Discours de Lydia Mutsch à l'occasion de l'inauguration Aire de jeux au Mutferter Haff

Seul le discours prononcé fait foi
©MSAN
Lydia Mutsch lors de son discours

"Ech si richteg frou haut bei der Aweiung vun dëser aussergewéinlech schéiner Spillplaz, um Site vum Mutferter Haff, an der Gemeng Conter, dobäi ze sinn.

Bei dëse flotte Spiller kribbelt et een scho bal drop ze klammen!

Léif Alleguer, d'Bedeitung vu Spillplazen an de Stied wéi an den Dierfer ass absolut net z’ënnerschätzen. An de Stied, wou Kanner dacks a Géigenden ouni oder mat klénge Gäert, an enke Wunnengen a mat geféierleche, staark befuere Stroossen wunnen, ass eng Spillplaz oft déi eenzeg Plaz, wou se sech ouni Gefore kënnen ausdrécken an austoben.

An um Duerf ass et e wonnerbaren Treffpunkt fir jonk a manner jonk Famillje mat Kanner, a fir Kontakter ze knäppen.

Beweegung, frësch Loft, kreatiivt Spillen a Sécherheet, dëst si wichteg Elementer, well Kanner brauche vill Raum fir hir Entwécklung. Richteg gutt Spillplaze wéi dës, mat engem Kloterparcours, enger Schaukel, enger Sandplaz, Fiederspiller a Wippen bidden dëst un.

Mir wëssen et a gesinn et all Dag: modern an séier gesellschaftlech Entwécklungen, souwéi z.B. d’digital Revolutioun, begleet eist Liewen a beherrscht deelweis all eis Liewens-Beräicher. Dofir ass et ëmsou méi wichteg datt mir op d‘Beweegung vun eise Kanner oppassen. Fir ëmmer méi Kanner si nämlech Beweegung a Natur Erliewen keng Selbstverständlechkeet méi.

Mir wëssen datt Beweegungs-Mangtem d‘Entwécklung vun hire kierperlechen awer och psychesch-emotionale Fäegkeeten beeinträchtegt. D’ Expert‘en gesinn heiranner als eng Konsequenz dass zum Beispill Accidenter am Précoce oder am Fondamental zouhuelen.

Vill Accidenter geschéien, well et de Kanner u Beweegungs-Experienz feelt oder well si kee richtege Gläichgewiichtssënn méi hunn. Ausserdeem knuppen d’Kanner dacks aneneen, ganz einfach, wéll hir Reaktiounsfähegkeet reduzéiert ass.

Fir béid Sënner spilleresch ze trainéieren, si gutt Spillplazen fir kannergerecht Spillen an Experimentéieren besonnesch wichteg. Si bidden d’Raim fir di motoresch Entwécklung vun de Klengen ze förderen.

Hei kënne Kanner un ënnerschiddleche Kloter- a Spillstrukturen kierperlech Grenzen testen an duerch d’Ausprobéieren hir Beweegungsméiglechkeete steigeren.

Dës besser Kierperbeherrschung – déi d’Kanner sech ganz alleng uneegnen – mécht sech och an hiren schoulesche Leeschtungen bemierkbar. Verschidden universitär Ënnersichungen un iwwer 300 Grondschüler hunn en däitlechen Zesummenhang tëscht hirem Gläichgewichtssënn an den Zensuren an den Fächer Mathematik, Däitsch a Sport festgestallt!

Schliisslech knäppen d’Kanner beim Zesummespillen nei Kontakter an kënnen hir sozial Kompetenzen testen.

De Gesondheetsministère setzt sech zënter Juli 2006 fir de nationalen Aktiounsplang Gimb oder "Gesond iessen, méi bewegen" an. Et handelt sech hei ëm eng interministeriell an interdisziplinär Démarche déi sech Recommandatiounen vun der europäescher Kommissioun an dem europäescheParlament uschléisst.

De Gimb huet virop 3 Objektiver:

- d’Informatioun an d’Sensibilisatioun,

- gesond an équilibréiert Iessen ze promovéieren

- an di physesch Aktivitéit vun der Gesellschaft ze ënnerstëtzen, haaptsächlech bei de Kanner a Jugendlechen.

An Zäite wou de Staat net an alles investéiere kann, ass et besonnesch wichteg op de perséinlechen Asaz vun de Bierger oder karitativen ASBL‘en kënnen ze zielen.

Dofir sinn ech besonnesch houfreg der Asbl Femmes d’Europe (Bréissel) mat hiren Représentanten, an der Madame Baldauff, Merci ze soen déi insgesamt zur Hallschecht dozou bäidedroen huet (de ganze Projet huet +/- 20.000 Euros kascht).

Och e grousse Merci der Entreprise Prisma-Consulting (Fiduciaire et Conseil d’Entreprise), der Gemeng Mamer, awer och privaten Donateuren, déi sech, hoffen ech erëm erkennen. Hinnen e ganz besonnesche Merci.

Ouni Spenden vu Bierger a Biergerinnen souwéi vu Firmen, hätt dës Spillplaz an engem Gesamtwert vun 20.000 Euros net realiséiert kënne ginn."

Dernière mise à jour