Mars Di Bartolomeo au sujet du médecin de référence, des centres de compétence et du dossier de soins partagés

Mars Di Bartolomeo: Gudde Mëtteg

Jay Schiltz: 50 Minutten hu mir Zäit fir iwwer dat ze schwätze wat zanter Wochen a wuel och nach méi laang d’Gemidder beweegt, Är Gesondheetsreform.

D’Doktore streiken zanter enger Woch oder besser gesot, si hunn hir Aarbecht reduzéiert, an hire conditio sine qua non ass, datt Dir deen ëmstriddene Gesetzesprojet zréckzitt. Wat ass Äre Fazit no enger Woch Dokterstreik? Bléift Dir bei Ärer Positioun, gitt Dir zréck?

Mars Di Bartolomeo: Ech halen et ëmmer mat deem Prinzip, tout ce qui est excessif est insignifiant. Dofir mengen ech, datt d’Fuerderung fir de Projet zréckzezéien oder fir en an den Dreckseemer ze geheien exzessiv ass. Dee Projet huet eng ganz Réi vu wichtegen Akzenter fir dee System – deen ech als dee generéisten iwwerhaapt qualifizéieren – dauerhaft ofzesécheren.

An do sinn eng Rei vu méi fundamentalen Neierungen dran, déi deem enge gefalen, deem aneren net gefalen. Dir wësst, de Changement ass net ëmmer einfach mä ech mengen, datt et virun allem wichteg ass, datt ee sech mat der Essenz vun deem Changement ausernaner setzt, an datt een, wann een eppes ze soen huet, dat net op de Barrikade mécht, mä do mécht wou et am Beschte geet, ronderëm e Verhandlungsdësch. An dofir stinn ech zur Verfügung.

De Projet ass net um Enn vun der Prozedur, mä en ass mëttendran. Wann ee gutt Argumenter huet, kann een dorun nach eppes änneren, allerdéngs näischt wat fir méi Qualitéit, fir méi Liicht am System a fir méi Effizienz an deem System suergt. Iwwer all déi aner Saache kann een ënner Erwuessenen, net wéi d’Gaassebouwen, diskutéieren.

Jay Schiltz: Wéi grouss ass dann déi Bereetschaft nach ze diskutéieren? Är offensiichtlech grouss, mä d’Doktoren, wou sidd Dir mat hinnen drunn? Den Dialog schéngt schonn awer zimlech verfuer?

Mars Di Bartolomeo: Et ass ni eppes esou verfuer, datt een net méi ka matenee schwätzen.

Wann ech d’Attitude vun den Doktoren bei der Quadripartite gesinn hunn, wou d’Équipe mat e puer Minutte Verspéidung erakomm ass, sech an de Motzeck gesat huet an eng Schëpp gemaach huet, an d’Attitude déi se ageholl hu bei der Chamberskommissioun, wou mir laanschtenee gaange sinn, an eis frëndlech och d’Hand gedréckt hunn, a frëndlech Moie gesot hunn, dann ass d’Hoffnung net eriwwer, esou laang wéi ee mat Argumenter schafft a net probéiert ënner d’Gürtellinn ze treffen.

Jay Schiltz: Dir sidd Minister, Dir sidd awer selwer keen Dokter. Ass dat vläicht eng vun den Ursaachen?

Mars Di Bartolomeo: Ech hunn an deene leschten Deeg e puer esou Äusserungen aus dem Bauch eraus héieren déi gesot hunn, deen ass jo emol net Dokter, da kann en net Gesondheetsminister sinn.

Ech muss awer soen, ech si vläicht net Dokter, mä ech si Patient. An et gëtt 700.000 Patienten déi assuréiert sinn, dovu 500.000 hei am Land an 200.000 iwwer d’Grenz. Déi brauchen och een, deen hir Interessë verdeedegt, a firwat net de Gesondheetsminister?

Jay Schiltz: Ma gutt. Da loosse mir emol vläicht probéieren deene 700.000 heiheem an dobaussen e wéineg méi kloer ze maache wourëm et bei deem Ganze geet. Well vill Leit bekloen, net genuch informéiert ze sinn iwwer dat, wat Dir wëllt, oder wat d’Doktoren dann eben net wëllen. Loosse mir vläicht emol versichen, dësem Informatiounsmanktum e wéineg opzehëllefen an déi eenzel strëtteg Punkten ze diskutéieren.

Fänke mir vläicht mat deem un, wat dobausse vu ville Léit, mengen ech, net verstane gëtt: de Referenzdokter oder déi esou genannte Filières de soins. Wat ass dat?

Mars Di Bartolomeo: Kommt, mir fänken emol beim Referenzdokter un.

Dat ass näischt aneschtes wéi dee gudden, klasseschen Hausdokter, de Vertrauensdokter. Dat ass net deen, deen de Patient un d’Léngt hëllt an e wëll strofe wann en eng Kéier e falsche Schrëtt mécht, mä et ass deen, deen de Patient, dee Vertrauen an hien huet, duerch e System, deen ëmmer méi komplex gëtt guidéiert. E beréit en.

Wann ech esou zréckdenken, wéi ech Kand war, do hate mir de Schumachesch Néckel, dat war eisen Hausdokter. Deen huet Grousi a Grousspapp, Papp a Mamm an de Bouf kannt an hirem sozialen Ëmfeld, mat deene Problemer déi do waren. Do war e géigesäitegt Vertrauen do. Wa mir e Problem haten deen d’Gesondheet betraff huet, dann ass de Schumachesch Néckel gefrot ginn.

Esou Schumachesch Néckelen, där hu mir der haut ganz vill um Terrain. Et sinn eigentlech les parents pauvres vum Gesondheetssystem, well se extrem vill schaffen, eng gutt Medezin maachen, eng raisonnabel deier Medezin maachen, eng Medezin maachen déi am Käschtepunkt raisonnabel bleift, an déi awer ënnen un der Skala vun de Revenuë läit, an net esou attraktiv ass fir déi Jonk, déi sech an d’Medezin wëllen eran orientéieren.

Dat wëlle mir änneren. Mir wëllen den Hausdokter méi attraktiv maachen, doduerch datt mir him eng Rei vu Missiounë vis-à-vis vum Patient ginn. Dat ass fir sech zum Beispill ëm de Patientendossier ze këmmeren; dat ass déi präventiv Messagen eriwwer ze bréngen, en ze orientéieren, wat de Gebrauch vu Medikamenter ugeet.

Da steet esou e Wuert wéi Iwwerkonsum am Text vum Projet, da gëtt direkt gesot, een deen eng Pëll ze vill hëllt, do muss den Hausdokter dann agräifen an e muss ëm déi Pëll direkt erëm ewech huelen, well soss gëtt e bestroft. Dat ass Kabes am Quadrat.

Mir huele mam Hausdokter dem Patient näischt ewech, mir ginn him eppes dobäi, e Beroder. Dat ass net gezwongen, mä et ass fräiwëlleg. Et sicht een déi Relatioun fräiwëlleg an et kritt een eng Plus-value do eraus, oder et geet een aus deem Ugebuet eraus.

An et ass e Plus fir den Hausdokter, well e fir seng nei Missiounen och eng adaptéiert Remunératioun kritt, an e gëtt net de Johnny Controletti am System. Et gëtt deen, deen hëllefe soll eng Informatiouns- an och Educatiounsroll vis-à-vis vum Patient ze iwwerhuelen. Dat fënnt en net am Internet, well do gëtt en esou vun Informatiounen iwwerflut, datt en net méi d’Selektioun ka maachen.

Dat heescht, dat hei ass a mengen Aen och esou wéi ech et verstinn, eng win-win Operatioun: de Patient kritt eppes, den Hausdokter kritt eppes, seng Fonctioun gëtt revaloriséiert. A wéi éierlech datt ech et menge vis-à-vis vum Hausdokter, dat gëtt beluecht doduerch, datt mir am Budget fir 2011 e Kredit hu fir kënnen nei Forme vun Zesummenaarbecht tëscht dem Hausdokter a méi ländleche Géigenden ze förderen, wou dat och gebraucht gëtt.

Also, eng Offer un de Patient, un den Hausdokter, net mam Bengel, mä mir wëllen deenen 2 eng Chance gi fir uneneen erunzekommen, an da selwer ze jugéieren, datt et vill besser ass wann een een huet, deen engem hëlleft duerch e komplexe System ze goen, wéi wann een e Spiessrutenlauf vu Spezialist zu Spezialist wëll maachen.

An dann, eppes wat och falsch eriwwer komm ass, selbstverständlech kënnt Dir och weiderhi bei de Spezialist goen. Mä do ass dann erëm e Saz, net am Gesetz selwer, mä am Commentaire des articles, dee seet, et kënnen Incitatiounë geschaf ginn, fir datt de Patient net direkt bei de Spezialist leeft wann en e klenge Bobo huet. Mä Incitatiounen, dat gëtt elo negativ duergeluecht, mä wat ass eng Incitatioun? Ech fannen dat en Ureiz. Dat ass näischt Negatives an et ass näischt Strofendes.

An dofir, et ass an deem Sënn wou et verstanen ass, an ech géif mir wënschen, datt all déi, déi sech Froe stelle bei de Generalisten iwwer d’Roll vum Hausdokter, datt se solle bei mech kommen, déi Offer – déi hunn ech gemaach, déi ass wéinst de syndikalisteschen Aktioune refuséiert ginn – unzehuelen, datt mir eis zesummesetze fir nach eng Kéier de Gesetztext ze kucken, fir nach eng Kéier de Reglement ze kucken, deen net e contraignante gëtt, mä deen d’Rahmebedéngunge regelt, a virun allem fir d’Konventioun auszehandelen, fir datt jiddweree sech an deem System erëmfënnt.

Jay Schiltz: Mä dann emol nach eng Kéier Kloertext: ech kann elo bei e Spezialist, e Kardiolog goen, ouni musse bei mäi Referenzdokter ze goen?

Mars Di Bartolomeo: Majo selbstverständlech. Dat ass ni gesot ginn, mä mir encouragéieren Iech awer [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: Mä et ass esou wéi et eriwwer kënnt. D’AMMD seet jo awer, de fräie Choix, de Choix datt ech mir kann als Patient mäin Dokter eraussichen, ass a Gefor.

Mars Di Bartolomeo: Ma neen, mir wëllen dem Patient niewent deem fräie Choix, deen elo scho besteet, nach e Choix dobäi gi fir sech zesummenzesetze mat deem Hausdokter, wann en net eppes kloer Definéiertes huet, fir säi Rot anzehuelen.

Wann ech mech schlecht fillen, bei wat fir e Spezialist ginn ech dann? Mä ech weess awer, wann ech mech schlecht fillen, wann ech bei mengem Hausdokter sinn, datt deen emol fir d’éischt déi prealabel Analysë mécht, déi vläicht noutwenneg sinn. An da fënnt en eraus, et ass e klenge Bobo, oder et ass méi eppes seriöses. An dann hëlleft e mir fir dee Spezialist ze fannen, deen dofir a Fro kënnt. Méi net. Et gëtt net eng Limitatioun vun der Fräiheet, mä et gëtt en Ugebued fir mat där Fräiheet, déi een huet, esou gutt wéi méiglech eens ze ginn.

Jay Schiltz: Wat muss een ënner "Filières de soins" verstoen?

Mars Di Bartolomeo: Ech wier frou, wa mir dat am Zesummenhang géife mat engem anere wichtege Punkt vum Projet diskutéieren, dee vun de Kompetenzzentren.

Jay Schiltz: Ma da maache mir dat. Wéi gesot, Kompetenzzenteren – och do ass jo d’Kritik vun der AMMD massiv.

Mars Di Bartolomeo: Och do verstinn ech et net, well ganz vill a ganz gutt Doktere scho mat eis Saachen opgebaut hunn, déi muer kënne Kompetenzzentre sinn.

Den Häerzchirurgiezenter ass kompetent fir déi Pathologien déi e behandelt. Kompetenzzentrum ,dat gëtt eng Definitioun, an deen ass largement dran. Do kënnt vläicht déi eng oder déi aner zousätzlech Conditioun dobäi, datt ee sech engem internationale Benchmark stellt, oder datt ee regelméisseg och de Patient freet; datt ee Statistiken, déi positiv, awer och déi manner positiv, verëffentlecht; datt ee sech e regelrechte Conseil scientifique eriwwer setzt. Mä en INCCI ass eppes wat ganz no un de Kompetenzzentrum erukënnt.

De Centre de radiothérapie, dee mat den Dokteren opgebaut ginn ass, ass ganz no bei engem Kompetenzzentrum.

De Rehazenter ass ganz no bei engem Kompetenzzentrum. A firwat steet e Kompetenzzentrum? [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: Mä, Dir sot ganz no bei engem – en ass et also nach net?

Mars Di Bartolomeo: Neen, mir hunn de Kompetenzzentrum jo nach net. Et ass e Service national, deen awer esou gutt ass [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: Dat kéint deem entspriechen, wat Dir ënner Kompetenzzentrum verstitt?

Mars Di Bartolomeo: E kéint deem entspriechen, wat ech Kompetenzzentrum nennen. Dee brauch iwwerhaapt näischt ze fäerten, dee kann dee Cahier de charges, dat Laaschtenheft mat de Conditiounen ouni Weideres erfëllen.

Elo soe mir, et gëtt awer nach aner Pathologien, wou een net de Patient dierf russesch Roulette spille loossen. Et kann net sinn, datt de Patient bei enger Rei vu komplexe Pathologien, jee nodeem u wat fir enger Dier datt hie klappt, exzellent, gutt, mëttelméisseg oder schlecht behandelt gëtt.

Dofir soe mir, et gëtt eng Rei vu Krankheeten, oder Pathologien, wou een dru wënnt wann een éischtens zesummeschafft, an zweetens déi Fleegestandarden, déi an Universitéitskliniken an duerch international Expertisen, wou och eis Leit matschaffen, definéiert ginn, wou Fleegekonzepter vun der Admissioun an d’Spidol, Diagnostik, Behandlung, multidisziplinär Behandlung, dat heescht eng Rei vu Fachleit, Rehabilitatioun, an herno de Suivi, wou dat geregelt ass, net vun uewen erof mä duerch d’Erfahrung – datt mir dem Patient dat kënne bidden.

Wa mir de Choix hunn, datt een no Cowboy-Manéier, wann de Patient kënnt, aus der Hëft eraus schéisst a seet, dee Patient gehéiert mir an elo maachen ech dat wat ech fir richteg fannen, oder d’Optioun huet fir genee ze kucken, an dann och sech un deene gudden Erfahrungen ze inspiréieren a mat anere Kollegen zesummen déi méi komplex Pathologie, oder déi méi komplex Krankheet an Ugrëff hëllt, dann optéieren ech éischter dofir.

A wann ech Zäit hunn, ech ginn Iech e Beispill. Ech huelen d’Beispill vum Broschtkriibs. An ech muss Iech soen, zënter datt ech déi Statistike gesinn hunn, sinn ech gläichbleiwend schockéiert, well mir eis d’Méi ginn hu fir ze kucken, wat do um Terrain lass ass.

Beim Broschtkriibs hu mir 57 Dokteren déi hei zu Lëtzebuerg operéieren. Dobäi sinn der 4, déi tëscht 20 a 25 Broschtkriibsen d’Joer operéieren, 63% vun deenen Dokteren déi operéieren, operéiere manner wéi 7 Kriibse pro Joer. Da sinn der dobäi, déi een d’Joer operéieren, an et ass esouguer een dobäi, deen all 4 Joer een operéiert.

Nu soen awer déi europäesch Richtlinnen, datt een dat richteg gutt mécht, wann een d’Routine huet vu mindestens 50 Fäll am Joer. Elo soen ech, zu Lëtzebuerg ticken d’Auere jo ëmmer aneschters wéi op anere Plazen. Mir si kleng, mir sinn dichteg a mir brauchen da vläicht eben net 50, mä mir brauchen awer déi 20 oder 25 Fäll.

An do soen ech, wann et esou ass, datt déi eng sech d’Routine kënne ginn an déi aner wierklech net genuch operéieren, da soen ech am Intérêt vum Patient, kommt mir doen eis zesummen, mir konzentréieren déi Aktivitéit, da sinn der manner déi awer méi operéieren.

Dat heescht net, datt ni eppes ka passéieren. Mä ech soen Iech awer, datt de Risiko datt eppes passéiert, méi kleng ass bei engem dee vill Routine huet, wéi een deen eppes all Schaltjoer mécht. Och do kann et eng Kéier riicht goen, mä de Risiko ass méi grouss, datt et do schif geet, wéi do wou d’Routine ass.

An ech soen Iech, an dat ass eng Fro, déi ech un Iech stellen. Wann Dir herno géift erausfannen, datt Är Fra, oder ech, datt meng Fra bei deem geland ass, deen eng Kéier all 4 Joer operéiert, da kann deen ëmmer nach zu mir soen, dat ass d’Liberté thérapeutique, mä dat war awer net d’Libertéit an d’Recht vu menger, oder Ärer Fra, fir déi beschtméiglech Therapie ze kréien. An dofir stinn ech an dofir wëll ech u Kompetenzzentre schaffen, wou d’Stéckzuelen duerginn, wou d’Routine duergeet, wou d’multidisziplinär Approche duergeet, wou de Konzept ausgeduecht ass vun enger ganzer Équipe.

Jay Schiltz: Dat heescht am Kloertext, fir Iech ass d’Kompetenzzenter net nëmmen e Wuert, wou eng gewësse medezinesch Betreiung konzentréiert gëtt, mä och wou d’Kompetenz vum Dokter dann och do ass, well dat hutt Dir jo elo gesot, datt [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Et gëtt elo déi verschidde Forme vun Kompetenzzentren. Et gëtt Kompetenzzentren déi dann eben unique am Land sinn, well een eben net genuch Stéckzuelen huet fir dat ze maachen, INCCI.

Et gëtt och elo Doktere vum Terrain, a ganz engagéiert Dokteren, déi mir soen, firwat woe mir et net fir bei deene pointéierten Disziplinen, beim Kriibs, en nationale Kriibszentrum ze maachen? Wou selbstverständlech d’Onkologie, d’Kriibstherapie an deenen Haiser alleguer nach bestoe bleift, mä awer déi pointéiert Operatiounen, oder déi pointéiert Traitementer regruppéiert ginn an engem Zentrum, wou all déi Dokteren déi sech wëllen an esou eng Démarche erawoen, Zougang hunn.

Dat ass en Zentrum dee kengem gehéiert, dee gehéiert jiddwerengem, an d’Dokteren déi bereet si sech un déi Disziplinen ze halen mussen alleguer den Zougang dozou kréien.

E Kompetenzzentrum ass eng Bündelung vun de Kompetenzen op enger Plaz, oder wou et d’Zuel hiergëtt, op 2, oder 3 oder 4 Plazen.

D’Filières de soins, dat sinn déi Konzepter déi een entwéckelt, an déi ee bewäert, déi sech bewäert hunn, vu Spezialisten am An- an Ausland, a wou ee seet, dat do ass erprouft, dat do huet sech bewäert, do sinn d’Heelungschancen am gréissten, do gi mir am beschten op de Patient an. Dat wëlle mir privilegiéieren, déi Kombinatioun vu Fleegeketten, vu Fleegekonzepter, wou eng Équipe ganz oft hannendrun ass.

Bündelung a Kompetenzzentren, dat gëtt keng 10 där Kompetenzzentren, mä ech ka mir awer duerchaus virstellen, datt beim Hireschlag a Richtung Kompetenzzentrum – wou och den Embryo do ass, mir hunn elo 3 där Stroke-Units, mä déi awer onvollstänneg sinn – do kann een e Schratt weidergoen, beim Kriibs, bei der Neurochirurgie. Ech ka mir virstellen, datt een esou e Kompetenzzentrum och an der Geriatrie, déi grouss Erausfuerderung vu muer, entwéckelt, a wat mat Recherche ka verbonne sinn. Ech gesinn do net déi negativ Elementer.

Jay Schiltz: Wat ech elo net verstinn, ass dat dann elo just eng Begriffsverirrung? Dir nennt den Häerzzenter, den INCCI, oder de Centre Baclesse als Instituter déi engem Kompetenzzenter nokommen, wéi Dir e verstitt. D’AMMD nennt déi "national medezinesch Zentren", a sinn domat och d’accord. Wëllen do de Minister an d’AMMD wahrscheinlech dat selwecht? Mä [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Mä eben dofir, ech verstinn d’Welt einfach net. Ech héieren an den Declaratiounen, datt heiansdo aner Terminologië gebraucht ginn. Ech schwätze vu Kompetenzzentren, d’AMMD schwätzt vun Exzellenzzentren.

Ech schwätze vu Filières de soins, d’AMMD schwätzt vu Parcours de soins. En fait menge mir dat selwecht. Ech mengen [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: Amstand, Dir sidd Iech nach eens, Dir wësst et just net.

Mars Di Bartolomeo: Neen, ech mengen datt de Krich, dee vum Zonk gebrach ginn ass, net op deenen Themë vum Zonk gebrach ginn ass, déi an der Ëffentlechkeet breet getrëppelt ginn.

Et gëtt en Agenda bis, mä deen eben dobaussen net esou genannt ka ginn, well do relativ wéineg Versteesdemech entgéint bruecht gëtt.

Wann ee géif no bausse kloer soen, datt een, do wou ee gutt eens gëtt, well een net an d’Kaarte gekuckt kritt, datt een net gären huet, wann dann nei Modalitéiten am Projet kommen, wou een d’Kaarten op den Dësch muss leeën, dann ass dat net esou populär dobausse wéi wann ee mat Begrëffsverwirrung, wéi Verstaatlechung vun der Medezin – wéi wann ech d’Medezin wéilt verstaatlechen. Ech si vläicht e Marsist, mä ech sinn awer keen Apostel vu Staatsmonopolkapitalismus, an ech denken net dru fir d’Medezin ze verstaatlechen.

Et muss een allerdéngs esou just niewebäi soen, datt ech bis elo nach kee fonnt hunn, dee fir d’liberal Medezin plädéiert, deen en Hoer an der Zopp fonnt huet, datt d’Spideeler quasi zu 100% ëffentlech finanzéiert gi sinn. An ech hunn och nach kee fonnt, dee sech driwwer opgereegt huet, datt e staatlech finanzéierte Service wéi d’Maisons médicales – iwweregens, déi stinn am Moment wéi eng Eins do, déi ginn net bestreikt, et ass jo kee Streik, déi fonctionnéiere komplett normal.

An dofir soen ech, dat do si Schlagwierder, déi een an den 1980er, oder an den 1960er, oder an den 1970er Joeren nach konnt gebrauchen, mä et ka beim beschte Wëlle kee mir virwäerfen, datt ech hei alles an een Dëppe wëll erageheien, an datt ech d’Medezin wëll verstaatlechen.

Ech si fir fräi Medezin, mä d’Fräiheet hält do op, wou d’Recht vum Patient op dee beschtméiglechen Traitement ufänkt.

Jay Schiltz: Do misst et jo dann awer méiglech sinn nees zu engem Dialog, oder zu Gespréicher ze fannen, wann d’AMMD ënner Kompetenz- oder nationalem Zentrum dat selwecht versteet. Wou ass dann do de Knackpunkt?

Mars Di Bartolomeo: Wësst Dir Här Schiltz, ech verstinn dat net. D’Kollege vun RTL hate mech invitéiert fir an e Face à face. Ech war direkt d’accord, well ech d’Konfrontatioun am nobele Sënn vum Wuert iwwerhaapt net scheien, a well ech e rouegt Gewëssen hunn, datt ech net dat maache wat ech ënnerschobe kréien. D’Doktere waren net disponibel, si hate keng Zäit.

Ech si muer disponibel fir an e Face à face hei op der Antenn, oder iwwerall, virun allem awer am léifsten um Verhandlungsdësch. Ech mengen net, datt mir en Drëtte brauchen. D’AMMD war bei där leschter Verhandlungsronn der Meenung, datt si en Drëtte bräichten, well si hunn hiren Affekot matbruecht gehat.

Jay Schiltz: Et ass awer, well Dir keen Dokter sidd, datt dat net virugeet.

Mars Di Bartolomeo: Ech mengen, datt et vläicht net vill besser géif virugoen, wann ech Dokter wier, well och an der Dokterschaft gëtt et déi, déi dat eent denken, an déi, déi dat anert denken. An ech mengen, datt et ganz vill Generalistë gëtt, déi op dee Projet hei hoffen, fir endlech d’medezinesch Grondversuergung ze stäerken.

Ech verstinn awer och, datt d’Solidaritéit – an ech wëll déi och net briechen, et wier mir relativ einfach, well ech hunn eng Rei vun Donnéeën, wann ech déi op den Dësch géif leeën, da wier d’Polemik nach méi schaarf. Ech hunn [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: Zum Beispill?

Mars Di Bartolomeo: Zum Beispill gëtt et déi einfach Geschichten, déi beim Bréifdréierstreik vun de Bréifdréier selwer op den Dësch geluecht gi sinn.

Et ass e bëssen ze einfach, an eenzel Chifferë muss een ëmmer nuancéieren, esou datt ech net mat deene selwechte Kugelen zréck schéisse wéi op mech geschoss ginn, well ech der Meenung sinn, datt dat wat mir maache richteg ass a well ech mat Argumenter wëll iwwerzeegen. Dat hei ass jo eng Geleeënheet fir dat ze maachen.

Jay Schiltz: Gutt, den éischten Deel vun där Argumentatioun ass eriwwer. Et ass Zäit fir d’Neiegkeeten, an duerno fuere mir da viru mat der Erklärung vun der Gesondheetsreform mam Gesondheets- a Sozialminister Mars Di Bartolomeo.

[Noriichteniwwerbléck vum Mick Entringer]

Jay Schiltz: Am éischten Deel hu mir schonn deen een oder aneren Aspekt versicht z'erkläre vun der geplangter Gesondheetsreform, mir fueren dann elo am zweeten Deel vun der Emissioun domatt virun.

Här Minister, kéime mir bei d'Reform vum Spidolswiesen. Hei seet d'Dokteschvereenegung AMMD neen zu engem, Zitat: "opgeblosenen administrative Waasserkapp an der Spideeler, ouni eng déifgräifend Reform si keng Suen ze spueren." Firwat reforméiert Dir dann net am Spidolswiesen?

Mars Di Bartolomeo: Dat ass immens witzeg, wann een dat do esou seet.

En fait stinn d'Spideeler jo am Mëttelpunkt vun där heiter Reform, well mir an de Spideeler déi Kompetenzbündelung wëlle maachen, déi Spezialiséierung wëlle maachen, Aktivitéite wëllen zesummeleeën, déi zesumme kënne geluecht ginn, wéi Laboen, wéi Apdikten, wéi déi Logistik déi ronderëm d'Spidol opgebaut ass.

Da wëlle mir eng Comptabilité analytique, dat heescht, datt mir d'Käschte genee kënnen ophuelen an de Spideeler, wat elo an där Filigranitéit, an där Rengheet net méiglech ass.

Da wëlle mir d'Dokumentatioun vun deem wat an de Spideeler leeft ophuelen. Dat heescht, datt d'Aktivitéiten dokumentéiert ginn, fir datt mir gesi wat vu wiem wéi oft a muer mat wat fir enge Resultater gemaach gëtt.

Da wëlle mir den Iwwergang vun deem ganz tout hospitalier, alles stationär maachen, a Richtung ambulant Behandlung. An och erëm eng Kéier do gesinn ech, datt a villen Hisiichte vun dem Partner Dokter ähnleches gefrot gëtt.

Wat ech awer vermëssen, mat deenen Interlocuteuren déi ech bei mir sëtzen hat, déi hu mir ëmmer gesot, wat ee bei deem anere misst maache fir méi efficace ze ginn. An ech hunn och festgestallt, an där Diskussioun mat der Entente des hôpitaux, datt do zwar och e bësse méi eng kritesch Hannerfroung vun den Aktivitéite war, mä ech awer och do gesot kritt hu wat ee bei den Doktere misst maachen.

Bei deenen zwee hunn ech ganz gutt nogelauschtert an ech hunn dat wat iwwerzeegend war bei deenen zwou Säiten an de Projet erafléisse gelooss. Do erkennt kee sech 100%, mä déi richteg Saachen déi ech vun der Entente des hôpitaux gesot kritt hunn, iwwer sech an iwwer d'Dokteren, déi hunn ech zréckbehalen. An déi richteg Saachen déi ech vun den Dokteren héieren hunn an déi ech selwer an deene leschte Joere konnt novollzéien, déi hunn ech an de Projet de loi eragekleed.

Mir wëllen eben ewech, an dat hunn ech virdrun och scho gesot bei der Stäerkung vun der Allgemengmedezin, vun alles a Richtung Spideeler.

Wat ech net verstinn, dat ass datt ee vu Bettebierg schwätzt, déi Better sinn awer ëmmer gutt voll – a wie fëllt se? Net de Minister, ech mengen och net d'Administratioun vum Spidol, mä déi Leit déi an d'Spidol kommen. Déi ginn normalerweis bei den Dokter a well si vum Dokter behandelt ginn. Muer, haut, gëschter hätt deen Dokter déi Leit net missten an d'Bett leeën, mä en hätt se och kënnen ambulant behandelen.

Et gëtt allerdéngs eng Rei vun Incitatiounen déi a Richtung an d'Spidolsbett leeë ginn a manner a Richtung ambulant Chirurgie. Do ass deen ominéisen Éischt-Klass-Tariff 60%+ ee vun deene falschen Incitanten déi am Moment am System bestinn. Dofir huele mir dat aus dem Gesetz eraus. Mir schafen et domat net of, mä mir maachen d'Verhandlungen op iwwer méi realistesch Supplémenten déi un enger reell geleeschter Aarbecht hänken an net un engem Bett, wou de Patient net zweeërlee Behandlung kritt, mä wou den Dokter zweeërlee Bezuelung kritt.

Wat och iwweregens ganz schrecklech ongerecht ass vis-à-vis vun der Majoritéit vun den Dokteren. Well et ass eng kleng Minoritéit vun Dokteren déi déi dote Majoratioun vun Tariffer kritt. E Generalist kritt déi net.

Jay Schiltz: Mä wou kënnt dann dee Betterbierg dann hir? D'AMMD rechent, op 500.000 Awunner gekuckt huet Lëtzebuerg par rapport zur Belsch 400 Better méi, par rapport zu Frankräich 600 a par rapport zu Holland esouguer 900 méi. Elo sot Dir mir, de Minister leet kee Mënsch an e Spidolsbett, dat kann een och novollzéien. D'Dokteren ordonnéieren dat, mam Interêt deen dann eben ass 60% Bonus an der éischter Klass. Op där selwechter Säit sinn d'Dokteren dann awer och déi déi elo en Ausbau vun der ambulanter Behandlung fuerderen. Do ass dann awer eppes wat dann net stëmmt.

Mars Di Bartolomeo: Ech mengen et ass ganz richteg.

Jay Schiltz: Dat kritt een net novollzunn.

Mars Di Bartolomeo: Dat bestreiden ech net, datt mir vill Gewiicht op d'Spideeler geluecht hunn an deene leschte Joerzéngten. Mir ware vill, vill méi héich an dem Prozentsaz vun de Better a Relatioun zu der Populatioun. Mir sinn do an deene leschte Joere seriös erofgaangen, och well d'Populatioun ganz dynamesch geklommen ass.

D'Iddi déi hei am Gesetz dran ass, dat ass, datt wa mir déi ambulant Filière ausbauen, dann huet dat en Impakt op d'Better. Et gëtt der awer vill déi am Secteur mengen, wa mir ambulant eng Schëpp dropleeën, da kënne mir weiderhin déi Better beleeën. Dat ass net esou. Mir mussen déi ambulant Filière schafen an da kënne mir raisonnabel mat de Better eroffueren.

An ech fannen et och absolut onfair, datt d'Dokteren op eemol sech op d'Fleegepersonal aschéissen.

Wann ech Honnertdausenden d'Joer verdéngen, an ech schwätze vun deenen déi dann d'Fleegepersonal attackéieren, da ginn ech net iwwer d'Revenuë vu Fleegepersonal hierfalen, déi net schlecht bezuelt sinn, mä wou awer net vun Honnertdausende Rieds ka sinn. Mir hunn hei gutt Fleegepersonal, och gutt Dokteren, mä et ee wann ech gelift, wann net ëm de System geet, sech selwer mat der Fro ausernanersetze wat ee selwer u Contributioun ka maachen, an net polemiséieren iwwer wat mir mat anere misste maachen, Better ofbauen, Personal erausgeheien an ech weess net wat nach, administrativt Personal erausgeheien. Net mat mir.

Dat mécht een op eng partnerschaftlech Aart a Weis wou jiddweree bereet ass sech selwer e bëssen Fro ze stellen an net à boulet rouge op déi aner schéisst fir vu sech selwer ofzelenken.

Dat hu mir ebe just net an dësem Projet gemaach. Déi Leit déi um Terrain schaffen, déi brauche sech keng Suergen ze maachen. Wat richteg ass, dat ass datt mir de Spidolsdokter e bësse besser cadréieren.

Jay Schiltz: Dat heescht, wann ech dat elo richteg verstinn, ambulant Behandlung méi, progressiv méi [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Progressiv mat de Better erof [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: An zugläich dann och den Ofbau vun de Spidolsbetter? An Ofbau vum [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Jo, mir kommen aus enger Situatioun wou mir vill Leit hu misse länger Zäit an de Spideeler leie loossen, well mir mat eise Fleegebetter schlecht waren. Dat huet sech awer an deene leschten 10 Joer extrem verbessert.

Sécher, huet een net ëmmer direkt e Fleegebett wann een et brauch, mä d'Situatioun ass awer net méi esou schlëmm, datt d’Spideeler missten déi Mission de garde iwwerhuele fir eeler Leit déi net méi kënnen heemgoen, an nach keng Plaz an engem Fleegeheim hunn. Do ass sécher deen Drock manner grouss.

Mat deem Fortschrëtt deen d'Medezin mécht – fréier si fir eenzel Operatioune Leit während 8 Deeg, 14 Deeg am Spidol leie gelooss ginn. Bei enger komplizéierter Häerzoperatioun, d'Patiente sinn nach net richteg erwächt, da musse si schonn aus dem Bett erausklammen. Dee Fortschrëtt ass do, an dee wäert sech och progressiv an der Bettenzuel nidderschloen.

Mä ech mengen awer, datt een net ganz glafwierdeg ass wann een dem Minister de Procès d'intention mécht, datt en net schnell genuch an dat Ambulant era geet, an et selwer zanter Joeren an der Hand huet fir Leit net an e Spidolsbett ze leeën, déi grad esou gutt hätte kënnen ambulant behandelt ginn.

Jay Schiltz: En aneren heftege Kritipunkt vun der AMMD dréint ronderëm d'Laboratoiren. Do hu mir da privater, mir hu 7 Spidolslaboen, mir hunn e Staatslabo deen nei gebaut gëtt a mëttlerweil esou vill kascht wéi d'Philharmonie, a kee weess am Fong esou richteg wat dee Labo mécht. Der AMMD no fonctionnéiert en net bis guer net.

Vläicht der Rei no: wat ass dann eigentlech d'Fonctioun vum Staatslaboratoire, seng genee Aufgaben, a wou sinn déi definéiert?

Mars Di Bartolomeo: Dir hutt en ale Statut vum Staatslabo, dee fonctionnéiert als Staatsservice. Dat gëtt him eng gewësse Garantie vun de Moyenen, mä de Labo stéisst haut un d'Limitë vu sengem Statut well en héichspezialiséiert Leit net méi kann zu deem Präis rekrutéieren, dee fir e Fonctionnairesdokter bezuelt gëtt. An do sinn heiansdo ganz extrem Spezialisten dobäi, wéi d'Pathologen, déi 12 Joer Ausbildung mussen hanneru sech bréngen.

Dee Labo brauch e moderne Statut. Deen ass prett. An deenen nächste Woche gëtt deen deponéiert.

Ech wëll mech awer ganz seriös dogéint verwieren, datt dee Labo keng Missioun huet. Deen huet eminent wichteg Missioune fir d'Santé publique, en huet seng Kaarte voll konnten ausspille bei där Kris wou mir haten am Zesummenhang mat der Gripp d'lescht Joer, d'virlescht Joer. An hien huet eng ganz Rei vun där Missiounen, zum Beispill an der Anatomo-Pathologie d'Detectioun vu Kriibser, de Labo zentraliséiert do déi Analysen, wou, dat ass richteg, Problemer an der Rapiditéit – awer net bei ganz urgente Fäll, mä bei Fäll déi vläicht net esou urgent waren – opgetruede sinn. Do si mir amgaang ganz seriös drun ze schaffen, datt déi Retarden ofgebaut ginn, an datt iwwer e Statut deen dee Labo elo kritt, en déi Leit ka rekrutéieren déi e brauch.

Dat ass net well déi Leit net gutt schaffen, mä well déi Leit streckeweis net déi Moyenë kritt hunn déi si wollten.

Eng Rei vu privaten Operateuren wéilten déi dote Missioun dem Labo am léifste muer erausräisse fir se selwer kënnen ze maachen a Geld do domatt ze verdéngen. Dat verstinn ech, mä wat ech net verstinn, dat ass datt mir beim Labo elo alleguerten déi Resultater zesummenhunn déi mir brauche fir muer kënnen e Kriibsregister ze maachen, deen aner Länner laang hunn, an dat dierf een net ausernee rappen. Dat heescht also, de Labo gëtt reforméiert, do rennt een oppen Dieren an. Et war laang eng fin de non recevoir fir deem e moderne Statut ze ginn. Déi fin de non recevoir spieren ech net méi, mir hunn eis net gi bis do Dieren opgaange sinn.

Dann déi aner Laboswelt: dat wat net dobaussen eriwwerkomm ass, dat ass, datt ebe just den Objet vun deem Gesetz hei ass, datt mir déi vill Laboen an de Spideeler regruppéieren, an datt mir an Zukunft déi Privat an déi Ëffentlech d'selwecht behandelen. Ee vun den Objeten am Gesetz ass, datt mir d'Spidolslaboen an hirer ambulanter Aktivitéit muer d'selwecht wäerte behandele wéi déi ëffentlech Laboen, mat deene selwechten Tariffer.

Jay Schiltz: Mä wouriwwer kloen déi dann? Déi soe jo, déi géinge bannent 2 Joer nach eng Kéier ëm 15% hir Tariffer erofgesat ginn.

Mars Di Bartolomeo: Also wann dat éierlech ass [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: Déi léie jo awer net, d'Privatlaboen, wa si soen, mir hu 15% manner.

Mars Di Bartolomeo: Wann dat éierlech ass, datt hir Zukunft a Fro gestallt ass mat enger Senkung vun den Tariffer, dann hunn ech hinnen d'Äntwert an de Grapp gedréckt, fir datt si mech kënnen iwwerzeegen. Ech hu si gebieden – si mussen dat net ¬– fir mech kënnen z'iwwerzeegen, si sollen hire Bilan huelen a si solle mir en op den Dësch leeën. An da gesi mir [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: D'Laboe soen, dat kritt Dir wann Dir eis, nodeem wat Bréissel virschreift, de Statut [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Dee Projet ass jo deponéiert, en ass an der Instruktioun, en ass am Moment virum Conseil d'État.

Ech hunn hinne gesot, ech géif dat maachen. Ech hunn dee Projet deponéiert, da kéinte si jo fir dat Ganzt z’entkrampfen – wa si jo Recht hunn, da musse si jo net op dee Projet waarde fir eppes op den Dësch ze leëen, wou, wa si eis d'ganz Wouerecht soen jo misste kënnen iwwerzeegen. Da soe si zu mir, wann ech vun hinne konkret Resultater froen, ech géif si erpressen.

Wann d'CNS, d'Gesondheetskeess, deen ass dee bezilt, quasi 100% - et ass keng Participatioun vun de Patienten op den Analysen dobäi – wann dee seet, ech gesinn déi Marge bénéficiaire déi an de Laboen ass, déi ass exorbitant héich, an d'Laboe soen, dat ass net wouer, an ech soen dann, wann ech fir eppes soll bezuele wou deen aneren d'Donnéeën um Dësch huet an ech hu vläicht eng falsch Iwwerzeegung, ma da soll e mir déi Chifferen op den Dësch leeën, an da gesi mir. A wa si Recht hunn, da kann een dat ganz gutt mateneen diskutéieren a wa mir Recht hunn, da solle si net méi kräischen.

Ech wëll och soen, datt ech et e bësse speziell fannen, ech respektéiere selbstverständlech wa Leit virun der Dier vun enger Quadripartite mech auspäifen, mä ech géif ganz gär deene Leit soen, vergläicht och Är Revenuen, déi Dir an deene Laboe kritt, fir déi Dir op d'Strooss gaange sidd, mat deene Revenuen déi een am Spidolssecteur kritt. Ech wier frou wann een hei net Dumping social géif maachen, an net déi eng géint déi aner géif ausspillen. Ech loosse mech vun Argumenter iwwerzeegen, vu Chifferen iwwerzeegen, a wann déi esou si wéi se laut den Aussoe vun de private Laboe sinn, sinn ech muer bereet fir mech ze beweegen.

Jay Schiltz: Komme mir vläicht nach eng Kéier kuerz zréck op déi Spidolslaboen, déi 7 déi et elo gëtt. Do geet Rieds vu regionale Laboen, Norden, Zentrum, Süden. Eng Propose hunn d'Spideeler eventuell fir méi efficace ze sinn, fir méi Suen ze spueren, op Spezialisatioun hin, ass dat dann elo [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Och do ginn oppen Dieren agerannt. D'Spideeler hunn agesinn, datt si sech mussen zesummendoen an dat geschitt.

Jay Schiltz: Da Stéchwuert Medikamenter: hei soll den Dokter dat bëllegst verschreiwen.

Mars Di Bartolomeo: Dat ass erëm eng Kéier ganz reduktiv. Den Dokter, wann [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: D'AMMD reduzéiert et op deen [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Jo, mä wann een et besser weess an et seet een et esou, dann ass dat net ganz éierlech. Well an den Texter an och an den Diskussiounen hu mir ganz kloer gesot, ëm wat datt et geet.

Wa mir 2 Medikamenter hunn déi absolut gläichwäerteg sinn, wou d'Gläichwäertegkeet vun de wëssenschaftlechen Instanze festgehale ginn ass, dann ass et aliichtend, datt wann déi 2 ganz genee gläichwäerteg sinn, dat eent awer wiesentlech méi bëlleg ass, och – an dat kann duerchaus sinn, datt et 2 original Medikamenter sinn – da géif ech jiddwerfalls dem Patient emol dat méi bëllegt proposéieren.

Or, en fait stelle mir awer fest, datt dat doten net systematesch gemaach gëtt, vläicht och well net gewosst ass wat déi Differenz ass.

Elo wëlle mir mat vill Fangerspëtzegefill soen, zesummen och mam Terrain, zesumme mat den Experten, kommt mir kucken déi vill-verkafe Medikamenter, wou et eng absolut gläichwäerteg Alternativ gëtt, an dann huele mir déi absolut gläichwäerteg, mä méi bëlleg Alternativ. De Patient kann nach ëmmer am Endeffekt fräi décidéieren. Am Prinzip soll et esou sinn, datt bei gläichwäertege Medikamenter den Dokter dem Patient soll dat méi bëllegt ginn.

Jay Schiltz: Soll oder muss?

Mars Di Bartolomeo: Soll. Ech kann och nach soen, wann ech gelift soll verschreiwen, well den Dokter huet doduerch kee Schued. À moins datt vläicht Promotioun gemaach gëtt fir dat méi deiert, mä dat huelen ech net un, dat mécht den Dokter net, den Dokter géif och do guer net drop agoen.

Jay Schiltz: An Däitschland sinn dëser Deeg Doktere veruerteelt ginn, well si sech vun de Pharmakonzerner bezuele gelooss hunn.

Mars Di Bartolomeo: Hei zu Lëtzebuerg ass dat jo ganz aneschters.

Jay Schiltz: Ass dat et?

Mars Di Bartolomeo: Dir wësst, datt ech an där doter Diskussioun bis elo extrem fair bliwwe sinn, an ech fänken och haut net un onfair ze ginn.

Dat heescht also, den Dokter, wann ech gelift, soll dann dat Medikament verschreiwen.

Nu verschreift en et net, vläicht well en et net besser weess, da geet de Patient an d'Apdikt an da seet den Apdikter, lauschtert, ech hunn hei en total gläichwäertegt Medikament, dat ech Iech ubidden. An da seet de Patient Jo oder Neen, well en un der Gläichwäertegkeet bei deem bëllege Medikament jo och d'Participatioun spuert. Net nëmmen d'Gesondheetskeess spuert, mä och de Patient huet manner Participatioun. Wann de Patient elo seet, Neen, ech wëll awer dat méi deiert, dann ass déi eenzeg Konsequenz dann déi, datt de Patient nëmmen um Niveau vun deem méi bëllege rembourséiert gëtt.

Jay Schiltz: Dat heescht, dee sech et leeschte ka bezilt an deen aneren net.

Mars Di Bartolomeo: Mä et ass jo Gläichwäertegkeeet.

Wann et net gläichwäerteg Medikamenter wieren, dann hätt Dir Recht. Wann ech elo géif soen, bei engem Medikament dat bal d'selwecht ass, mä net déi selwecht Qualitéitscritèren huet, da géif ech soen, du muss dat bëllegst huelen, da wier et esou. Mä wann awer amtlech festgestallt ass, et ass déi selwecht Molekül, et ass vun deem selwechte Produzent, bei deem engen ass just de Brevet ausgelaf a bei deem aneren ass en neie Brevet erfonnt ginn, fir et erëm kënne méi deier ze maachen, dann dierf ech dach awer dem Patient soen, huel dat Medikament weider dats du bis elo geholl hues, well dat ass grad esou gutt wéi dat neit, dat dir elo soll verkaf ginn, wou iwwerhaapt keng Ännerung drun ass, wéi datt just eng nei Verpackung komm ass, an datt eng Kéier dru gekraazt ginn ass, oder datt eng aner Schrëft drop ass.

Do gi mir mat esou vill Fangerspëtzegefill vir, datt de Patient net ka gestrooft ginn, an och wann den Dokter dat doten net mécht, do gi si da Saache sichen, da géif e bestrooft ginn, dat ass dach Quatsch, mir denken iwwerhaapt [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: Wat kritt de Patient dann zréck? Den Dokter virschreift e Medikament X, dat ass elo méi deier wéi d’Medikament Y. Kritt de Patient dann dat bëllegt Medikament zréck oder kritt en dat zréck wat den Dokter verschreift?

Mars Di Bartolomeo: Wann de Patient drop hält fir dat méi deiert Medikament ze huelen, da kritt en déi Remboursementsbasis déi festgehalen ass, an e kritt net op der Basis vun deem deiere rembourséiert.

Ech wëll Iech awer soen – an et muss ee jo och emol heiansdo Neiland begoen, dat sech schonn am Ausland bewäert huet – mir haten dat doten nach net am Text drastoen, du stoung d'Pharmaindustrie bei eis virun der Dier an huet gesot, kënne mir dann net wann ech gelift verhandelen? Mir hunn elo schonn d'Garantie aus deenen Diskussiounen déi mir parallel gefouert hunn, datt d'Pharmaindustrie eis eng Participatioun wëll ginn um Finanzement vun neien Initiativen an der Gesondheetskeess, wéi zum Beispill bei der Prescription électronique, d'elektronesch Verschreiwung vun de Medikamenter.

Do gesäit een also, datt an deem System do Sputt dran ass. Wann ee kuckt wéi et am Ausland ass: am Ausland stierwen net méi Leit wéi hei, obwuel datt do d'Substitutioun vun de Medikamenter längst d’Regel ass. Wat bréngt et dem Patient wann ech e méi deier bezuele loosse fir dat selwecht Medikament? Wat bréngt et dem Dokter wann e bei enger gudder Alternativ dat méi deiert hëllt? Näischt.

Dofir, wann et dem Patient näischt ewech hëllt a wann et der Keess notzt, a wa mir dorop hin esouguer nach fräiwëlleg, fräiwëlleg gezwongen, vun der Pharmaindustrie e seröse Bäitrag kréien, dann hu mir jo scho gewonnen an da brauche mir och net mam décken Hummer dat do ze maachen, mä mir kënnen dat mat ganz vill Fangerspëtzegefill maachen, esou wéi mir dat ëmmer maachen.

Jay Schiltz: Et bleift nach een e bësse méi groussen Dossier, deen ech mat Iech nach wollt awer vläicht dann elo e wéineg méi kuerz bespriechen, dat ass den elektronesche Patientendossier. Och do ass massiv Kritik vun der AMMD, vun den Dokteren, déi fäerten, an dat ass jo vläicht och net eng onberechtegt Angscht, datt do d'Donnéeë vun de Patienten net nëmmen den Dokteren zougängeg sinn, mä och dem Spidolsdirekteren, de Fonctionnairë vun der Krankekeess, vum Staat an esou weider, déi dann an deenen Dossieren, wéi d'AMMD schreift, kéinte ronderëm schnoffelen.

Mars Di Bartolomeo: Wann dat esou wier, datt de gliesene Patient op eemol géif entstoen, wa jiddweree kann an den Dossier vum Patient schnoffele goen, da wier dat mat mir net dran.

Jay Schiltz: Dir garantéiert, datt dat net de Fall ass?

Mars Di Bartolomeo: Mir maachen dat dote scho vun Ufank u mat der Dateschutzkommissioun zesummen.

Wa mir deen dote Projet entwéckelen, dee Projet deen elo "Dossier partagé", "Gedeeltenen Dossier vum Patient" genannt gëtt; wa mir deen dote Projet maachen, da suerge mir dofir, datt dat dotent eng Plus value fir de Patient a fir den Dokter gëtt, an net eng Penalitéit oder iergend eng eng grujelech Gefor.

Wat ass de Sënn vun deem gedeeltenen Dossier? Ganz einfach, datt mir déi Donnéeën déi disponibel sinn iwwer de Patient – d'Bluttanalysen, Biller déi vun him gemaach gi si beim IRM oder bei Röntgen, déi Medikamenter déi e regelméisseg hëllt – datt wann e vun engem Dokter bei en aneren Dokter geet, vun engem Generalist bei de Spezialist, datt deen net erëm eng Kéier muss alles nei maachen, wa rezent Donnéeën do sinn, mä datt e ka kucken, wat sinn d'Wäerter vum Patient, wat hëllt e vu Medikamenter, wat gëtt et vu rezente Röntgebiller, an esou weider, datt en also säin Traitement op Basis vun deem ka maache wat besteet, an da jugéiert, brauch en zousätzlech Analysen, an net datt de Patient all Kéiers wann en an enger anerer Struktur ass, datt genee dat selwecht nach eng Kéier muss gemaach ginn. Dat ass jo och kee Privileg fir de Patient. Et kascht, et kascht de Patient Zäit, et kascht d'CMS Zäit.

Deen elektroneschen Dossier gëtt esou opgebaut, datt een nëmme mam Consentement, mam Accord, op Wonsch vum Patient – well an där doter Hypothes mengen ech, datt kee Patient zum Dokter seet, oder zu deene Leit déi en an enger Urgence mussen traitéieren, du dierfs net a mäin Dossier, well dann Incompatibilitéite vu Medikamenter, vun Traitementer kënne festgestallt ginn. Dat do ass einfach den Däiwel un d'Mauer gemoolt, wou déi Leit déi den Däiwel un d'Mauer mole genee wëssen, datt dat net esou geduecht ass a genee wëssen, datt et eng Revolutioun géif ginn, net nëmme bei de Leit, mä och bei mir. Ech géif dat doten ni akzeptéieren, datt et esou gemaach gëtt.

Wat ech mengen, datt gefaart gëtt, dat ass net de gliesene Patient, mä dat ass de gliesenen Dokter. An och de gliesenen Dokter wëll ech net, mä ech wëll just, datt een dat wat ee mécht och kann dokumentéieren. Déi Fonctionnairë vun der CNS hunn dach elo schonn déi Donnéeën iwwer Medikamenter, déi rembourséiere jo. Dat si vereedegt Beamten, an deen éischten dee Mëssbrauch géif domat maachen, dee wier net méi vereedegte Beamten.

Jay Schiltz: Här Minister, eis Zäit ass ëm, aner Punkte musse mir da leider op der Säit loossen, präventiv Medezin hätt een och nach kënne driwwer schwätzen, oder d'Commission de nomenclature [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: D'Paritéit hu mir do geséchert.

Jay Schiltz: Quadripartite hu mir och [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Quadripartite, wou mir openeen zougaange sinn, a wou mir op déi Reprochen agaange sinn, datt de Minister vun uewen erof eppes décidéiert. Ech hunn dat erëm an d'Sozialpartnerschaft zréckbruecht. Dat fannen ech eppes ganz Guddes.

Jay Schiltz: Dee leschten Dokterstreik 1991 huet 6 Woche laang gedauert an huet der Krankekeess eng Erspuernis vu ronn 500 Milliounen där aler Frang bruecht. Freet Dir Iech iwwer all Dag wou d'Dokteren net schaffen?

Mars Di Bartolomeo: Neen, ech freeë mech net doriwwer, well ech mech an d’Haut vun de Patiente versetzen. Ech wier frou wann déi Manifestatioun, oder déi Reduktioun vum Service geschwënn eriwwer wier, an datt déi gutt Relatioun tëscht Patient an Dokter erëm hiergestallt gëtt, well ech krée ganz vill uriff vu Patienten déi mir soen, dat doten an dat doten hunn ech elo refuséiert kritt. Ech probéieren dat dann ëmmer z’explizéieren, och do keen Ueleg op d’Feier ze geheien. Ma ech mengen, e Streik ass ëmmer dat lescht Mëttel wat een asetzt, a bei engem Krich gëtt et keng Gewënner, do gëtt et nëmme Verléierer. Dofir, zréck un de Verhandlungsdësch.

Jay Schiltz: Dir bleift awer dobäi, 1. Januar 2011 trëtt déi Reform a Kraaft?

Mars Di Bartolomeo: Jo, et ass eng wichteg Reform, et ass eng fundamental Reform, et ass eng Reform déi méi Qualitéit a méi Transparenz wäert bréngen, an do maachen ech keng Konzessiounen.

Jay Schiltz: Dat war et fir dës Emissioun “Riicht eraus�? mam Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo. Ech hoffen, mir konnten doriwwer e bësse méi Kloerheet do bausse verschafen. Merci Här Minister, datt Dir Zäit fir eis hat.

Mars Di Bartolomeo: Merci och.

Dernière mise à jour