D'Plattform fir d'Teleconsultatioun an de MAELA-Outil fir den Telesuivi vu Patienten: d'Digitalisatioun am Kampf géint COVID-19-Pandemie

D'Instrument vun der Teleconsultatioun am Kader vun der COVID-19-Pandemie besser verstoen

Am Kader vum Kampf géint d'Entwécklung vun der COVID-19-Epidemie, huet d'Regierung d'Agence eSanté beoptraagt, fir esou séier ewéi méiglech eng Léisung fir d'Teleconsultatioun z'entwéckelen, déi Consultatiounen op Distanz tëschentt Dokteren, Zänndokteren oder Hiewannen an hire Patienten erlaabt. An der aktueller Noutsituatioun ass d'Teleconsultatioun ee Schlësselelement an der Organisatioun vum Gesondheetssystem zu Lëtzebuerg am Kader vun der Covid-19-Pandemie. Si limitéiert d'Deplacementer, genausou ewéi tëschemënschlech Kontakter, an esou och d'Risike sech unzestiechen.

D'Léisung vun der Teleconsultatioun, déi iwwert eng unerkannt Lëtzebuerger Plattform leeft, funktionéiert schonn zanter zwou Wochen. All Dag geet d'Zuel vun de Consultatiounen tëschentt de Professionellen aus dem Gesondheetssecteur an de Patienten an d'Luucht.

D'Plattform gëtt deemno vu 600 Dokteren benotzt, zielt 4.000 ageschriwwe Patienten a bal 3.000 duerchgefouert Teleconsultatiounen.

Wat ëmmer méi Leit d'Plattform notzen, wat déi Professionell aus dem Gesondheetssecteur an d'Patienten och ëmmer méi Froen hunn. Hei geet et dacks dorëms, wéi een d'Teleconsulatioun soll richteg maachen oder wéi dës Léisung iwwerhaapt funktionéiert.

Fir besser op déi verschidde Froen ze äntweren, huet d'Gesondheetskeess (CNS) an d'Agence eSanté, zesumme mat der Gesondheetsdirektioun, dem Collège médical, dem Conseil supérieur vu verschiddene Gesondheetsberuffer, der Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren (AMMD) an der Lëtzebuerger Associatioun vun den Hiewannen, verschidden Initiativen opgestallt.

Als éischt hu si e gemeinsaamt Dokument ausgeschafft, betreffend deene spezifesche Reegele vun der Teleconsultatioun am Kader vun der COVID-19-Pandemie (Annex vum Communiqué). Dëst Dokument, dat sech souwuel un déi Professionell aus dem Gesondheetssecteur ewéi un d'Patiente riicht, gëtt op de Sitte vun deenen Institutioune publizéiert, déi u senger Redaktioun bedeelegt waren.

 Weider hu si een Tutorial, deen aus 4 Deeler besteet, fir d'Patienten entwéckelt, deen erkläert wéi een d'Teleconsultatiounsplattform soll benotzen. Säit dem 9. Abrëll kënnen d'Patienten den Tutorial um Site vun der CNS an der Agence eSanté consultéieren. Den éischten Deel vum Tutorial gëtt allgemeng Informatiounen an erkläert wéi ee sech op der Teleconsultatiounsplattform aschreift. Den zweeten Deel erkläert wéi een e Rendezvous mam Dokter mécht. Den drëtten Deel befaasst sech mam Oflaf vun der Teleconsultatioun an de véierten Deel erkläert wat no der Teleconsultatioun geschitt (wéi ënner anerem d'Schécke vun den elektroneschen Dokumenter).

Bal 390 Patienten déi de Coronavirus hunn, gi mam Outil Maela iwwert Distanz suivéiert

Zanter dem 30. Mäerz 2020 ass de Maele, en Outil fir de Suivi op Distanz vu COVID-19-Patienten, um ganze Lëtzebuerger Territoire a Betrib. Dës Léisung, déi am Numm vun der Gesondheetsdirektioun vun engem Comité vun Experten aus dem Gesondheetswiese ausgesicht gouf, gëtt schonn an all de Klinicken, am Rehabilitatiounszenter (Centre de convalescence) um Kolpecher Schlass an op enger zentraler Plattform vun der Gesondheetsdirektioun agesat. An dësem Kontext, ass och de Site https://suivicovid.lu/ entwéckelt ginn, deen Léisunge a 5 verschidde Sproochen ubitt.

Dësen Outil erméiglecht et all d'Patienten, déi positiv op COVID-19 getest goufen, op Distanz z'iwwerwaachen; esouwuel déi déi doheem isoléiert sinn, ewéi déi déi grad aus der Klinik entlooss goufen. En dréit deemno dozou bäi, d'Verbreedung vum Virus ze limitéieren an d'Fleegestrukturen z'entlaaschten. D'Patienten hunn trotzdeem ee Suivi duerch qualifizéiert Proffien, an dat an aller Sécherheet.

Vun deem Moment un, wou de Patient fräiwëlleg an dëse nationale Telesuivi-System agedroe gouf (dat kann an der Klinik geschéien bei der Entloossung oder duerch d'Gesondheetsinspektioun nodeems si e positiivt Resultat aus dem Laboratoire kritt hunn), muss hien all Dag wärend zwou Wochen op e kuerze medezinesche Froebou äntweren. De Suivi, dee vun enger Equipe vu Proffien aus der Gesondheetsdirektioun assuréiert gëtt, erlaabt et esou festzestellen, ob de Patient weider Ënnerstëtzung brauch oder seng Situatioun sech eventuell verschlechtert huet.

Um Dag vum 9. Abrëll 2020 sinn esou 388 Patienten, iwwer dëse Wee, an hirer gesondheetlecher Erhuelung doheem begleet ginn.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère, der Agence e-Santé an der Gesondheetskeess

 

Aktualiséiert