Interview vum Étienne Schneider an der Stëmm vun der Strooss

Interview mam Gesondheetsminister Etienne Schneider

Interview: Stëmm vun der Strooss

Stëmm vun der Strooss: Wéi sidd Dir Politiker ginn? War et eng spezifesch Geleeënheet oder eng Erfahrung, déi lech dozou bruecht huet oder war dat vun Ufank u kloer fir lech?


Étienne Schneider: Ech war als jonke Mënsch schonn a ville Veräiner engagéiert. Ech war Massendénger, ech war bei de Scouten an ech war am Jugendclub. Ech hunn Theater gespillt, dat huet mir ëmmer gefall, a wéi ech du méi an de jugendlechen Alter komm sinn, huet sech dat entwéckelt. Ech hu mech ëmmer gäre fir d'Leit agesat, dunn hunn ech mer gesot, dass d'Politik eppes ass, wat mer géif leien. Ech hat och déi Zäit vill Ufroe vu Parteien, mee ech hunn ëmmer gesot, ech wéilt fir d'éischt meng Première maachen, ier ech an d'Politik ginn. Wéi ech se dunn hat, hunn ech mer d'Programmer ugekuckt an hu fonnt, dass d'LSAP awer de soziaalste Programm huet, dee mir am nooste steet an du sinn ech an d'Politik gaangen.

Stëmm vun der Strooss: Firwat hutt Dir lech fir LSAP entscheet?

Étienne Schneider: Ech hu mir verschidde Programmer aus de verschiddene Parteie komme gelooss. Ech sinn aus enger Aarbechterfamill, wou mir 3 Bouwe waren. D'Eltere waren Aarbechter, an et war um Enn vum Mount net ëmmer sou einfach, eenszeginn. Et huet mech, wéi gesot, ëmmer interesséiert, mech fir d'Leit anzesetzen, an do war an ass d'LSAP nach ëmmer déi Partei, déi am meeschten dofir steet, fir dofir ze suergen, dass déi Diskrepanz tëschent deene Leit, deenen et gutt geet an deene Leit, deenen et net sou gutt geet, net ze grouss ass. Ech weess, dass dat net ëmmer einfach ass, mee mir maachen dat elo och ëmmer erëm an der Regierung. Ech si jo och Wirtschaftsminister, an ech hunn et ëmmer sou gesinn, datt et an der Regierung och Leit musse ginn, déi Suen eranhuelen. D'Staatskeess muss jo gefeilt ginn, dass mir dann dovun de Mindestloun kennen erhéijen a méi kenne bei Rechnunge vun den Doktere bäileeën an zum Beispill d'Stëmm vun der Strooss an och nach honnerten aner Associatioune kennen ënnerstëtzen. Ech fannen dat awer eng nobel Aufgab, dofir ze suergen, datt Suen an d'Staatskeess erakommen, fir dass mir se erëm sou sozial wéi méiglech kënne verdeelen.

Stëmm vun der Strooss: Wat fir Virbiller hutt Dir an der Politik?

Étienne Schneider: Ech hu keng. Ech fannen dat ëmmer sou klischeehaft ze soen, dat do ass mäi Virbild. Ech hunn eng Rei Ideologien, eng Rei Iddien am Kapp, sou zum Beispill, dass Économie kee Selbstzweck ass. Si muss do sinn, fir dofir ze suergen, dass et jidderengem am Land gutt geet an net nëmmen deenen, déi Propriétairë vu Firmae sinn oder déi, déi Propriétairë vun Terrainen oder vu Wunnenge sinn. Mee och deem, deen all Dag muss kämpfen, fir iwwert d’Ronne ze kommen. Dat ass zu Lëtzebuerg eng Eegenaart vis-à-vis vun deene meeschten aneren europäeschen Länner, dass mer ëmmer probéiert hunn, jiddereen iergendwéi matzehuelen. Et ass net einfach gesot ginn, déi do 20 % vun der Populatioun, déi packen et souwisou net, déi sinn eis egal a mir maache just eppes, fir dass déi Déck nach méi räich ginn. Dat ass fir mech wichteg. Dass mer do probéieren ze intervenéieren, dass een de Maximum mécht, fir dass déi Leit, déi eben net sou vill Chance am Liewen haten, eng Chance kréien.

