Mars Di Bartolomeo au sujet de de la campagne de vaccination contre la grippe A (H1N1)

Jean-Claude Wolff: Mars Di Bartolomeo, Dir rufft d'Leit op sech impfen ze loossen. Dir hutt Iech gëscht impfe gelooss, hunn ech de Moie gelies.

Mars Di Bartolomeo: Jo, ech war gëschter am Escher Impfzentrum an hunn déi ganz Prozedur mat duerchgemaach, net ugemellt, a mech an de Wartesall gesat, mäin Numero geholl an innerhalb vun enger halwer Stonn dee Virgang hanneru mech bruecht a sinn vu ganz léiwen, gentilen Infirmièrë geimpft. Ech hu mol bal net gespuert, datt ech gepickt gi sinn an hunn zanterhier och näischt aneschters gespuert. Ech war eng hallef Stonn méi spéit an der Chamber fir een Iwwerbléck ze ginn iwwert de Budget vun der Sécurité sociale an ech hunn exzellent geschlof.

Jean-Claude Wolff: Ären éisterräicheschen Homolog, hunn ech gelies, dee wëll sech net impfe loossen, do gëtt et also awer elo keng europäesch Unanimitéit iwwert d'Necessitéit vun der Impfung, och net bei deene politesche Responsabelen. Wéi erkläert Dir Iech dat?

Mars Di Bartolomeo: Also ech mengen, et ass bei europäesche Gesondheetsministeren net anescht wéi bei de Leit dobaussen. Ech muss soen, ech hu mech impfe gelooss, net well ech lo zu enger spezieller Risikokategorie gehéieren, mä well ech mengen, datt ech net nëmme fir mech selwer responsabel sinn, mä och fir déi Leit mat deenen ech zesummekommen. Ech komme mat ganz ville Leit zesummen. Wann ech gesond bleiwen, da stiechen ech keen aneren un, gi selbstverständlech dann och net krank, an ech mengen dat ass een Element deen am Virfeld net genuch diskutéiert ginn ass. Wa jiddweree géif soen, ech loosse mech net impfen, well ech fir mech alleng verantwortlech sinn an net gläichzäiteg awer denkt, datt en een Deel vun der Communautéit ass, bon da wär jiddwereen ustiechbar a jiddweree kéint ustiechen, an et ass eben dat heiten, et ass ebe just dat, wat mir wëlle verhënneren, datt mir een anstännegt Impfugebuet gemaach hunn.

Jean-Claude Wolff: Elo gëtt zanter knapps enger Woch geimpft. Hei zu Lëtzebuerg hat een awer elo d'Impressioun, datt d'Resonanz am Optakt vun där grouss ugeluechter Campagne net ganz grouss war, voire esouguer schwaach wor. Hutt Dir och deen Androck?

Mars Di Bartolomeo: Also, et huet ganz lues ugezunn, dat ass ganz richteg. Et war och net weider verwonnerlech, well jo och ganz vill kontrovers diskutéiert ginn ass, ee Moment méi iwwer potentiell Risiken diskutéiert ginn ass wéi iwwert awer reell Mehrwerter vun enger Vaccinatioun, déi mengen ech net ze beweisen ass, déi all Joer bewise gëtt bei der Grippeimpfung. Do waren d'Leit ganz staark veronséchert an dat huet een och den éischten Dag gesinn. Wat awer och grad esou interessant ass, dat ass, datt et vun Dag zu Dag méi Leit ginn, déi sech impfe gaange sinn. Gëschter ware mir bal bei 2000. Ech hu mir soe gelooss, datt de Moien et och ganz vill Leit gëtt, déi sech wëllen an deene 7 Impfzentren oder 6 haut – Dikrech ass haut net dobäi, well d'Infrastruktur net zur Verfügung stoung, wat och verständlech ass – mä haut ass erëm, hunn ech mir soe gelooss, nach méi eng grouss Nofro wéi gëschter.

Ech mengen, datt et wichteg ass, datt een an där heiter Fro Faarf bekennt. D'Regierung huet Faarf bekannt, huet gesot mir hunn eng Krankheet, déi massiv opgetrueden ass, déi net Pescht a Cholera ass, déi eng Gripp ass. Mir haten elo während Méint, ausser deenen normalen hygienesche Regele keng Äntwert op déi Krankheet, ausser, datt ee soll oppassen an datt een, mengen ech, responsabel vis-à-vis vun deenen anere soll agéieren, doduerch datt een déi richteg Reflexer hëlt. Elo hu mir eng Äntwert drop an dat ass de Vaccin an dofir huet d'Regierung kloer gesot, wa mir de Vaccin hunn, solle mir en zur Verfügung stellen a wäre mir och frou wann d'Leit e géifen notzen. Een dee geschützt ass stécht keen aneren un, ech mengen dat ass den Haaptprinzip. Et ass elo och esou, datt dat Impfugebuet elo net haut ophält, mir wäerte spéitstens en Dënschden, Mëttwoch ee weidert Ugebuet oprecht erhalen, esou datt déi Leit, déi elo an där éischter Well sech net impfe gelooss hunn, dat nach wie vor kënne maachen, dat besonnesch och op Grond vun där Nofro, déi haut nach do war. Mä dat wäert haut am Laf vum Dag, respektiv mar iwwert d'Medie verëffentlecht ginn.

Jean-Claude Wolff: Dir hat elo déi éischt Deeg déi sougenannte Risikogruppen méi staark cibléiert, do waren och vläicht da Leit déi sech net zu deene Gruppe gezielt hunn, vläicht net motivéiert direkt ze goen, mä bei deene Risikogruppen, mengt Dir awer, datt Dir do dat Potential erreecht hätt, dat Dir wollt erreechen, oder ass och grad bei de Risikogruppen den Echo net esou grouss gewiescht?

Mars Di Bartolomeo: Also ech mengen et sinn eng ganz Rei vu Risikopatienten, déi bis en Donneschdeg komm sinn. Mir hunn awer gesinn, datt dat Potential dat déi Impfzentren hunn domat net ausgelaascht war a mir hunn dofir opgemaach.

Och elo hu Risikopatiente weiderhin eng Prioritéit a mir hu gesot déi aner, déi Leit déi net elo direkt betraff sinn, déi kommen, sollen eng gewësse Rücksicht op Risikopatienten huelen. Mä mir hunn awer elo gesinn, datt déi zwou Filë ganz gutt matenee fonctionnéieren an datt vun Dag zu Dag den Interêt méi grouss gëtt.

