Mars Di Bartolomeo invité de l'émission "Background - Am Gespréich"

Guy Kaiser: Gudde Mëtteg. Gesondheet fir jiddwereen, dat ass de Plädoyer vum Minister Mars Di Bartolomeo. Eise System gëtt domat awer éischter krank, et ass eng Gefor fir déi liberal Medezin – dat ass d’Défense vun den Dokteren.

Wat stécht tatsächlech an dëser geplangter Reform, déi zanter Wochen e Projet vun der ganzer Regierung ass? Mir ginn dem Minister gutt 50 Minutten Zäit, sech a säin Text ze explizéieren.

Mir sichen tatsächlech no Hannergrondinformatioune fir erauszefanne wat dann elo alles esou schlecht un där geplangter Gesondheetsreform wier. Schliisslech behaapten d’Dokteren, si wiere mat kenger eenzeger Zeil vum Text averstanen. Gudde Mëtteg also, Här Di Bartolomeo.

Mars Di Bartolomeo: Gudde Mëtteg.

Guy Kaiser: Ech setze kuerz de Kader vun dëser Emissioun, wann Dir erlaabt. Mir ginn déi wichtegst Punkte vun Ärem Projet duerch, fir datt d’Leit dobaussen, déi eis nolauschteren, also potentiel Clientë vun der Gesondheetskeess besser verstinn ëm wat datt et geet.

Ech ginn Iech déi néideg Zäit fir Iech ze explizéieren, ech bieden Iech awer trotzdem, net all Kéiers ze wäit auszehuelen, esouguer dann net, wann ech Iech d’Ouverture maache fir iwwer 1 Auer erauszegoen. Esou wäit also fir de Kader vun dëser Emissioun. Ech ginn emol dovun aus, Dir sitt domat averstanen.

Dëse Kader wier dann d’Gesetz vun dëser Emissioun. Mä den Däiwel stécht am Detail. An ech kéint mir jo eng Abberzuel Saachen afale loossen, fir datt dës Emissioun net méi sachlech, mä beispillsweis äusserst polemesch gëtt. Dat wieren da meng kaiserlech Reglementer.

Dir hutt Iech op eppes agelooss, Här Minister, wou Dir net wësst wat op Iech duerkënnt. An ass et net dat, wat jo d’Doktere fäerten? Dir schwätzt hinne schéi ronderëm de Mond, ouni awer verbindlech ze ginn. Déi groussherzoglech Reglementer bleiwen en eidelt Blat. Kënnt net en Deel vum Malaise ënner den Dokteren vun dohier?

Mars Di Bartolomeo: Dir wësst, mir sinn net um Enn vun deem hei Gesetz ukomm, mä mir si mëtten an der Diskussioun iwwer dat Gesetz.

Dat Gesetz zeechent e Kader, an dee Kader muss belieft ginn duerch d’Aarbecht um Terrain. An ech soen dat emol esou, wéi ech dat denken: déi Aarbecht um Terrain geet net ouni d’Leit um Terrain. An hei ass och net dru geduecht, fir eng nei Gesetzgebung ze maachen ouni d’Leit vum Terrain.

Mä Dir hutt et virdru gesot, wann een een Deel vun de Partner huet, déi soen, et ass kee gutt Wuert un deem do Gesetz, an dat eenzegt wou mir zefridde wieren, dat ass wa mir et an den Dreckseemer géife geheien, dann ass et natierlech schwéier iwwer Detailer ze schwätzen.

Dat ännert awer näischt do drun, datt ech weiderhin op fir Gespréicher sinn, an datt och ganz vill Gespréicher mat anere Partner, an och mat Erfolleg gelaf sinn.

Guy Kaiser: Also, deen ee Saz, datt keng eenzeg Zeil eppes wäert wier an deem Projet, dat ass dat eent, loosse mir dat elo emol, op d’mannst fir den Abléck, op der Säit.

Wann een awer mat den Doktere soss esou schwätzt, dann héiert een och alt emol eraus, et sinn duerchaus valabel Saachen dran, mä, kënnt all kéiers hannendrop, de Minister gëtt eis keng verbindlech Ausso.

An ech stelle mir d’Fro, ech versti jo, e Gesetz brauch groussherzoglech Reglementer, well soss kann e Gesetz u sech net praktesch a Kraaft gesat ginn. Mä ech denken un d’Beispill och vun der Schoulreform. Do gouf och Jo gesot, an herno, wéi d’groussherzoglech Reglementer komm sinn, dunn hunn d’Enseignantë sech awer d’Ae verwonnert geriwwen.

Mars Di Bartolomeo: Dat hei wäert net de Fall sinn. Et ass jo och net esou, wéi wa mir net nogelauschtert hätten. Mir hu ganz gutt Diskussiounen iwwer déi leschte Méint gehat. Mir hunn en Avant-projet de loi am Juli presentéiert. A während der Vakanz, bis an de September, hunn déi eenzel Partner Zäit gehat fir dorun ze schaffen. An et huet och jiddweree mat Propositiounen [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Jo, dat hunn d’Doktere jo gesot, si hätten hir Äntwert ginn.

Mars Di Bartolomeo: Et huet och jiddweree mat Propositiounë gehollef, fir déi Diskussioun nach weider ze verbesseren, och d’Dokteren.

An ech muss soen, datt d’Dokteren an där Summervakanz och eng zollitt Aarbecht gemaach hunn, a Mëtt September bei mech komm sinn a mir déi do Aarbecht presentéiert hunn. An ech hunn hinnen och deemools gesot, do sinn eng ganz Rei vun Ouverturen dran, ënner anerem datt mir deeës Reglementaresches, wat contestéiert war, wou gesot ginn ass, mir géifen d’Medezin verstaatlechen, géif erëm ersat ginn duerch dat Konventionellt.

Déi Sëtzung, ech hunn déi gutt an Erënnerung, ech hu mat ganz grousser Iwwerraschung deemools festgestallt, datt eis Diskussiounspartner, d’AMMD, aus där Sëtzung erausgaange sinn, a gesot hunn, de Minister huet nëmme Wischi-Waschi gesot, de Minister huet iwwerhaapt keng Ouverture gemaach a mir bleiwen op eiser Positioun, alles oder näischt, Dreckseemer mam Projet oder zréckgezunn.

An do soen ech, dann ass et natierlech ganz schwéier fir dat op de Buedem ze bréngen. Aner Partner hunn et anescht gemaach, déi hu Propositiounë gemaach an dunn hu si zu eis gesot, da kommt, mir diskutéieren déi elo am klenge Kreess an da maache mir Texter.

Guy Kaiser: Da kommt mir diskutéieren elo emol den Detail. Wouriwwer maache sech also d’Doktere Gedanken?

Do geet et jo emol em dee Referenzdokter. Den Terme kënnt aus Frankräich a bedeit, op d’mannst a Frankräich, näischt anescht wéi den Hausdokter, dat kann een och elo bei eis de Vertrauensdokter nennen.

Loosse mir emol der Rei no fueren. An Zukunft soll jo jiddwer Patient am Prinzip emol just een Hausdokter hunn. Dat schéngt och logesch fir dee Mëssbrauch vun ze vill Medikamenter virzebeugen. Elo sinn ech awer als Patient guer net zefridde mat mengem Dokter. Wéini kann ech e wiesselen?

Mars Di Bartolomeo: Ma da wiesselt Dir en.

Guy Kaiser: Ech kann den Hausdokter regelméisseg wiesselen, oder sinn do Grenze gesat?

Mars Di Bartolomeo: Dir kënnt e regelméisseg wiesselen, also net elo wéi Dir Äert Hiem wiesselt. Mä do kommen eng Rei vu Malaisen op, well mir bei eenzelnen Elementer vun dësem Gesetz an d’Ausland kucke ginn an da soen, do gëtt et och esou eppes Ähnleches, an da sicht ee sech déi negativ Punkten eraus, fir dat wat mir hei zu Lëtzebuerg wëlles hunn ze zerrieden.

Ech wëll Iech soen, dat wat de Fort vun eisem System ass, dat ass, datt et eisen eegene System ass, an datt et ee vun deene generéisten op der Welt ass, dee jiddwerengem de fräien Zougang erlaabt. An a mengem Asaz an deene leschte Joeren, um europäesche Plang, hunn ech mech mat Hänn a mat Féiss gewiert, fir datt mir Systemer, déi an anere Länner wäitaus manner generéis a wäitaus manner op sinn, datt mir déi vun Europa géifen imposéiert kréien.

Da kënnt Dir Iech och virstellen, datt wann ech mech um europäesche Plang géint Verschlechterunge wieren, datt ech dat och hei zu Lëtzebuerg wäert maachen, a mech net u schlechte Beispiller am Ausland inspiréieren, mä eise Wee wëll goen, dee mam Hausdokter.

Guy Kaiser: Mä op jiddwer Fall misst ech dann, mat Ärem Gesetzprojet, herno beim Hausdokter passéieren, fir dann eventuell bei e Spezialist geschéckt ze ginn.

Mars Di Bartolomeo: Neen, Dir musst iwwerhaapt net.

Ech sinn immens frou fir d’Geleeënheet ze hunn, fir dat emol eng Kéier mat aller Kloerheet ze soen.

Et ass e fräiwëllegt Ugebuet. Den Dokter gëtt fräiwëlleg ausgewielt, et sicht ee sech säin Hausdokter. Firwat soll ee sech den Hausdokter sichen? Ma well deen am noste beim Patient ass, bei der Famill ass, a well deen eng global Vue huet vum Patient. E kennt de Patient a sengem Ensembel, a sengem sozialen Ëmfeld, mat senger Famill. An e weess och, wat de Patient a sengem Liewe bis elo erlieft huet a wou e Problemer hat.

Dofir soe mir, deen traditionellen Hausdokter, dee leider net méi jiddwereen huet, dee solle mir erëm an d’Vitrine stellen als Beroder, als Vertrauensdokter, deen ee fräiwëlleg wielt. An den Dokter kann natierlech och fräiwëlleg säi Patient wielen.

Et gëtt also kee forcéiert, an et muss och kee bei den Hausdokter virdru goen, fir kënnen [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Dir hat awer an engem Interview den 23. Juli am Lëtzebuerger Land gesot, an do zitéieren ech: "Zunächst wird das für die Patienten freiwillig. Ich bin aber bereit, später" – well elo geet et ëm de Remboursement – "später die zu belohnen, die über den Referenzmediziner gehen, und die mehr bezahlen zu lassen, die wahllos Spezialisten aufsuchen."

Mars Di Bartolomeo: Majo, dat war des 23. Juli, an duerno ass de Projet de loi deponéiert ginn.

Deen Textdeel op deen ech mech den 23. Juli beruff hunn, dee war an deem Moment schonn aus den Artikelen erausgeholl ginn, well ech dat vum Terrain verstanen hunn, datt een deen do Hues net soll opjoen. Well wann ee seet, belounen, da gëtt direkt vun de Leit gesot, da ginn déi aner bestrooft. Dat ass awer net esou geduecht. Mir hunn un Incitatiounë geduecht, déi een awer net vun uewe soll erof diktéieren.

An nach eng Kéier, fir datt ech awer de Raisonnement ka bis zum Schluss féieren: et ass eng Offer un de Patient. De Patient kritt näischt ewech geholl, e kritt den Hausdokter als Guide ugebueden.

E ka weiderhi fräi bei de Spezialist goen. Den Hausdokter wäert net d’Roll vun engem Polizist spillen. Wann en déi misst spillen, da wier den Hausdokter mëssbraucht, an da wier dat Vertraue fort. E soll de Patient also beroden.

Nun si Mëssverständnisser opkomm, wou gesot ginn ass, ee Saz am Commentaire des articles, deen interpretéiere mir esou; dat do, am Frankräich leeft dat esou.

A wann dat dann zu Malentenduë komm ass, soen ech Iech haut, op dëser Antenn, all Element an deem Gesetz, dat soll drop hiweisen, datt eng Strof géing kommen, oder datt den Hausdokter zum Polizist géif ginn an net zu enger zousätzlecher Offer fir de Patient, wäert aus deem Gesetz eraus sinn ier et duerch d’Chamber geet.

Guy Kaiser: Dat do ass awer éischter iwwerraschend.

Mars Di Bartolomeo: Dat ass net iwwerraschend, well ech, am Géigendeel vun deem wat vu mir behaapt gëtt, ganz gutt nolauschtere wat den Terrain denkt, an och receptiv sinn op Argumenter vum Terrain.

Dofir soen ech och, hei op dëser Antenn, datt d’Fonctiounë vum Hausdokter net wäerten iwwer Reglement imposéiert ginn, mä datt mir dat wëlle mam Terrain iwwer Konventioun maachen. Dat heescht, datt mir dat am Konsens mat den Hausdoktere wëlle maachen, an datt mir eis [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Hutt Dir doriwwer scho mat de Generalistë geschwat, elo rezent?

Mars Di Bartolomeo: Ma ech hunn de Generalisten nogelauschtert, wat si mir gesot hunn, a wat se der Démarche reprochéiert hunn. Och wa se net mat mir um Dësch soutzen, hu se mir awer eng Rei vu Messagë ginn, an ech hunn och nach Dokteren, déi net d’Stroossesäit wiessele wa se mech begéinen, mä [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: A där gëtt et nach, jo?

Mars Di Bartolomeo: De Geck an den Eck, ech hunn iwwer 6 Joer en exzellent Verhältnis zu den Doktere gehat an ech weess wat déi Leit um Terrain schaffen. Dofir wëll ech och op déi Suerge vum Terrain agoen, wou se fäerten, datt eppes géif geschéie wat hir Aarbecht géif erschwéieren.

Dat heescht am Kloertext, d’Fräiwëllegkeet garantéiert de libre Choix vum Patient fir den Dokter, och inklusiv de Spezialist, net vun uewen erof diktéiert iwwer Reglement, mä iwwer Konventioun ausgeschafft.

An ech hunn nach eppes aneschtes héieren, wat mir och gefall huet. Mir sollen dat do net vum 1. Januar op Knäppchesdrock maachen, mä mir sollen eis déi Méint Zäit loossen, fir dat do kënnen auszediskutéieren an dann och kënnen ze kucken, wéi een dann déi zousätzlech Aarbecht vum Generalist honoréiert.

Well dat ass nämlech deen zweete Volet vum Gesetz. Éischtens soll de Patient en zousätzlecht berodend Ugebuet kréien an zweetens wëlle mir den Hausdokter revaloriséieren. Den Hausdokter ass e wichtegt Element an eisem Gesondheetssystem, et ass de Médecin de première ligne, dat ass deen, deen no beim Patient ass.

Mir hunn d’Chance, datt dat Netz nach einegermoossen intakt ass, mä et sinn awer scho kleng Lächer do. A wa mir wëlle verhënneren, datt déi Lächer méi grouss ginn, da musse mir jonke Leit, déi de Choix maache wat fir eng Disziplin datt se huelen, och déi vum Hausdokter als attraktiv ze erkenne ginn.

An dofir wäerte mir mam Terrain verhandelen, diskutéieren, wéi déi zousätzlech Missiounë besser honoréiert ginn, wéi mir se besser kënnen an d’Präventioun abannen a wéi mir zousätzlech Déngschtleeschtunge vum Hausdokter kënne bidden.

Guy Kaiser: Dat do ass ganz interessant, Här Minister, well de Referenzdokter war jo awer trotzdem ee vun de wichtege Voletë vun dëser Reform.

Mars Di Bartolomeo: Ma de Referenzdokter ass weiderhin ee vun deenen extrem wichtegen. Mä wësst Dir, wann een Incitatiounë wëll maachen, an da kritt een et [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Et huet sech bis elo awer alles ronderëm den Hausdokter, oder de Referenzdokter pivotéiert, géif ech soen. Am Projet steet awer kloer dran, datt u sech de Patient vum Ufank u bis zum Enn, eigentlech ëmmer vum Vertrauensdokter guidéiert gëtt.

Mars Di Bartolomeo: Ma dat soll och esou bleiwen, [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Jo, mä Dir hutt et awer elo kräfteg ofgeschwächt, andeem Dir [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Neen, mir hunn et net ofgeschwächt. Et ass als méi eppes Zwangsméisseges verstane ginn. Dat war awer net esou geduecht. Kuckt den deponéierten Text, do ass alles op Fräiwëllegkeet opgebaut. Dat eenzegt wou Dir Recht hutt, d’Konventioun oder Reglement.

Guy Kaiser: Mä da kommen awer esou Saachen dobäi, wéi ech Iech zitéiert hunn, an engem Interview mam Land, wou een dann awer dann esou erausspiert, dat fänkt fräiwëlleg un, mä tôt ou tard gëtt et obligatoresch.

Mars Di Bartolomeo: Wësst Dir, ech schléissen net aus, wann ee mat dem Terrain diskutéiert huet, a wann dat Konzept sech bewäert huet, datt een Incitatiounë ka schafen. An dat si positiver. Dat ass net fir deen een ze strofen, mä dat kënnen Incitatiounë sinn, mä dat loosse mir op, an dat diskutéiere mir mam Terrain.

An da just ee leschte Saz zum Hausdokter. Et ass gesot ginn, den Hausdokter géif dann de Johny Controletti gi vun de Leit, well e soll dofir suergen, datt keng Iwwermedikatioun géif kommen, keng Surconsommatioun, an esou weider. Do ass gesot ginn, e soll dofir suergen.

Mir wäerte proposéieren, datt den Hausdokter seng Informatiounsmissioun un de Patient an deem Sënn wäert notzen, well et ass kee Privileg fir e Patient fir ze vill Medikamenter ze schlécken, fir ze vill [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Do si mir eis eens, Här Minister [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Voilà, an dofir solle mir [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Deen Hausdokter misst jo dann och regelméisseg eng Zort, wéi soll ech soen, Iwwerschlag maache vu senger Clientèle, all 3 Méint eng Kéier déi honnerte vu Patienten um Computer.

Mars Di Bartolomeo: Wësst Dir, nee wësst Dir, [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Loosst mech awer emol ausschwätzen.

Mars Di Bartolomeo: Jo, selbstverständlech.

Guy Kaiser: Also seng Patienten um Computer duerchzehuelen, op de Radarschierm ze huelen, fir dann ze kucke wou d’Situatioun drun ass. Fir mech ass dat eng Interpretatioun, an dat ass och dat wat ech vun de Generalisten héieren, si géifen zum Büroshengscht ginn.

Mars Di Bartolomeo: Wësst Dir, och dat héieren een, an do lauschtert een, an et versteet een dat och. Ech hunn Iech gesot, dee Règlement grand-ducal, dat war e Virentworf dee mir gemaach hunn, do war esou eppes virgesinn.

Ech hu mir soe gelooss vum Terrain, datt dat do liicht iwwerdriwwe wier, an dofir soe mir, mir maachen dat net iwwer Règlement grand-ducal, mä dat maache mir mam Terrain, a mir maachen dat wat vernünfteg ass a wou den Hausdokter Zäit genuch behält fir sech ëm säi Patient ze këmmeren, a sech net brauch mat iwwerflëssegem Büroskrom erëm ausernanerzesetzen.

Guy Kaiser: Richteg, do sitt Dir awer an enger vun esou Situatiounen, wéi ech se am Ufank beschriwwen hunn. Dir sot dat elo hei op der Antenn, ech gleewen Iech och, mä ech si jo net Dokter, a wann ech Dokter wier, misst ech jo net onbedéngt gleewe wat herno dann do erauskënnt.

Mars Di Bartolomeo: Ma dat gesitt Dir dann an den Texter.

Guy Kaiser: Et ass gutt, da loosse mir eis iwwerraschen.

Mars Di Bartolomeo: Ma voilà.

Guy Kaiser: Wéi ass dann elo de Commentaire des articles um Punkt 8 zum Beispill ze verstoen? Do zitéieren ech:

La rémunération des missions du médecin référent sont à inscrire dans la nomenclature des médecins, médecins dentiste. Elle doit être en relation au gain lié à une meilleure coordination des soins, et à une utilisation plus rationnelle du système de soins de santé.

Explizéiert mir emol déi Relatioun.

Mars Di Bartolomeo: Mä dat kann een duerch de schwaarze Brëll kucken, andeem ee seet, e kritt just eppes, wann en de Patient a sengem Konsum kierzt.

Et kann een et awer och esou soen, an esou liesen ech et, datt een op där enger Säit en zousätzleche Käschtepunkt gesäit an der Remunératioun vum Hausdokter fir seng nei Missiounen, an datt een déi zousätzlech Ausgaben a Relatioun muss mat deem setzen, wat eng gutt Berodung vum Patient, eng gutt Orientéierung vum Patient kann un Erspuernisser fir de System bréngen, an och fir de Patient.

Dat heescht, et muss een dat deen zousätzleche Käschtepunkt a Relatioun mat deem setze wat vu Plus-value vun deem Dokter a Saache beschtméiglech Notzung vun deem System setzen. Ech liesen et net duerch de rosa Brëll, mä ech hunn deen Text do mat beaflosst, an ech weess wat ech dorënner verstinn.

Wann Eenzelner eppes anescht verstinn, dann ass et wichteg, datt ee sech do explizéiert. D’Chambersdiskussioun, wou mir an der Kommissioun gutt an intensiv mateneen diskutéieren, ass eng ganz gutt Geleeënheet fir eenzel Präzisiounen dozou ze kréien.

Guy Kaiser: Dir loosst an Ärem Text schreiwen, an Zukunft kéint de Médecin référent nach eng méi grouss Roll spillen, zum Beispill wat d’Verschreiwe vu certains médicaments sensibles betrëfft. Wat stécht do dohannert?

Mars Di Bartolomeo: Dat do ass ee vun deenen Elementer, déi als Explikatioun era komm sinn. Et gi Medikamenter, déi méi komplex Wierkungen hunn. Et gi Medikamenter, wou Berodung muss dobäi sinn, an dat kann den Dokter mat iwwerhuelen. Zum Beispill bei chronesche Kranken kann den Hausdokter eng wiesentlech Orientéierungsroll mat spillen, an et ass an deem Sënn wou dat do gemengt ass.

Guy Kaiser: Dir wëllt de System jo net nëmme méi efficace maachen, Dir wëllt och spueren. An do schreift Dir am Exposé des motifs, d’Spideeler gesi sech dacks nach als komplett autonom Entitéit, an Dir proposéiert, datt zum Beispill déi verschidden Etablissementer hir Saachen zesummen akafen, fir mat enger grousser Quantitéit de Präis ebe kënnen erofzehandelen.

D’Doktere fir hiren Deel fäerten, wann et da bis esou eng Cellule gëtt, déi fir d’Commanden zoustänneg ass, da wier et normal, datt déi dann och wierklech besuergt ass, bëlleg anzekafen, also fir kënnen ze spueren, an also kéint dann d’Qualitéit vun der Wuer do drënner leiden. De Patient kéint zum Beispill, an dat ass d’Beispill wat mir gelies hunn an der Press, eng schlecht Gelenkprothes kréien.

Mars Di Bartolomeo: Heiansdo verstinn ech net wou een d’Argumenter siche geet. Wann ee seet Akaafszentral – déi schonn zum Deel fonctionnéiert, mä déi nach net ganz ausgebaut ass – da spillt d’Mass vun de Bestellungen eng Roll, zu wat fir enge Conditiounen datt een et kritt. Net elo méi eng schlecht Qualitéit, mä doduerch datt déi Haiser sech zesummendoen, kréie se d’Masse critique a kréie se aner Conditiounen.

Guy Kaiser: Déi do Ängschte komme jo vun den Dokteren. Do stellen ech mir als Journalist d’Fro, ass dann do net seriös mateneen diskutéiert ginn?

Mars Di Bartolomeo: Wann ee mat de Responsabele vun de Spideeler schwätzt, wann ee mat den Doktere schwätzt, dann héiert ee kee, dee seet, datt mir bis elo schonn engem eng deier Therapie refuséiert hätten, eng deier Prothes scho refuséiert hätten.

Et komme regelméisseg Demanden, och bei mech, fir ze froen, eng ganz, ganz besonnesch deier Therapie ze iwwerhuelen, déi net üblech ass, oder eng ganz besonnesch deier Prothes kënnen ze setzen, déi net üblech am Handel ass. An ech hu bis elo nach kengem dat refuséiert an ech wäert och kengem et refuséieren.

Hei gëtt eng Begrëffsverwirrung gemaach. Wann ee seet, datt d’Spideeler, datt Spuerpotenzial an de Spideeler besteet, da kuckt een dat duerch dee falsche Brëll an et seet een, elo gëtt dat prioritär op deenen essentielle Saache gemaach beim Patient, fir och de Patient ze veronsécheren.

Ech wëll Iech awer soen, datt, ier een iwwerhaapt esou Reflexioune féiert, et esou e grousst Spuerpotential gëtt, vu Milliounen, op anere Gebidder, wéi zum Beispill iwwer d’Akaafszentral; wéi zum Beispill iwwer d’Spidolslaboen; wéi zum Beispill iwwer eng intelligent Notzung vun der Chirurgie ambulatoire; wéi zum Beispill iwwer gemeinsam Informatik, wou d’Dokteren och där selwechter Meenung si wéi mir, an eis och sollen hëllefen, datt mir dee Plus un Efficacitéit a rationell Notzung vun de Moyenë kréien, fir kënnen ëmmer dee Sputt ze behalen, fir deier Therapië kënnen ze finanzéieren. An dat ass meng Vue.

Ech wëll verhënneren, datt mir notzlos op där enger oder anerer Säit d’Geld verbroden, dat dem Patient strictement näischt bréngt, fir dee Sputt ze behalen, fir kënnen déi deier Therapien, an do kommen deierer op eis zou, fir dem Patient déi beschtméiglech Behandlung kënnen ze garantéieren.

Also, op där enger Säit, wou et den Dokter näischt kascht, wou et dem Spidol näischt bréngt, wou et sécher dem Patient och näischt bréngt, dee Spuerpotenzial eranhuele fir do wou mir et brauchen deen noutwennege Sputt ze hunn. Hei zu Lëtzebuerg ass et gëschter, gëtt et haut, a wäert et muer kee Patient ginn, deen och eng pointéiert Therapie brauch, dee se refuséiert kritt.

Et ass ebe just dat, den Inhalt vun der Reform, an dat gëtt vläicht no baussen net ëmmer esou duergestallt, pour les besoins de la cause.

Guy Kaiser: Mir si jo gläich an der Halschent vun eiser Emissioun ukomm, dofir nach just eng kleng Tëschefro, an dann hätte mir Paus.

Wat ass elo de Prozentsaz vun den Dokteschhonorairen am globale Budget vun der Krankekeess? Wësst Dir deen auswenneg, oder iwwerraschen ech Iech do?

Mars Di Bartolomeo: Neen, Dir iwwerrascht mech net. Dat wäert ongeféier bei 300 Milliounen Euro, plus minus leien, wann een tëscht eng, 1,5 bis 2 Milliarden insgesamt läit; da gesitt Dir d’Relatioun: 15%, 20%.

Guy Kaiser: Da schreift Dir jo och, d’Facturatiounë vun den Doktere solle méi transparent ginn. Wourop wëllt Dir do eraus?

Mars Di Bartolomeo: Ech menge jo, datt et wichteg ass, datt mir genee gewuer gi wat an eisem System leeft. Dat heescht, mir musse wëssen, wien, wou, wat mécht. An dat ass haut ganz oft net esou transparent, wéi et soll sinn. Net fir elo jiddwerengem op d’Fangere kënnen ze klappen, mä fir emol kënnen ze gesi wat genee an eise Spideeler gemaach gëtt.

Ech ginn Iech e Beispill. Wa muer e Patient aus dem Ausland op Lëtzebuerg kënnt a freet, wat kascht déi an déi Operatioun? Dann huet d’Spidol relativ vill Schwieregkeeten ze soen, wat sinn d’Infrastrukturkäschten, an huet extrem Schwieregkeete fir ze soen, wat kascht elo déi Operatioun duerch den Dokter. Dat kann net sinn, et muss een dee Präis kennen.

An dofir soe mir, mir brauchen d’Dokumentatioun vun deem wat gemaach gëtt, genee. Net datt een eng Knéiprothes fir eng Zéiwenoperatioun kann [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Facturéieren.

Mars Di Bartolomeo: Dir sot facturéieren, ech sinn elo méi fein an ech soen, dofir kann halen. Et muss een dat also och éischtens dokumentéieren.

Dat Zweet, an dat ass eppes wat extrem wichteg ass, Transparenz an de Spideeler schafen duerch eng Comptabilité analytique. A wat mir musse fäerdeg bréngen, dat ass d’Spidolskäschten plus d’Dokteschkäschten zesummen, eng full-cost Rechnung, dat heescht, datt ee genee weess, wat dat Ganzt kascht.

A wann een Transparenz am System huet, da kann ee kucken, hu mir iwwerall déi noutwenneg Stéckzuele fir et gutt ze maachen, oder musse mir Spezialiséierunge maachen, Zesummenaarbecht maachen? An da si mir erëm beim éischten Element vun der Reform.

Mir bezuelen e ganz deiere Präis pro Kapp, do sti mir um Podium op der drëtter Plaz, mat Norwegen an den USA. Ech hätt gären, datt mir net nëmme beim Präis op där éischter, zweeter oder drëtter Plaz stinn, mä och bei der Qualitéit kënnen noweisen, datt mir Nummer 1, Nummer 2, oder Nummer 3 sinn.

Guy Kaiser: Gutt, dat do kucke mir dann herno nach méi am Detail. Et ass schonn halwer 1 passéiert.

Dat war also den éischten Deel vun eiser Emissioun "Background – am Gespréich" mam Gesondheetsminister. Den zweete kënnt elo gläich. Mam Mars Di Bartolomeo fuere mir weider no den Neiegkeeten.

[Noriichteniwwerbléck vum Eric Ewald]

Guy Kaiser: E ganz heikle Sujet ass jo och deen esou genannten elektronesche Patientendossier. Also eng Zort, soen ech emol, Chipkaart op déi all méiglech Informatiounen iwwer de Patient kéinten agedroe ginn.

Dat kann neess eng Kéier duerchaus Sënn maachen, zum Beispill weess den Dokter, datt ech eréischt bei engem anere Medeziner scho Schlofpëlle verschriwwe krut, also kréien ech vläicht net nach e puer Këschten dobäi.

Allerdéngs huet d'Saach och en Hoken, well nieft dem Hausdokter kréien all déi aner Medeziner Abléck. Ma och d'Apdikter. An da stinn ech vläicht schéin domm do, wa gläich jiddweree weess, datt ech Problemer hu mam Schlof, datt ech Depressioune maachen, datt ech Viagra huelen, etc. Et berouegt mech also ze liesen, Här Di Bartolomeo, datt ech fir d'éischt emol muss mäin Accord ginn, fir datt déi Kaart iwwerhaapt aktivéiert gëtt.

Mars Di Bartolomeo: Dir schwätzt vun enger Kaart. Et ass net esou einfach wéi dat do.

Ech wëll Iech soen, wann et ee Punkt gëtt wou ech regelméisseg vu Patienten an och vun Dokteren drop ugeschwat gi sinn, dann ass et deen doten, wou sech zu Recht beschwéiert gëtt, datt een innerhalb vu kuerzer Zäit X-Mol verschidden an heiansdo déi selwecht Blutanalysë mécht, datt een X-Mol duerch Röntgen an IRM gedréint gëtt, respektiv, datt een, wann ee vun engem Dokter bei deen anere geet, den Dokter net onbedéngt weess wat fir eng Medikamenter datt de Patient rezent geholl huet.

D'Iddi ass hei, an do muss een d'Differenz maachen tëscht dem Patientendossier am Spidol oder dem Patientendossier bei sengem Dokter an hei deenen Donnéeën. Dat si selektionéiert Donnéeën, déi kënne mam Accord vum Patient vun Dokter zu Dokter, Professionnels de Santé genotzt ginn. An do [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Wat heescht dat dote konkret, Här Di Bartolomeo?

Mars Di Bartolomeo: Dat heescht konkret, datt Dir [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Dat heescht net, datt ech eng Kaart hunn an do kënnt alles drop?

Mars Di Bartolomeo: Neen. Et kënnt eng Plattform wou déi Donnéeë gespäichert sinn. An do sinn d'Donnéeën iwwer Laboen an iwwer Röntgen an iwwer Medikamenter op enger Säit anonymiséiert gespäichert. An op enger anerer Säit fannt Dir den Identifiant vum Patient. An eréischt wann Dir déi Donnéeën zesumme bréngt, kënnt Dir eppes domat ufänken.

An dat geet nëmmen am Accord tëscht dem Dokter an dem Patient. Et sief dann, et ass eng Urgence, dat muss een och kënne regelen. Dat heescht, hei geet et [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Mä ass awer de facto de Secret médical net opgehuewen?

Mars Di Bartolomeo: De Secret médical gëtt garantéiert. De glieserne Patient wäert et net ginn.

Guy Kaiser: Dee Moment si meng Donnéeë jo trotzdem an enger Datebank, egal wéi mir dat elo dréinen a kéieren. Dat heescht zum Beispill, an enger Klinik ka Jenni a Menni awer trotzdem a mäin Dossier era kucke goen.

Mars Di Bartolomeo: Neen, dat ass ebe just do wou d'Begrëffsverwirrung ass.

Dat ass net dee kompletten Dossier wou alles drop ass, mä do gi selektionéiert Donnéeën, déi dem Patient eppes brénge wa se echangéiert ginn, respektiv dem Dokter e Plus bréngen un Informatioun fir de Patient beschtméiglech kënnen ze traitéieren gespäichert.

Ech gin Iech e Beispill. Wa verschidde Medikamenter matenee kollidéieren, kann dat dramatesch Folge fir de Patient hunn.

Guy Kaiser: Do si mir eis eens, Här Di Bartolomeo.

Mars Di Bartolomeo: Ma voilà, an et ass genee dat do wat gewënscht ass. Ech soen Iech [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Mä wéini komme meng Donnéeën an eng Datebank? An ech soen elo emol, hannen um Wupp wier dann den Informatiker. Dee kënnt un alles erun.

Mars Di Bartolomeo: Den Informatiker kënnt nëmmen un eppes eru wann en och Ären Identifiant huet. Dat heescht, e kennt Är Nummer.

Et ass geckeg fir eis ze verdächtegen, datt mir géife confidentiell Donnéeën elo op eemol duerch d'Welt schécken.

A firwat ass et onverständlech, datt een eis esou e Reprochë mécht? Ma éischtens hu mir d'Dateschutzkommissioun vun Ufank un, zanter datt dee Projet do duerchduecht gëtt a preparéiert gëtt, mat um Dësch sëtzen; wäerte mir d'Patientevertrieder mat um Dësch sëtzen hunn; wäerte mir d'Doktere mat um Dësch sëtzen hunn.

An ech soen Iech nach eng Kéier, wann do Malentenduen opkommen, wat wierklech gewënscht ass: hei ass gewënscht, datt ee Basisdonnéeën déi wichteg sinn am Traitement vum Patient, mam Accord vum Patient dem Dokter zougänglech mécht, fir datt den Dokter e beschtméiglechen Traitement ka maachen. A wann et Interpretatioune soll an deem doten Text ginn, oder Interpretatiounsméiglechkeeten an deem doten Text solle ginn déi eppes aneschters soen, da verflichten ech mech hei, datt déi Zweedeitegkeeten aus dem Text eraus fléien.

Ech hunn dat net esou gelies, well ech och vun Ufank un an der Diskussioun iwwer deen dote Projet mat implizéiert sinn. Et ass dat wat viséiert ass, dat heescht, et ass eng Hëllef fir den Dokter, fir datt de Patient beschtméiglech traitéiert ka ginn.

An et ass virun allem eng Erliichterung fir de Patient deen, wa rezent Donnéeën iwwer e bestinn, net nach eng Kéier duerch dee ganzen Apparat musse gedréint ginn.

An dofir ass et indirekt och e Spuerpotential fir d'Gesondheetskeess, well wann een eppes huet, brauch een net nach eng Kéier ze maachen.

Dat ass d'Iddi déi hannendrun ass, an net de glieserne Patient

Ganz kloer, de Secret médical gëtt net violéiert. De Patient wäert net no baussen iwwer d'Schëller gekuckt kréie mat alle gesondheetleche Problemer déi en huet. Haut gëtt et déi technesch Méiglechkeete fir dat doten ze realiséieren, an dat ass de Sënn vun der Agence fir deen dote System opzebauen an net fir enger Rei vu Voyeuren d'Geleeënheet ze gi fir an de glieserne Patient eran ze kucken.

Guy Kaiser: Ech si just iwwerrascht iwwer déi Diskussioun déi elo zanter Woche gefouert gëtt an der Ëffentlechkeet, och an de Medien. Do ass awer ganz kloer dobäi eraus komm, och bei den Dokteren, d'Ängschten, datt dee Secret médical kënnt doduerch violéiert ginn, datt Jenni a Menni kënnt dra kucke goen.

Mars Di Bartolomeo: Här Kaiser, wann déi Angscht do ass, da soll ee sech d'Moyenë gi fir déi Ängscht ze huelen.

Dat hei ass e System deen net steet vum 1. Januar. Hei ass de Kader fir dee System an dee muss zesumme mam Terrain opgebaut ginn.

Dat as jo dat geckegt an der Diskussioun. Et gëtt Saachen déi ee ka cadréieren an engem Gesetz. Do gëtt et haut nach net dat Reglement wou ee seet, genee am Detail, esou gesäit dat aus. Do brauch een déi Virbereedungsaarbecht mam Terrain fir dat dote kënnen ze realiséieren. Dat ass gläichzäiteg de Garde-fou, datt näischt Schifes passéiert, datt een Zäit huet fir mam Terrain all Elementer ze klären, fir datt eng Plus-value fir de Patient, eng Plus-value fir den Dokter an de Soignant eraus kënnt, an datt alleguerten déi dote Gefore kënnen ëmschëfft ginn. Do gëtt et déi technesch Léisungen.

Guy Kaiser: Wann ech Iech also richteg interpretéieren, dann ass deen elektronesche Patientendossier op jiddwer Fall nach net fir haut a muer.

Mars Di Bartolomeo: Den elektronesche Patientendossier besteet zum Deel an de Spideeler.

Mä deen Dossier, dee mir mengen, deen net all Detailer iwwer de Patient ënthält, mä déi relevant Donnéeë fir dem Dokter et z’erliichteren, wat fir eng rezent Geschicht de Patient huet, a vläicht do seng Traitementer kënnen opzebauen, dat ass net fir muer. Mir wäerten als éischt Labosanalysen zougänglech maachen, als zweet kann ech mir virstellen, do hu mir och gutt [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Labosanalysen zougänglech fir?

Mars Di Bartolomeo: De Patient, an doduerch fir den Dokter, selbstverständlech.

Guy Kaiser: Fir dann de Referenzdokter, plus, wann ech bei de Spezialist ginn, [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Selbstverständlech.

Guy Kaiser: An dann huelen ech all Kéiers mäin Identifiant mat an ech ginn da mäin Accord fir, datt den Dokter kann [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Fir datt en dat siche geet.

An nëmme wann en déi zwou Saachen zesumme bréngt, Är Identitéit an d'Donnéeën déi anonymiséiert sinn, kann en eppes domat ufänken.

Wann Dir an dat Dëppe gitt wou just d'Donnéeë sinn, kënnt Dir iwwerhaapt näischt domat ufänken, well déi konterbont duerchernee sinn an Dir kënnt se net identifizéieren. Wann Dir an d'Dëppe vun den Identifianten, also vun der Identitéit vum Patient gitt, kënnt Dir iwwerhaapt näischt domat ufänken, well keng Donnéeën do sinn ausser de Kennzuelen. Eréischt wann Dir déi zwee zesumme bréngt, kënnt Dir eppes domat ufänken an dofir braucht Dir den Dokter an dofir braucht Dir de Patient. Ausser wann et eng Urgence ass déi vital ass, da muss een e System fannen wou den Dokter awer dru kënnt.

Dir gesidd also, hei gëtt den Däiwel un d'Mauer gemoolt, mä et gëtt den Däiwel nach net, an dat wäert och keen Däiwel ginn. Dat dote Produkt, wat villes erliichtert, dat kënne mir och erëm eng Kéier nëmmen zesumme mam Terrain a virun allem mat deene Gardes-fous an deene Gralshüter déi mir hu realiséieren.

Guy Kaiser: Da loosse mir emol de Sujet wiesselen, well mir hunn nach eng ganz Partie Saachen duerch ze goen.

Dir wëllt jo och Sue spueren duerch d'Chirurgie ambulatoire. Dobäi muss ee bedenken, datt et sech dobäi jo net ëm eng nei Technik handelt. Et handelt sech éischter ëm eng nei Organisatioun, géing ech soen, an de Spideeler. D'AMMD hat schonn op der Quadripartite am Abrëll 2008 Propositioune gemaach. Zréck behale gouf deemools dovunner awer näischt.

Mars Di Bartolomeo: Hei gëtt esou gemaach wéi wa mir elo géifen eppes komplett Neies erfannen. Dat dote kéinte mir schonn zanter Joeren ouni weideres maachen. Wann den Dokter décidéiert fir säi Patient ambulant ze behandelen, well et eppes ganz einfaches ass, kann en dat och elo scho maachen. Ech si ganz frou, datt haut jiddwereen domat d'accord ass fir an déi dote Richtung ze goen, d'Spideeler, d'Doktere, mir. Wann et [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Wourunner läit et dann, datt et net weider geet?

Mars Di Bartolomeo: Et gëtt nach esou Incitenten déi net fir dat Ambulant schwätzen. Et gëtt zwar gesot, datt dat net esou wier, mä Dir wësst, datt dee Supplément 1. Klass un engem 1-Bett, oder 1.-Klass Zëmmer hänkt. Et soll jo och Méiglechkeete ginn, datt ee beim Ambulanten un deen dote Supplément kënnt, mä dat ass nach en Incitent fir éischter stationär wéi ambulant ze maachen.

Dofir wëlle mir och Incitentë schafe fir méi an dat Ambulant eran ze goen. Esou laang wéi mir esou vill Better hu wéi elo, geet dat dote jo och. Dofir muss een an Zukunft déi ambulant Filière opbauen, zesumme mam Terrain, a wann déi steet da brauch ee vläicht net esou vill Better. Et kann een haut net soen, mir bauen dat Ambulant nach op d‘Better drop. Wa mir dat Ambulant ausbauen, huet dat och eng Konsequenz fir d'Bettenzuel. Et ass kee Privilège fir de Patient, datt e muss an e Spidolsbett gestach ginn, wann een dat innerhalb vun 2 Stonne bequem am ambulante ka maachen.

Guy Kaiser: Hänkt natierlech och ëmmer e bësse vum Agrëff of an och vum Patient selwer.

Mars Di Bartolomeo: An deem muss ee Rechnung droen.

Dat heescht, et kann een net einfach soen, muer ass elo alles ambulant. Et muss ee soe wou kee Risiko fir de Patient ass an och keng Abouss vu Liewensqualitéit, datt et dann ambulant soll gemaach ginn. A wann e Risiko fir de Patient do ass, oder wann de Patient fragiliséiert ass, oder wann et ëm eng eeler Persoun sech handelt déi net esou séier erëm kann Heem geschéckt ginn, da muss ee kënne soen, an deene Fäll gëtt et weider esou gemaach.

Mä d'ambulant Chirurgie, zum Beispill, bei de Katarakten, bei den Aen, dat gëtt am Ausland bal zu 90%, heiansdo esouguer zu 100% ambulant gemaach. Bei eis sinn déi Chiffreen nach relativ kleng an do kann ee villes maachen.

Guy Kaiser: En anert Stéchwuert, Här Minister, d'Kompetenzzentren. Dat hu mir mat der Häerzchirurgie, mir hunn de Rehazenter, mä Dir hätt der jo gär méi. An Dir hutt mat enger Statisitik elo relativ rezent fir Stëps gesuergt, wat de Broschtkriibs betrëfft. Ronn 60 Doktere sinn habilitéiert e chirurgeschen Agrëff ze maachen. Ma 63% vun hinne maache manner wéi 7 där Operatiounen am Joer. Et gëtt souguer een, heescht et do, dee mécht dat just all 4 Joer, an do stellt sech natierlech d'Fro, ob d'Fra dann deen Ament a gudden Hänn ass.

Mars Di Bartolomeo: Et ass jo eng Wouerecht, an der Medezin wéi bei anere Saachen, wann een d'Hand fir eppes huet, wann een eppes regelméisseg mécht, datt d'Chancë méi grouss och sinn, datt et gutt gemaach gëtt. Och da kann ëmmer eppes passéieren. Wann een allerdéngs d'Hand net fir eppes huet, wann een et ganz selte mécht, an et huet een net déi Routine, dann ass d'Gefor méi grouss, datt een et net esou gutt mécht wéi eng Equipe déi routinéiert [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Dir géift mengen, mat de Kompetenzzentre géif dat qualitativ besser goen.

Mars Di Bartolomeo: Mir si kleng hei zu Lëtzebuerg. Mir hunn an eenzelne Beräicher kleng Stéckzuelen. A wa mir déi kleng Stéckzuelen nach weider zerstéckelen, doduerch datt 20, 30, 40 Leit et maachen, wou d'Stéckzuel am Ausland géif duer goen, datt der 2 oder 3 et maachen, da muss ee sech zesummen doen.

An ech hunn do och d'Signaler, an dës Kéier hunn ech et gutt héieren, vum Terrain mat kritt. Et sinn an der Tëschenzäit Dokteren do déi ech respektéieren, héich respektéieren duerch hiren Engagement, déi bei mech kommen a soen, Minister, firwat maache mir net fir déi pointéiert Kriibsspezialitéiten e Centre anti-cancéreux hei zu Lëtzebuerg?

Guy Kaiser: Mä dat géing op jiddwer Fall och bedeiten, datt an Zukunft net méi all Agrëff an all Klinik ka gemaach ginn.

Mars Di Bartolomeo: Jo, mä dee Kompetenzzentrum deen dann entsteet, dee gehéiert dann och net enger Klinik, mä dee gehéiert eis alleguer. Do mussen déi Leit Zougang kréien, och aus deenen anere Spideeler, sou wéi dat am INCCI ass, an da verléiert den Dokter aus deem enge Spidol net méi säi Patient, mä wann dee pointéierten Traitement gemaach ass, geet en a seng Klinik zréck.

Den Terrain ass prett fir dat do ze maachen. Dofir verstin ech déi ganz Opreegung och net. Meng Interlocuteurë soen, "Exzellenzzentrum", ech soe "Referenzzentrum", ech soe "Filières de soins", dat heescht déi Fleegeketten, et gëtt geschwat vu "Parcours de soins". Fir mech ass dat bal genee dat selwecht.

A wësst Dir wat, [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Här Minister, virun 10 Joer hu jo d'Spideeler vill Dokteren an och Personal agestallt fir iwwerhaapt kënnen esou spezialiséiert Servicer op d'Been ze stellen. Wa mir dann elo eriwwer ginn an esou Centres d'excellence oder de compétence, dat ass egal, muss dann net ieren erëm Personal entlooss ginn?

Mars Di Bartolomeo: Et gëtt net Besoin fir manner Gesondheet, mä et gëtt aner Beräicher déi personalintensiv sinn. Mir ginn alleguer méi al. Mir hu méi Liewenserwaardung, an deene leschte Joere brauch de Mënsch méi Fleeg. Dat heescht, do kann et Verschiebungen am Gesondheetssystem ginn.

Mä nach eng Kéier zu de Kompetenzzentren an de Filières de soins.

Ech hu virdru gesot, datt ech bereet sin an deem Gesetz iwwer villes ze diskutéieren. Wat vläicht falsch verstane ginn ass, Beispill Vertrauensdokter. Do mengen ech, kann ee villes gemeinsam maachen an et kann ee sech op eenzelne Pläng beweegen.

Mä do wou ech net bereet si mech ze beweegen, dat ass an der ganzer Démarche Qualitéit. Mir hunn e ganz héije Präis dee mir fir eis Medezin hei zu Lëtzebuerg bezuelen. Pro Kapp, et gëtt ëmmer de PIB geholl, mä dee verfälscht dat Ganzt, gehéiere mir zu deenen déi am meeschte fir d'Gesondheet ausginn. An do muss een de Leit d'Garantie ginn, datt se déi bescht Gesondheet kréien. An et muss een hinnen och d'Garantie ginn, datt et net vun der Dir wou se klappe ginn, ofhänkt ob se e gudden Traitement oder e manner gudden Traitement kréien.

Dofir, net vun uewen erof, mä awer als Facilitateur hätt ech gär, datt an eenzelne Beräicher – an ech soe se nach eng Kéier – an der Cancérologie, beim Hireschlag, bei der Neurochirurgie inklusiv d'Récker, den Terrain sech eens gëtt, datt net méi jiddweree bal alles mécht, mä datt een eng Aufgabendeelung mécht, an datt een dem Terrain et iwwerléisst – an esou war dat och beim INCCI – fir sech ze engagéieren. Mir maachen de Kader fir esou Zentren ze schafen.

Well soss, wa mir déi Visibilitéit hei zu Lëtzebuerg net hunn an deenen dote komplexe Beräicher, da geschitt dat wou ëmmer als Däiwel un d'Mauer gemoolt gëtt, da ginn d'Leit an d'Ausland. An am Ausland gesinn d'Leit besser, firwat watfireen Zentrum steet. Mir mussen dat doten och maachen an do sinn ech net zu Konzessioune bereet.

Guy Kaiser: Gutt, dat hu mir matkrut, Här Minister. Déi lescht 10 Minutte lafen, dofir musse mir elo relativ séier fueren. D'Doktere soen, mat dëser Reform sinn d'Gremien net méi paritéitesch besat. D'Gesondheetskeess kéint also an anere Wierder d'Tarifer erof setzen, ouni datt d'Dokteren do e Wuert mat ze schwätzen hätten.

Mars Di Bartolomeo: Just de Contraire ass de Fall. Déi Nomenclatureskommissioun gëtt éischtmools paritéitesch zesumme gesat. Ech hunn d'Zuel vu menge Vertrieder, vun deenen 2 Ministèren erof gesat, an [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Wouhier kënnt dann dee Malentendu?

Mars Di Bartolomeo: Vläicht well et deem engen oder deem aneren net gefält, wien dann déi Leit vum Terrain nominéiert. Si ginn net alleguer vun der AMMD genannt. Déi eng gi vum Collège médical genannt, déi aner gi vun der Entente genannt, déi aner gi vun de Spezialitéite genannt.

Mä bon, ech fonctionnéieren net esou. Ech hunn net deen Alleinvertretungsusproch. Expertë sinn Experten, och wa se vläicht heiansdo verschidden Etiketten hunn. An do hu mir eis beweegt, do ass d‘Paritéit, ech woen déi Paritéit, well ech eben net méi wëll, datt do lobbyistesch agéiert gëtt, mä wëssenschaftlech.

An dann, erlaabt mir ee Saz, awer ee wichtegen, wou dobausse falsch interpretéiert gëtt.

Et gëtt gesot, mat där heiter Reform maache mir aschneidend Agrëffer an de Revenu vun den Dokteren. Et gëtt gesot, mir géifen hinnen den Index ewech huelen. Et gëtt gesot, mir géifen hinnen 20% bis 30% vun hirem Revenu ewech huelen. Richteg ass, datt mir erwaarden, datt an den nächsten 2 Joer d'Tariffer stabil bleiwen, awer selbstverständlech indexéiert sinn, wéi dat bei jiddwerengem de Fall ass. A wann an d'Welt gesat gëtt, mir géifen den Index sträichen ass dat eng Ligen. Ech soen dat esou op dëser Plaz.

Et ass gesot ginn, mir géifen de Revenu vun den Dokteren ëm 20% bis 30% sträichen. Richteg ass, datt mir bei d'Dokteren u sech guer net sträiche ginn, ausser bei enger halwer Dosen Tariffer, wéi d'Location d'appareils, wéi eenzel aner Tariffer déi total explodéiert sinn an déi nëmmen eng Handvoll Spezialitéite betreffen, déi awer zu de Spëtzeverdénger gehéieren, doduerch datt déi Tariffer dréine wéi an engem Luna Park. Dat heescht, mir maachen do eng Korrektur.

An dann dat Drëtt. Duerch déi Démarche Hausdokter déi mir maachen, wëlle mir och an der Akommeshierarchie eppes beweege wat scho laang, laang noutwenneg ass a wat eng himmelschreiend Ongerechtegkeet ass, datt de gudden Hausdokter ganz ënnen un der Hierarchie läit, an datt der op där anerer Säit vun der Hierarchie heem ginn mat Revenuë bis zu enger Millioun. Dat ass och fir mäi Gerechtegkeetsverständnis net ganz an der Rei an do musse mir Korrekture maachen. Dat wäerte mir iwwert eng Analys vun der Nomelcature maachen an do komme Saachen eraus [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: War dat de Generalisten och esou ugekënnegt ginn, oder ass dat elo, well den Drock awer do ass?

Mars Di Bartolomeo: Neen, iwwerhaapt net. D'Generalistë wëssen, an do mengen ech gëtt et keng Equivoque, datt mir dat éierlech mengen.

Wat awer extrem wichteg ass, dat ass, datt et och an der Belounung vun dem Dokter, a Remuneratioun vun den Dokteren net nëmmen Iwwerremuneratioune gëtt, wou ee seet, wann den Apparat fir ee leeft, dann ass dat iwwerbezuelt, mä datt et awer och eng Rei vu Beräicher gëtt wou ech haut muss soen, wann en Dokter während 6 Stonnen un engem Operationsdësch steet bei enger ganz komplexer Operatioun an net vill méi kritt wéi bei engem Blinddarm, dann ass dat ongerecht, an da muss een dat an enger Revisioun vun der Nomenclature, wou een den Zäitfaktor, de Facteur Komplexitéit, de Facteur Risiko muss mat eran huelen, muss een dat remuneréieren.

Dat heescht also, et ass net esou, wéi dat duergestallt gëtt, datt mir bei den Dokteren elo déifgräifend Aschnëtter maachen. Ech mengen et ass eriwwerkomm.

Guy Kaiser: Merci, Här Minister. Dir hutt jo och dës Woch wolle Signaler héieren hunn, datt et op verschiddene Plaze kéint geschwënn mam Dokterprotest eriwwer sinn. D'AMMD huet gläich op eiser Antenn reagéiert an de President Jean Uhrig konnt Är Informatiounen net confirméieren.

Jean Uhrig (O-Toun): Ech kann dat absolut net confirméieren. Eis Action syndicale, esou wéi se vum 22. Oktober u leeft, leeft weider. A mir halen op mat där Aktioun an deem Moment wou de Minister säi Projet zréck gezunn huet.

Guy Kaiser: Huet d'AMMD wëlles sech an den nächsten Deeg nach eng Kéier ze concertéieren?

Jean Uhrig (O-Toun): Mir wäerte sécher eng Mise au point maachen, en Dënschden mat alle Sociétéiten a Cerclen, mä no de Réckmeldungen déi ech kritt hunn, ass absolut keng Hoffnung do déi de Minister sech mécht, fir datt mir mat eiser Aktioun ophalen.

Guy Kaiser: Här Minister, ech gi mol dovun aus, datt Dir an d'Regierung de Projet net zréck zitt. Iergendwann awer eng Kéier muss sech nees eng Kéier un den Dësch gesat ginn, oder?

Mars Di Bartolomeo: Ma, mir sëtzen um Dësch. Mir soutze bei der Quadripartite zesummen um Dësch.

Guy Kaiser: Jo, do wësse mir mam Resultat awer [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Bon, dat huet e Resultat [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: D'Doktere rufe jo no engem Médiateur.

Mars Di Bartolomeo: Mat deem Resultat, datt déi déi matdiskutéiert hunn e seriöst Resultat kënne virweisen. Zum Beispill bei de Cotisatiounen, wou mir eis no ënne beweegt hunn. An déi déi am Motzeck soutzen, déi hunn eben dann net mat diskutéiert. An ech wëll Iech [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: D'Doktere rufe jo no engem Médiateur, am beschten de Staatsminister.

Mars Di Bartolomeo: De Staatsminister huet mir ganz kloer gesot, datt hien net géint ee vu sengen [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Wien ass dann de Médiateur?

Mars Di Bartolomeo: Ech gesinn zum Beispill als ganz gudde Médiateur d'Chamber. An déi Chamber mécht eng ganz gutt Aarbecht.

Guy Kaiser: Mengt Dir d'Kommissioun?

Mars Di Bartolomeo: D'Chamberskommissioun mécht eng exzellent Aarbecht. Si huet Leit gehéiert an d'Chamber wäert wahrscheinlech och eng Rei vun [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Elo fuert Dir awer relativ séier virun. Dir hutt schonn den Avis vum Staatsrot gefrot.

Mars Di Bartolomeo: Wësst Dir, den Avis vum Staatsrot ass dee Moment gefrot gi wou mir de Projet deponéiert hunn, an de Staatsrot ass amgaangen deen intensiv [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Dat ass awer net den normale Wee, wa bis den definitiven Text do läit, well jo awer trotzdem nach eng Partie Inconnuen dra sinn, oder, datt dann eréischt géif den Avis vum Staatsrot [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Neen, do kennt Dir d'Prozedur vun der Chamber net esou richteg. Ech sinn awer elo bal 30 Joer dobäi a menger Eegeschaft als Journalist, Deputéierten oder Regierungsmember.

Wann e Projet deponéiert gëtt, da gëtt de Staatsrot saiséiert.

An ech wëll Iech awer eppes soen, vu datt Dir de President vun der AMMD agespillt hutt, wou e gesot huet, ech hätt déi falsch Signaler héieren. Ech wëll Iech soen, datt déi Dokteren um Terrain, datt dat hinne wéi deet, datt se streiken, an datt déi Doktere léiwer haut wéi muer erëm géife schaffen.

An ech wëll just op ee Bréif hiweisen, deen ech haut an der Zeitung gelies hunn, wou eng Mamm seet, mir hunn e puer Mol eng Operatioun confirméiert kritt déi sollt bei hirem Kand de 26. Oktober stattfannen. Den 21. Oktober ass se nach eng Kéier bestätegt ginn, de 24. Oktober ass dann de Bréif komm, datt dat ofgesot ginn ass.

Mir deet dat schrecklech wéi, datt e Sträit dee mam Minister ass, op dem Patient hei ausgedroe gëtt. An ech mengen, datt dat och kengem Dokter gutt deet.

Ech fannen et och bedauerlech, wann X-Mol d'Offer komm ass fir ze diskutéieren, datt déi ausgeschloe gëtt.

Ech hunn déi Signaler vum Terrain scho ganz gutt héieren. Et ass keen Dokter, deen dee Beruff gewielt huet fir ze hëllefen, dee frou ass fir kënnen ze streiken.

Ech sinn och der Meenung, datt een d'Dokteren déi wëlle schaffen, soll schaffe loossen. An ech wäert och weiderhin déi Dokteren déi ech schätzen net op engem polemeschen Toun attackéieren, och wann ech polemesch attackéiert gi sinn. Ech verdroen dat besser an ech äntwerten net mat där selwechter Mënz. Dofir soen ech, ech hunn den Terrain richteg verstanen. Déi géife léiwer [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Dir hutt jo och dorop am Laf vun dëser Emissioun reagéiert.

Mars Di Bartolomeo: Déi géifen och léiwer haut wéi muer erëm normal schaffen. Ech mengen, ech hunn och om Laf vun der [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Do si conciliant Téin, Här Minister [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Déi waren nach ëmmer conciliant.

Guy Kaiser: Ech gleewen Iech et. Mä si sinn och conciliant an deem Sënn, datt mir elo kéinten d'Emissioun ofschléissen.

Dernière mise à jour