Stëmm vun der Strooss: Wat ass fir tech de positiivsten, resp. den negatiivsten Aspekt an der Aarbecht als Politiker?

Étienne Schneider: Dee positiivsten Aspekt ass deen, dass ee Resultater gesäit vun deem, wat ee mécht, och wann et heiansdo laang dauert. Den negatiivsten ass deen, dass, wann een a menger Positioun ass, kee Privatliewe méi huet. Et schafft ee vill ze vill, vill ze laang, et ass een dauernd an der Hetz, et ass een ëmmer ënnerwee an et huet ee keng Zäit méi fir seng Frënn a seng Famill, well et och keng Weekender gëtt.

Stëmm vun der Strooss: Wat ass dann d'Motivatioun, dat iwwert esou vill Joren ze maachen?

Étienne Schneider: D'Motivatioun ass déi, dass een awer gesäit, dass eppes geschitt, dass een dat, wat meng Idealer sinn, awer lues a lues ëmgesat kritt, dass een dofir ka suergen, dass et der Lëtzebuerger Économie gutt geet, dass et an der Santé gutt geet, sech d'Situatioun fir d'Leit verbessert, dat si scho Motivatiounen, well wann dat net wier, da géif een dat anert net op sech huelen. Et ass emol net, wat vill Leit mengen, dat Finanziellt. D'Leit menge jo oft, e Minister verdéngt vill Suen, dann ass dat jo eng Motivatioun. Ech muss iech soen, dass ech, éier ech Minister war, dat Duebelt verdéngt hu wéi elo als Minister. Ech war virdru Chef vun enger Rei Firmaen a vun enger Bank a sinn du Minister ginn. Do hunn ech, wéi gesot, méi ewéi d'Halschent vu mengem Akommes verluer, wat awer fir mech net wichteg war, well ech déi Chance hat, eppes ze beweegen am Land. D'Sue ware mir ni wichteg. Mee dat, wat mir awer feelt ass d'Privatliewen, dat heescht, dass ee keng Zäit méi huet fir sech, fir seng Frënn, fir seng Famill.

Stëmm vun der Strooss: Dir hutt elo de Poste vum Gesondheetsminister iwwerholl. Wéi schwiereg ass et, fir sech an esou en Dossier eranzeschaffen?

Étienne Schneider: Et ass net schwiereg, mee et brauch een e bëssen Zäit, well et jo awer vis-à-vis vun deenen Dossieren, déi ech virdrun hat, eppes aneres ass. Ech sinn nach ëmmer Wirtschaftsminister, ech war Verdeedegungsminister, Policeminister, Energieminister, Tourismusminister an elo kennt eben dann d'Santé dobäi. D'Dossieren änneren, mee d'Basisproblematik ass ëmmer déi selwecht. Awer et ass interessant, well et en neien Challenge ass. Et ass en neie Sujet, ,et huet ee mat ganz neien an interessante Leit ze dinn, an et mécht awer Spaass, mol erëm eppes Neies ze maachen.

Stëmm vun der Strooss: An Ärer Regierung gëtt de Kanabis legaliséiert, zumindest geplangt, wéi koum et zu där Décisioun?

Étienne Schneider: An eise Walprogrammer vun deenen 3 Parteie stoung dat, mol zumindest bei der LSAP a bei deene Gréngen. Wéi du verhandelt ginn ass, ass gesot ginn: Ma jo, dat stoung jo an eise Walprogrammer. An do ass et drakomm duerch eis Jugendsektiounen. Dat weist, dass déi Jonk och Afloss hunn, well finalement ass et duerch d'Jugendsektioun an de Regierungsprogramm komm. Et mécht awer och e Sënn, fir dat aus der gesondheetlecher Perspektiv ze maachen, well ech gesinn als Gesondheetsminister, dass eis Drogepolitik an deene leschte 40 -50 Joer net funktionéiert huet. Mir hunn einfach carrément alles verbueden. Mä doduerch huet kee manner Droge geholl, wéi wann et net verbuede gewiescht wär, mee d'Leit si gezwonge gewiescht, op d'Gare ze goen an um Schwaarzmaart oft qualitativ Dreck ze kafen. En plus sinn da Kanner a Jugendlecher do hire Kanabis kafe gaangen, deen ebe keng gutt Qualitéit huet, an da si se do a Kontakt mat den Drogendealer komm, déi hinnen awer natierlech och nach aner Saache wollten ënnerjubelen, well se duerch méi staark Drogen och méi verdénge kennen. An doduerch, dass de Kanabis eben net legal ass, bass du als Konsument forcément gezwongen, bei déi Leit ze goen, déi dech dann dauernd dovu wëllen iwwerzeegen, nach aner Drogen, méi haart Drogen, ze huelen. A sou kenns du da vun enger eigentlech liichter Drog, déi net méi schlëmm ass wéi den Alkohol, u Kokain an Heroin asw. An doduerch ënnerbanne mir dat dann, andeems wou mir et wëlle legaliséieren. Sou kennt nëmmen nach kontrolléiert Wuer un de Mann, wou och den THC net ze vill héich ass. Sou kréien d'Leit näischt méi Staarkes ugebuede vun den Dealer. Vum gesondheetleche Standpunkt hier mécht et duerchaus Sënn, fir dat ze maachen a genau dofir Welle mir dat och maachen.

