Mars Di Bartolomeo au sujet de la réforme du système des soins de santé

Mars Di Bartolomeo: Gudden Owend.

Monique Kater: D'Kand ass bal op der Welt, no Protester a reduzéiertem Déngscht vun den Dokteren. Dunn de Kompromëss no ville Consultatiounen, dunn Avisë vum Staatsrot. D'Debatt dann dës Woch an de Vote iwwer de Gesetzprojet 6196. Et war eng schwéier Gebuert.
Meng éischt Fro un de Papp, oder un ee vun de Pappen, wär déi: wéi ass Är Appréciatioun? Wann ech elo d'Analogie géing kucken, de Minister Luc Frieden huet a sengem Beräich bedauert, d'Bereetschaft fir Reformen wier net grouss genuch. Wéi bewäert Dir d'Gesondheetsreform?

Mars Di Bartolomeo: De Changement ass ni einfach. An dat hei ass e Beweis fir déi Affirmatioun. Et ass effektiv eng schwéier Gebuert gewiescht. Mä wéi bei all Gebuert, wann de Puppelchen bis do ass, da freet eigentlech jiddweree sech. Ech sinn net esou optimistesch, datt ech soen, wa mir et en Dënschden elo stëmmen, da freet jiddweree sech, mä ech mengen awer déi Gesondheetsreform war noutwenneg an déi wäert sech och bewähren an der Zukunft.

Monique Kater: Trotzdem, bedauert Dir net verschidde Saachen déi elo net kommen?
Ech huelen elo ee Beispill, d'Filières de soins. Dat war jo am Fong ee Pilier an där Reform deen elo net am Text steet. Et goufe Kritike vun Dokteren déi gefaart hunn, zum Beispill, ëm de fräie Choix vum Dokter. Du war de Staatsrot net mam Text d'accord esou wéi e geschriwwe war. Neischreiwen ass schonn aus zäitleche Grënn net a Fro komm. Ass dat elo zum Beispill ganz aus der Welt?

Mars Di Bartolomeo: Absolut net, mä ier ech bedauere wat net dran ass, freeën ech mech iwwer déi Saachen déi dra sinn.
An do ass zum Beispill de Kompetenzzenter, wou de Conseil d'État eis och eng Hand mat ugepakt huet fir en nach méi genee ze definéieren. Et ass d'Revaloriséierung vun der Allgemengmedezin. Et ass den Dossier vum Patient dee wäert kommen. Et ass méi Transparenz déi mir an de System era kréien duerch eng besser Dokumentatioun. Et si Prinzipie wéi bei Gläichwäertegkeet dat méi präiswäert Medikament. Et ass d'Definitioun vun de Rolle vun den eenzelnen Akteuren am Spidol.
An da kann ee soen, d'Filièrë wieren d'Kiischt um Kuch gewiescht. Mä de Conseil d'État war der Meenung, datt mir d'Filièren net genee genuch definéiert hunn. Et ass also net um Widderstand vun deem engen oder anere gescheitert, mä well mir vläicht net präzis genuch an där doter Démarche waren.
Ech ginn awer d'Hoffnung net op, well mir an deenen Diskussiounen déi mir zum Schluss och mat de Leit vum Terrain haten, en Engagement do ass fir dat an der Praxis ze maache wat mir elo am Gesetz wollte festhalen. An ech gesinn och eng Rei vu Bestriewungen, gutt Bestriewungen um Terrain déi mech optimistesch maachen, datt mir, wa mir et net um gesetzleche Plang fäerdeg bréngen, datt mir et an der Praxis um Terrain wäerte fäerdeg bréngen déi Filièren opzebauen.

Monique Kater: Vläicht fir de Leit z'erklären ëm wat et do geet. De Staatsrot huet jo zum Beispill gesot, d'Kompetenzzentre wieren net genuch differenzéiert vun de Filièren. Dir sot, Dir begréisst, datt dat elo am Text virgesinn ass. Et ass esou, et gi schonn esou Zentren, fir d'Häerzchirurgie, fir d'Radiotherapie. Wat ännert dann elo mat dësem Text?

