E 5. Fall vun enger COVID-19-Infektioun zu Lëtzebuerg

D'Direction de la santé deelt mat, datt haut eng weider Infektioun mam Coronavirus COVID-19 diagnostizéiert gouf. D'Persoun komm aus dem Alsace zeréck.

Sie gouf den üüblechen Prozeduren no en charge geholl.

D'Direction de la santé wäert d'Ëffentlechkeet weiderhi reegelméisseg informéieren.

D'Ëffentlechkeet ass gebieden den FAQ um Site www.gouvernement.lu/coronavirus fir allgemeng Informatiounen an d'Preventiounsmoossnamen ze consultéieren. Eng Hotline fir d'Bevëlkerung kann ënnert der Nummer 8002 8080 erreecht ginn.

D'Regierung weist dorop hin, datt d'Leit, wann si Symptomer vun enger Infektioun opweisen (Houscht, Féiwer oder Otemproblemer), net solle bei den Dokter oder an d'Urgencë goen, mee den 8002 8080 sollen uruffen, oder am Noutfall den 112. Weider solle Persoune mat deene Symptomer keng vulnerabel Leit besichen.

Communiqué vum Gesondheetsministère

 

Aktualiséiert