Mars di Bartolomeo au sujet du projet "Fixerstuff" (Foyer d'accueil d'urgence pour toxicomanes)

Mars Di Bartolomeo: Ech hunn den Här Helminger, direkt nodeems ech héieren hu wat hien an der Pressekonferenz gesot huet, informéiert, datt dee Bréif op deen hie gewaart huet vu mir den 21. Juli ënnerschriwwe ginn ass an dunn direkt ofgeschéckt ginn ass, hei vum Haus, a Richtung Buergermeeschter. Esou datt ech mir net erkläre ka fir wat de Bréif net beim Här Helminger ukomm ass.

Ech hunn dofir gesuergt, datt en haut nach eng Kéier als Kopie par porteur bei den Här Helminger gaangen ass. Do steet ganz kloer dran, datt mir déi Strukture wäerten dezentraliséieren, jiddwerfalls zu Esch a wann noutwenneg och an der Nordstad. Fir déi nächst Period, dat ass net nëmmen an engem Bréif vum Gesondheetsminister festgehalen, ma dat kann een noliesen am Regierungsprogramm, hunn d’Regierungspartner sech engagéiert fir déi Strukturen ze dezentraliséieren, an Esch ass och nommément am Regierungsprogramm enthalen.

Ech hunn dee Bréif also deen Dag ofgeschéckt, nodeems de Regierungsaccord ënnerschriwwe war, fir och der Stad Lëtzebuerg d’Garantie ze ginn, datt se net alleng mat där Struktur do stoe bleift.

Nodeems ech dat gekläert hunn – dat kann nëmmen en technesche Problem sinn, datt de Bréif net bei den Här Helminger komm ass – ginn ech dovun aus, datt vum Här Helminger och dat gemaach gëtt wat hien ugekënnegt huet, datt wann hien de Bréif huet, an deen huet en als Kopie am Laf vum Nomëtteg, datt hien an den nächsten Deeg an der Lag ass fir déi Baugenehmegung ze ginn.

Serge Kesseler: Wat wäert duerno geschéien, wann d’Baugenehmegung vun der Stad Lëtzebuerg virläit? Do war emol dovu riets gaangen, datt et dann nach annerhalleft Jor soll dauere bis d’Fixerstuff hei an der Stad soll operationell sinn. Ass deen Délai nach ëmmer korrekt?

Mars Di Bartolomeo: Ech ginn dovun aus, datt dat ze respektéieren ass. Dat ass jo e prefabriquéierte Bau. Wann d’Baugenehmegung do ass, da gëtt déi nei Struktur gebaut, déi méi wéi noutwenneg ass, well déi eeler Struktur en Fin de vie ukomm ass an d’Problemer an där net-adaptéierter Struktur vill méi grouss si wéi an enger adaptéierter Struktur.

Serge Kesseler: De Moien ass bei deene Responsabele vun der Stad Lëtzebuerg och doriwwer rieds gaangen, datt et am Moment schlecht Aarbechtsconditiounen an der provisorescher Struktur zu Bouneweg ginn. De François Bausch huet vun „onméiglechen Aarbechtsconditioune“ geschwat, do géifen och Leit vum Personal fortlaafen. Wéi eng Informatiounen hutt Dir doriwwer?

Mars Di Bartolomeo: Dat si sensibel déi selwecht. Dofir hu mir alleguer Intérêt fir déi nei Struktur esou séier wéi méiglech ze maachen. Wann déi Situatioun sech géif zouspëtzen, esou wéi se ass, da géif mir näischt weider iwwereg bleiwe wéi déi Struktur zou ze maachen. Dat wëll keen, well jiddwereen der Meenung ass, datt mir déi dote Struktur onbedéngt brauchen a se esou schnell wéi méiglech an adaptéiert Strukture mussen iwwerféieren. Dat heescht, mir hunn alleguer dee selwechten Intérêt an hei kann een net politique politicienne – vu kenger Säit, weder an der Stad nach op Regierungsplang, awer och net vun der Escher Säit – mat dësem Dossier maachen.

Serge Kesseler: Dir hutt d’Struktur vun Esch ugeschwat. Wéi ass do de Stand? Wéi soll de Projet ausgesinn?

Mars Di Bartolomeo: Et ass ofgemaach, datt et ähnlech leeft wéi et an der Stad ugelaaf ass. Dat ass, datt mir déi Nuets-Strukturen, respektiv déi Dages-Strukturen opbauen, an datt mir als logesch Suite dovun de Drogekonsumraum dorop wäerten opbauen. Dat gëtt d’selwecht opgebaut wéi dat senger Zäit an der Stad gemaach ginn ass.

Dernière mise à jour