Mars Di Bartolomeo se prononce sur la réforme du système de pensions, la réforme de la Caisse nationale de santé et l'évaluation de la loi relative à la lutte antitabac

Carole Schimmer: Wëllkomm an eiser Emissioun Riicht eraus. Invité haut ass de Gesondheets- a Sozialminister Mars Di Bartolomeo. Gudde Mëtteg Här Di Bartolomeo:

Mars Di Bartolomeo: Gudde Mëtteg.

Carole Schimmer: Här Minister, dës Woch wor an der Chamber eng Orientéierungsdebatt iwwert d'Zukunft vun de Pensiounen, eng Reform wier néideg, soen net nëmmen d'Chamber, mä awer och de Bureau international du travail oder nach d'OECD. Wou sti mir effektiv haut mat de Pensiounen? Et bestinn nach Reserven, mä et ass eng laangwiereg Aarbecht.

Mars Di Bartolomeo: Ben ech menge wann een et ganz kuerz wëllt formuléieren, da géif ee soen, eis Pensiounen, eis Pensiounsregimer sinn haut bei beschter Gesondheet. All Parametere si positiv! An dann deen zweeten Deel vum Saz: wa mir wëllen, datt si gesond bleiwen - och fir déi nächst Generatiounen - da musse mir haut eng Rei vu Reforme bréngen, fir d'Nohaltegkeet vum Pensiounssystem ofzesécheren.

Oder, an dat ass dann d’Wuert Explikatioun: déi grouss Trëmp déi mir haut hunn - dat heescht d'Explosioun vum Emploi iwwert eng ganz Rei vu Joren, dann déi ganz positiv Entwécklung vun der Liewenserwaardung, wou ee sech haut wierklech däerf freeën - dat ginn d’Erausfuerderunge vu mar, well déi ganz vill Aktiver vun haut, dat ginn déi ganz vill Pensionéiert vu mar an déi déi laang liewen, bei gudder Gesondheet, dat sinn déi déi d'Pensioun vill méi laang kréien wéi eis Pappen, Mammen a Grousspappen a Groussmammen. Dat ass, mengen ech, op déi einfachst Aart a Weis d'Situatioun vun eisem Pensiounssystemer resuméiert. Ganz gutt haut, mä duerch déi Belaaschtungen, déi op si zoukommen, Risike fir mar a wa mir se haut upaken, da kréie mir eng ganz douce Landung. Wa mir se eréischt an 20 Joer upaken, da gëtt et ee Crash.

Carole Schimmer: Op ee Pensionéierte kommen haut 2,5 Aktiver. Wéi entwéckelt sech dat dann an Zukunft? Dat ass jo d'Haaptfro eigentlech.

Mars Di Bartolomeo: Jo, mir hunn haut wäit iwwert 300.000 Beschäftegter a mir hunn ronn 130.000 Pensionéierter. Dat ass eng gutt Relatioun. Wann elo mar déi 300.000 Aktiver vun haut pensionéiert sinn, ma da bräichte mir fir déiselwecht Leeschtungen ze halen och 2,5 mol oder 3 mol esouvill Aktiver wéi mir der haut hunn. An wann ee sech dat dann ausrechent, datt mir an 30, 40 Joer 1 Millioun Aktiver bräichten oder Eenzelner soen esouguer 1,3 Milliounen Aktiver, da misst een haut eigentlech schonn ufänken déi 8-spuereg Autobunnen ze bauen oder déi 4-spuereg Eisebunnslinnen, fir déi Leit iwwerhaapt an d'Land eranzekréien. A mam Wëssensstand vun haut muss ee soen, dat doten ass bal onméiglech. D'Alternative ass, datt een d'Beiträg géif vill méi héich setzen fir déi aktiv Generatiounen oder datt een Uelegquelle fënnt, an Uelegquelle sinn haut och net méi dat allerbescht...

Carole Schimmer: Kann een dann net vun enger Rentemauer haut schwätzen?

Mars Di Bartolomeo: Also wann ee vu Rentemauer schwätzt, da geet een dovun aus, datt mir weiderhin dauernd op d'Gaspedall drécken an eise Renten, datt mir d'Steier dat de Rentesystem huet iwwerhaapt net upaken an datt mir net wëssen, datt och eng Bremspedall do ass. Wann een awer d'Gaspedall, d'Brems an d'Steier clever, mat Gefill notzt, och wann eng Mauer do steet, a wann ee matzäiten ufänkt ze renkelen a liicht op d'Brems ze drécken, jo da kënnt een - d'Mauer steet zwar do - awer gutt derlaanscht. An et ass dat, mengen ech, wat mir am Moment am gaang sinn ze maachen.

Ech hu mech ëmmer gewonnert wann an deene leschte Joren op eemol Leit, déi ee ganze Koup Steng op d'Rentemauer geluecht hunn, gesot hunn: "Sou, lo musse mir awer aus der Hëft schéissen an direkt derwidder goen". Déi Situatioun vun eise Rentesystemer fuerdert eng Reaktioun, léisst eis awer Zäit, awer och déi Rou fir dat Richtegt ze maachen. An et ass jo net esou, datt mir an deene leschte puer Joer näischt gemaach hätten. Déi Diskussioun, déi an eenzelne Länner elo réischt uleeft, ass an eisem tripartiten Aarbechtsgrupp tëschent Staat an de Sozialpartner op eng ganz ganz konstruktiv Aart a Weis gelaf, an huet eis erlaabt fir eng aner Bewosstseinsbildung am Dossier erbäizeféieren. Well erënnert Iech, virun e puer Joer hu mir nach 10% Joresausgaben drop geluecht bei deem éischte Rentendësch. An der leschter Period, an dëser Period, ass de Rentesystem net méi belaascht ginn an et ass d'Iwwerzeegung ëmmer méi déi sech duerchgesat huet, datt een Interêt huet net nëmme Rentesystemer fir dës Generatioun ze plangen, mä och fir déi nächst Generatiounen an dat gëtt eng aner Erausfuerderung an een anere Bléckwénkel. Vun der Hand an de Mond ass jo ganz gutt, mä ech hu bis elo nach kee begéint mat deem ech iwwer Renten diskutéiert hunn an dee selwer Kanner huet, deem seng Kanner egal sinn. An dofir, dat ass déi Diskussioun déi elo kënnt: gutt Renten haut, mä mir wëllen awer och nach gutt Rente fir eis Kanner a Kanneskanner halen, dat ass den Challenge.

Carole Schimmer: Et gëtt Iech awer als Minister reprochéiert virun de Wahle gesot ze hunn, et géife keng Problemer gi bei de Pensiounen. Firwat dee Wandel haut?

Mars Di Bartolomeo: Ma ech muss soen, dat ass absolute Kabes wa Leit dat behaapten, dat ass domm Polemik, well ech vun deem éischten Dag un wou ech Sozialminister [gët ennerbrach]

Carole Schimmer: Virun de Wahle war dat awer keen alarmistesche Message...