Just fir ze soen, mir haten deen éischten Dag eppes iwwer 700 Leit déi komm sinn, mir haten der gëschter ronn 2000. Innerhalb vun e puer Deeg huet dat sech awer bal verdräifacht an ech ginn och dovunner aus, datt elo mat deene Erfahrungen déi déi Leit maachen déi geimpft ginn a kënne bezeien, datt si net ëmfalen, datt si net wahnsinneg Complicatioune maachen, mä datt dat ganz roueg verleeft, datt dat sech erëmschwätzt an déi déi méi skeptesch sinn dann och soen, ma jo wann dat esou ass, an net grad esou wéi systematesch Impfgéigner dat behaapten, ma jo dann huele mir dat Ugebuet un.

Et ass och relativ spektakulär wat un der Antiimpffront geschitt ass. Ech hat dat Beispill ginn, ee vun deenen däitschen Experten, déi queesch duerch d'Medie gaange sinn, iwwer Deeg an der däitscher Televisioun opgetruede sinn a gewarnt hunn a gesot hunn, datt dat do eng kleng Katastrof war, deen huet dann innerhalb vun de puer Deeg seng Meenung total nuancéiert a gesot, hie géif sech impfe loosse mat deem Impfstoff wou d'Leit an Däitschland an och zu Lëtzebuerg geimpft ginn, mat Adjuvent an en huet d'Leit och opgeruff fir sech impfen ze loossen.

Dat sinn esou Evolutiounen déi net gutt sinn, grad esou wéi esou Evolutioune wéi mir se an Däitschland haten, wat ech absolut irrsënneg fonnt hunn, datt een dann der Populatioun ee Vaccin ubitt, fir aner Kategorien een anere Vaccin ubitt a sech dann de Virworf muss gefale loossen, datt een eng Zweeklassemedezin do wëllt. Hei zu Lëtzebuerg ass et dat net ginn, an ech wëll och soen, datt d'Regierung, ech selwer och vun Ufank un, gesot hunn, mir wëlle keen Traitement préférentiel. Evident, a wa mir eis impfe loossen, da maache mir dat wann et un eis ass. Elo en Donneschdeg ass et fir jiddwereen opgaangen, also sinn ech e Freideg gaangen.

Jean-Claude Wolff: Mä déi ganz Kommunikatioun, Dir sot elo lues a lues kënnt dat erëm am Bewosstsinn, weist dat awer net e bëssen dorop hin, wat Dir jo och e bësse virgeworf krut, datt déi Kommunikatioun am Virfeld net richteg geklappt huet? Wann ee kuckt, vum Abrëll un, mengen ech, si mir elo mat där Thematik do intensiv beschäftegt, de ganze Summer iwwer ass versicht ginn ze de-escaléieren, d'Gripp ass harmlos, déi éischt Fäll goufe quasi all eenzel kommunikéiert, Dir gouft net midd ze soe wéi harmlos déi Gripp wär, Zitat: “eng Gripp där hire Verlaf net anescht ass wéi bei enger saisonaler Gripp�?, an elo hutt Dir d'Leit dovunner iwwerzeegt, datt dat Ganzt am Fong harmlos a banal ass an elo kënnt dann déi nächst Phase, elo ass dann endlech den Impfstoff do an elo solle mir de Leit da bäibréngen, datt dat wat esou harmlos ass, awer elo esou eescht genuch wier, datt si sech sollen impfe loossen?

Mars Di Bartolomeo: Jo, mä dat do ass eng falsch Duerstellung. Mir hunn ëmmer gesot et ass eng Gripp, et ass net Pescht a Cholera, mä et ass eng Gripp. A wat maache mir bei enger Gripp, bei enger normaler saisonaler Gripp? Ma et loosse sech tëschent 80.000 an 100.000 Leit géint déi saisonal Gripp impfen. Nun hate mir, zanter datt se opgetaucht ass, déi nei Gripp, hate mir kee Vaccin. Dofir hu mir gesot, mir hunn elo nach keng Äntwert drop, et ass näischt grujeleches, mä maacht alles fir datt d'Verbreedung sech a Grenzen hält. Also d'Reflexer, mir hunn de Leit gesot, keng Panik, sech net op Tamiflu stierzen, d'Leit hunn dat och gegleeft. An ech fannen dat och ganz gutt, hei zu Lëtzebuerg ass responsabel gehandelt gi mat Ärer Hëllef.

Elo kënnt awer eng nei Phase. Mir hu gesot, et ass eng Gripp wéi eng aner. Bei enger Gripp wéi déi aner, do ass de Vaccin do ier d'Gripp do ass. Wat maache mir? Mir loossen eis vaccinéieren, fir déi Gripp net ze kréien. Wat hu mir an dëser Situatioun? Déi Gripp ass nach net esou wäit verbreet wéi eng normal Gripp, wa si den Héichpunkt erreecht, a mir hunn elo de Vaccin. An dofir konsequent Approche, komm mir verhalen eis elo bei dëser Gripp vergläichbar wéi bei enger anerer Gripp. Komm mir huelen dat Impfugebuet un. An dofir soen ech, et ass gemengt gi mir hätten ee Widdersproch oder mir géifen net aggressiv genuch virgoen. Sot mir wat huet een als aner Méiglechkeet vu Kommunikatioun, wann eng Gripp, déi sech ukënnegt, awer ganz wéineg verbreet ass, déi richteg Äntwert ass, mir mussen alles maachen, fir datt se sech esou wéineg verbreet wéi méiglech an da bestelle mir de Vaccin... Ech hätt gär gesi wat gesot gi wär, wa mir kee Vaccin bestallt hätten. Elo ass gesot ginn, et wär dee falsche Vaccin. Dee Vaccin ass awer elo honnertdausende mol an England zum Beispill gesprëtzt ginn ouni dee geréngsten Zwëschefall deen iwwert dat Netzwierk, dat internationaalt Netzwierk eriwwer gaangen ass. Mir hunn also dee Vaccin bestallt an elo ass déi nächst Kommunikatiounsphase virun e puer Wochen ugaangen, wou mir gesot hunn, mir hunn elo de Vaccin a mir hunn elo d'Méiglechkeet fir eis efficace vis-à-vis vun där Gripp ze schützen, komm mir huelen dat Ugebuet un a mir loossen eis vaccinéieren. An ech muss Iech soen, et gëtt jo eng Rei vun Impfgéigner déi mir virwerfen, datt ech net richteg kommunikéiert hätt. Ben, richteg kommunikéiert hätt ech an hiren Aen, wann ech gesot hätt, deen Impfstoff do, dat ass eng Katastrof. Dee Gefale kann ech hinnen net maachen, well dat net esou ass. Deen Impfstoff ass eng gutt Äntwert op déi Krankheet. Elo gëtt et der och déi soen, firwat soll ech mech impfe loossen, déi déi stierwen, dat sinn der jo souwisou déi och nach aner Krankheeten hunn an déi wäre souwisou gestuerwen. Ass dat eng Argumentatioun déi ee ka gebrauchen? Ech muss soen, wann ech een deen aner Krankheeten huet, doduerch ka schützen, datt ech mech schützen an en net kann ustiechen [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Wolff: Et geet jo awer elo vläicht net just grad ëm déi Leit déi elo vläicht géingen un där Krankheet stierwen. Bis elo si jo awer ouni Impfung relativ wéineg Fäll hei zu Lëtzebuerg komm. Hätt een dann elo wierklech, bon elo kënnt natierlech och eng Saison wou méi grippenufälleg sinn, läit do d'Gefor elo dran?

