Éischten Austausch tëschent dem Premierminister an dem Ad-hoc-Grupp iwwert d'Begleedung vun den decidéierte Mesurë géint de COVID-19

Den 20. Abrëll 2020, haten de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert een éischten, informellen Austausch mam Conseil consultatif iwwert d'Begleedung vun den decidéierte Mesuren am Kampf géint de COVID-19.

Op der Dagesuerdnung vun dësem éischten, informellen Austausch stoung de Stand vun der allgemenger Situatioun vum Land, aus psycho-sozialer, ekonomescher a gesellschaftlecher Siicht, am Bezuch op de COVID-19.

De Grupp huet och d'Auswierkunge vun de Mesuren, déi d'Regierung zur Bekämpfung vum COVID-19 geholl huet, op d'Lëtzebuerger Bevëlkerung an d'Frontaliere beschwat, esou ewéi déi doraus entstoend Niewewierkungen.

"Déi gréissten Erausfuerderung, virun där mir am Kampf géint de COVID-19 stinn, ass e Gläichgewiicht ze fannen tëschent de Gesondheetsmoossnamen, déi kuerzfristeg néideg sinn, fir d'ëffentlech Gesondheet vum Land ze garantéieren, an den Niewewierkunge vun dëse Mesuren, déi heiansdo eng ganz schwéier Belaaschtung si fir dat alldeeglecht Liewen vun de Bierger a vun all deenen, déi zu Lëtzebuerg schaffen", huet de Premierminister no der Telefonskonferenz festgestallt an dobäigefüügt: "Dësen éischten Austausch am Grupp war ganz erfollegräich a mir wäerte weiderhin all d'Auswierkunge vum COVID-19 ofweien."

Zur Erënnerung: d'Regierung huet esou e Grupp vun Experten aus verschiddene Secteuren zesummegestallt, fir d'Auswierkunge vun de Mesurë reegelméisseg auszewäerten. De Grupp besteet aus folgende Persounen:

  • Nora Back - Presidentin vun der Salariéschamber (Chambre des salariés)
  • Alexa Ballmann - Presidentin vun JHL (Jonk Handwierk)
  • Luc Frieden - President vun der Handelskummer Lëtzebuerg (Chambre de commerce Luxembourg)
  • Erny Gillen - Expert an der Ethik
  • Claudia Monti - Ombudsman (Médiateur du Grand-Duché de Luxembourg)
  • Gilbert Pregno - Psycholog a President vun der Berodungskommissioun fir Mënscherechter (Commission consultative des droits de l'homme)
  • René Schlechter - President vum Ombuds-Kommitee fir d'Rechter vum Kand (ORK)
  • Prof. Claus Vögele - Professer fir Gesondheetspsychologie op der Uni Lëtzebuerg

Communiqué vum Staatsministère

Aktualiséiert