Stëmm vun der Strooss: Kann een dat net och op de Kokain an den Heroin uwenden?

Étienne Schneider: Dat ass eng ganz gutt Fro. Ech mengen och, dass een doriwwer muss diskutéieren, well och eis Politik, wat dat ugeet, ass eigentlech net réusséiert. Mir hunn eigentlech méi Interessi, wa mir d'Produktioun an d'Qualitéit vun deene Substanzen, déi d'Leit wëllen huelen, kontrolléieren, wéi dass mir alles verbidden an dann huele se egal wat, wat se eben op der Gare ugebuede kréien. Dat ass wierklech e Problem. Ech mengen, Lëtzebuerg ass e konservatiivt Land, ech fannen et wichteg, dass mir elo mol mat enger méi duusser Drog wéi z.B. Kanabis ufänken, an da kucke mir, wéi et sech entwéckelt an da muss ee wierklech och iwwert deen do Sujet schwätzen.

Stëmm vun der Strooss: Ass d'Verantwortung fir 3 Ämter aus sou verschiddene Secteuren net heiansdo e bësse vill?

Étienne Schneider: Ech hat der scho méi. Vizepremier, Energieminister, Wirtschaftsminister, Policeminister, Verdeedegungsminister, Tourismusminister. Wann ee gewinnt ass, vill Dossiere parallel ze géréieren, da geet dat. Et huet een ebe kee Privatliewe méi, et schafft ee permanent, et huet ee keng Weekender fräi. D'Weekender kommen ech ëmmer op de Büro, fir all déi Saachen ze liesen, déi ech muss ënnerschreiwen. An an der Woch ass een net roueg, well dann Entrevue sinn, well dauernd iergendeen am Büro ass, da kommen ech eben de Weekend. Mee dat ass alles ze maachen. Ouni meng Mataarbechter geet et net. Deene muss een natierlech och vertraue kennen, dass si den Tri maache vun deene Saachen, déi een als Minister wierklech muss gesinn. Et ginn och Saachen, déi si selwer décidéieren. Déi si fest vum Gesondheetsministère agestallt an net politesch engagéiert. Ech wollt ni Leit, déi politesch sinn. Ech hunn och ni Leit vu menger Partei agestallt oder vu mengem Cabinet ministériel. Ech well Leit, déi gutt sinn, onofhängeg, wéi eng Partei si wielen oder wéi enger Partei si nostinn. Dat ass mir am Fong egal.

Stëmm vun der Strooss: Sidd Dir perséinlech mat Ärem Werdegang zefridden, oder geet et lech wéi deene meeschte Leit an erwëscht Dir Iech och heiansdo bei der Fro, hätt ech villäicht awer dat eent oder anert anescht maache kennen oder sollen?