Mars Di Bartolomeo: Déi Zentre wéi den Häerzchirurgiezentrum, Radiotherapie, de Rehazenter, dat si spezialiséiert Instituter. Mir mengen, wa se nach déi eng oder aner Schrëtt maachen, datt se wierklech dat si wat een ënnet engem Kompetenzzentrum versteet. Dat heescht, hir Aktivitéite verëffentlechen, hir Resultater verëffentlechen. E Conseil scientifique, eng Beurteelung vu baussen.
Dat maache se zum gudden Deel schonn, mä et ass vläicht deen een oder aneren Element deen nach feelt. Do wäerte mir dru schaffen an dann hu mir eng Rei vu Kompetenzzentren.
Et gëtt elo eng Rei vu méi pointéierte Spezialitéite wou eng méi enk Zesummenaarbecht oder eng Kräftebündelung onbedéngt noutwenneg ass, zum Beispill d'Neurochirurgie, d'Réckechirurgie. Zum Beispill eenzel pointéiert Disziplinen an der Kriibsbehandlung.
Elo gëtt et Leit déi soen, dat musse mir an engem lokaliséierte Kompetenzzentrum maachen oder mir kënnen dat an engem virtuelle Kompetenzzentrum maachen, wou eng Rei vun Equipë sech eens si fir no deem selwechte Konzept ze fleegen. Dat heescht, egal wou een un d'Dier klappe geet, kritt een déi selwecht Behandlung.
An da si mir direkt bei de Filières de soins. Dat si Fleegekonzepter déi sech op déi rezent Standarden, déi beschtméiglechst Standarden alignéieren, meeschtens multidisziplinär Approchen, wou net een alleng a sengem Eck soignéiert, mä eng ganz Equipe soignéiert. Och do hu mir an der Tëschenzäit gutt Experienze gemaach, zum Beispill beim Hireschlag, zum Beispill bei eenzelne Kriibszorten. Esou datt um Terrain munches leeft a mir dat e bësse méi staark nach wollte strukturéieren.
Do huet de Conseil d'État eis suivéiert bei de Kompetenzzentren. An elo wäete mir an der Praxis dru schaffen, datt mir dee Konzept vun de Filièren, vun de Fleegeketten, dat heescht Fleegekonzepter, datt mir do an der Praxis e Schratt nach méi wäit kommen.
An ech spieren dat iwwregens wann ech hei aus der Emissioun eraus ginn, dann hunn ech nach e Rendez-vous mat enger Rei vu Spezialisten aus den eenzelne Spideeler fir den no-1. Januar ze plangen. Well an dësem Joer hate mir Sträit. Dee gëtt ofgeschloss mam Vote vum Gesetz an da kënnt den 2. Januar an da musse mir an der Praxis weider zesumme schaffen, well dat Gesetz steet a fält mat der Zesummenaarbecht, mat der Partnerschaft, mat de Leit vum Terrain.

Monique Kater: Effektiv, Dir schwätzt vum no-1. Januar. Et ass jo elo de Moment nach net definéiert gi wat nei Kompetenzzentren zum Beispill ginn. Dat heescht, déi Debatt fänkt eréischt un. Och a wéi engem Spidol se ënnerbruecht sinn? Wéi gëtt d'Zesummenaarbecht organiséiert? Fäert Dir dann do net nei Widderstänn, oder wéi leet Dir Iech praktesch u fir dat un d'Stoen ze kréien?

Mars Di Bartolomeo: De Conseil d'État huet eis jo och do gehollef fir d'Prozeduren ze definéieren.
Mir mengen, datt et eng Rei vun Evidenze gëtt no deenen ee sech muss orientéieren. Dat sinn déi Standarden déi um europäeschen oder internationale Plang bestinn.
Dat sinn d'Stéckzuelen. Et gëtt sécher Pathologien hei am Land wou mir et net 6 Mol kënne maachen oder et 6 Mol gutt kënne maachen. Et mussen eis also vun Evidenze vu Stéckzuelen, och vun där Kompetenz déi mir um Terrain hunn, leede loossen an dann definéieren ob een dat 1, 2, 3 oder 5 Mol ënner gudde Conditiounë ka maachen, oder ob ee soll higoen a soen, hei maache mir eppes zesummen.
Dat ass jo dat wat extrem wichteg ass. E Kompetenzzentrum gehéiert net engem, engem Haus, dat gëtt een nationale Service oder 2, 3. An do kréien alleguer d'Equipen och Zougang. Dat heescht, et gehéiert net engem eenzelne Spidol, net engem Dokter, mä et soll de Patienten. Dat soll permeabel sinn. D'Equipen déi am Moment schonn an deem Beräich schaffen an déi mat wëlle schaffen, déi kënne mat maachen.
D'Erfollegsrezept vum Häerzchirurgiezentrum ass jo eben, datt den Häerzchirurgiezentrum den Zentrum vu sämtleche Spideeler ass a sämtlech Spideeler mat dem Häerzchirurgiezentrum zesumme schaffen. D'Spezialiste schécken d'Patienten an no der akuter Behandlung kréie se se och zréck.
An dat ass eppes wat immens wichteg ass, datt een den Terrain associéiert an net esou mécht, datt déi aner déi jo elo d'Aarbecht während Joere gemaach hunn, datt déi net méi gëllen, an datt just nach een Zentrum do ass an dee wa méiglech och nach als Privateegentum vun engem Haus ugesi gëtt. Dat däerfe mir net maachen. Mir musse scho jiddwereen associéieren. Da gëtt et och eppes.