Mars Di Bartolomeo: Ech hu vun deem éischten Dag un, och wéi mir de Bilan aktuariell 2005 gezunn hun, ëmmer deeselwechte Saz an zwee Deeler gesot, ëmmer deeselwechte Saz! Et gëtt just Leit déi halen op nozelauschtere bei deem éischten Deel vum Saz. Ech hunn ëmmer gesot: eis Rente sinn haut gesond; wa mir wëllen, datt dat esou bleift, da musse mir haut plange fir muer, an dat hu mir an deene leschte Joere gemaach. D'Piste leien elo alleguer um Dësch, all Analyse sinn do. Op Grond vun deenen Aarbechten am Aarbechtsgrupp dee vun der Tripartite 2005, Enn 2005, agesat ginn ass, hu mir eng ganz Rei vun Iwwerleeungen, déi ergänzt gi sinn duerch Iwwerleeunge vun dem Patronat, der UEL an op där anerer Säit der Chambre des salariés, wou an deenen zwee Avise gutt Iwwerleeungen, déi heiansdo net meng sinn, mä déi een awer muss mat erabezéien. An ech loossen dee Reproche iwwerhaapt net gëllen.

Ech wëll just Eenzelnen, déi ëmmer alles besser woussten, de Ball zeréckginn. Do waren der eng ganz Rei déi hu gefuerdert, mir solle vun eisem jëtzege System lassloossen, mir sollten deen op de Mëschtekoup vun der Geschicht geheien a mir sollen an ee Kapitaliséierungssystem goen. Déi sinn haut extrem kleinlaut ginn. Wa mir dat nämlech gemaach hätten wat si gär gehat hätten, da wäre mir elo schonn an d'Rentemauer gerannt. Kuckt an eenzelne Länner, déi dee System hunn, do ass de System, de Rentesystem, duerch d'Finanzkris bal bis zur Onkenntlechkeet geschrumpft.

An dofir, de Rentendossier ass een deen an der Populatioun ganz héich opgehaangen ass. A wann een do eppes wëllt drun änneren, da muss een dat am Dialog maachen. Et muss een dat op Basis vu Fakte maachen. Et muss ee vill explizéieren, well ebe just d'Situatioun haut gutt ass an et gëtt net esouvill där Politikfelder wou mir haut fir 30 Joer plangen. Kuckt mol dorëmmer, et ass éischter an anere Politikfelder wou ee méi vun der Hand an de Mond fiert. Hei si mir am gaang eis Hausaufgab ze maachen, gutt! Schwätzt mol mat de Leit déi mat um Dësch souzen, ob déi dat d'selwecht gesinn, datt mir hei ze lues geschafft hunn. Ech mengen net. An där Debatt vum leschte Mëttwoch, an dat ass ee Verdéngscht vun där Démarche, ass et net zu deene grousse Polemike komm, et ass net zu engem Spill Oppositioun géint Majoritéit komm. Jiddwereen huet unerkannt datt mir dat mat Gefill solle maachen an ech fille mech legitiméiert fir meng Demarche, déi ech an deene leschte Joere gemaach hunn an déi am Hierscht wäert zu engem Projet féieren, virunzemaachen an hei net mam Rasenmäher duerch d'Landschaft ze fueren oder wéi wëll ronderëm mech ze schéissen. Dat ass net meng Aart a Weis fir Politik ze maachen a virun allem net an engem Beräich wou mir dankbar kënne sinn, während där Krisenzäit, datt mir dee System haten. Well anstänneg Pensiounen, Existenzsécherheet fir Leit déi hiert Liewelaang geschafft hunn, déi ware just an der Kris ee wiesentlechen Tromp, well d'Kafkraaft vun de Pensionéierten net ugeknabbert ginn ass a si ee Stabilisatiounsfaktor just an där doter Kris waren. An ech hunn es eigentlech sat gutt Sozialsystemer ëmmer nëmmen duerch de Käschtebrëll ze kucken. Kuckt mol d'Situatiounen an deene Länner wou et déi Sozialsystemer net gëtt. Do gëtt et eng déif Fraktur tëschent deenen déi hunn, an deenen déi näischt hunn, an dat ass net meng Vue vun enger Gesellschaft an dofir: déi Reprochen déi gemaach gi sinn, datt mir net ronderëm eis geschoss hunn, déi loossen ech ganz gär gëllen. Ech wär vill méi sensibel op ee Reproche, wann ee mir gesot hätt, ech hätt an deene leschte 6 Joer wiesentlech Piliere vum Sozialsystem ugeseet. Dat hu mir net gemaach.

Carole Schimmer: De Carlo Wagner vun der DP huet een zweete Rentendësch gefuerdert. Wéi gesitt Dir dat? Wann een zesumme soll decidéieren.

Mars Di Bartolomeo: Den Här Wagner souz jo um Kapp vum Rentendësch zu enger Phase, zu engem Zäitpunkt wou een nach wéi wëll konnt verdeelen. Dir musst wëssen, datt d'Ausgaben insgesamt iwwert dee Rentendësch vun engem Joer op dat anert ëm 10% gehéicht gi sinn. Et ass relativ einfach fir un engem Rentendësch wéi deen do ze sëtzen, wann et eng Aart Surenchère gëtt. Mir hunn een tripartiten Aarbechtsgrupp gehat an deene leschte Joren. Ech hunn all Kéiers d'Chamber mat agebonnen wa wichteg Etappë waren an der Diskussioun. Ech war virun de Wahle bei der Chamber fir d'Conclusioune vun der IGSS op den Dësch ze leeën. Ech war elo zanter dem Ufank vum Joer bei der Sozialkommissioun, fir hinnen eng ganz Rei vu Pistë virzeleeën. Ech war an der Finanzkommissioun. Mir hunn elo een Débat d'orientation gefouert. Ech mengen hei ass den Dialog gefleegt gin, hei hunn d'Parteie sech elo geäussert a si si ganz wëllkomm och weiderhin bei deenen Diskussiounen. Mä Rentendësch, dës Form oder déi aner... Mir haten eben eng aner Form vu Rentendësch a mir féieren den Dialog mam Parlament, mengen ech, op eng intensiv Aart a Weis an op eng gutt Aart a Weis. D'Parlament huet e Mëttwoch gewisen, datt ee Räifeprozess an där doter Diskussioun stattfonnt huet. Mir sinn net um Enn, mä ech menge mir sinn um gudde Wee. Dat heescht, datt mir hei wëllen eppes veränneren, mä d'Kand jiddefalls net wëlle mam Buedwaasser ausschëdden.

Carole Schimmer: Dee Leschten dee bei de Pensiounen eppes méi Negatives decidéiert hat wor de Michel Wolter vun der CSV, wéi en d'Pensiounen an der Fonction publique reforméiert huet, duerno hat hie bei de Wahle vill manner Stëmmen. Fäert Dir dat och fir Iech?

