Internationalen Dag vun den Infirmiers

Déi aktuell sanitaire Kris léist eis fillen, wéi wichteg d'Fleeg fir onse Gesondheetssysteem ass. D'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) huet d'Joer 2020 als d'Joer vun den Infirmieren an den Hiewanen deklaréiert. An deem selwechten Kader gouf e Rapport "State of the world's nursing" verëffentlecht, mat deem d'Regierungen an all concernéiert Acteuren dozou opgeruff ginn, an d'Formatioun, d'Aarbechtsplazen an de Leadership vun den Infirmièren an Infirmieren ze investéieren. An enger Entrevue tëscht der Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Vertrieder vun der Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren (ANIL) konnten ënnert anerem d'Fuerderungen aus dësem Rapport beschwat ginn.

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert: "Fir mech ass den internationalen Dag genau sou wéi d'Joer vun den Infirmieren an Hiewanen eng eemoleg Geleeënheet, fir dëse Gesondheetsberuffer eisen déiwen Dank auszeschwätzen. Nieft den Dokteren stinn si an éischter Linn vun der Prise en charge an assuréieren e mënschleche Kontakt mam Patient. D'Infirmieren hunn dowéinst eis voll Ënnerstëtzung, fir d'Qualitéit vun hirer Ausbildung a fir hir wichteg Rollen an dem Beräich vun den Soins weider auszebauen."

Vum 1. Juni u gëtt iwwerdeems d'Funktioun vum "Chief Nursing Officer” am Gesondheetsministère besat. Déi ënnerschiddlech Acteure kréien heimat eng Uspriechpersoun fir Froen, déi d'Fleeg oder den Infirmiers-Beruff betreffen. Den "Chief Nursing Officer” wäert bei strategeschen Entscheedungen, déi d'Fleeg betreffen, matwierken.

Anne-Marie Hanff, Presidentin vun der ANIL: "D'Infirmièren/Infirmieren sinn d'Experte vun der Fleeg a musse fir sech selwer an der Fleege-Politik matschwätze kënnen. Den "Chief Nursing Officer” ass e wichtege Schrëtt an eng immens Wäertschätzung vun der Aarbecht vun all Infirmier(ère) während an no der Corona-Pandemie!"

Communiqué vum Gesondheetsministère an der  ANIL (Association nationale des infirmières et infirmiers du Luxembourg)

Aktualiséiert