Monique Kater: Et ass ee vu ville Punkten op deenen nach geschafft gëtt. Ech wéilt elo op en anere Punkt kommen, dee laang ëmstridde war. An zwar den elektronesche Patientendossier.
En elektroneschen Dossier gëtt et schonn op munche Plazen. Mä elo soll et ee ginn an deenen déi verschidden Intervenantë sollen Zougrëff kréien. Et wëll een op déi Aart a Weis evitéieren, datt Analysen, Rëntgen, Ënnersichungen oder Ähnleches duebel oder dräifach gemaach ginn. An op déi Manéier soll och den Historique iwwer de Patient virleien. Gi mir domat ëmmer méi e glieserne Mënsch?
Ech fänken emol mam leschte Punkt un, Här Minister, déi verschidden Akteurë musse sech elo an der Informatik equipéieren, souwuel wat d'Computeren ugeet wéi dann och d'Software. Esou eppes huet e Käschtepunkt. Bezuele si dat selwer? Kréie se eppes bäigeluecht? Wéi kann ee sech dat virstellen?

Mars Di Bartolomeo: Do gëtt keen alleng gelooss. Wa mir vun den Akteurë froen, datt se bei deem dote System matmaachen, da mussen och Incitatiounë geschaf ginn
Mir hunn dat schonn deemols bei den Apdikte gemaach. D'Apdikten hunn [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: [inaudible]

Mars Di Bartolomeo: Voilà, an och d'Iwwermëttlung un d‘Keese vun den Donnéeën hu se dobäi vun der Keess och gehollef kritt, respektiv hunn eng Rei vun Incitatiounë kritt fir dat ze maachen. Dat heescht, ech ka mir duerchaus virstellen, wa mir elo all Prestatairen, all Dokteren, respektiv all Spideeler an deenen nächste Joeren an dee System wëllen eran huelen, datt een dat och ënnerstëtzt.

Monique Kater: Elo gëtt emol déi Agence geschaf déi deen neie System soll en place setzen. Da sicht déi Agence no Firmen dobausse mat deenen ee ka schaffen. D'Material muss ugeschaf ginn, Systemer opgebaut ginn. Déi optimisteschst Variant seet, datt een Enn 2012, Uganks 2013 deen Dossier vläicht am Ufank just zu Deeler fonctionnéieren huet. Eng Fro déi een ëmmer erëm héiert: riskéiert een do net e Waasserkapp dee vill kascht an herno awer net onbedéngt vill bréngt?

Mars Di Bartolomeo: Ech mengen net, datt een e Wasserkapp do opbaut, mä et brauch een awer eng Steierung.
Wann een elo géif soen, deen Dossier entsteet vum selwen, da géif een dreemen. Et brauch een also eng Agence oder e Groupe de pilotage, wéi een dat ëmmer nennt, deen dat ganzt koordinéiert.
D'Regierung huet iwwregens schonn d'Moyenen zur Verfügung gestallt fir an déi dote Richtung ze goen. An d'CNS, d'Gesondheetskeess, wäert hiren Deel och dozou bäidroen.
Dir hutt Recht wann Dir sot, dat ass näischt wat elo op Knäpchesdrock den 1. Januar entsteet.
Wat de Gérard Lommel vum Abanne vun der Dateschutzkommissioun gesot huet, dat ass fir eis eng Selbstverständlechkeet, well och schonn an de Viraarbechten hu mir d'Dateschutzkommissioun mat um Dësch gehat. Hei geet et net drëm fir de glieserne Patient ze schafen, deem jiddweree kann iwwer d'Schëller kucken, grad esou wéineg wéi et de glieserne Bankclient gëtt, deem jiddwereen iwwer d'Schëller ka kucken. Hei ginn allméiglech Garantië geschaf, fir datt de Patient d'Confidentialitéit vu sengen Donnéeën behält, datt de Secret médical garantéiert gëtt, an datt mir also d'Plus-value, an dat ass jo wichteg, fir de Patient, fir d'Keess och hunn, datt mir dat wat mir hunn net 6 Mol musse maachen, net 6 Mol Blutanalysen – et gëtt Fäll wou een eng hallef Dosen, eng Dose Mol a sengem Liewen de Blutgrupp festgestallt kritt huet, eng Kéier geet duer – datt een net, wa gutt rezent Biller vun IRMen a Rëntgen do sinn, datt een dat nach eng Kéier muss maachen.
An datt ee virun allem an enger zweeter Phas d'Verschreiwung vu Medikamenter, de Konsum vu Medikamenter ka consultéieren, well do och Onverträglechkeeten, Géigewierkunge kënnen entstoen.
Dat heescht also, dem Patient erspueren, datt en dat selwecht 6 Mol muss maachen an dem Dokter eng Méiglechkeet gi fir déi rezentsten Donnéeë kënnen ze consultéieren, fir also de Patient och besser kënnen ze behandelen.
Dat ass de Fortschrëtt, an et wier schued wann een dee Fortschrëtt net géif an der Santé hunn, allerdéngs mat all deene Garantien déi mir musse ginn, well mat deem éischten Tëschefall gëtt esou en Instrument wéi dat do zerrappt. Also,mat alle Garantië musse mir dat do kënnen notze fir déi beschtméiglechst Fleeg fir de Patient.