Mars Di Bartolomeo: Dat war éischtens net de Michel Wolter alleng, dat war déi deemoleg Regierung wou meng Partei och dobäi souz an ech muss soen, datt ech zu deene gehéiert hunn, déi de Michel Wolter [gët ennerbrach]

Carole Schimmer: Hie stoung awer ganz vir.

Mars Di Bartolomeo: ... déi de Michel Wolter an där doter Demarche ënnerstëtzt hunn. Haut gesäit een, datt déi Decisioune vun deemools richteger waren. Wann ee kuckt wat d'Richtlinne fir zukünfteg Pensiounsreformen an europäeschen Dossiere sinn, wann ee kuckt mat wat fir enger Vehemenz d'Pensiounsdiskussioun a Frankräich gefouert gëtt, wou et déi zwee Regimer nach gëtt, mengen ech, datt eng wiesentlech Viraussetzung fir déi Rentereform vun haut e bësse méi roueg kënnen ze féieren déi Reform vun 1998 war. Elo kann een driwwer diskutéieren ob et richteg war fir déi duerchzezéien, obwuel si an där Form net am Koalitiounsprogramm ugekënnegt war. Ech mengen awer, datt eng Gesellschaft dorunner wënnt, wa Privatsecteur an ëffentleche Secteur vergläichbar Konditiounen hunn, besonnesch am Pensiounssecteur. An dofir mengen ech, datt de Michel Wolter deemools Courage bewisen huet. Ech menge mol net, datt hien dofir ofgestrooft ginn ass. Dat beschte Beispill, en ass nach ëmmer do an ech menge Courage an der Politik ass eppes extrem Wichteges. An ech kréien elo 58 Joer an an deem Alter do fäert een zwar nach heiansdo [gët ennerbrach]

Carole Schimmer: Gitt Dir bal a Pensioun.

Mars Di Bartolomeo: mä et ziddert een net méi.

Carole Schimmer: Bleift et da bei deenen 2 Pensiounsregimer?

Mars Di Bartolomeo: Ma ech hunn Iech dat virdru gesot: um Pabeier sinn et zwar nach zwee Pensiounsregimer, et ass een Iwwerganksregime an et ass ee reforméierte Regime deen dem private System bal identesch ass. Wa mir Rentereforme maachen, da gëllen déi fir déi 2 Regimer, well et soll ee sech näischt virmaachen. De private Regime verfügt iwwert eng phantastesch Reserve, den ëffentleche Regime gëtt direkt aus dem Budget bezuelt an do gëtt et kee Pensiounsfong. Ech bleiwen nach ëmmer der Meenung, datt mir eis eppes Guddes [gët ennerbrach]

Carole Schimmer: Ass dat da richteg?

Mars Di Bartolomeo: ... datt mir eis eppes Guddes géifen undoen, wann een ähnlech Reserven och fir den ëffentleche Regime hätt. Mä dat war bis elo net machbar. Ech fannen et jo zum Beispill absolut verréckt, datt wann ee Salarié aus dem Privatsecteur bei de Staat schaffe geet an seng Pensiounsrechter mat eriwwerbréngt, datt déi Pensiounsrechter aus dem Privatregime net an een ëffentleche Pensiounsfong ginn, mä direkt an de Budget. Dat ass aberrant, dat ass net gutt. Ech mengen, datt mir eis eppes Guddes géifen undoen, wa mir ähnlech Reservë fir den ëffentleche Regime kéinte schafen.

Carole Schimmer: D'Pensioune gi vun 3 Schëlleren eigentlech bei de Cotisatioune bezuelt: den Employé bezilt 8%, den Employeur och 8%, de Staat och 8. Wéi steet et mam Staatsbudget, dréit deen dat nach an Zukunft?

Mars Di Bartolomeo:Eng vun deene Premissen, déi mir eis gesat hu fir déi Reform unzegoen, ass, datt de System nom Ëmlageverfahren gefestegt gëtt, datt och déi Tripartitefinanzéierung net a Fro gestallt gëtt. Ech mengen dat ass eng vun deene wiesentleche Stäipe vun eisem Regime an ech hunn och bis elo keen héieren, deen deen Tripartitefinanzéierungssystem a Fro gestallt huet. Och wann et interessant Piste gëtt fir driwwer nozedenken, datt mir alternativ Finanzéierunge kréien, datt een eventuell lounintensiv Betriber net op Dauer ëmmer méi belaascht, mä datt een zum Beispill Plusvaluen oder Benefisse méi staark ka mat erabezéien.

Ech mengen deen tripartiten Finanzéierungssystem huet sech bewäert. Hei zu Lëtzebuerg ass et jo esou, datt duerch déi 3 gedeelte Beiträg mir haut eigentlech am Duerchschnëtt 20% Beiträg gebraucht hätten, fir déi jäerlech Ausgabe kënne ze realiséieren. Datt mir der awer 24 kritt hunn, an do ass ee Konsens gewiescht tëscht deenen 3 Partner, fir dann een Deel vun deene Beiträg an d'Reserve kënne ze leeën, dat ass mengen ech eppes extrem Guddes an dat soll een net a Fro stellen.

Ech sinn also ganz kloer der Meenung, datt et bei där jëtzeger Beitraguerdnung soll bleiwen. Am Moment gëtt et kee ganz groussen Drock fir déi Beiträg ze senken. Wann een elo se, zu engem Zäitpunkt wou mir wierklech flësseg sinn, wéilt héijen, da géif ech Wetten ofschléissen, datt direkt d'Fuerderung op den Dësch géif kommen, datt laut jëtzeger Gesetzgebung een d'Beiträg eigentlech net misst héijen, mä am Contraire misst senken. Mä do gëtt et ee gesellschaftleche Konsens an dat ass och gutt esou.

Carole Schimmer: Sinn d'Pensiounen dann net ze héich, wéi de Felix Braz vun déi Gréng dat an der Chamber gesot huet? Hie sot och während 25 Joer ass relativ am Floribus gelieft ginn.

Mars Di Bartolomeo: Also dat ass eng Analyse déi ee ganz ganz staark muss nuancéieren. Et gëtt Pensiounen déi si ganz ganz gutt, et gëtt awer och där ganz bescheidener. An dofir wann een esou eng Diskussioun féiert iwwert wat ee brauch an deene verschiddene Liewensphasen, da mengen ech muss een dat ganz raisonnabel maachen. Et ass richteg ze soen, datt jonk Leit eigentlech oft manner gutt dru sinn wéi wa si dann an de Pensiounsalter erakommen, well si och aner Belaaschtungen hunn, si sinn net an deenen héchste Gehaltsklassen. An herno, wa si pensionéiert sinn, hu si keng Chargë méi fir d'Kanner, si hu keng Chargë méi oder keng direkt Chargë méi fir d'Kanner, well d'Pensionéierter de Kanner nach ganz ganz vill hëllefen an och kënnen hëllefen, mä si sinn, relativ gesinn, besser drun.

