Confirmatioun vun engem éischte Fall vun enger mat der COVID-19-Krankheet infizéierter Persoun

Nom Optauche vun engem éischte Fall vun enger mat der COVID-19-Krankheet infizéierter Persoun,huet de Premierminister, an Ofsprooch mat der Gesondheetsministesch an dem Héije Kommissariat fir national Sécherheet, de Krisestab "Pandemie" zesummegeruff.

De Krisestab koum ënnert dem Virsëtz vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert zesummen an huet all déi concernéiert Ministèren an Administratioune versammelt.

De Patient koum mam Fliger iwwer Charleroi aus Norditalien zeréck. Nodeem s d'Persoun Symptomer vum Coronavirus COVID-19 entwéckelt huet, huet si entspriechend de Recommandatioune vun der Direction de la Santé, déi zoustänneg Gesondheetsautoritéite kontaktéiert, fir sech diagnostizéieren ze loossen. Dësen Test gouf mëttlerweil vun engem Laboratoire zu Rotterdam confirméiert. De Patient gouf an Isolatioun hospitaliséiert. Hien huet keng Symptomer méi an et geet him entspriechend gutt.

Och wann de Risiko fir d'Bevëlkerung aktuell kleng ass, stellt de Krisestab awer fest, dass d'Méiglechkeet weiderhi besteet, dass nach weider Fäll sech zu Lëtzebuerg manifestéieren. Déi néideg Moossname sinn en Place fir d'Verbreedung vum Virus an der Bevëlkerung ze limitéieren an ze verhënneren. D'Kontakter, déi de Patient säit sengem Retour op Lëtzebuerg hat, goufen identifizéiert. Déi Persounen, déi direkte Kontakt haten, goufen a Quarantän gesat. Aktuell weist nach keng vun deene Persoune Symptomer an déi éischt Tester waren all negativ.

An dësem Kontext sief nach eemol drun erënnert, dass all déi Reesend, déi aus Risikozonen (Kontinentalchina, Hong Kong, Macao, Singapur, Japan, Südkorea, Iran, Norditalien (Lombardei, Venetien, Emilie-Romagne a Piemont)[1] zeréckkommen a verschidde Symptomer (Féiwer, Houscht, Otemproblemer) opweisen, d'Inspection sanitaire (247-85650), respektiv den 112 ausserhalb vun de Büroszäiten, sollen uruffen.

De Krisestab recommandéiert et aktuell net, fir Evenementer oder Manifestatiounen ofzesoen, et sief dann hei kéinten sech vill Persounen aus de genannte Risikozonen zesummefannen. Am Zweiwelsfall sollen d'Organisateuren d'Direction de la Santé kontaktéieren, déi dann d'Situatioun entspriechend de Recommandatioune vum Robert-Koch-Institut evaluéiert.

Fir allgemeng an aktuell Informatiounen ass d'Ëffentlechkeet gebieden den FAQ um Site gouvernement.lu ze consultéieren.

Ab dem 2. Mäerz um 14:00 Auer funktionéiert och eng Hotline fir d'Bevëlkerung ënnert der Nummer 8002 8080. Ab deem Moment kënnen all d'Persounen, déi aus den uewe genannte Risikozonen zeréckkommen oder enke Kontakt zu enger infizéierter Persoun haten an d'Symptomer vun der COVID-19-Krankheet opweisen (Féiwer, Houscht oder Otemproblemer) déi Nummer uruffen. Den 112 ass just fir Noutfäll reservéiert.

Allgemeng gëtt fir weider Informatiounen zum Coronavirus, Verhalensreegelen oder Ofwiermoossnamen op de Site www.gouvernement.lu verwisen. D'Informatioune sinn a 5 Sprooche verfügbar (LU, DR, DE, EN, PT).

De Krisestab wäert d'Situatioun weiderhi genau suivéieren a falls néideg erëm zesummefannen.

 

[1] Dës Lëscht kann sech zu all Moment änneren. 

 

Communiqué vum Gesondheetsministère / Héije Kommissariat fir national Sécherheet / Service fir Krisekommunikatioun

Aktualiséiert