Mars Di Bartolomeo: Mä kuckt mol, mir solle jo net esou maache wéi wa Lëtzebuerg eng Insel ass. Holz upaken, bis elo ass déi Gripp bei eis glimpflech verlaf. Dat ass gutt, dat ass, vläicht well richteg reagéiert ginn ass, well mir deenen elementare Regele gefollegt hunn a well mir, aneschters wéi aner Länner, wierklech konsequent och an der Ugangsphas versicht hu fir all eenzelnem Fall nozegoen, fir och Leit doheem ze halen. Dofir ass et bei eis méi lues.

Mä kuckt iwwert d'Grenzen, an Italien, gëschter innerhalb vun engem Dag 4 Doudeger. An Amerika, den Ausnamezoustand ausgeruff. An der Ukraine, elo eng kleng Katastrof. Dofir... et ass net einfach fir an deem doten Dossier ze kommunikéieren. Wann een d'Ist-Situatioun hëlt, seet een, jo et ass bis elo relativ glimpflech verlaf. Mä vu Gesondheetsautoritéite muss ee kënne verlaangen, datt ee sech net op dat eent verléisst, mä datt een och, wann et méi schlëmm géing kommen, wéi et an eenzelen Länner de Fall war, preparéiert ass. An dat ass d'Gradwanderung. Keng Panik, mä wann Dir kënnt virsuergen, suergt vir, duerch déi elementar hygienesch Moossnamen an elo duerch een zousätzlechen Alliéierten, deen den Impfstoff ass.

An ech ginn dovun aus, datt wann elo dausenden a méi Leit hei zu Lëtzebuerg geimpft sinn a kënnen temoignéieren, datt deen Impfstoff fir si iwwerhaapt kee Problem ass, dann dréit déi Diskussioun an déi Diskussioun, do kënnt Dir och sécher sinn, déi dréit och, wann et zu enger ähnlecher Situatioun hei zu Lëtzebuerg géif kommen, wéi elo am Kanada, wou ee quiitschliewege jonke Borscht, deen och nach ee gudde Sportler war, vun engem Moment op deen aneren ëmgefall ass an un der neier Gripp gestuerwen ass. Een oder zwee esou Fäll, jo da gëtt et ee Rush op de Vaccin. A mir mussen och déi Situatiounen an der Planung mat abezéien, dat hu mir gemaach.

Jean-Claude Wolff: Wéi ass dann elo den Timing? Wéi gesot, bis elo sinn et jo nach, et ass elo eng knapp Woch, nach verhältnisméisseg wéineg, Dir hutt gesot, d'Zuele ginn awer elo erop. Erwaart Dir Iech dann elo wierklech an den nächste Wochen, wéi laang leeft déi Campagne iwwerhaapt, zum Beispill elo iwwert d'Impfzentren, wéi laang ass dat geplangt datt dat weiderleeft? Bis e gewësse Quorum u Leit erreecht ass oder ass dat zäitlech limitéiert?

Mars Di Bartolomeo: Nee, also ech menge mir wäerte jo net alleng iwwert d'Impfzentre vaccinéieren, déi Impfzentren déi sinn ugeduet ginn, fir an enger éischter Phase esou schnell wéi méiglech deenen déi dee gréisste Risiko droen de Vaccin zougänglech ze maachen. Dat war d'ursprünglech Iddi. Mir hu jo och elo net honnertdausende vun Impfdosen déi mir schonn hunn. Den Impfstoff kënnt an Etappen. Mir hunn eng éischt Etapp vun Impfstoff kritt, dat si ronn 50.000 Dosen, déi bei eis ukomm sinn, dat heescht mir konnten, wann d'ganz Populatioun elo op een Dag komm wär, dann hätte mir ee Problem gehat. Dofir och stufeweis fir d'éischt d'Risikogruppen, wéi mir gesinn hunn, datt mir do net iwwerfuerdert waren, datt den Impfstoff duergeet, wou nach eng Ladung elo zum Schluss vun der Woch komm ass, hu mir et opgemaach. Mir wäerten dat Ugebuet elo Uganks nächster Woch an enger liicht modifizéierter Form weider oprecht erhalen an da gi mir an da maache mir aner Weeër op, zum Beispill an de Betriber, zum Beispill wäerte mir d'Ugebuet un d'Eltere vu Schoulkanner maachen, wou d'Eltere gefrot ginn ob hir Schoulkanner solle geimpft ginn an da wäerte mir déi Impfung och organiséieren, op Grond och vun dem Noschub vum Impfstoff an dat wäert sech bis an den Dezember [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Wolff: Och iwwert d'Dokteren am Normalfall oder wéi? Hei ass jo elo eng Gratisimpfung. Wann ech elo zum Beispill mech net esou gutt kann deplacéieren oder wëll deplacéieren, datt ech elo zu mengen Hausdokter soen, quitte datt ech da vläicht eng Consultatioun ebe muss bezuelen?