Trotzdem muss een dat nuancéieren a soen, mir hunn och nach kleng Renten an dofir ass eis Prémisse, wa mir un d'Rentereform ginn, datt déi bescheide Renten net unzeknabbere sinn, datt een déi muss am Contraire ofsécheren. Well mir hunn eng Risechance hei zu Lëtzebuerg: d'Altersaarmut ass déi allernidderegst an Europa a mir mussen alles maachen, datt dat esou bleift, well wa mir ufänken ze schneiden, ass dat net neutral. Da geet d'Altersaarmut erëm an d'Lut. Op där anerer Säit, an ech mengen dat ass déi aner Composante vun där Gratwanderung, musse mir oppassen, datt wa mir d'Pensiounen denken, datt mir verhënneren, datt déi jonk Generatiounen, déi d'Rente jo musse bezuelen, datt déi iwwerméisseg belaascht ginn an datt dann op eemol de Generatiounepakt kéint dorënner leiden.

Dir gesitt also, wann een un eenzel Elementer vun de Pensioune geet, et ass ni neutral. Wann een onnuancéiert géif sträiche goen, da kann deen een oder aneren dat zwar verkraften, mä déi aner déi kommen dann ënnert d'Rieder. Wann een onnuancéiert Beiträg géif an d'Lut setzen, jo dann ass dat net neutral fir de Staatsbudget, et ass net neutral fir d'Betriber an et ass och net neutral fir déi jonk Leit déi d'Sue just zu deem Zäitpunkt am meeschte brauchen. Dofir d'Sich no Equiliberen. An d'Sich no Equiliberen brauch ebe Gefill an eben net déi Rambomentalitéit, déi Eenzelner bei de Rente wollte weisen. An ech menge mir sinn do um gudde Wee. Mir kréien och nach intensiv Diskussiounen, mä wa mir dat esou duerchzéien, wéi mir eis dat zum Zil gesat hunn, da mengen ech, datt een dee gesellschaftleche Konsens awer wäitgehendst kann erreechen.

Carole Schimmer: Dir hutt an der Chamber gesot, datt den Haaptakzent elo géif op d'Liewensaarbechtszäit gesat ginn. Dat heescht, Dir wëllt dat verbannen och mat der Héicht vun de Pensiounen. Wéi wëllt Dir dat iwwerhaapt fäerdegbréngen? D'Entreprisë geheien dacks méi eeler Mataarbechter einfach eraus. Huet een dann do de Choix herno?

Mars Di Bartolomeo: Oh wësst Dir, ech héiere jo d'Patrone ganz ganz haart an däitlech soen, d'Leit musse méi laang schaffen. Wann also d'Patronen oder d'Patronsvertriedungen dat fuerderen, da ginn ech dovun aus, datt si Partner si vun eis, fir dat och an der Praxis kënnen ze realiséieren. Jo et ass richteg, datt eeler Mataarbechter heiansdo fälschlecherweis identifizéiert gi mat méi engem héije Käschtefacteur, mat méi engem niddrege Produktivitéitsfacteur. Dat kann een isoléiert mol feststellen, mä awer ënnert dem Stréch sinn eeler erfahre Mataarbechter ee Pilier dee ganz oft nach ënnerschat gëtt an ech mengen et muss een, wann een op dee Wee geet wou mir wëlle goen, Liewensaarbechtszäit u Liewenserwaardung bannen, da muss een doraus ee Pakt maache. Mat den Entreprisen déi déi eeler Mataarbechter net erauseekelen. Mat deene Betraffene selwer, wou een d'Méiglechkeete muss schafen, datt een, och wann een e bësse méi al ass, sech an deem Betrib erëmfënnt - adaptéiert Aarbechtsplazen, adaptéiert Aarbechtszäiten, een Ofwiesselen oder Zesummewierke vun Aarbecht a Pensioun an déi Kumulbestëmmungen déi dat penaliséieren, Incitatioune schafe fir d'Betriber awer och Penaliséierung, wann ee just de Contraire mécht vun deem wat ee priedegt. Och dat ass erëm eng Kéier ee Ganzt an do geet et net fir vun uewen ze dekretéieren, elo schafft jiddweree méi laang. Dat geet nëmme wa jiddweree matspillt a wann och d'Viraussetzungen dat encouragéieren am Plaz et ze penaliséieren.

Carole Schimmer: Wëllt Dir d'Entreprisen awer méi sanctionnéieren, wa si zevill Prepensioun notzen?

Mars Di Bartolomeo: Also ech mengen et ass jo net elo esou, datt d'Betriber eesäiteg kënnen decidéieren ob si prepensionéieren oder net. Et muss een och d'Differenz maachen tëschen fréizäiteger Pensioun a Prepensioun. Ech fannen d'Prepensioun huet eis a Krisenzäiten ëmmer ee ganz gudden Déngscht geleescht. D'Preretraite solidarité ass och eppes wat ee ka begréissen. Dat wat ee muss maachen, dat ass, datt d'Prepensioun do agesat gëtt wou et eng Plusvalue fir déi verschidden Träger gëtt an datt et net ka sinn, datt een dovu profitéiert, och wann et net noutwenneg ass. Dat heescht, do kann ee sech iwwert Reequilibragë Gedanke maachen, mä d'Preretraite u sech huet eis a Krisenzäiten extrem gutt Servicer geleescht an et ass net dat wat mir am meeschte Suerge mécht. Mir machen déi fréizäiteg Pensionéierunge méi Suergen, wou eigentlech Leit aus dem Aarbechtsmaart erausgedrängt ginn an nach ganz gutt kënnen der Wirtschaft déngen.

[Noorichteniwerbleck]

Carole Schimmer: An dir sidd weiderhin ageschalt beim 100,7. Invité an eiser Émissioun Riicht eraus ass de Sozial- a Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo. Mam Gesondheetsminister, mam Sozialminister, hu mir bis elo iwwer d’Pensiounsreform diskutéiert.

Här Di Bartolomeo, Dir wëllt d’Liewensaarbechtzäit verbanne mat der Liewenserwaardung. Wat kann ee sech do konkret virstellen?

Mars Di Bartolomeo: Ech géif vläicht emol fir d’éischt nach eng Prémisse op den Dësch leeën, déi awer immens wichteg ass. Ech ginn an der Lescht heiansdo vu Pensionéierten drop ugeschwat, wat dann elo op se zoukënnt, an ob se dann elo em hir Rente musse fäerten? Eng vun de Prémissen, vun där mir ausginn, dat ass, datt mir déi Leit, déi an der Pensioun sinn, datt mir deenen hir Leeschtungë selbstverständlech respektéieren, an datt un déi Pensionéiert vun haut keng Belaaschtunge wäerte kommen am Rahmen vun där do Reform, an datt déi, déi elo scho schaffen, an eng laang Zäit schaffen, selbstverständlech hir proportionell Rechter wäerte mathuelen.