Monique Kater: Effektiv, d'Suerg vun de Leit ass d'Sécherheet. Wann een elo Wikileaks kuckt, gesäit ee wéi séier zum Beispill Donnéeën déi net dofir gesuergt sinn [inaudible] Dir sitt awer zouversiichtlich, datt déi do Moyenë garantéieren, datt ee Minimum d'Sécherheet scho wéi haut huet, driwwer eraus?

Mars Di Bartolomeo: Deen Dossier an den Inhalt, dee gehéiert dem Patient. Dee gehéiert dem Assuré. Dat ass emol den éischte Prinzip. Dee gehéiert kengem aneren. An, wéi richteg gesot ginn ass, an engem Pabeierdossier, wann dee consultéiert gëtt vun iergendengem deen net soll, do huet een ni eng Spur. Während ee bei dësem Dossier, wann e bis steet, wou net all Donnéeën iwwer de Patient dra sinn, dat hei ass en Dossier partagé, dat ,heescht et ass en Dossier wou déi Basisinformatiounen dra sinn, déi een [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Keng perséinlech Remarquë vum Dokter?

Mars Di Bartolomeo: Absolut net. Mä déi Donnéeën déi fir en Traitement wichteg sinn, wäerten dra sinn. An de Patient ka jiddwer Zäit retracéieren, wien e consultéiert huet. Dat ass e Fortschrëtt, e ganz grousse Fortschrëtt vis-à-vis vun haut. Well wann haut een e consultéiert, dat gëtt de Patient guer net gewuer.

Monique Kater: Huele mir dann eppes aneschters wat och den Assuré direkt betrëfft. An zwar d'Substitutioun vun engem Medikament duerch e Générique.
De Patent vun engem Medikament leeft jo no 10 Joer of an da kann e Générique dovunner op de Marché kommen, deen dee Moment och manner kascht. An déi Génériquë sollen elo méi oft agesat ginn.
De Patient, Här Minister, ka jo och dat originaalt, méi deiert Medikament, wa mir bei der Substitutioun sinn, huelen an e muss net de Générique huelen, esou wéi den Apdikter ëm dat awer an Zukunft virschléit. Maacht Dir do Opklärung bei den Dokteren, beim Patient, dee vläicht och duerchernee kënnt.

Mars Di Bartolomeo: Et ass net esou, datt vum 1. Januar un elo alles géif substituéiert ginn. Dat gëtt mat vill Fangerspëtzegefill gemaach an et gëtt bei Medikamenter gemaach wou d'Equivalenz wierklech wëssenschaftlech garantéiert ass.
Et geet net nëmmen drëm fir Original géint Générique auszetauschen. Mir hunn déi kokass Situatioun wou mir heiansdo bei engem Original-Medikament de Brevet hunn deen ausleeft. Da ginn déi Medikamenter vun engem Dag op deen anere vill méi méi bëlleg. Dat passt eenzelne Produzenten net. Dann huele se eng aner Fuerf vu Packung, ginn en aneren Numm an da kënne s‘erëm en héije Präis froen. An dat ass net seriös. Esou Aktioune wëlle mir verhënneren. An esou Situatiounen ass et jo evident, wann et genee dat selwecht Medikament, vu genee deem selwechte Produzent ass, wou just eng aner Fuerf vu Packung ass, dann ass et kee Recht vum Patient fir dat deiert Medikament dierfen, mussen ze kréien.
Bei gläichwäertege Medikamenter spuert de Patient, huet déi selwecht Leeschtung, spuert d'Keess a verléiert keen eppes dobäi. A mir wäerten dat progressiv maachen bei deene Medikamenter wou mir mat de Leit vum Terrain och eens sinn, datt et Equivalenz ass, a, datt de Patient kee Risiko dréit. Am beschte Fall hätte mir jo, datt den Dokter, dee gutt informéiert ass, och direkt dat verschreift.

Monique Kater: Da kéimen d'Leit net duercherneen.

