Mars Di Bartolomeo au sujet de la réforme des soins de santé et de la grève des médecins

Mars Di Bartolomeo: Ech si kee sture Mënsch, an ech féieren och kee Monolog.
Dir hutt gesinn, datt ech eng Rei vun Ouverturë gemaach hunn. Ech bedaueren, datt, am Fall vun der AMMD, wann ee virun enger oppener Dier steet, datt een et trotzdem fäerdeg bréngt mam Kapp an d’Mauer ze rennen, an esou mécht wéi wann dee Projet just fir 2.000 Dokteren do wier.
Wann ech gesot kréien, datt ech no wéi vir de Projet muss zréckzéien, da muss ech soen, ech denken net dru fir dee Projet zréckzezéien.

Max Lemmer: Här Minister, ech bieden ëm kuerz Äntwerten. Dir hat viru kuerzem elo déi zoustänneg Chamberkommissioun als Médiateur an d’Spill bruecht. Wéi gesäit et dann do iwwerhaapt mat der Gewaltentrennung aus? Ass et de Rôle vun enger Chamber [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Ech hunn ee Saz gesot gehat, wou ech gefrot gi sinn, vun engem Journalist, wat ech dann dovu géif halen, datt e Jean-Claude Juncker géif d’Médiateursroll iwwerhuelen. Ech hat bei där Geleeënheet e Saz ugesat, wou ech ënnerbrach gi sinn.
Ech wollt soen, an ech soen Iech dat, datt de Jean-Claude Juncker mir formell gesot huet, datt hien net géif drun denke géint ee vu senge Ministere Médiateur ze spillen. An do sinn ech gefrot ginn, wien ass da Médiateur?
An dunn hunn ech an engem Wuert gesot, datt d’Chamber, nodeems se de Minister héieren huet, nodeems se all Säiten héieren huet, net nëmmen d’Dokteren, hir Roll wäert spillen. Ech hu mir dobäi net virgestallt, datt een eng komplex Ronn féiert, dat bréngt näischt. D’Chamber huet hir Missioun bis elo exzellent erfëllt, an d’Chamber gesäit dat d’selwecht wéi ech, datt dat hei net nëmmen eng Ausernanersetzung ass tëscht Dokteren an engem Minister, mä datt dee Projet vill méi wäit zilt, a jiddweree betrëfft.

Max Lemmer: Et huet een e bëssen d’Gefill, wéi wa béid Säite net wëllen zréckrudderen, ënner anerem fir d’Gesiicht net ze verléieren. Wier do d’Iddi vun engem Moratoire net eng Méiglechkeet, fir aus där Impasse do erauszekommen?

Mars Di Bartolomeo: Dat ass fir mech keng Optioun. Dir wësst, datt dat do net mäi Projet ass, mä dat ass de Projet vun der gesamter Regierung. Ech hunn déi Dier ni geklakt. Hei geet et net ëm Zréckrudderen, hei geet et ëm Glafwierdegkeet, och vun der Politik.

Dernière mise à jour