Et ass also net esou, datt elo déi Pensionéiert, déi awer heiansdo ganz niddereg Revenuë während hirer aktiver Zäit haten an dat modernt Lëtzebuerg mat opgebaut hunn, em hir Pensiounë musse fäerten. Dat soll een emol esou soen. Doran ënnerscheed sech déi Situatioun hei zu Lëtzebuerg, well a ville Länner ginn elo Attacken op d’Pensiounë gemaach. Dat ass hei zu Lëtzebuerg net de Fall. A fir dat och kënnen ze respektéieren, probéiere mir ebe just fir déi Fiabilitéit vum System ze verbesseren.

Zu ärer Fro, wou d’Haaptakzenter vun der Reform wäerte sinn, a wéi sech dee Prinzip vun der Bannung vun der Liewensaarbechtzäit un d’Liewenserwaardung déclinéiert, vläicht just dat hei. Wann ee pro Joer ongeféier ee Mount Liewenserwaardung wënnt, muss een deem bei de Pensiounë Rechnung droen. An an Zukunft - ech ka mir virstellen, datt dat zu engem gewëssenen Datum a Kraaft trëtt - gëtt déi Verbannung vun der Liewenserwaardung mat der Liewensaarbechtszäit geschaf, an dann gëtt deem an der Liewensaarbechtszäit Rechnung gedroen. Also wann een an engem Joer ee Mount Liewenserwaardung wënnt, da schafft een deemenspriechend och ee Mount méi laang. Dat heescht, wann een nach 10 Joer schafft, da wier dat bal e Joer wou ee méi géif schaffen. Dat ass eppes wat aliicht, well wann ech während X Joeren uspueren, an dat fir Y Joeren duergaangen ass, an dann op ee Mol sinn et net Y Joeren, mä Y plus 5, plus 10 Joeren, da gëtt et jo eigentlech just eng Alternativ, entweder muss ech déi Suen op méi Joere verdeelen an dann hunn ech pro Joer manner, oder ech probéiere méi Suen unzespueren doduerch datt ech méi u Cotisatiounen erabréngen. Dat kann een iwwer Beitragserhéijungen maachen, mä am Moment ass dat jo keng Discussioun, well d’Beiträg héich genuch sinn. Dat ka muer eng Discussioun ginn. Oder wéi gesot, ech schaffen e bësse méi laang. An dat ass, mengen ech, eppes wat een de Leit och kann erklären, well e privaten Haushalt, dee fonctionnéiert genee d’selwecht [gët ennerbrach]

Carole Schimmer: An un de legale Pensiounsalter wëllt Dir awer net goen?

Mars Di Bartolomeo: De legale Pensiounsalter, dee steet net zur Discussioun. Mir hunn am Moment en Duerchschnëtts-, reelle Pensiounsalter, vun em 59 Joer. Mir hunn e legale Pensiounsalter vu 65 Joer. Wa mir do vu 65 op 67 erop géife goen, a mir géifen net iwwer d’Beitragsjoeren dat considéréieren, da kéint et virkommen, datt een, dee mat 17 Joer ugefaangen huet ze schaffen, op ee Mol 50 Joer misst cotiséieren. Jo dat ass jo eigentlech hirverbrannt. Soudatt mir Intérêt drun hunn, fir beim reelle Pensiounsalter eppes ze maachen, doduerch datt mir op d’Cotisatioun setzen.

Mä opgepasst! Et ass net all Mënsch d’selwecht, et gëtt net all Mënsch d’selwecht al, soudatt een eng gewësse Pondératioun do muss mat eranhuelen. An et huet net jiddwereen déi selwech Aarbecht. Et gëtt ganz penibel Aarbechten, ganz haart Aarbechten, wou de Kierper vill méi schnell verbraucht gëtt, an do muss een an deem System eng Rei vu Puffer, Offierderungen abauen, fir datt dee Mënsch, dee méi schwéier schafft, dee Mënsch, deem säi Kierper méi séier verbraucht ass, datt deem Rechnung gedroe gëtt. A mir hu jo eng Rei vun Elementer, déi deem scho Rechnung droen, ënnert anerem d’Prépensioun, ënnert anerem de Reclassement, ënnert anerem Adaptatiounë vun der Aarbechtsplaz, an, an, an, an. Dat heescht, et kann een net alles iwwer ee Leescht zéien, an et muss een ëmmer eng Rei vun Nuancen an d’Haaptprinziper erabréngen. An dat wëlle mir duerch d’Berücksiiichtegung vun de Degré de pénibilité erabréngen. An et kommen eng Rei vu Leit jo och méi spéit op den Aarbechtsmaart well se studéieren, anerer hunn net esou vill Cotisatiounsjoeren well se hir Beruffstätegkeet am Intérêt vun der Famill ënnerbriechen. Och do, bei den Ersazzäitë, fuere mir net mat der Méimaschinn doduerch, mä mir iwwerschaffen dat, an do wou se berechtegt sinn, festege mir se, do wou se net berechtegt sinn, gi se gestrach.

An ech soen ëmmer, datt et een eigentlech ierleet, wann een Ersazzäite kritt an et kritt een doduerch keng Pensiounssteigerung. Soudatt ech ëmmer der Meenung sinn, datt effektiv Versécherungszäiten engem vill méi bréngen an datt een dat och soll förderen, besonnesch och bei beruffstätege Partner, déi hir Beruffstätegkeet zum Deel ënnerbriechen.

Carole Schimmer: Bleift d’Mammerent, déi kënnt jo nach ëmmer aus dem Budget?

Mars Di Bartolomeo: Also wann ech de Koalitiounsprogramm kucken, wann ech elo déi Décisiounë gesinn déi mir am Rahmen vun der Krisebekämpfung hunn, bleift d’Mammerent, och wa se jo elo an Zukunft eréischt méi spéit abezuelt gëtt. Ech fanne jo déi Iddi vun der Belounung vun der Erzéiungsaarbecht eng ganz gutt. Wat mir bei der Mammerent manner gutt gefällt ass deen onselektive Charakter, datt och also Leit, déi et iwwerhaapt net brauchen, et kréien, an datt Leit, déi et eigentlech brauchen, nëmmen d’Mammerrent kréien.

Ech hätt eigentlech léiwer, wann déi Moyenë géife gebraucht gi fir deene Leit, déi ganz ënne sinn, déi duerch d’Liewen a Situatiounen erakomm sinn, duerch Scheedungen, oder aner Réckschléi, a ganz, ganz, ganz niddereg Renten hunn, duerch onvollstänneg Cotisatiounsperioden, wann déi Gelder geholl géife gi fir deene vill méi effektiv, vill méi effizient kënnen ze hëllefen, am Plaz jiddwerengem e bëssen, deenen, déi et méi brauchen, och vill, vill méi.

An ech mengen esouguer, wann een déi Discussioun esou géif féieren, datt een do ganz vill Versteesdemech géif kréien. Bei mir doheem ass et esou, datt meng Mamm, wa se d’Mammerent kritt, mir heiansdo seet, hei du kanns eng Pizza iesse goen.