Mars Di Bartolomeo: Da kommen d'Leit net duercherneen, a mir mengen och, datt, vu datt mir d'Méiglechkeet jo elo hu mat den Dokteren e Schratt méi wäit ue kommen, well um fräiwëllege Plang hu mir et promouvéiert a mir hu gesinn, datt mir do hänke bliwwe sinn. An dofir gi mir elo mam Gesetz e Schrëtt méi wäit, hätten am léifsten, datt déi eenzel Partner hir Roll spillen. Dat heescht, den Dokter am Sécherheetsfall dat gläichwäertegt méi bëlleg, mä am Zweiwelsfall, wann dat dann net geschitt, datt den Apdikter dat méi bëllegt Produkt ubidd.

Monique Kater: Mat der Informatiounscampagne war am Fong d'Fro bei den Dokteren.

Mars Di Bartolomeo: Mir hoffen och op d'Hëllef vum Conseil scientifique dee vun Doktere gestallt ass, datt d'Dokteren eng Hand mat upaken; datt den Apdikter, dee keng gréisser Problemer do dobäi gesäit, de Patient informéiert. Wann awer de Patient elo am Endeffekt seet, et interesséiert mech net, ech hätt gär dat deiert Medikament, dann ass et normal, datt de Patient, wann en dann A seet och B muss soen a vläicht e bësse méi deier muss dofir bezuelen. Dat ass de Referenzpräis. De Referenzpräis ass de Präis vun deem equivalente méi bëllegen.

Monique Kater: En anere Punkt dee mir ugesprach hunn. D'Convenance personelle an de Supplément vun éischt Klass un d'Dokteren. Am Ufank wollt Dir déi Saache sträichen. Déi sinn awer elo nach virgesinn. Ass domat dee Punkt vum Dësch?

Mars Di Bartolomeo: Dat do ass en Iertum wéi en och an der Ëffentlechkeet duergestallt ginn ass.

Monique Kater: Dir hat scho wëlles [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Mir hate vun Ufank u Wëlles d'éischt Klass aus dem Gesetz eraus ze huelen. Dat hu mir eraus geholl.

Monique Kater: An anengems gesot, mir wëllen, datt dee Supplément net méi un d'Doktere bezuelt gëtt.

Mars Di Bartolomeo: Neen, mir wëlle mat den Dokteren a mam Terrain, mat der CMCM, also mat der Caisse médico verhandele fir eppes besseres ze fannen. Bis elo konnte mir dat net, well et am Gesetz dra war. Also hu mir gesot, mir huelen d'éischt Klass aus dem Gesetz eraus. Dat gëtt net méi am Gesetz erwähnt.

Monique Kater: Dir sot och net méi eesäiteg an engem Regelement, mir schafen et of, well dat war am Ufank [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Neen, dat war ganz kloer. Deen Text huet ni geännert. Den éischten Avant-projet dee mir haten, do stoung d'éischt Klass net méi dran. Och an deem wou elo gestëmmt gëtt, hoffentlech, ass de Supplément éischt Klass net méi dran. An déi Diskussiounen, wou och e gewëssene Sträit entstanen ass, dat war, datt d'Dokteschvereenegung gär gehat hätt, datt mir et erëm an d'Gesetz dra setzen.

Monique Kater: Wou et da festgeschriwwen wier.

Mars Di Bartolomeo: Wou et da festgeschriwwe wier an da wier eng Diskussioun schwéier méiglech gewiescht.
Mir hunn also déi éischt Klass aus dem Gesetz eraus geholl. Si steet nach weider an der Konventioun. Mä bei der Konventioun ass et méiglech déi Konventioun nei ze verhandelen an eppes besseres ze fannen wat engem méi aliicht, wéi datt een e Supplément bezilt deen op enger éischter Klass oder 1-Bettzëmmer läit.

Monique Kater: Dir hat scho gesot, mir hätte léiwer d'Doktere kréien net deen éischt Klass Supplément. Dat heescht, Dir hutt nach ëmmer als Zil deen duerch eppes anescht ze ersetzen.

Mars Di Bartolomeo: Mir hunn als Zil deen duerch eppes besseres ze ersetzen a mir hunn hei just d'Applikatioun gemaach vun der Regierungserklärung. Well wann Dir d'Regierungserklärung liest, do stoung net, d'ersatzlos Ofschafung, mä et sotung dran, et aus dem Gesetz eraus huele fir Verhandlungen a Méiglechkeeten ze erméiglechen.
Et ass nach eng Subtilitéit do: den éischt-Klass-Supplément gëtt jo net vun der Gesondheetskeess bezuelt. Dee gëtt vum Patient bezuelt an de Patient gëtt rembourséiert vun der Caisse médico. Dat heescht, mir brauchen, wa mir wëllen eppes änneren, eppes besseres fannen, d‘CNS, also d'Sozialpartner, mir brauchen d'Dokteren a mir brauchen d'Caisse médico. Well do kann et duerchaus virkommen, datt een eng nei Aufgabendeelung tëscht der Gesondheetskeess an der Caisse médico mécht. An dat ass duerchaus méiglech an déi Verhandlunge wäerte mir ophuelen.