Étienne Schneider: Natierlech huet een oft Dossieren, wou een sech herno denkt: „Dat do hätt ech anescht gemaach, wann ech gewosst hätt, wéi sech dat do entwéckelt", mee generell muss ech soen, dass ech zefridde si mat mengem Liewenslaf, mat deem, wat ech bis elo gemaach hunn, mee ech soen awer grad esou, dass ech net well ofhängeg gi vun der Politik. Well ech dat ëmmer als e Problem gesinn, dass d'Politiker, wa se bis eng Kéier uewe sinn, da wëlle se ni méi fort, an da krit een ni en "Renouveau", resp. nei Iddien eran, an da gëtt een och als Politiker ofhängeg vun der Politik, vun dem Mandat, vun dem Amt, ech soe lo mol vun deem Flotten, wat dat esou mat sech bréngt: de Chauffer, den Auto, de rouden Teppech asw. Alles dat wollt ech ni, an dofir probéieren ech alles, fir ze évitéieren, dass ee sech dorunner gewinnt. Dofir hunn ech och ëmmer gesot, dass een op deem Niveau, wou ech sinn, also als Minister, maximal 10 Joer sollt bleiwen, fir net ofhängeg ze ginn. Ech kenne genuch Leit an der Politik, déi einfach, well se den Job wëlle behalen, eigentlech Décisiounen treffen, déi net am Interessi vum Land sinn, also Décisiounen huelen, fir dass se erëm gewielt ginn. An dat wollt ech ni, well ech et Schued fannen, wann ech als Minister Décisiounen huelen, well ech weess, dann ass all Mënsch happy, mee ech weess awer genau sou gutt, dass et net déi bescht Optioun ass fir d'Land. Ech soen och ëmmer, wann ee seng Iddien net an 10 Joer ëmgesat huet, mécht een et och net a 15. An dann ass et mir och wichteg, déi Onofhängegkeet vun der Politik ze behalen. Ech sinn net ofhängeg vun dem Mandat an der Politik an ech well et och ni ginn.

Stëmm vun der Strooss: Wéi gesäit d’Liewen no der Politik aus?

Étienne Schneider: Ech kann dat net soen, ech weess et net. Ech mengen, ech hat jo och e Liewe virun der Politik. Da wäert ech jo och eppes fannen no der Politik. Sou flexibel an engagéiert wéi een als Politiker muss sinn, sollt dat och machbar sinn, eppes dono ze fannen, wat jo och eppes anescht kann sinn ewéi virdrun. Jo. Ech liesen d'Stëmm vun der Strooss vun der éischter Editioun un. Ech hunn se ëmmer op mengem Büro gehat an ëmmer abonnéiert, well ech d’Initiativ immens flott an immens wichteg fonnt hunn. Ech kréien d'Zeitunge meeschtens net gelies, well ech ni um Büro sinn, ëmmer ënnerwee sinn, keng Zäit hunn; mee d'Stëmm ass awer eng Zäitschrëft, déi ech ëmmer duerchbliederen, well ech se interessant fannen. Är Zäitschrëft hëlleft mir, als Politiker, op dem Niveau vum Minister de Bezuch zu dem reelle Liewen op der Strooss ze hunn. A wann ech op der Strooss soen, dann mengen ech am generelle Liewe vun de Suerge vun den normale Leit dobaussen. An dofir denken ech, all Respekt fir dat, wat dir do zesumme fäerdegbréngt. Ech fannen dat wierklech informativ, an ech sinn ëmmer frou, wann ech se um Büro hunn, ech loossen d'Wort an d'Tageblatt an all déi aner leien, an ech liesen d'Stëmm, well dat mir méi bréngt. Dat, wat am Wort an iwwerall steet, dat kennen ech. Dat ass déi „daily politics", mee dat, wat do steet, dat si Saachen, déi d'Leit um Terrain dobausse beweegen an ech fannen dat wierklech wichteg.

Stëmm vun der Strooss: Wat kéint een Ärer Meenung no nach verbesseren un onser Zeitung?

Étienne Schneider: Ech weess net, ob ee vill ka verbesseren. Ech fanne se flott an informativ, an ech fannen et och gutt, dass der Fotoen dran hutt vun de Leit, vun deenen der schwätzt, an dass déi och selwer dra schreiwen. Gutt ass och, dass se an enger einfacher Sprooch geschriwwen ass. Well ech gesinn et jo an der Politik all Dag, dass jiddereen ëmmer versicht, esou intelligent ewéi méiglech eriwwerzekommen a sech sou geschwolle wéi méiglech ausdréckt. Zum Schluss huet een da just erreecht, dass kee verstanen huet, wat ee gemengt huet, an dat gefält mir esou gutt un ärer Zeitung. Si ass ëmmer propper geschriwwen, mee et ass awer esou, dass all normale Mënsch et och verstoe kann.

Stëmm vun der Strooss: Här Minister, villmools Merci fir dat interessant Gespréich.

Aktualiséiert