Carole Schimmer: Är Parteikollegin Lydia Mutsch huet eegestänneg Pensiounsrechter gefrot, dat heescht eng Individualiséierung. Jiddweree misst sech eng Carrière kënnen opbauen, ob ee schaffe geet oder net. Kënnt dat, dat misst dann dee Moment obligatoresch ginn?

Mars Di Bartolomeo: Also et gëtt heiansdo vermëscht Individualiséierung, an dann am Hannerkapp, wann d’Leit zu zwee zesumme sinn, datt een dat d’office deelt, an da gëtt et Individualiséierung vun de Pensiounsrechter. Ech mengen, mir si ganz wäit engagéiert a Richtung Individualiséierung vun de Pensiounsrechter, well déi jonk Generatiounë quasi alleguer zu zwee beruffstäteg sinn, jiddweree vun deenen zwee eegestänneg Pensiounsrechter huet. An ech mengen, Dir huet d’Stéchwuert genannt, ech géif mir wënschen, datt mir eigentlech eng Situatioun géife kréien, wou kee méi seng Cotisatiounszäitë géif ënnerbriechen, an och ëmmer weiderhin d’Cotisatiounë bezuelt géifen.

Dat muss ee promovéieren, mä et muss ee wëssen, datt dat net fir jiddwereen d’selwecht méiglech ass. Wann zwee Stéck jee um Mindestloun sinn, an deen een huet de Mindestloun op emol net méi, well hien doheem bleift, dann ass dat vill méi schwéier fir zousätzlech Pensiounsrechter sech unzespueren, wéi een, deen 8 Mol de Mindestloun huet, an deen anere 4 Mol de Mindestloun.

Ech mengen mir sollen fir déi Problemer déi an der Vergaangenheet sinn, zügeg d’Scheedungsreform duerchkréien, wou eng Zort vu Splitting dran ass, a fir déi zukënfteg Generatiounen eng wierklech zolit Promotioun maache vun der Schafung vun eegestännege Pensiounsrechter an alle Liewenssituatiounen. An ech hat der Regierung virun zwee Joer scho Propositiounë gemaach fir Partner déi d’Versécherung ënnerbrach hunn, ze incitéiere fir se erëm opzehuelen, an dat och ze förderen. A mir wäerten an dësem Projet ähnlech Propositiounë maachen.

Carole Schimmer: Här Di Bartolomeo, Dir sidd elo Gesondheetsminister erëm. Dir huet en Donneschdeg der Chambergesondheetskommissioun gesot, datt d’Gesondheetskees besser do géing stoen, wéi virgesinn, wéi erwaart.

Fir d’lescht Joer gouf et e liichten Iwwerschoss, dëst Joer hätt ee mat engem Defizit vu ronn 60 Milliounen ze dinn. Firwat huet Dir awer de Choix gemaach fir deen Defizit iwwer d’Reserven ze finanzéieren?

Mars Di Bartolomeo: Ma ebe just well schonn déi einfach Rezepter um Dësch loungen. Ech ka mech erënneren, wéi mir aus der Quadripartite d’lescht Joer erauskomm sinn, do ass gefuerdert ginn, mir missten d’Leeschtunge kierzen, mir missten d’Participatiounen an d’Luucht setzen, anerer wollten d’Cotisatiounen erhéijen. Ech mengen awer, datt just zu deem Zäitpunkt Leeschtungskierzungen, Participatiounserhéijungen a Cotisatiouns-erhéijungen net onbedéngt räif waren, oder datt dat e falscht Signal just an där schlëmmster Phase vun der Kris gewiescht wier.

Mir hunn du gesot, mir sinn an der glécklecher Situatioun, datt mir e bësse Reserven hunn. Mir fierderen dat iwwer d’Reserven of, a mir ginn eis Zäit, fir dat Richtegt ze maachen, gutt équilibréiert, wou mir spueren, an do ass Spuerpotential do [gët ënnerbrach]

Carole Schimmer: Dëst Joer schonn?

Mars Di Bartolomeo: Jo, mir si schonn dëst Joer ënnerwee [gët ënnerbrach]

Carole Schimmer: Mä wou?

Mars Di Bartolomeo: Majo ënnert anerem bei deem déckste Poste wou mir e Stabilitéitspakt mat de Spidäler gemaach hunn, datt d’Spidäler net méi em 6% oder 7% d’Joer wuessen, mä datt se maximal em 2%, 2,5% wuessen, wou aner Länner eis nach géifen duefir beneiden fir esou Wuesstemsraten. An dat ass gutt engagéiert. Mir sinn och am gaangen aner Posten, och bei aner Prestatairen ze identifizéieren, wou mir un d’Prestatairen erugi mat dem Message, mir hunn eng schwéier Zäit. Et ass also net fir d’Ausgaben nach méi ze belaaschten, mä et muss een elo vernünfteg sinn, an et kann een emol eng Nullronn, an et kann een a Kaf huelen, datt een do wou iwwer d’Sträng geschloe gëtt, op d’Brems dréckt.

Dat heescht, et ass e Spuerpotential do, dee mir am gaange sinn auszeloten, och a gudden Discussiounë. A wann dat net duer sollt goen, da gesäit d’Gesetz vir, déi aktuell Gesetzgebung, datt een un d’Cotisatiounen net kann, mä muss goen. Mä dat ass d’Solution du dernier ressort. Fir d’éischt d’Loft aus dem System eraushuelen, an dann iwwer aner Solutiounen nodenken. Dat kann nei Definitioun vu Participatiounë sinn. Mä och do alles verträglech. Oder dat kënnen Adaptatiounë vun de Cotisatiounë sinn, an do schwätze mir net em 1% oder em 2%, wéi et an anere Länner gemaach gëtt, mä do schwätze mir em d’1 als Stell hannert dem Komma, oder 0,15%. Also do geet d’Welt hei zu Lëtzebuerg net ënner.

Mä wéi gesot, d’Cotisatiounë sinn dat, wou ee fir d’lescht upaakt, wann een op deenen anere Gebidder seng Hausaufgab gemaach huet. An déi si mir am gaangen ze maachen.

Carole Schimmer: Mä de Premier Jean-Claude Juncker huet awer an der Chamber trotz allem gesot, datt de Staatsbudget déi Hausse erstmaleg net kéint begleeden. Wat sot Dir dozou? Gëtt et erëm eng Kris an der Regierung?

Mars Di Bartolomeo: Neen! Dat do arrangéiert ëmmer déi, déi keng anstänneg Iddien deem entgéint ze bréngen hun wat d’Regierung op den Dësch leet oder wat d’Majoritéitsparteien op den Dësch leeën.

Carole Schimmer: Mä hien huet dat awer gesot.

Mars Di Bartolomeo: Ech hu kee Problem mat deem wat de Premier gesot huet. Wann d’Regierung mat mir zesummen aner Weeër fënnt fir déi Defizitter ze begläichen... majo ech diskutéiere ganz gären doriwwer. Mä en attendant ass et esou, datt d’Gesetzlag ganz, ganz kloer ass. D’CNS muss e Budget am Équiliber bréngen, a wann d’Gesondheetskees mat hire Partner dat net fäerdeg bréngt, da seet d’Gesetz, datt de Sozialminister iwwer Réglement ministériel déi Cotisatiounen adaptéieren muss.