Mars Di Bartolomeo: Also all Solutioune sinn denkbar. Mir hunn elo an dëser Phase, wou et jo och drop ukënnt fir deen Impfstoff dee mir hunn esou séier wéi méiglech verfügbar ze maachen, hu mir d'Optioun geholl vun den Impfzentren. Iwwregens muss ech soen, datt et eigentlech déi éischte Kéier ass, wou mir vum Räissbriet bis an d'Praxis esou eppes duerchexercéiert hunn an déi Equippe vum Haut Commissariat vun der Protection nationale, iwwert d'Services de secours, iwwert d'Gemengen, iwwert d'Dokteren, iwwert d'Infirmieren, iwwert d'administrativt Personal, dat huet formidabel geklappt. A wann Dir déi Leit, déi geimpft gi sinn, frot, wéi dat ofgelaf ass, an a wat fir enger Dignitéit dat ofgelaf ass an och wéi déi Professionell do gehandelt hunn, dat ass encourageant, datt mir et - wa sech speziell Situatioune presentéieren a mir plangen dat vu vir bis hannen duerch, mat villen Equippen, déi aus villen Administratioune kommen - datt mir dat fäerdegbréngen. Mir hunn dat dës Kéier bewisen, an dat do wäert..., dat ass net nëmmen eng Eintagsfliege déi mir hei geplangt hunn, mä dat wäert eis och extrem hëllefe, wa mir mol aner Problemer, aner Krisesituatioune kréien. Hei hu Leit geléiert zesummen ze schaffen, déi soss net zesummegeschafft hunn. An dann, bon zeréckkommend op Är Fro, dat wat mir hei opgebaut hunn, dat steet jidderzäit erëm zur Verfügung. Wann elo widder Erwaarden dee Virus méi aggressiv gëtt, och ronderëm eis d'Zuel massiv géif zouhuelen, brénge mir et fäerdeg innerhalb vu relativ kuerzer Zäit, iwwert d'Land verspreet, bis zu 15 Impfzentren un d'Netz ze bréngen, wou mir et kënne fäerdeg bréngen, innerhalb vun engem Dag pro Impfzentrum iwwer 1000 Leit ze impfen. Dat heescht, et kéint een eigentlech an engem Rhythmus vu 15.000 Leit den Dag impfen, wann dat noutwenneg ass. Mir hunn et duerchgeplangt. Ech soen elo net, datt dat an dësem Fall mar oder iwwermar de Fall ass, mä mir kënnen et.

An déi aner Approchen, ob dat elo dezentral an de Schoule geschitt, dezentral an de Betriber geschitt, do si mir am gaangen drun ze plangen. An no där Iwwergangsphase vun där nächster, iwwernächster Woch, si mir och prett dat doten un d'Netz ze ginn, mat Hëllef vun de Betriber, mat Hëllef vun de Schoulen a vun den Elteren. A wéi gesot nach eng Kéier, wichtegen Element a wichtegen Detail ass, datt hei zu Lëtzebuerg selbstverständlech dat alles fräiwëlleg geschitt an net eng Obligatioun, weder bei där enger Kategorie nach bei där anerer Kategorie kann, däerf a wäert dekretéiert ginn.

Jean-Claude Wolff: Dir hutt elo gesot, et ass fir d'éischt iwwerhaapt, datt esou eng Campagne an där do Envergure gemaach ginn ass. War dat elo komplett Neiland oder goufen et op mannst scho mol an den Tiräng do esou Szenarien oder Pläng op déi elo zréckgegraff ginn ass oder ass hei elo wierklech innovéiert, improviséiert ginn?

Mars Di Bartolomeo: Mir sinn ëmmer bis zu enger gewëssener Phase an der Preparatioun komm an hunn awer dann an der Mëtt oder bei dräi Véierel opgehalen, well dann déi Situatioun net an där Form agetrueden ass. Hei si mir bis zum Enn gefuer, dat heescht vun deenen éischte Planungsaarbechten déi ugelaf sinn, dee Moment wéi déi nei Gripp a Mexiko opgetratt ass, bis et elo an den Oktober an déi operationell Phase gaangen ass. An ech muss soen, dat war relativ spannend, well et jo net esou ass, datt wa Leit aus 7 oder 8 Haiser, aus 7 oder 8 Beräicher, wann déi zesummekommen, datt dann alles leeft wéi um Schnéierchen. Do muss jiddweree mol d'Suergen an d'Aufgabe vun deem anere verstoen, an do ass et och heiansdo esou, datt deen ee mengt deen anere misst jo nëmmen..., an da seet deen aneren, dat bedéngt awer dat an dat an dat ... an ëmgedréit. Een deen ëmmer a senger Welt war deen op eemol mat enger Planungswelt, wou eng Strategie entwéckelt gëtt, konfrontéiert ass, deen huet dann och am Ufank net all Versteesdemech dofir. Dat heescht, hei huet mol een deem anere seng Denkweis misste léieren an och akzeptéieren, verstoen an och zur Conclusioun kommen, datt een alleng net d'Äntwert op all Froen huet, mä datt een zesummen dat awer ganz gutt ka maachen. An dat mengen ech huet een nohaltegen, dat ass jo ee Wuert wat oft gebraucht gëtt, mä an deem heite Fall richteg, hei hu mir eppes gemaach wat geklappt huet bei dëser Campagne, mä wat mir och wäerten hu wa mir eng Kéier nach eppes méi Graves hu wéi dat hei.

Jean-Claude Wolff: Voilà an domat geet et op d'Halschent vun dëser Emissioun „Riicht eraus“ duer. Mir schléissen domat den Dossier Schwéngsgripp. Nom Noriichteniwwerbléck schwätze mir mam Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo da méi allgemeng iwwert d'Defien an der Gesondheetspolitik an och iwwert d'Finanzéierung vun onsem Gesondheetssystem.

[Noriichteniwwerbléck]

Jean-Claude Wolff: Mir fänken mam zweeten Deel vun der Émissioun “Riicht eraus�? un, mat eisem Invité vun haut, dem Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo. Am éischten Deel vun där Émissioun hu mir ausféierlech iwwer d’Gripp A (H1N1), déi sougenannte Schwéngsgripp, an déi net onëmstridden Impfaktiounen, diskutéiert.

Fir vläicht en Iwwergank vun deem Thema zur Finanzéierung vun eisem Gesondheetssystem ze maachen, vläicht nach d’Fro: Wat kascht am Fong elo déi ganz Impfaktioun, wéi gëtt déi finanzéiert, iwwer de Staatsbudget separat, oder iwwer d’Gesondheetskees?

Mars Di Bartolomeo: Also de Gros leeft iwwer de Staatsbudget. Mir hunn hei keng esou Discussiounë gehat wéi mir se an Däitschland haten, wien dann elo wat misst bezuelen. Mir hunn dat vun Ufank un iwwer de Staatsbudget lafe gelooss. Et ass ganz schwéier ze soen, wat elo den Ennkäschtepunkt ass, well, e klengen Detail, mir haten e gudden Deel vun dem Basisimpfstoff, dee mir elo brauchen, deen hate mir scho bestalt virun zwee Joer, an och scho bezuelt, déi Zäit wéi déi Discussioun iwwer d’Vullegripp war. Dat wat mir elo zousätzlech dobäi bestalt hunn, dat ass den Impfstoff selwer, dat heescht, deen Antivirus, deen hiergestalt ginn ass, an dat ass e Brochdeel vum Käschtepunkt vun deem Ganzen.

Wann een awer dat hëlt, wat mir elo scho virun e puer Joer ausginn hunn, fir eis deen Impfstoff ze sécheren, plus den eigentlechen Impfstoff, da wäerte mir bei engem Gesamtkäschtepunkt vu 5 bis 6 Milliounen Euro landen, fir déi ganz Impfaktioun.

Ech muss soen, datt d’Impfzentrë selwer jo och e Käschtepunkt hunn, mä do mat vill, vill, vill guddem Wëllen an Engagement, dee Käschtepunkt awer vis-à-vis vun deem Ganzen extrem bescheiden ass.

Jean-Claude Wolff: Domat wiere mir dann definitiv bei eisem zweeten Thema haut ukomm, d’Finanzéierung vun eisem Gesondheetssystem. Do ass jo bei der Gesondheetskees mat engem Defizit fir 2010 ze rechnen, dee soll aus de Reservë kompenséiert ginn. Ass dat elo just e konjunkturellen Defizit wéinst der Kris, oder net awer vläicht e strukturellen Defizit?

Mars Di Bartolomeo: Also am Moment ass et e konjunkturell bedéngten Defizit, mä dat soll awer net doriwwer ewech täuschen, datt een och mëttelfristeg, an och esouguer schonn an deenen nächste Joeren e Problem huet, doduerch datt d’Gesondheetsausgabe méi séier steige wéi d’Recetten. An der Gesondheet ginn enorm Fortschrëtter gemaach, gëtt et och eng ganz Rei vun deieren neien Ugebueder, an d’Gesondheetsbewosstsënn vun de Leit steigt, dat heescht, si lauschtere méi séier op de Kierper, ginn och méi séier Soinë beusprochen, soudatt mir déi zwou Saachen hunn.

Mir sinn elo an déi rout Zuelen eragerutscht, ganz kloer, wéinst dem Konjunkturabroch. Eis Ausgabe wuessen 2010 net méi séier, am Contraire, wéi an deene Joere virdrun, mä d’Recettë ginn duerch e stagnéierenden Emploi net an d’Luucht, oder net esou séier an d’Luucht wéi dat an deene virëschte Joere war. Soudatt mir also op dee konjunkturellen Element eng Kéier kënnen iwwer de Réckgrëff op d’Reservë reagéieren.

Wann dee Konjunkturabroch iwwer 2010 sech erausstreckt, a wa méi strukturell Froen dobäi kommen, bon, da muss ee sech aner Moossnamen afale loossen. An do waarde mir net, bis datt déi Situatioun sech astellt, mä mir hunn direkt no der Quadripartite ugefaangen, fir méi strukturell Reformen ze preparéieren, an enger Rei vun Aarbechtsgruppen, déi elo mat de Partner ergänzt ginn, a mat der Zilsetzung, datt mir am Laf vum nächste Joer Reformprojeten, souwuel legislativer, reglementarescher, an och wat d’Gesondheetskees ugeet, statutarescher Natur wäerte presentéieren.

Just nach ee Wuert, fir wat datt mir op déi Reserven zeréckgegraff hunn. Well mir, mengen ech, elo an där akuter Phase vun der Kris sinn, an et, mengen ech, just zu dësem Zäitpunkt, och wann d’Bäiträg hei zu Lëtzebuerg, vis-à-vis vum Ausland, extrem niddereg sinn, datt et kee gutt Signal gewiescht wier, datt een d’Betriber méi belaascht hätt, datt een de Staatsbudget méi belaascht hätt, an datt een d’Assuréë méi belaascht hätt.

Duefir hu mir gesot, an dëser akuter Phase maache mir en Temps mort, deen eis awer net soll verleede fir näischt ze maachen, mä deen eis Zäit soll ginn, fir dat Richtegt ze maachen. An duefir loossen ech déi Reprochen, déi d’Patronat gemaach huet, och net gëllen, datt mir hei just géifen op d’Zäit spillen. Mir wëllen eis just Zäit gi fir dat Richtegt ze maachen, a mir wëllen net eesäiteg Moossname maachen, well d’Patronat ass mat eesäitege Moossname komm, Leeschtungskierzungen, Erhéijunge vun den Eegebedeelegungë vun de Patienten, fir datt et nëmmen d’Betriber net trëfft. Ech mengen, mir huele Rücksiicht op d’Betriber, mä mir hätten awer och gäre vun de Betriber, datt se Rücksiicht huelen op déi aner Partner.

Jean-Claude Wolff: Mä mëttel- a laangfristeg strukturell Reformen, Dir huet gesot, de Problem ass séier ëmrass, d’Dépensë ginn erop, d’Recette ginn zeréck, oder bleiwe stoen. Wou kann een dann do den Hiewel usetzen? Op béide Säiten, nei Recettë schafen, wann een dat iergendwéi kann, oder geet et carrément awer mëttel- a laangfristeg drop d’Dépensen ze kierzen, dat heescht, d’Leeschtungen anzeschränken?

Mars Di Bartolomeo: Ech mengen, et ass e Mix, deen ee muss maachen, wou kloer gesot ginn ass, am Moment, wou d’Situatioun eben negativ genuch ass, soll een net mat Bäitragserhéijunge kommen. Ech mengen, datt et, wann ee vun engem Mix schwätzt, datt et dorop eraus muss lafen, datt een déi Moyenen déi een huet, esou effizient wéi méiglech muss asetzen. An do gëtt et Sputt am lëtzebuerger Gesondheetssystem. Do gëtt et Spuerméiglechkeeten, déi net ausgereizt sinn. D’Multiplicatioun vun den Akten, d’schwéier Infrastrukturen, do wou heiansdo liicht Infrastrukturen duerginn. E klengt Beispill: Hei zu Lëtzebuerg gëtt bei eenzelnen Operatiounen nach systematesch hospitaliséiert, dat heescht schwéier Struktur, iwwer Nuecht, oder esouguer méi wéi eng Nuecht Hospitalisatioun, während am Ausland, bei deene selwechten Operatiounen, zu 90% oder méi Prozent et ambulant gemaach ginn.

Fir wat gëtt dat zu Lëtzebuerg nach esou gemaach? Ma well d’Ureizer fir ze hospitaliséieren vill méi grouss sinn, wéi d’Ureizer fir et ambulant ze maachen. An dann ass et einfach, wann ee vill méi verdéngt, wann een et op deen ee Wee mécht, da mécht een dat. An duefir muss ee, mengen ech, och do nei Direktiounen huelen. Et gëtt aner Beräicher [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Wolff: Do si jo awer an deene leschte Joeren Effortë gemaach ginn. Hunn déi Efforten dann elo, d’Resultater dovunner, elo nogelooss, oder?

Mars Di Bartolomeo: Neen, déi Resultater, déi mir bruecht hunn an der Approche fir de System méi effizient ze maachen, a sech net méi ze servéieren, dat gëlt fir jiddwereen, dat gëlt fir all Akteuren, wéi et gebraucht gëtt. Dir huet, an normalen Zäiten, ass dat duergaange fir am Équiliber ze bleiwen.

Dir wësst datt mir zënter 2005 am Équiliber waren, ouni Bäitragserhéijungen, ouni Leeschtungskierzungen, doduerch datt mir eng konzertéiert Approche gemaach hunn. Mir waren domat eent vun deenen eenzege Länner op der Welt, déi am Équiliber waren. Gutt, et kann ee soen, d’Konjunktur huet eis gehollef. Jo, d’Konjunktur war ganz gutt.

Ech mengen och, datt een an enger normaler Konjunktur dat an där do Approche fäerdeg bréngt, do wou mir elo an en Defizit eraginn, an dat ass net en Defizit vun 10%, 20% oder méi Prozent, et ass en Defizit vu 5%. Et muss een nämlech deen Defizit vun 100 Milliounen, 90 Milliounë sinn et der zum jetzegen Zäitpunkt, a Relatioun setze mat den Ausgaben. D’Ausgaben dat sinn em zwou Milliarden. Et ass en Defizit vu 5%. An et ass e Spuerpontenzial am System, dee vill méi grouss ass, wéi déi 5%. Dat heescht, et kann een Erspuernisser unzapen, ouni dem System wéi ze doen. An et ass déi Démarche déi mir maachen, iwwer eng Rei vu strukturelle Reformen.

Ech muss Iech jo soen, nach e Beispill, datt ech et e bësse geckeg fannen [inaudible] intellektuellen Akt 20, 30 oder 40 Euro kritt, a wann e seng Maschinn lafe léisst, datt en dann eng Location d’appareil kritt vu bis zu 90 Euro. Eng Location d’appareil, dat heescht, et keeft ee sech en Apparat, deen een innerhalb vu Méint oder Joeren amortiséiert, an dee leeft dann, et kritt een nach ëmmer Locatioun fir den Apparat. Bon, do muss ee sech dann awer Froe stellen [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Wolff: Do ginn et jo nach e puer esou cocasse Situatiounen, wéi den éischt-Klass-Zouschlag bei den Dokteren…

Mars Di Bartolomeo: Jo, dee belaascht d’Krankekees net.

Jean-Claude Wolff: Neen, mä e belaascht de Patient.

Mars Di Bartolomeo: Dee belaascht deen aneren Akteur.

Jean-Claude Wolff: De Patient voilà.

Mars Di Bartolomeo: D’Caisse médico.

Jean-Claude Wolff: Oder d’Caisse médico.

Mars Di Bartolomeo: An do muss een all déi Elementer eranhuelen, an dann op eng korrekt Aart a Weis mam Terrain diskutéieren. An ech wëll soen, datt hei net nëmmen, datt een net dierf eng Approche huelen, wou ee seet, d’Dokteren, d’Prestatairen déi servéiere sech eesäiteg. Et gëtt nach eng Rei vun anere Beräicher, wou ee muss zouginn, datt Akten, déi komplex sinn, an eisem System net esou honoréiert ginn, wéi se missten honoréiert ginn.

Dat heescht, et huet een dee Widdersproch op där enger Säit, déi Saachen, déi eigentlech Routine sinn, an déi net esou héich honoréiert misste ginn, déi ginn iwwerbezuelt. An da gëtt et aner wichteg, komplex Akten an der Gesondheetsbetreiung, déi sinn ënnercotéiert. An déi Discussioun wëlle mir an enger partnerschaftlecher Approche, wou awer jiddwereen d’Kaarte muss op den Dësch leeën, an net dierf de Luusspätter spillen, déi gi mir un am Intérêt vum System, well ech, an dat ass aus déiwer Iwwerzeegung eraus, wou ech dat soen, et muss ee sech emol erëm eng Kéier virstellen, datt de Barak Obama, dee jo elo op e Podest gehuewe gëtt, wéi méi héich en net kann, als ee vun den Haaptdreem huet, fir den Amerikaner e Gesondheetssystem, an e Finanzéierungssystem ze ginn, deen och nëmmen hallef esou generéis ass wéi eisen. Mir hunn also e phantastesch generéise Finanzéierungssystem vun eiser ëffentlecher Gesondheet. An ech ginn net midd, fir eriwwer ze bréngen, datt et derwäert ass fir mat enger partnerschaftlecher Approche, a mat der Bereetschaft, Saache wou mir iwwer d’Zil erausschéissen, fir déi a Fro ze stellen, dee wonnerbare System ze retten.

An net dat ze maachen, wat onverzeilech wier, doduerch datt mir d’Spillsaach esou iwwerreizen, dee System futti ze maachen. Well wann e bis futti ass, mir kréien ni méi esou een.

Jean-Claude Wolff: Dir huet gesot, et ass nach vill Spuerpotenzial do, sief et datt een d’Traitementer méi rationell asetzt. Mä op där anerer Säit ginn et jo och Abusen, bon et gi vläicht elo net nëmmen déi Abusë vun deenen d’Patronat ëmmer schwätzt, vläicht bei de Krankeschäiner, mä et gëtt och mat Medikamenter, mat Leit déi fir ee Bobo bei dräi Dokterë ginn, well se och nach deem 4. net wëlle gleewen, oder sech e Medikament op dräi verschiddene Plaze verschreiwe loossen.

Elo geeschtert jo och schonn zanter enger laanger Zäit do deen medezinesche Passe-port médical, oder wéi een et soll nennen, E-Patient, do deen elektronesche Fichier, wou ee jo am Fong kéint genee gesinn, hei deen do deen huet elo d’Medikamenter gëscht bei deem do Dokter verschriwwer kritt, da verschreiwen ech se net haut och nach, oder esou weider. Wou ass deen Dossier am Fong drun? Hänkt deen um Dateschutz?

Mars Di Bartolomeo: Neen, ech fannen, Dir huet ganz Recht, ee vun deenen Haaptchantieren déi mir mussen ugoen an eisem Gesondheetswiesen, dat ass dee fir méi Luucht, fir méi Liicht, fir méi Transparenz an dee ganze System eranzebréngen.

Duefir hu mir eng Prioritéit fir d’Dokumentatioun vun den Aktë kënnen ze regelen. Dat muss schnell geschéien, well mir an de Spideeler och net esou kloer eragesinn, wéi dat misst sinn, haaptsächlech och wat déi medezinesch Leeschtungen, dat geet net drëm fir elo Dokteren ze bespëtzelen, mä et geet drëm, fir eigentlech ze gesi wat um Terrain geschitt, an ob een dat esou gutt an esou effizient mécht, wéi een dat ka maachen.

An dann dat Reizwuert, wat Dir gebraucht huet, ass een extremt wichtegt, mä et ass awer keent wat een einfach esou mat engem Coup de baguette magique ka maachen. E puer Noperen haten et probéiert.

Eis franséisch Noperen, déi sinn zënter 2000 am gaangen, ëmmer nei Daten ze nennen, wéini datt dann hir Carte santé électronique kënnt. Si hunn et elo an der Zwëschenzäit opginn. Déi leschte Kéier wou ech en Datum héieren hat, dat war den 1. Januar 2007, an duerno näischt méi. Bei eisen däitschen Noperen ass et genee dat selwecht.

Mir hunn e bëssen eng aner Approche. Mir fueren nom Baukastesystem. Mir sinn am gaangen de Carnet radiologique op d’Been ze setzen, dat heescht, d’Échangeabilitéit, d’Consultatioun vun de Biller, Röntgen, IRM, an, an, an, fir do eng Échangeplattform ze maachen, wou mam Consentement vum Patient déi Aktë vun deene verschiddenen Dokteren op deene verschiddenste Plaze kënne gekuckt ginn. Deen zweete Volet wou mir am gaange sinn op d’Been ze setzen, dat ass d’Consultatioun vun de Laboanalysen. Wou mir och erëm eng gemeinsam Plattform maachen, wa Laboanalysen do sinn, datt een déi ka consultéieren. Deen drëtte Volet, dat ass dee vun der Prescription électronique, wou mir kënnen d’Medicatioun suivéieren.

An dann hu mir dräi wiesentlech Elementer zesummen, déi en Dossier vun engem Patient ausmaachen. Wann een d’Röntgebiller huet, wann een d’Medicatioun huet, wann een d’Laboanalysen huet, dann huet een e ganze Koup vu Basisdonnéen. A mir sinn och am gaangen d’Exploitatioun vun de Basisdonnéë vun de Krankekeesen, heiteg Gesondheetskees, kënnen ze maachen. Dat heescht, et kënnt Liicht an dee Beräich eran.

An Dir huet dat richteg ugeschwat, dat kann ee jo net einfach esou im stillen Kämmerlein maachen. Mir maachen dat zesumme mat der Dateschutzkommissioun. An eis Iwwerleeungen si Vertrieder vun der Kommissioun mat agebonnen. A mir probéieren am Virfeld vun deenen do Projeten, direkt d’Elementer vum Dateschutz mat anzebannen, fir datt mir net herno eppes Flottes hunn, mä wou mir gesot kréien, et ass zwar flott, mä et respektéiert d’Privatsphère net. Duefir déi do Démarche.

An mir ginn dovun aus, datt mir mat deenen do Projetë kënnen, ech géif soen, bis d’Halschent vun der Legislaturperiod, délivréiere mat konkreten, noweisbare Resultater.

Jean-Claude Wolff: Komme mir nach vläicht zu e puer aneren Themen aus dem Beräich vun der Gesondheetspolitik. Een Thema, an dat steet och am Regierungsprogramm, déi sougenannten Alternativmedezin. Am Regierungsprogramm steet, et géing weider dru geschafft gi fir d’Unerkennung an d’Reglementatioun weider ze dreiwen. Wou ass deen Dossier drun? Do didd Dir Iech jo awer och wahrscheinlech elo schwéier mat deenen etabléierte Medeziner, oder de klassesche Schoulmedeziner?

Mars Di Bartolomeo: Emol net. Mir haten, an där virëschter Period hate mir eis eng konkret Démarche ginn. Mir hunn och do délivréiert. Mir haten e Projet de Règlement grand-ducal fäerdeg fir d’Professioun vum Ostéopathe ze reglementéieren. Awer do ass d’Levée de boucliers ugaangen. Wien ass dann elo dee richtegen Ostéopathe? Dee richtegen Ostéopathe, sinn dat déi, déi vun enger belscher, oder vun enger däitscher Schoul kommen, déi Uni genannt gëtt, mä déi awer net Uni ass? Sinn et eis Kinéën, déi eng Formatioun vum Ostéopathe drop gesat hunn?

Mir hu, wéi mir de Projet de Professionnelle virgeluegt hunn, hu mir vun där enger Säit hu mir Reprochë gemaach kritt, datt et ze vill wäit op wier. Vu där anerer hu mir gesot kritt, datt et och net dat gielt vum Ee wier. Mir sinn dunn an d’Chamberskommissioun domat gaangen, well d’Chamber eis jo beoptragt hat fir dat do ze maachen, an d’Chamberskommissioun ass och zu där selwechter Conclusioun komm wéi mir. Mir brauchen eng Reglementéierung vun där do Professioun, och um europäesche Plang. An déi gëtt et net. Do schloe se sech dann d’Käpp an. Et ass gemengt ginn, datt mir innerhalb vun engem Joer vun der OMS Guidelines géife kréien, wat den Ostéopathe misst erfëllen. Hu mir net kritt.

An esou laang wéi d’Professioun sech net eens ass, wat fir eng Schoulen en Ostéopathe da muss maachen, ass et eis extrem schwéier fir dat ze regelen. A mir mussen et regelen, fir de Leit d’Garantie ze ginn, datt wa se bei ee ginn, datt se och bei ee ginn dee wierklech Ostéopathe ass. Dat ass och fir eis d’Conditioun, datt mir kënne rebourséieren.

Heiansdo ginn ech d’Impressioun net lass, datt eigentlech de Wëlle fir eng richteg Reglementéierung ze kréien, bei der Professioun net esou grouss ass, wéi dat ëmmer gemaach gëtt. Fir mech ass d’Haaptargumentatioun fir eng Reglementatioun ze maachen, den Intérêt vum Patient, well e weess bei wien datt e geet, a well en dann och rembourséiert kritt. Bon, den Ostéopathe kritt och an deem jetzege System seng Suen. Mä bon, ech wënsche mir nach ëmmer, datt mir en Input kréien, deen allgemeng akzeptéiert ass.

Ech hunn awer du gesot, well mir do net viru kommen, hätt ech gären, datt mir prioritär d’Reglementéierung vum Psychothérapeut uginn. Dat ass keng Alternativschinn, dat ass ee wichtege Beräich an der psychescher Betreiung vun de Leit. An do hu mir eng ganz gutt Démarche an der Zwëschenzäit, zesumme mat der Uni-Lëtzebuerg, zesumme mam Héichschoulministère, a mir ginn dovun aus, datt mir de Psychothérapeut an dëser Legislaturperiod kënne regelen, an datt dann och d’Leit bei Therapië, bei de Servicer vum Psychothérapeut e Remboursement kréien, well dat ass besonnesch noutwenneg.

Jean-Claude Wolff: An de leschte Méint vun der aler Regierung goufen zwee wichteg Gesetzer a Kraaft gesat, d’Palliativfleeg an d’Stierfhëllef. Wéi wäit sinn déi Gesetzer elo an der Praxis, an der Realitéit ukomm? Virun e puer Woche war e bësse Gedäisch ginn. An engem Spidol wier engem Mann de Wonsch vun der Euthanasie refuséiert ginn. Ass de Glawenskrich nach ëmmer aktiv?

Mars Di Bartolomeo: Also et ass jo méi roueg ginn, mä et gëtt ëmmer nach Versicher fir dat Gesetz, dat demokratesch gestëmmt ginn ass, ze ënnerlafen. Am Endeffekt, an ech mengen dat ass wichteg ze soen, ass de Schrëtt op Grond vun deem, wat mir am Gesetz gemaach hunn, ass e Schrëtt, wou de Patient, deen an enger hoffnungsloser Situatioun ass, un en Dokter eruntrëtt fir em ze hëllefen, well wierklech iwwerhaapt keen Auswee méi do ass, ass dat, mengen ech, eng Saach zwëschen dem Patient an dem Dokter.

An dee Fall wou Dir virdrun dovu geschwat huet, dat ass eigentlech een, deen net am Gesetz virgesinn ass, mä fir deen ech och ganz wéineg Versteesdemech entgéint bréngen. Ech menge mir hunn, all eis Spideeler sinn ëffentlech finanzéiert. Wa se ëffentlech finanzéiert sinn, sinn et ëffentlech Spideeler. Wann ee sech där Ëffentlechkeet wëllt enzéien, da muss een dat mat alle Konsequenze maachen, da muss ee soen, mir wëlle keng Sue vum Staat, a mir wëlle just dat maachen, wat mir fir richteg fannen. Dat huet awer bis elo nach kee Spidol mir gesot, duefir sinn ech der Meenung, datt d’Spieeler déi Gesetzgebung ze respektéieren hunn, och wann dat elo net formell an deem Gesetz steet, datt eng Spidolsdirektioun net engem Dokter eppes dierf soen, ass et awer am Sënn vum Gesetz.

An ech sinn och an déi Richtung intervenéiert bei där betreffender Klinik, an ech hu gutt Hoffnung, datt no deem Problem, deen hei opgetrueden ass, deen och vun där enger an där anerer Säit méi nuancéiert duergestallt ginn ass, datt dat Gesetz respektéiert wäert ginn. Ech setze mech jiddwerfalls als gudden Demokrat, an als een dee Respekt huet virun engem Mënsch dee wierklech keen Auswee méi gesäit, duefir an.

Jean-Claude Wolff: Riskéiert et net och elo nach vläicht en anere Glawenskrich ze ginn? Am Regierungsprogramm steet den Avortement soll reforméiert ginn. Do si sech zwar elo d’Koalitiounsparteien eens ginn, mä do läit jo awer och e bësse Sprengstoff dran. Wat fir eng Approche soll hei geholl ginn, déi déi elo fir béid Säiten do tragbar ass?

Mars Di Bartolomeo: Also ech mengen, et läit vill manner Sprengstoff dran, wéi dat nach virun 30 Joer de Fall war. Dir huet vläicht matkritt, datt mir an där leschter Period eng ganz Rei vu praktesche Verbesserungen am Rahme vun deem Gesetz méiglech gemaach hunn. Mir hunn d’Pillule du lendemain rezeptfräi gemaach. Mir hunn dem Planing en Agrément gi fir den Avortement médicamenteux. An ech mengen, et ass och eng Affaire vu gesondem Mënscheverstand, an Humanismus.

Wat mir an deem Gesetz elo, dat soll kommen, wëlle maachen, dat ass där sozialer Détresse, déi och schonn am bestoende Gesetz éischter zwëschen den Zeile méiglech war, fir déi och richteg am Gesetz ze verankeren.

An dat zweet ass, mir ginn op e reelle Problem a vu Kanner, eigentlech déi an eng ongewollte Schwangerschaft erakommen, an déi als eenzegen Auswee dann den Avortement gesinn. Do kënnt eng Regelung an d’Gesetz eran, well et, mengen ech, net richteg ass, an net human ass, datt een an esou Situatiounen déi Betraffen iwwer d’Grenz guidéiert. Dat muss och am lëtzebuerger Gesetz dra sinn.

An d’Koalitiounspartner si sech, wat den Inhalt vun deenen Adaptatiounen ugeet, eens ginn. An ech mengen och net, datt et do e Glawenskrich wäert ginn, och wann déi zwee Koalitiounspartner ënnerschiddlech Vuë behalen iwwer wéi wäit een hätt kënnen, oder misste goen. Ech mengen dat bleift. Mä hei gëtt eppes an der Praxis verbessert, ouni Glawenskrich.

Jean-Claude Wolff: Voilà, an domat geet eis Émissioun “Riicht eraus�? vun haut op en Enn. Invité war de Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo.

Merci fir de Besuch am Studio.

Dernière mise à jour