Discours de Madame la Ministre Lydia Mutsch lors du 50e anniversaire du Service Réanimation du CHEM

Madame Presidentin vum Verwaltungsrot, léift Vera

Léif Mataarbechter vum CHEM

Monsieur le Professeur

Dir Dammen an Dir Hären,

 

Et ass mer eng grouss Éier a Freed mat Iech dësen 50. Gebuertsdag vum Service vun der Reanimatioun kennen ze feieren.

Den Dr. Stein huet elo grad dat schonns laangt Liewen vun dësem indispensabelen Service fir d'Patienten opgerullt.

Wat fir eng Evolutioun!!

Eng positiv Evolutioun. D'Wëssen iwwer d'Krankheeten huet an hëllt stänneg zou an déi technesch Méiglechkeeten an der Medezin ginn ëmmer méi performant: dëse Fortschrëtt kennt souwuel de schwéier kranken Patienten zegutt, wéi och all deenen déi onerwaart an eng liewensbedreelech Situatioun geroden.

Méi a méi Patienten kann doduerch gehollef ginn.

Dës permanent Evolutioun mécht awer och adaptéiert Raimlechkeeten néideg. Dir hutt dëst an ärer Intensiivstatioun jo erlieft, wou mer zesummen iwwerluecht hunn, wéi eng erneiert, verbessert Infrastruktur fir d'Intensiivstatioun kéint geschaaffe ginn, andeems mer och enge sëllechen Contrainteën huet misste Rechnung gedroe ginn, wéi zum Beispill enger gudder Ubannung tëschent Operatiounsabteilung an Intensiivstatioun.

Dës Aarbechten un an an engem Spidol sinn onëmgänglech fir d'Infrastruktur zum Notzen vum Patient a vum Personal op engem héichen Niveau ze halen.  

Mee egal wéi gutt an adaptéiert Infrastrukturen mir hunn, wéi wäit de Medezin-techneschen a medezinesche Fortschrëtt ass, mat neien, méi effiziente Medikamenter: et brauch virun allem di permanent Weiderbildung an den immensen Asaz vun Iech Medeziner a Fleegepersonal fir dass den Bénéfice dovunner och bei den Patienten ukënnt!

Et konnt ëmmer op Iech gezielt ginn, Dag an Nuecht, 365 Deeg am Joer, an dat verdéngt e grousse Merci.

E Spidol ass sou ze soe wéi e mënschleche Kierper (et gëtt awer bestëmmt nach besser Vergläicher): Ee Kierperdeel kann nëmmen optimal funktionéieren wann déi aner Partie vum Kierper hire Support och korrekt leeschten.

Ech soen also jidderengem hei am CHEM Merci, fir säi Bäitrag zum Ganzen!

Dir hutt och vill Asaz an Dynamismus bewisen fir äre nächsten Aarbechtsstanduert, d'Südspidol z'entwéckelen, wou ech sécher sinn, dass ech och do weiderhin op ären deeglechen Engagement kann zielen fir d’Wuel vun de Patienten an fir d'Weiderplanung vum CHEM.

Monsieur le Professeur Preiser,

Vous nous faites l’honneur de nous faire bénéficier de votre expertise, ce dont je vous remercie vivement.

Je vous cède donc la parole avec plaisir. 

Dernière mise à jour