Ech hat eng Rei vu Propositiounen och gemaach fir zousätzlech Gelder kënnen ze erschléisse, fir kënnen e Gesondheetsfong ze schafen, zum Beispill iwwer d’Taxéierung vu gesondheetsschiedleche Gidder. Ech sinn nach ëmmer op do duefir. Mä wann en Defizit ze begläiche bleift, a keng aner Quellen konnten erschloss ginn, bon, da maachen ech meng Hausaufgab. An ech ka mir et net virstellen, datt een eesäiteg seet "ech bezuelen do net mat", well soss soen d’Betriber dat och, an da soen d’Assuréen dat och, an da si mir net besser drun.

Carole Schimmer: Virum Summer wëllt Dir e Gesetzesprojet iwwer eng Reform vun der Gesondheetskees déponéieren, dat gëtt jo och regelméisseg gemaach. Dir huet elo an der Chamberkommissioun och verschidde Pistë genannt. Eng dovunner ass déi vum Hausdokter, dee soll revaloriséiert ginn. Wat heescht dat konkret? Muss ee fir d’éischt bei den Hausdokter goen, iert ee bei de Spezialist geet, oder wéi?

Mars Di Bartolomeo: Also musse sécher net, mä mir hunn eppes immens Wäertvolles hei zu Lëtzebuerg. Dat ass d’medezinesch Grondversuergung mat den Hausdokteren, wou ech mir wënschen, datt den Hausdokter haut a muer erëm déi Roll spillt, déi en an der Vergaangenheet gespillt huet. De Familljendokter, un deen ee sech ka wennen mat all Zorte vu Problemer an deen a mengen Aen - a mir hunn do ganz gutt Discussiounen och mam Terrain gehat - de Guide an deem komplexe Gesondheetssystem soll ginn.

Dat heescht, datt een net hott an hü dorëmmer leeft, oder lafe muss, mä datt een eng Vertrauenspersoun huet, déi ee ka beroden, wann ee Problemer huet, wou een am beschte servéiert oder am beschte beträit gëtt. An mir hätte gären, datt déi Missioun an d’Hänn vum Generalist, Spezialist en médecine générale, wéi ech en am léifste géing nennen, soll kommen. Dat gëtt op enger fräiwëlleger Basis gemaacht.

Ech stelle mir och vir, datt de Generalist de Gestionnaire gëtt vum Patientendossier an Zukunft. Och do hu mir scho gutt Viraarbecht gemaach, mä do ware Problemer mat der Confidentialitéit vun den Donnéen. Mä den Hausdokter gëtt revaloriséiert, net elo als Gatekeeper - dat wier, et muss ee bei hie goen, soss dierf een net op enger aner Plaz - mä als Guide. Ech gesinn dat vill méi positiv, an esou gëtt dat mengen ech och vum Secteur akzeptéiert. De Generalist, den Hausdokter ka ganz oft hëllefen, an e verhënnert heiansdo, datt déi ganz schwéier Kanounë mussen agesat ginn. An och dat ass e Faktor, wou ee méi Effizienz kann an de System erabréngen. Et soll jiddweree kréie wat hie brauch, mä et muss net jiddwereen dräi Mol dat kréie wat hie brauch.

Carole Schimmer: Dat soll och iwwer den elektronesche Patientendossier geschéien. Dir sot, dee kéim awer eréischt an dräi bis 5 Joer. Firwat esou laang?

Mars Di Bartolomeo: Majo, mir si jo schonn eng Zäitchen ënnerwee, an et ass jo och net esou, datt net dorunner geschafft géif ginn. Mir hunn eng Rei vu méi punktuelle Projeten, wéi zum Beispill den Dossier radiologique, deen am gaangen ass constituéiert ze ginn, wéi zum Beispill d’Zougänglechkeet vun de Laborsdonnéen. Mä fir e standardiséierten elektronesche Patientendossier ze kréien, muss virun allem emol d’Dokumentatioun vun der Fleeg standardiséiert ginn, an den Haiser, also an de Spidäler, mä awer och an Zësummenaarbecht mat der Fleeg dobaussen. A wann dat gekläert ass, wann deen definéiert ass, wa mir d’Informatik hunn, déi an alle Fäll matenee ka schwätzen, wa mir all Cabineten informatiséiert hunn, déi mat Systemer fueren, déi compatibel sinn, da geet dat. Wann d’Regele vun der Confidentialitéit geregelt sinn, wann de Schlësselsystem geregelt ass, da geet dat.

An duefir ass et net esou, datt d’Lëtzebuerger dat net géife fäerdeg bréngen, wat am Ausland scho laang d’Regel wier. Si hu sech alleguer d’Auer dobäi gebrach. Ech ka mech erënneren, d’Fransousen hunn et fir 2000 ugekënnegt gehat. Bei deenen Däitschen war et fir 2009 ugekënnegt, dunn ass déi nei Regierung komm, an déi huet den Dossier batsch an den Tirang geluegt, Funkstille. D’Éisterräicher, do war eis gemellt ginn, déi hätten d’Gesondheetskaart. An dunn hu mir se komme gelooss, an dunn hu mir festgestallt, datt se eis Carte de sécurité sociale, déi mir zënter éiweg hunn, datt se dat fäerdeg bruecht hunn, well se eng Vielzahl vu Keesen haten. Also dee schlësselfäerdege System dee gëtt et net. Mir schaffen do drun. An dat ass och den Enjeu. Mir mussen eng standardiséiert Documentatioun vun den Akte kréien, mir kréien esou vill méi Transparenz, a mir kënnen Dossieren an den Haiser schafen, an den allgemengen Patientendossier. An duefir hunn ech léiwer, ech nennen ee raisonnabelen Délai, wou mir hoffentlech kënnen anhalen, wéi datt ech soen, dat ass fir muer, an da muer ginn ech gefrot, wou ass en, an da muss ech passen.

Carole Schimmer: Stéchwuert Fëmmverbuet. Am Kader vun der Präventivmedezin, déi och misst eng Prioritéit ginn, och an Zukunft, sot Dir, d’Fëmmverbuet an de Caféen, jo! Mä wéini kéim dat? Soll een d’Zigarett iwwerhaapt verbidden, och am Verkaf?