Monique Kater: An et wäerten och nach aner Verhandlunge kommen. Zum Beispill soll jo d'Nomenclature nogekuckt ginn. D'Nomenclautre an zesumme mat der Lettre clé maache jo aus, datt herno feststeet, wéi vill den Dokter firwat bezuelt kritt.
Wann déi Nomenclature nogekuckt gëtt, do hutt Dir festgeschriwwen an den Texter, dat soll eng Nullrechnung sinn. Mä wéi kann ee sech dat virstellen? Kann ee sech dat esou virstellen, datt déi eng fir verschidde Sache vläicht manner kréie wéi bis elo an déi aner méi?

Mars Di Bartolomeo: Dir hutt et richteg gesot. D'Nomenclature dat ass e barbareschen Ausdrock fir eppes wat eigentlech einfach ass. Dat ass den Akt dee vum Dokter gemaach gëtt, an de Präis vun deem Akt.
An et ass elo esou, datt duerchaus eng Rei vun Akten iwwerbewäert sinn an där jetzeger Lëscht vun den Akten an dem Bezuele vun den Akten. Et ass awer grad esou richteg, datt eng Rei vu méi komplexen Agrëffer ënnerbewäert sinn. An der Vergaangenheet hu mir et ëmmer esou gemaach, datt wann eppes méi Komplexes dobäi komm ass, dann ass dat einfach drop gesat ginn. Et ass ni nogekuckt ginn, ob dann net eenzel Akten ënnerbewäert oder iwwerbewäert waren, mä dat ass ëmmer nach drop komm. An dat wëlle mir änneren.
Do hu mir eis och am Gesetz déi noutwenneg Instrumenter gi fir dat ze maachen. Mir hunn eng Cellule d’expertise, also en Expertegrupp, deen der Nomenclatureskommissioun soll zouschaffen. Dat heescht, dat ass manner eng Verhandlung tëscht Lobbien, mä et gëtt méi op eng wëssenschaftlech Basis gestallt, wou d'Viraarbechte kommen. An dann an d'Nomenclatureskommissioun déi plus-minus paritéitesch zesumme gesat ass an Zukunft, wou mir eng absolut Majoritéit opginn a wou dee partnerschaftleche Geescht och soll erakommen, do ginn dann d'Akten nei definéiert.
An da kann et duerchaus virkommen, datt bei iwwerbewäerten Akten, datt mir do erof ginn a bei intellektuellen, komplexen Akten, datt een an d'Lut geet. Dat heescht, et ass een Échange an et gëtt méi realistesch, et gëtt méi gerecht.

Monique Kater: Eppes wat jo och eréischt präziséiert soll ginn, schlussendlech iwwer Reglementer, dat ass de Referenzdokter. Also deen Dokter bei deen de Patient geet, deen dann den Dossier huet, deen de Patient beréit wéi e soll virgoen. Do gëtt et awer verschidde Leit déi fäerten, dat gëtt jo awer méi Aarbecht fir déi Dokteren. Dat si jo meeschtens d'Generalisten. Hu mir do net herno e Mangel u Generalisten? Ass dat duerchsetzbar?

Mars Di Bartolomeo: Ech menge schonn, datt et duerchsetzbar ass. Et ass jo vill gefaart gi wat de Vertrauensdokter, wéi ech en am léifsten nennen, sollt sinn. De Vertrauensdokter wäert kee Polizist sinn deen de Patient un d'Léngt leet.

Monique Kater: Fir Suen ze spueren?

Mars Di Bartolomeo: Fir Suen ze spueren. E soll dem Patient e Plus bréngen, am Sënn vum fréieren Hausdokter.
Mir haten d'Hausdokteren, laang ier mir déi ganz komplex schwéier Infrastrukturen haten. An ech mengen och, d'Leit sinn net schlecht behandelt gi wa se keng esou ganz grave Saachen haten, oder wa se en éischten Avis wollten hunn, oder wann de Patient sollt als Ganzt gekuckt ginn, net nëmmen een Deel vum Patient. An dofir, de Sënn vum Médecin référent, Vertrauensdokter, Familljendokter, Hausdokter, ass deen, datt en de Patient a seng Famill iwwer eng méi laang Period ka begleeden.

Monique Kater: Huet een de fräie Choix? Well d'Dokteren hu jo gefaart [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Et huet een de fräie Choix an och de fraie Choix vum Spezialist. Et ass net, datt een doduerch, datt een de Referenzdokter schaaft, Rechter verléiert.

