Regierungsëmbildung

De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel informéiert, datt Seng Kinneklech Altesse de Grand-Duc dësen Nomëtteg den Étienne Schneider, Vizepremierminister, Wirtschaftsminister a Gesondheetsminister, op deem säi Wonsch hin éierenhaft entléisst.

  1. ©SIP

    Étienne Schneider Vizepremierminister, Wirtschaftsminister a Gesondheetsminister a Seng Kinneklech Altesse de Grand-Duc
  2. ©SIP / Julien Warnand

    Eed Ofleeung
  3. ©SIP / Julien Warnand

    Ënnerschreiwen vum Arrêté vu S.K.A. de Grand-Duc
  4. ©SIP / Julien Warnand

    Gléckwënsch vum Premierminister
  5. ©SIP/ Julien Warnand

    Xavier Bettel, S.K.A. de Grand-Duc a Franz Fayot Minister fir Entwécklungs-zesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten a Wirtschaftsminister

 

De Franz Fayot gëtt als neie Regierungsmember vereedegt. Hie gëtt zum Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten a Wirtschaftsminister ernannt.

Den Dan Kersch, Sportsminister a Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft, gëtt zum Vizepremierminister ernannt a behält seng ministeriell Kompetenze bäi.

D'Paulette Lenert, Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten a Ministesch fir Konsumenteschutz, gëtt zur Gesondheetsministesch an delegéiert Ministesch fir sozial Sécherheet ernannt a behält hir Zoustännegkeet fir de Konsumenteschutz.

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung

Aktualiséiert