Discours de Lydia Mutsch lors de la fête du bouquet de l’E-Bau de la Zithaklinik

Seul le discours prononcé fait foi
  1. ©MSAN

    Lydia Mutsch lors de la visite des travaux - Le coordinateur des travaux avec la ministre de la Santé et les représentants de la Fondation HRS
  2. ©MSAN

    Le coordinateur des travaux avec la ministre de la Santé et les représentants de la Fondation HRS
  3. ©MSAN

    Lydia Mutsch lors de son discours

Här President (Fondatioun Hôpitaux Robert Schuman),

Léif Éieregäscht,
Dir Dammen an Dir Hären,

Et ass mir eng ganz besonnesch Freed fir haut mat iech zesummen bei dëser Straussfeier vum E-Bau vun der Zithaklinik dobäi ze sinn.

Eng Straussfeier ass fir all Bauhär a jidder Bedeelegten eppes ganz Besonnesches: et ass den Ofschloss vun enger laanger a komplexer Phas vun der Planung a vun Autorisatiounen - och wann et nach e bëssen dauert, bis de Projet definitiv fäerdeg ass.

Wann ee bedenkt dass den éischte Spuetestéch eréischt virun engem gudde Joer, am Juni 2016, wor, da gesäit een dass et hei schëtzeg viru geet. Sämtlech Ëmbau- an Ëmstrukturéierungsmesüren solle jo fir 2019 realiséiert sinn .

Hei mussen d‘Handwierker an d’Corps de Métiers déi hei um Wierk sinn, ernimmt ginn, déi wuel net ëmmer an der éischter Rei stinn, déi awer op jidde Fall eng formidabel Aarbecht leeschten. 

Mat dësem Nei- an Ëmbauprojet vun der Zithaklinik huet d’Fondatioun Hôpitaux Robert Schuman en ambitiéise Wee ageschloen fir de ganze Grupp, zesumme mat de Mataarbechter vun all senge Spidols-Siten op dat nächst Joerzéngt virzebereeden.

Fir d‘Ëmsetzung vum Nei- an Ëmbauprojet iwwerhëlt de Staat 80% vum Investissement, déi aner 20% gi vun der Gesondheetskees gedroen. De Bauhär weess, dass et sech hei nawell em héich Investissementer handelt...

Ech begréissen ganz besonnesch, dass de Neibau als wichtegen Deel vum Bauprojet Zitha d‘Aarbechtskonditiounen vum Spidolspersonal an de Konfort an d‘Sécherheet vun de Patiente wesentlech verbessere wert.

Och freet et mech, dass d’HRS dobäi ganz vill Wäert op di ambulant Behandlung wëlle leeën.

De virage ambulatoire ass fir eis e wichtegt Uleies an duerfir och e bedeitenden Aspekt vum neien Spidolsgesetz. Kee wëll mussen méi laang am Spidol sinn, wéi et noutwenneg ass.

Net ganz klassesch - wann een sech dat vu baussen ukuckt – ass d‘Form vum Gebai. Dëst läit natierlech un den Contrainteën vun der Platz awer och un de Méiglechkeeten, wéi een esou e Gebai optimal an di bestoend Strukturen – Gebaier a Stroossen vum Quartier, kann integréieren.  

Ech sinn der Meenung:

d’Buergermeeschtesch ka ganz zefridde sinn, wéi dat hei gelongen ass!

Hei hu sech ganz besonnesch architektonesch Méiglechkeeten erginn, déi insgesamt zum Wuelbefanne vun de Mënschen am Spidol  bäidroen. Och dëst ass ganz wichteg.

Ech denken hei virun allem un de Konfort fir all d ‘Patienten, am Sënn vu méi Eenzel- an Zweebettzëmmer, déi all en eegent Buedzëmmer hunn, wéi och un de moderne Know how a punkto Patiente Sécherheet.

Donieft ass och dru geduecht ginn, dass e Familljemember kann am Patientenzëmmer ënnerbruecht ginn. 

De Neibau ëmfaasst zufünfteg Infrastrukturen an Installatiounen fir Orthopädie a Bauchchirurgie, grad ewéi Chirurgie un der Wirbelsail. 

D’Patienten vun der Onkologie kënnen esouwuel stationär wéi ambulant um selwechte Stack vum Spidol behandelt ginn, an zwar duerch den Uschloss tëscht dem neien E-Bau an dem C-Bau. 

Donieft wäerten ORL-Patienten a Patiente mat Longenerkrankungen am neie Gebai kënnen opgeholl ginn.

Ausserdeem entsteet eng grouss medezinesch Dagesklinik, grad ewéi e neien OP-Trakt deen un d’Dagesklinik fir ambulant Chirurgie grenzt.  De Gesamtprojet enthält och eng Intensivstatioun mat intermédiairë Soinën.  

An anere Wieder: Hei gëtt eng medezinesch Spëtze-Versuergung geséchert, an dat ass fir dëst Haus, dat e besonnesche Stellewäert fir d‘Versuergung vun der Populatioun huet, ganz wichteg! 

Ech wëll et nach emol ervirsträichen: bei ALL eisen Investitiounen an eis Spideeler, a bei ALLE Mesüren muss de Patient am Mëttelpunkt stoen. Dozou gehéiert och, dass een déi Ressourcen déi mer hunn, bündelen a méi effektiv anzesetze muss.

Et stellt ee fest: d‘Méiglechkeeten déi sech doraus erginn hunn, dass d‘Kliniken vun den Hôpitaux Robert Schuman zesumme geluecht goufen, sinn effektiv a sënnvoll ëmgesat ginn, am Sënn vun enger verbesserter Patiente- Versuergung an enger geschéckter Notzung vu Synergien. 

Fir di gelongen Ëmsetzung steet och, dass duerch d‘Neistrukturéierung d‘Geleeënheet ergraff gouf fir eng eenheetlech Palliativstatioun als Deel vun der moderner Onkologie ze konzipéieren, déi sech an direkter Proximitéit zur Onkologie wäert situéieren. Op dës Manéier fannen sech d‘Patienten am Laf vun hirer Erkrankung a Strukturen erëm déi si kennen, wat och wichteg ass fir hiert Wuelbefannen a Vertrauen.

Et läit mir perséinlech um Häerz, dass all Prealabelen fir eng héichwäerteg Palliativ Versuergung erfëllt sinn, fir dass mir dem Patient a schwierege Liewenssituatiounen an um Enn vum Liewen beschtméiglechst zur Säit kënne stoen.

An dësem Kontext wëll ech drop hiweisen, dass d’Zithaklinik sech zënter 2003 schonn iwwert de Wee vun der Formation continue vu sengem Personal an der Palliativ Fleeg weider entwéckelt huet, mat fir d’éischt enger mobiller Équipe, an haut mat engem eegene Service. An dass den Hôpital Kirchberg vun Ufank un eng palliativ Versuergung vu senge Patienten assuréiert huet. Mat der neier Palliativstatioun um Site Zitha wäerten deemno d’HRS-Kliniken hiren Optrag vun der Palliatioun an der Begleedung um Liewensenn optimal erfëlle kënnen, esou wéi et eis vum etheschen a mënschleche Standpunkt virschwieft.    

Ech wëll haut alle Bedeelegten Merci soen fir hiren Engagement an hir positiv Beharrlechkeet, déi si mat dësem Projet bewisen hunn.

Ech si sécher dass sech dat och op d’Schlussresultat wäert auswierken: e modernt Spidol, eng professionell Ulafstell fir modern an zäitgeméiss Behandelungen an Traitementer, awer och eng Valoriséierung vun Aarbechtsplazen, fir déi déi hei schaffen.

Ech wëll vun dëser Geleeënheet profitéieren, fir hinnen all e ganz spezielle Merci a Luef auszeschwätzen fir hiren Asaz an dee wichtege Beitrag deen si hei an an eisen anere Spideeler fir eis Gesellschaft leeschten.

An dësem Sënn, wënschen ech eis all eng gelonge Straussfeier! 

Dernière mise à jour