Monique Kater: Kritt een net manner rembourséiert?

Mars Di Bartolomeo: Et ass net am Gesetz virgesinn, datt ee manner rembourséiert gëtt. Ech ka mir Systemer virstellen wou een eng Belounung kritt oder eng Incitatioun kritt fir eppes ze maachen, wou een Incitatiounen [gëtt ënnerbrach]

Monique KaterWat awer nach net festgeschriwwen ass.

Mars Di Bartolomeo: Dat steet net fest, mä dat muss ee mam Terrain diskutéieren.
Dat wat dat wichtegst ass beim Referenzdokter, de Patient kritt net eppes ewech geholl, mä e kritt eppes dobäi. E kritt e Beroder deen em zur Säit steet, deen en net soll fesselen, mä deen e soll orientéieren. Deen och soll Präventiounsmessagen un en eru bréngen. Deen, wann e klenge Bobo entsteet, de Patient kann drop opmierksam maachen.
An dat Zweet wat extrem wichteg ass. Mir maachen doduerch eng Revalorisatioun vun der Allgemengmedezin, well et extrem wichteg ass. D‘CNS seet ëmmer, wann een un d'Moderniséierung oder un den Opbau vun engem Gesondheetssystem geet, datt ee wann ech gelift net d'Grondversuergung soll vergiessen, an datt een déi soll festegen. Well wann ee keng Grondversuergung méi huet, da gëtt alles an déi schwéier Infrastrukturen drainéiert an da gëtt et richteg deier.
Dat heescht also, den zweeten Zweck dovun, niewent dem Patient eppes Zousätzleches ginn, ass d'Allgemengmedezin méi attraktiv ze maachen, fir datt dat Netz vun Allgemengdokteren, intakt bleift, an datt, wa jonk Leit Medezin studéieren, déi vläicht och net wëlle systematesch Spezialist ginn, mä och soen, ech wëll dee klassesche Wee vun der Allgemengmedezin goen. Fir mech ass dat e ganz wichtegt Element vum Gesetz: d'Grondversuergung festegen.

Monique Kater: Well dat revaloriséiert gëtt, vläicht och finanziell. Mä ech kéim nach eng Kéier op meng Fro zréck. Et gëtt jo méi Aarbecht fir déi, loosse mir soen, meeschtendeels Generalisten. Mir hunn elo schonn e Mangel, gëtt festgestallt, an der Relatioun vun de Generalisë par rapport zu Spezialisten. Ass et duerchsetzbar mat der Zuel Generalisten déi mir hunn?

Mars Di Bartolomeo: Ech menge schonn, datt de Projet ka mat deenen engagéierte Leit um Terrain gemaach ginn.
Et gëtt elo net Tonne méi Belaaschtung, mä et kënnt déi eng oder aner Missioun dobäi. An do kritt den Dokter och eng Remuneratioun déi ugemiess ass.
Am Moment ass eise System vun der Grondversuergung nach intakt. Mir wëllen awer dofir suergen, datt en och esou bleift. An – ech soen dat esou wéi ech dat denken – mir brauchen zousätzlech Allgemengmedeziner. Well déi Allgemengmedeziner vun haut hätten och nach gär e Minimum vu Liewensqualitéit. Deen, dee 24 Stonnen op 24, 365 Deeg am Joer schafft, dee muss nach erfonnt ginn. Dofir brauche mir nei Rekrutéierungen. Mir mussen och Incitatiounë fannen fir jonk Leit an deen dote Beräich eran ze kréien, well soss gëtt et richteg problematesch wann dat Netz géing zesumme briechen.

Monique Kater: Wann ee vu Grondversuergung schwätzt, da geet et jo och drëm ob d'Leit sech d'Medezin kënne leeschten. Et ass jo esou, datt no den Décisioune vun der Gesondheetskeess eng Rei Saachen op den 1. Januar méi deier ginn, zum Beispill de Séjour an de Spideeler. Géift Dir mengen den Tiers payant, dee jo elo agféiert gëtt fir Leit déi net genuch Suen hunn, datt dee garantéiert, datt d'Leit net awer un der Gesondheet musse spueren? Et gëtt jo vläicht déi sech genéieren dat unzefroen.

Mars Di Bartolomeo: Dat wat ee muss zu der Gesondheetsreform an zum Gesondheetssystem insgesamt soen: mir hunn hei zu Lëtzebuerg e System deen den Accès garantéiert wéi keen aneren zu qualitativ ganz gudden Déngschtleeschtungen an der Medezin, ouni Ënnerscheed vu Revenu. Mir hunn niddreg Bäiträg. Ech wëll just soen, mir hu Bäiträg ab 1. Januar vun 2,8% am Verglach [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Well d'Ekonomie gutt gelaf ass zu Lëtzebuerg [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Neen, och elo[gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: D'Finanzplaz huet nach ëmmer [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Am Verglach zu Däitschland 8,4%.Wa mir den Patron an den Assuré zesummen huelen, dann hu mir hei zu Lëtzebuerg ab 1. Januar 5,8% an an Däitschland hu mir 15,5%. Dat heescht, mir hunn niddreg Bäiträg. Mir hunn eng ganz niddreg Eegebedeelegung. Mir gehéieren am europäeschen Ëmfeld zu deene wou de Patient am mannste muss drop bezuelen. Wann een elo eng Situatioun huet wou d'Gesondheetskeess trotzdem haut – virun engem Joer huet dat aneschters ausgesinn – e liichten Desequiliber huet, dann dierf ee bei d'Leit goen a soen, komm mir paken alleguer un. An do paken d'Prestatairë mat un, iwwregens d'Doktere maachen dee Bäitrag dee vun Ufank un fir si virgesi war [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: 2 Joer laang gëtt agefruer – d’Lettre clé [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Eng Nullronn fir 2 Joer an eng Participatioun iwwer 6,35 Milliounen iwwer allgemeng Tarifsenkunge bei den techneschen Akten.
D'Betriber bréngen 0,1%, de Staat bréngt 0,1%, d'Assuréeë bréngen 0,1% a bei de Participatioune kënnt et zu Adaptatiounen.
Elo kann ee soen, datt deen een oder anere mat ganz niddregem Revenu kann e Problem hunn. Do hu mir en Netz dat seet, et dierf een net méi wéi 2% vu sengem Revenu an Eegebedeelegungen era féieren. Dat heescht, wann een déi 2% géif iwwerschreiden, da kann een dat rembourséiert kréien.
Dat Zweet wat ee muss soen. Ech ka verdeedegen, datt wann eng Keess am Defizit ass, datt ee bei d'Leit geet a seet, mir mussen eng kleng Bedeelegung maache bei méi klenge Saachen, wa mir kënne garantéieren, datt da wann et richteg wéi deet, bei ganz schwéiere chirurgeschen Interventiounen, bei Häerzchirurgie zum Beispill oder bei Kriibs, datt do d'Prise en charge quasi zu 100% ass. An dat ass zu Lëtzebuerg garantéiert.
Dofir mengen ech, déi Zäite wou ee ka soen, et kritt een alles fir näischt, do mécht een deem System eppes schlechtes. Dee System gehéiert zu deene generéisten iwwerhaapt op der Welt. An och wa mir nom 1. Januar eng kleng Participatioun méi musse maachen, bleift en dee generéisten. Et muss een heiansdo eppes Klenges eragi fir d'Haaptsaach ze erhalen.
A mat deem heite Projet gëtt d'Haaptsaach net nëmme gehalen, mä mir maache strukturell Verbesserunge wou mir fir méi Qualitéit kënne suergen, fir méi Informatiounen am System kënne suergen, a wou mir eng Rei vu wichtegen neien Akzenter setzen, wéi zum Beispill d'Festegung vun der medezinescher Grondversuergung an den Dossier.

Monique Kater: Vläicht nach eng lescht kleng Zousazfro dozou. Eng Méiglechkeet fir méi Suen an d'Keess ze kréie wier jo den Deplafonnement vun de Cotisatioune gewiescht. Do wier séchergestallt gewiescht, datt déi schmuel Schëllere manner mussen droe wéi déi breet Schëlleren. Deet et Iech leed, datt deen net komm ass?

Mars Di Bartolomeo: Dat deet mir leed, mä ech muss awer soen, datt een an enger Diskussioun, wou vun Ufank un eng Alternativ gi war – et ass net, datt ech elo just den Deplafonnement proposéiert hat, ech hat proposéiert an där éischter Versioun vum Projet entweder eng bescheide Beitragserhéijung oder en Deplafonnement.
Ech si beim Deplafonnement net duerch komm, mä bei der liichter Bäitragserhéijung sinn ech duerchkomm, an d'Keess ass elo am Equiliber fir déi nächst 2 Joer. Wa mir wëllen dofir suergen, datt dat weider geet, da mussen déi strukturell Moossname wierken, well soss si mir ganz schnell erëm an enger Diskussioun iwwer zousätzlech Mëttelen.

Monique Kater: Strukturell Mesuren, et muss nach vill geschéien. Mir hätten och nach vill ze schwätzen. Ech soe just Spideeler, de Conventionnement obligatoire; vill Aarbecht bleift op alle Fall ze maachen.
Merci, Mars Di Bartolomeo fir de Besuch am Studio.

Dernière mise à jour