Mars Di Bartolomeo: Also wann ech kéint op e Knäppchen drécken, da géif ech dat sécher maachen. Et ass awer esou, mir hunn ugekënnegt gehat, datt mir d’Évaluatioun vum Gesetz vun 2006 géife maachen. Ech hunn Enn dës Joers, Enn leschte Joers eng ganz Rei vun Institutiounen, Partner ugeschriwwen, fir datt se mir déi Évalutatioun sollen eraginn, well ech och hir Meenung wëll mat eranhuelen. Ech wëll dat jo net alleng aus mengem Brëll maachen, well soss ass et ganz kloer. Mir hunn de Gros erakritt, mä mir waarden awer nach op eng Rei vu wichtege Kommentaren, déi einfach net erbäi kommen. Ech hunn en zousätzlechen Délai geschaaft, a mir schléissen dat elo of. Wa mir d’Évaluatioun hunn, déi Avisen déi mir bis elo hunn, sinn zu 99% positiv, da saiséieren ech de Regierungsrot mat deem do Bilan, a bieden drëm fir kënnen de Regierungsprogramm ze exekutéieren. An do steet ganz kloer dran, datt mir de Plan tabac a Kraaft setzen, d’Ausdehnung vum Fëmmverbuet ass eng vun deene Moossnamen, déi dra virgesinn ass [gët ennerbrach]

Carole Schimmer: 2011?

Mars Di Bartolomeo: Also ech wäert mir jiddwerfalls Méi ginn, fir d’Viraarbechten an dësem Joer wäitgehend ofzeschléissen. Jo, an da sinn ech an den Hänn vun der Regierung a vum Parlament. Wéi gesot, ech brauch 31 Stëmmen, an ech bräicht eigentlech d’Adhésioun vu menge Kollegen. Ech mengen, wann een d’Bilanzéierung gemaach huet, a wann ee kuckt wéi d’Erfahrung elo an der Zwëschenzäit am Ausland ass, mat kloere Situatiounen, da schwätzt eigentlech näischt dogéint, datt mir op deen do Wee ginn. A just an engem Saz nach: viru 6 Joer war hei eng ganz, ganz haart Discussioun, wou d’Populatioun gedeelt war. 6 Joer duerno sinn elo 90% mat deem Gesetz d’accord. Ähnlech géif et goen, wa mir e Schratt méi wäit ginn.

Carole Schimmer: En aneren Haaptakzent wëllt Dir op d’Kompetenzzenter leeën an de Spidäler. Wéi kann ee sech dat virstellen, sinn dat virtuell Kompetenzzenter?

Mars Di Bartolomeo: Dat kënne Servicer sinn, déi ee Mol am Land an engem Zentrum fonctionnéieren. Beispill, INCCI, wann do nach e bëssen dru geschafft gëtt, ass dat sécher e Kompetenzzentrum, Rehazenter, Radiotherapiezenter. Dat kënnen awer och virtuell Zentere sinn, wéi zum Beispill beim Hireschlag, wou net een eenzege Service do ass, mä wou déi Servicer déi fonctionnéieren, dat no deene sougenannte golden standards maachen, dat heescht d’Filière de soins op eneen ofgestëmmt hunn, a wou de Patient ka sécher sinn, datt en, egal wou hien higeet, ähnlech gutt behandelt gëtt.

Esou Kompetenzzentre sinn extrem noutwenneg fir dem Patient och ze weisen, datt déi Behandlung hei zu Lëtzebuerg no deene selwechte Regele geschitt wéi an deene beschten Zentren vum Ausland. Well heiansdo hei zu Lëtzebuerg kenne mir déi auslännesch Zentren, a firwat se stin, besser wéi eis eegen Zentren, well hei zu Lëtzebuerg eigentlech bis elo jiddweree wollt alles maachen. An ech gesinn och do eng Évolutioun.

Wann ech an deene leschten Deeg de President vun der Entente vun de Spidäler héieren hunn, da kéint ech mengen, en hätt sech bei menge Rieden inspiréiert. Do ass also am Moment am gaange Mueneches ze geschéien, an d’Spidäler schéngen och anzegesinn, wa se um europäesche Plang wëlle bestoen, datt se dozou condamnéiert sinn, fir méi enk zesummen ze schaffen.

Carole Schimmer: Méi enk zesummen ze schaffen, awer och eng Harmoniséierung an den Akten, virun allem wat d’Tarificatioun ugeet. Dir wëllt méi Transparenz.

Mars Di Bartolomeo: Ech hätt gären Transparenz doduerch datt d’Aktivitéit dokumentéiert gëtt. Ech hätt gären d’Zesummeleeë vun eenzelne Servicer, well mir net alles 5 oder 6 Mol brauchen. Dat gehéiert net zum Corps-business vun de Spidäler, an do ass et duerchaus méiglech, an do hu se an der Vergaangenheet och bewisen ouni daatt d’Qualitéit fir de Patient méi schlecht gëtt, ganz am Contraire, dann hu mir méi Mëttelen op anere Plazen, fir dat ze maachen.

An ech hätt virun allem gären, well och jiddwereen dat wëllt, datt d’Roll zwëschen deenen eenzelnen Acteuren am Spidol méi präzis gekläert gëtt. D’Dokteren hätte gäre méi Verantwortung, d’Spidolsdirekteren an d’Verwaltungsréit hätte gären, datt d’Doktere méi Vertantwortung iwwerhuelen, a sech méi an dat aglidderen wat d’Gesamtpolitik vum Haus ass. Majo da solle mir dat maachen, a mir sollen eis d’Moyenen dofir ginn. Ech mengen de Wëllen ass do, an d’Zäit ass räif fir et ze maachen.

Carole Schimmer: Déi Discussiounë ginn natierlech am Hierscht virun, nom Dépôt. Här Di Bartolomeo, et ass bal eng Auer. Nach eng lescht Fro. An der Aktualitéit steet natierlech de Sport mam Tour de Luxembourg, an och d’Fussballweltmeeschterschaft. Wéi ee Sport huet Dir am léifsten? Sidd Dir e grousse Sportler?

Mars Di Bartolomeo: Also, ech sinn ëmmer gedeelt zwëschen zwou Sportaarten. Dat eent dat ass de Vëlo, an dat anert ass de Basket, dat ech selwer gespillt hunn, iwweregens T71 Forza!

An ech si frou, datt eis lëtzebuerger Vëlosprofië sech esou genial schloen, frou fir de Frank, dee misst et packen, a frou, datt de Kim och erëm aus senge gesondheetleche Problemer erauskënnt. E ka sécher sinn, datt de Gesondheetsminister mat him mat dréckt, net mat engem Elektromotor, mä mam Häerz. Bon a Fussballweltmeeschterschaft, dat ass déi eenzeg Zäit [gët ënnerbrach]

Carole Schimmer: Wie gewënnt an Ären Aen?

Mars Di Bartolomeo: Also ech wënsche mir jo, datt d’Italiener wannen, mä ech mengen awer, datt et ka Spuenien oder Argentinien sinn. Ech trauen de Spuenier et zou.

Carole Schimmer: Et ass elo genee eng Auer. Dës Émissioun ass eriwwer. Mir hätten natierlech kënnen iwwer ganz vill aner Saachen nach diskutéieren, mä dat maache mir dann eng aner Kéier. Et ass elo eng Auer wéi gesot.

Invité an eiser Émissioun Riicht eraus war de Sozial- a Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo. Merci datt Dir komm sidd.

Mars Di Bartolomeo: Merci villmools, an e schéine Weekend.

Dernière mise à jour