COVID-19: Recommandatioune vun der Direction de la santé zu Evenementer mat méi wéi 1000 Leit

Opgrond vun der Verbreedung vum Virus SARS-CoV-2 an eise Grenzregiounen, de Mesuren déi generell an Europa a speziell an eise Nopeschlänner geholl goufen, an a Betruecht vun der Evolutioun vun den diagnostizéierten Infektiounen zu Lëtzebuerg, ass et noutwendeg fir weider Mesuren ze huelen, déi d'Verbreedung vum Virus weider limitéiere sollen.

 Effektiv ginn eleng Trennungsmesuren net duer, fir d'Verbreedung vum Virus ze stoppen.

 Well ëffentlech Versammlungen d'Verbreedung vum Virus begënschtegen recommandéiert d'Direction de la santé fir keng Evenementer ze organiséieren, respektiv se ze reportéieren, op deene méi wéi 1.000 Leit op enkem Raum zesummekommen.

Dës Recommandatioun ass Deel vun de Beméiungen fir d'ëffentlech Gesondheet vun eiser Bevëlkerung ze schützen andeems der Verbreedung vum Coronavirus entgéintgewierkt gëtt a potentiell Infektiounsketten vermidde ginn, déi op Manifestatioune mat ville Persounen op enkem Raum entstoe kënnen. Weider riichten sech esou grouss Manifestatiounen oft un en internationale Publikum. An esou enger Situatioun ass d'Zeréckverfollege vun de Kontakter schwéier bis onméiglech.

Déi normal Aktivitéit vu Schoulen, Geschäfter, Entreprisen, ëffentlechen Transport, Akafszenteren, Restauranten oder Bare ass net vun dëser Recommandatioun betraff. 

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert