Mars di Bartolomeo au sujet de la réforme dans le secteur des soins de santé

Pierre Reyland: Här Di Bartolomeo, sidd Dir bereet, Iech nach eng Kéier mat den Dokteren un den Dësch ze sëtze fir e Streik ze verhënneren?

Mars Di Bartolomeo: Bei mir war d'Dier nach ëmmer op. Mir hunn elo de Projet deponéiert an de Projet ass net um Enn vun der Prozedur, mä en ass um Ufank vun der Prozedur. D'Chamber wäert hir Aarbechten déi nächst Woch ophuelen an da geet et deem heite Projet wéi wahrscheinlech villen déi an d'Prozedur era kommen, dat ass, datt weider Diskussioune kommen, an datt och Méiglechkeeten do sinn fir de Projet ze adaptéieren.

Pierre Reyland: D'Doktere soen, si wire mat kenger Zeil zefridden. Op wéi enge Punkte sidd Dir bereet hinnen entgéint ze kommen?

Mars Di Bartolomeo: Mir hu schonn eng ganz Rei vu Schrëtt a Richtung Doktere gemaach. Am Ufank war den Haaptreproche d‘Verstaatlechung, op dee si mir agaangen. E Reproche war, datt mir an där Kommissioun wou mir medezinesch Akten definéieren, datt mir do eng erdréckend Majoritéit als Staatsvertrieder haten. Och do si mir den Dokteren entgéint komm a mir hu fir Paritéit gesuergt. Ech sinn e bëssen iwwerrascht wann ech héieren, datt d'Dokteren, d'AMMD mat kenger Zeil vun deem Projet d'accord wier, well ech vum leschten Samschdeg Echoë kritt hu vun der Generalversammlung vun de Generalisten – dat sinn ëmmerhin e gudde Véierel vun den Dokteren – wou et heescht, datt d'Generalisten déi Iddien déi an eisem Projet dra si betreffend d'Revaloriséierung vun der medezinescher Grondversuergung, ënnerstëtzen, datt se déi begréissen; datt se dofir sinn, datt mir zwar primär den Hausdokter revaloriséieren, an datt mir d'präventiv Medezin avantagéieren. An där Motioun déi verofschidd ginn ass heescht et, datt d'Generalisten a Partnerschaft mam Ministère direkt wëllen iwwer d'Implementatioun vun deenen doten Iddien diskutéieren an och vum Minister wësse wëllen, wéini datt mir dat direkt kënnen implementéieren. Och do ass meng Dier grouss op. Ech hu proposéiert an deenen nächsten Deeg zesummen ze komme wann dat eescht gemengt ass.

Meng Dier ass ganz grouss op an ech verstinn eigentlech net, datt ee seet, datt ee mat kenger Zeil an deem Projet d'accord ass wann een iwwer déi Diskussiounen an deene leschte Joere wiesentlech dee Projet mat beaflosst huet a Saachen Transparenz an de Spideeler; a Saachen iwwergoe bei verschiddenen Interventioune vun deem Stationären an dat Ambulant; a Saache Comptabilité analytique an de Spideeler, wou ee méi Finanztransparenz kritt. Mä wann ee méi Finanztransparenz an de Spideeler wëll, da betrëfft dat net nëmmen d'Haiser, mä et betrëfft selbstverständlech och déi medezinesch Akteë wann ee fir Transparenz bei den Ofrechnunge wëll suergen. Dat huet sécher näischt mat Afrostellung vun de Patienterechter ze dinn.

Pierre Reyland: D'Dokteschassociatioun weist sech awer ganz kämpferesch wann et da géif zu engem Streik kommen. Ass de lëtzebuerger Gesondheetssecteur dorop virbereet?

Mars Di Bartolomeo: Et ass net u mir fir e Streikmouvement ze ënnerwanderen. Ech muss soen, datt d'Doktere jo och gesot hunn, datt se bei den Urgencë selbstverständlech géifen dofir suergen, datt alles an der Rei ass. Wat mir wéi deet, dat ass, datt hei an enger Ausernanersetzung tëscht Dokteren an der Regierung, well et ass de Projet vun der ganzer Regierung, elo de Patient getraff gëtt. Ech mengen awer, an dat hunn ech an deene leschte 6 Joer méi wéi eng Kéier erlieft, datt eis Dokteren e ganz groussen Engagement um Terrain hunn, datt fir si d'Deontologie net eidel Wierder sinn, an datt se mat Sécherheet bei allem gewerkschaftleche Kampf kee Patient wäerten am Ree stoe loossen. A wéi gesot, bei mir ass jiddwerfalls d'Dier op. Allerdéngs, wann et drëm geet, wat d'Dokteren och soen, fir de System an der Riicht ze halen, da muss een eng Rei vu Verännerunge maachen. Verännerungen dinn ëmmer wéi, mä de System ass et wäert, datt een déi Verännerunge wot.

Do wou ech net domat d'accord sinn, dat ass wann d'Dokteren, wéi och d‘Patronen de System als solchen zur Verfügung stellen an op d'Ofschosslëscht stellen. Dee System huet fir de Patient extrem Avantagen. E léisst kee virun der Dier, onofhängeg vum Revenu. An ech muss och soen, datt dee System wéi mir en haut hu fir d'Prestatairen, also fir déi Professionell aus der Gesondheet, ob dat Dokteren oder aner Professioneller sinn, eng ganz Rei vu gudde Garantië gëtt. An et ass net fir näischt, datt vill Gesondheetsberuffler a vill Dokteren un der Grenz Schlaang sti fir an dëse System eran ze kommen. Och doru soll een denken.

Pierre Reyland: Mars Di Bartolomeo, wat sot Dir zu deene Reprochen, d'Privatlaboratoirë missten ze vill spueren?

Mars Di Bartolomeo: Ech hunn de Privatlaboratoiren e fairt Ugebuet gemaach. Ech hunn hinne gesot, leet Är Chiffren, Är Zuelen, Är Bilanzen op den Dësch, a wann dat esou ass wéi Dir dat sot, da sinn ech ganz gär bereet Iech entgéint ze kommen. Dat interpretéieren déi privat Laboratoiren als Erpressungsversuch vu menger Säit. Ech weess awer net wat dat mat Erpressung ze dinn huet, wann ee wéi d‘CNS déi Rechnunge bezilt a wëll wëssen, wéi déi Bilanzen ausgesinn. Dat doten Ugebuet gëllt nach ëmmer.Wann déi privat Laboratoiren hir Zuelen op den Dësch leeën, sinn ech selbstverständlech bereet mech ze beweegen. An zweetens, wann déi privat Laboratoiren an de Verhandlunge mat der Gesondheetskeess, déi jo ustinn, eng Eenegung fannen, da sinn ech selbstverständlech och bereet fir déi ze respektéieren.Iwwregens gëllt dat och fir Verhandlungen déi nach ustinn tëscht der Gesondheetskeess an den Dokteren.

Pierre Reyland: Mars Di Bartolomeo, vill Diskussioune sinn also nach néideg. Villmools merci fir dësen Interview.

Mars Di Bartolomeo: Merci och.

Dernière mise à jour