Mars Di Bartolomeo au sujet de la réforme dans le secteur de la santé

Max Theis: Här Di Bartolomeo, d'Aktioun vun den Doktere geet also weider an Dir sidd opgeruff de Projet weider zréck ze zéien. Bleift Dir haart?

Mars Di Bartolomeo: Dat huet näischt mat haart ze dinn, dat huet eppes domat ze dinn, datt ee konsequent bleift. Ech muss Iech soen, ech bedaueren, datt wann ee virun enger oppener Dir steet, datt een et trotzdem fäerdeg bréngt mam Kapp an d'Mauer ze rennen.

Max Theis: Mengt Dir domat déi Mediatioun, wou d'Doktere sech gëschter net kloer geäussert hunn?

Mars Di Bartolomeo: Neen, ech mengen datt ech vun Ufank un ëmmer gesot hunn, datt Diskussiounsbereetschaft do ass, an datt een, wann een also virun enger oppener Dir fir Diskussioune steet, datt een dann awer de Choix mécht fir mam Kapp an d'Mauer ze rennen a léiwer op de Barrikaden ass wéi an der Diskussioun déi eppes beweege kann. Dat huet sech jo an de leschte Woche gewisen, datt déi déi mat um Dësch soutzen de Projet konnte wiesentlech mat beaflossen. Dat gëllt fir d'Sozialpartner, dat gëllt och fir d'Entente des hôpitaux. Déi Aarbechte gi seriös weider an der Chamberkommissioun. Et muss ee sech ebe soe loossen, datt wann een net mat Zäit bei den Diskussiounen dobäi ass, datt ee riskéiert, datt den Zuch an der Gare ass, an, dat een nach ëmmer drop waart, datt den Zuch nach eng Kéier géif laanscht kommen. Mä den Zuch kënnt normalerweis keng 2 Mol laanscht.

Max Theis: Wat déi Chamberkommissioun ugeet, déi soll jo als Mediatioun déngen, hat Dir proposéiert. D'Dokteren hunn dat weider gëschter net kokmmentéiert [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Ech hat gesot, datt déi Chamberkommissioun sécher kann dee Projet beaflossen, nodeems se d'Positioun vum Minister kennt an nodeems se all d'Säiten héieren huet – awer wierklech all d'Säiten héieren huet, net nëmmen d'Dokteren mä och déi aner Akteuren – a sécher och un deem Projet nach wäert schaffen. Dee Projet geet mat Sécherheet net aus der Kommissioun esou eraus wéi en eragaangen ass.

Et dierf een awer heiansdo net vergiessen, Här Theis, datt dat hei net e Projet ass dee sech exklusiv op d'Doktere beschränkt. Dat hei ass e strukturelle Reformprojet deen als Haaptmissioun huet fir d'Qualitéit fir déi 700.000 Patienten déi mir hei zu Lëtzebuerg hunn ze verbesseren an dee Solidarmodell dauerhaft ofzesécheren. Et kann een dat also net reduzéieren op e Sträit tëscht engem Minister an den Dokteren.

Ech fannen et extrem schued, datt wann een ëmmer an ëmmer erëm seet, datt et ëm den Interêt vum Patient geet, datt een eigentlech e Sträit, deen ee mam Minister huet, um Bockel vum Patient ausdréit. Ech verdroe Streech, mä ech verdroen et net wann een engem aneren Streech gëtt a mech domat viséiert. Dofir deet et mir wierklech Leed, datt een net an engem Face à face déi dote Problemer ka léisen, mä datt deen Drëtten, an deem heite Fall de Patient, déi Streech kritt déi fir mech gemënzt sinn.

Max Theis: Dat heescht, Är Offer fir e Face à face, zum Beispill hei op der Antenn, déi géif nach ëmmer stoen.

Mars Di Bartolomeo: Dir wësst jo selwer am beschten, datt ech dee Face à face ni esquivéiert hunn, mä datt deen anere Partner bis elo ni Zäit hat, oder ni wollt an esou e Face à face era goen. Ech hunn näischt ze verstoppen, ech si bis elo an der Kommunikatioun ëmmer fair bliwwen, hu keng Verdréiunge gemaach. Mä wann ee mat mir an e Face à face geet, da muss een och riskéieren, datt ech op eng Rei vu Verdréiungen an esouguer handfest Ligen aginn. An ech ginn Iech e Beispill: wann een den Dokteren erzielt, vu Säite vun der AMMD, datt d'Regierung den Index wéilt ewech huelen, dann ass dat eng handfest Ligen. Dat soll een net maachen ënner erwuessene Partner.

Max Theis: En anere Sujet nach kuerz: haut ass de Comité vun der Gesondheetskeess beienee fir iwwer d'Spuermesuren ze décidéieren. Zeechent sech do en Accord of?

Mars Di Bartolomeo: Ech kann Iech dat net soen. Ech hu bei der Quadripartite, an dat ass jo och e Beleeg dofir, datt eppes bougéiert, de Sozialpartner ugebueden, datt déi doten Décisiounen erëm an d'Sozialpartnerschaft era ginn. Do sinn 3 Partner um Dësch, an déi wäerten de Moien ze décidéieren hunn op wat fir e Wee datt se ginn. Ech gi jiddwerfalls dovun aus, datt en equilibréierte Virschlag kënnt, datt also net alles eesäiteg gemaach gëtt, mä datt, wann een déi Gesondheetskeess am Equiliber wëll halen, jiddwereen e klenge Bäitrag muss leeschten, d'Assuréeën, d'Betriber, de Staat, awer och an ech ënnersträichen dat, d'Prestatairen, dat heescht alleguer déi déi am Gesondheetssecteur, wéi d'Dokteren, d'Apdikten, d'Laboen, schaffen, datt déi och e bescheidene Bäitrag leeschten. Wat fir déi eng ass, ass och fir déi Aner.

Max Theis: Här Di Bartolomeo, ech soen Iech elo emol merci fir elo.

Mars Di Bartolomeo: Ma ganz gär geschitt.

Dernière mise à jour