Discours de Lydia Mutsch lors de l'inauguration des nouveaux ateliers de la Stëmm vun der Strooss

"D ’Stëmm vun der Strooss beméit sech elo schonn zënter iwwer 20 Joer Mënschen ze hëllefen, déi um Rand vun der Gesellschaft stinn."

©MSAN
Photo de famille - Lydia Mutsch, ministre de la Santé, avec le président et les membres du CA de la Stëmm vun der Strooss; les membres de la Chambre des Députés; les représentants de la Commune de Mersch et de l’œuvre Grande-Duchesse Charlotte

Här Buergermeeschter,

Léif Mataarbechter vun der Stëmm,

Dir Dammen an Dir Hären,

 

Wéi de Centre de Post-Thérapie de 17. Juli 2015 hei zu Schëndels virgestallt gouf, hu mir als Gesondheetsministère deemools schonn di exzellent Zesummenaarbecht mat de sëllechen Acteuren begréisst, déi all zu der Realisatioun vun dësem wonnerbare Projet bäigedroen hunn.

Hei zu Schëndels hu Ministèren, Verwaltungen, Gemeng, Awunner an d’Stëmm perfekt zesumme geschafft.

Haut ass et virun allem der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, där ech besonnesch wëll Merci soen, well duerch hiren substantielle finanzielle Beitrag hu si nach d‘Kiischt op de Kuch gesat a Form vun dem neie Schapp an der "Serre", déi et de Mataarbechter erlaben och am Wanter hirer gewinnter Aarbecht am "Gaart" kënne nozegoen.

D’Stëmm vun der Strooss beméit sech elo schonn zënter iwwer 20 Joer Mënschen ze hëllefen, déi um Rand vun der Gesellschaft stinn.

Hiert Aktiounsfeld ass vaste, d‘Zuel vun de Bénéficiaire grouss, an d‘Problemer si breet gefächert.

Eng vun de Stäerkte vun der Stëmm wor an ass et, ganz flexibel op nei Problemer ze reagéieren. Dat ass e Verdéngscht vun engem ganz engagéierte President, dem Marcel Detaille, engem aktive Verwaltungsrot an enger dynamescher Direktesch, der Madame Alexandra Oxacelay.

Pragmatesch Léisunge si sou ze soen e Markenzeechen vun der Stëmm.

D’Stëmm ass net nëmmen en engagéierte Verdeedeger vun de Rechter an dem Respekt vun all Mënsch, egal wou hien am Liewen drun ass. Si gëtt och Hoffnung, erméiglecht deene Betraffenen eng besser Zukunft, verhënnert Exklusioun an setzt sech fir Dignitéit a Solidaritéit an.

D’Stëmm vun der Strooss ass en engagéierten a kompetente Partner vum Ministère sengen Aktiounen fir Leit mat medezineschen, psycheschen a soziale Problemer; Leit bei deenen d‘Ofhängegkeet leider oft de gemeinsame Nenner ass.

Si hëlleft de Leit op der Strooss mat engem Gratis-Restaurant, dem Dagesfoyer, dem Atelier, der Kleederstuff, der Wäscherei "Schweesdrëps", der Sozialaarbecht, der Sich no Wunnengen am Kader vun der Immo-Stëmm, der Ambulanz "Dr Stëmm", dem "Stëmm-Caddy", a schliisslech hei zu Schëndels am Centre de Post-Thérapie.

Ech kann der "Oeuvre" versécheren dat hire Choix, dëse Projet ze ënnerstëtzen, absolut richteg a wichteg ass.

Zu Lëtzebuerg ginn et leschten Estimatiounen no iwwer 2.000 problematesch Drogekonsumenten, an dofir gouf de projet Schëndels och schonns 2004 als eng vun de Mesuren am deemolegen Drogen Aktiounsplang opgeholl.

Drogenofhängeg ze sinn ass jo eigentlech ni eng ganz fräiwëlleg Karrière déi ee sech ausgewielt huet, mee bal ëmmer d‘Konsequenz vu familiären, psychologeschen oder soziale Problemer oder aner onglécklech Ëmstänn, virun deene kee sécher ass.

Et ass eng Krankheet, déi net einfach an de Grëff ze kréien ass, a fir déi d ‘Akzeptanz kleng geschriwwe gëtt.

Dofir wëll ech ausdrécklech der Gemeng Miersch an den Awunner vu Schëndels Merci soen, well si no konstruktiven Diskussiounen a Biergerversammlungen d’ Stëmm vun der Strooss mat hir Clienten an hirer Uertschaft opgeholl hunn. Hir Haltung a Bereetschaft fir Zesummenaarbecht verdéngt eise Respekt, an ass e grousst Beispill fir Toleranz an Akzeptanz hei zu Lëtzebuerg!

An dëst Zesummeliewe fonctionnéiert richteg gutt, wat de Buergermeeschter, den Här Michel Malherbe als direkte Noper, ka confirméieren – schliisslech hällt hien alles am Aa.

 

An enger Zäit wou den Drang zur Individualitéit dacks dat solidarescht Denken ersetzt, a wou d‘Angscht virun deem "Aneren" a senger Verschiddenheet riskéiert imaginär a reell Maueren ze bauen, amplaz sech mol wëlle kennen ze léieren, ass Schëndels sécherlech e Beispill fir aner Gemengen.

Ech denken och un déi Leit, déi hei um Site schaffen an och zum Deel wunnen; fir déi dës Struktur geschaaffe ginn ass, a fir déi et eng Tëschestatioun op hirem oft beschwéierleche Wee zréck an d’ Gesellschaft ass. Dat schwéierst Stéck hu si schonn hannert sech, an ech wënschen hinnen datt si des Chance ze notze wëssen.

Hei zu Schëndels fanne 15 Leit no hirer Kur eng Wunnengsméiglechkeet, an d’ Immo-Stëmm encadréiert 26 Leit a 26 Wunnengen.

Bei 8 Associatiounen, déi eng Konventioun mam Gesondheetsministère hunn, fanne Leit en Ënnerdaach, an dat ënner deene verschiddenste Formen, vum „Accueil en urgence“ am Nuetsfoyer vum Abrigado, iwwer betreit Wunnen, zum autonomen Liewen am eegenen Appartement bei der Sozialpsychiatrie.

Dat sinn zesummen iwwer 400 Mënschen déi bei deene verschiddenen asbl‘en ënnerkommen an déi soss Schwieregkeeten um lëtzebuerger Wunnengsmaart hätten.

An deene verschiddenen Atelieren vun der "Stëmm" - an hei ass een dovun - ginn 150 Leit sënnvoll beschäftegt.

An och wann dat grousst Ziel ass, des Leit fir de normalen, éischten Aarbechtsmaart fit ze maachen, wëssen mir datt an dësen Zäiten wou ganz vill Leit am Chômage sinn, an och gutt ausgebilt a qualifizéiert Leit eng Aarbecht sichen, Leit mat Problemer trotz villen Integratiouns-Beméiungen net onbedéngt ganz vir an der Schlaang fir eng Aarbechtsplaz stinn.

Mir brauchen sou Atelieren wéi déi vun der "Stëmm vun der Strooss", well hei ginn Aarbechtsplaze geschaaft, wou d‘Konditiounen adaptéiert sinn un d’Méiglechkeeten vun de Mataarbechter. Och hei ass keng Bastelstuff, mee en Produktiouns-Atelier! Hei gëtt geschafft, just dass hei net wéi um fräie Marché gekuckt gëtt de Mataarbechter un d’Aarbecht unzepassen, mee ëmgedréint.

Fir des net ëmmer einfach Aarbecht verdéngen d‘Mataarbechter vun der Stëmm vun der Strooss um Terrain eise Respekt.

De Ministère kann déi finanziell a materiell Virbedéngunge fir eng gutt Aarbecht schaffen. An dofir garantéiert mäi Ministère 2017 de Fonctionnement vun der Stëmm vun der Strooss zesumme mat ronn 4 Mio €, wouvunner knapps 1,4 Mio € fir Schëndels virgesi sinn. Mee de grousse Mérite fir déi konkret Ëmsetzung vun de Projeten gehéiert Associatioune wéi ärer, déi am direkte Kontakt mat de Betraffene schaffen.

D’ Zesummenaarbecht mam Ministère war ëmmer exzellent, an dofir well ech och haut dovu profitéiere fir all deene Merci ze soen, déi zënter laange Joere vill Zäit an Energie an des Servicer investéiert hunn. Dat sinn d ‘Membere vun ärem Verwaltungsrot,  d‘Personal vun der Stëmm, an déi vill aner déi op déi eng oder aner Manéier zum Erfolleg vun der Stëmm bäidroen.

An dofir wäert Dir och weider op d‘Ënnerstëtzung vun der Gesondheetsministesch kënnen zielen.

Dernière mise à jour