Mars Di Bartolomeo au sujet des retraits volontaires et préventifs de légumes au Luxembourg

Sophie Schramm: Ob dat Geméis hei zu Lëtzebuerg och verseucht ass, ass dogéint net gewosst.

Mars Di Bartolomeo: Mir hunn direkt reagéiert, d’Buttiker hunn och direkt reagéiert. Och wann elo keng Evidenz do ass, datt eppes un deem Geméis ass, mä hei gëlt de Prinzip d’Gesondheet vun de Leit, och wann et nëmmen en hypothetesche Risiko ass, ass méi wichteg wéi dat Ekonomescht ka sinn.

Sophie Schramm: Iwwer den europäesche Système d’alerte rapide, bei deem Lëtzebuerg Partner ass, ass de Gesondheetsministère direkt informéiert ginn. Séier konnt dat spuenescht Geméis aus de Geschäfter Alavita zu Jonglënster, an am Mullebutz (…) gezu ginn. Et ass awer net auszeschléissen, datt e bësse vun deem Geméis scho giess ginn ass.

Mars Di Bartolomeo: Et ass awer méiglech, datt kleng Quantitéiten och verkaaft gi sinn, duefir hu mir och ausnahmsweis déi Nimm direkt genannt, fir datt Leit kënnen, wa se déi Produkter kaaft sollten hunn, also spuenesch Produkter, datt se kënne virsuergen.

Sophie Schramm: Et gëtt net domat gerechent, datt Leit zu Lëtzebuerg erkrankt sinn, soss hätt sech dat normalerweis direkt bemierkbar gemaach.

Mars Di Bartolomeo: Et si kleng Quantitéite verkaaft ginn an deene leschten 10 Deeg. Wa se konsuméiert gi sinn, an datt näischt opgetaucht war, dann ass iwwerhaapt näischt geschitt. Et soll een hei wierklech net elo unhuelen, datt dat do elo muss e Problem sinn. Et musse keng infizéiert Produkter sinn. Mä well et vun deem selwechte Liwwerant ass, hu mir léiwer mir sinn e bëssen zevill virsiichteg, wéi net virsiichteg genuch.

Sophie Schramm: Obwuel nach net mat Sécherheet konnt festgestallt ginn, ob dat spuenescht Geméis tatsächlech den Ausléiser fir déi massiv a geféierlech EHEC Verbreedung ass, esou betount de Mars Di Bartolomeo datt d’Geméis gekacht keng Gefor duerstellt. A wa sech Persounen nodeems si Geméis aus Spuenien giess hunn, wierklech net gutt spieren, gëlt dat, wat och soss ëmmer gëlt.

Mars Di Bartolomeo: Wann dat méi ass wéi e klengt Onwuelsinn, da soll een direkt bei den Dokter goen.

Dernière mise à jour