidenz-Taux deen duebel esou héich ass wéi dee vum Rescht vun der Bevëlkerung. Des Weideren ass eng staark Erhéijung vum Inzidenz-Taux bei den eelere Persoune vu 60-74 a 75+ Joer z'observéieren. Aktuell iwwerschreide mir den Inzidenz-Taux vu 50 pro 100.000 Awunner an allen Altersgruppen. ​

Quarantän  an Isolatioun

An der Woch vum 5. bis de 11. Oktober waren 1.993 Persounen a Quarantän (+33% am Vergläich zu der viregter Woch) a 1.125 an Isolatioun (+3% am Vergläich zu der viregter Woch).

Opdeelung vun der Quarantän no Alterstranche

   

0-14 Joer

15-29 Joer

30-44 Joer

45-59 Joer

60+ Joer

17.08.2020

23.08.2020

19%

29%

24%

22%

6%

24.08.2020

30.08.2020

19%

30%

22%

22%

7%

31.08.2020

06.09.2020

19%

31%

23%

21%

5%

07.09.2020

13.09.2020

24%

24%

24%

20%

7%

14.09.2020

20.09.2020

30%

23%

23%

18%

6%

21.09.2020

27.09.2020

30%

25%

21%

18%

6%

28.09.2020

04.10.2020

23%

30%

20%

20%

7%

05.10.2020

11.10.2020

26%

29%

18%

20%

7%

 

Kontaminatioun

An der Woch vum 5. bis 11. Oktober war dee wichtegste Kontaminatiounsgrond nees de familiäre Milieu, mat 25% vun de Fäll. Eng gréisser Erhéijung vun de positive Fäll sinn an de Beräicher Educatioun mat 12% vun de Fäll (7% an der viregter Woch) a Fräizäitaktivitéite mat 3% (1% an der viregter Woch) ze vermierken. D'Fäll a Verbindung mat Auslandsreese gi weiderhi manner (vu 13% op 7%).

Weider hänke 5% vun de Fäll mat der Aarbecht zesummen (8% an der viregter Woch), 3% mam Fleegesecteur (5% an der viregter Woch), 2% mat Wunngemeinschaften (3% an der viregter Woch), an 3% mat Familljefeieren oder Fester ënner Kolleegen (2% an der viregter Woch) zesummen.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Dem leschte CORONASTEP Rapport no, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, ass de nationale Kontaminatiounsniveau duerch de SARS-CoV-2 am Ofwaasser vergläichbar mat deem an der viregter Woch. Fir all analyséiert Kläranlag ass déi allgemeng Situatioun ganz änlech mat där an der viregter Woch. Méi genau ass d'Presenz vum SARS-CoV-2 an eelef vun den dräizéng analyséierte Kläranlagen nogewisen an an deenen zwee aneren net detektéiert ginn. Vun den eelef positive Kläranlagen, haten der sechs ee Kontaminatiounsniveau dee ganz no um Detektiounslimitt vum analyteschen Test war, wougéint déi aner een änleche Kontaminatiounsniveau wéi an der viregter Woch haten. Déi héchste Wäerter goufen zu Schëffleng a Beggen gemooss.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert