Allocution de Lydia Mutsch à l’occasion de l'inauguration de la Clinique du Vertige

"Här Direkter,

Léif Membere vum Verwaltungsrot,

Dir Dammen an Dir Hären, 

Wéi der wësst, sinn ech ëmmer besonnesch frou wann ech an de CHEM invitéiert ginn, an haut ëmsou méi, wou mer zesummen di éischt Klinik fir Mënsche mat Schwindel hei zu Lëtzebuerg aweien.

D’Zesummenaarbecht tëscht dem Gesondheetsministère an dem CHEM huet ëmmer hir Friichte gedro, an dës Zesummenaarbecht mécht Sënn: de CHEM stäipt sech - dat as seng Vokatioun - op spezialiséiert Kompetenzen an eng Proximitéits-Offer fir an enger gewësser Logik weider Fleegefilièren z’entwéckelen.

Mär deelen di selwecht Ambitioun! Mär wëllen all Patient den Zougank zu der beschter medezinescher Versuergung an enger multidisziplinärer Approche, erméiglechen.

Hei am Land ginn et bis elo nëmme wéineg Donnéeën iwwert de Schwindel. Dobäi handelt et sech em e Problem vun der ëffentlecher Gesondheet, deem säin Impakt op d’Liewensqualitéit a Chuten, notamment bei eelere Mënschen, net ze negligéieren ass. 

A Frankräich gëtt geschat, dass dëse Symptom 5% vun der genereller  Populatioun betrëfft ; an 1 vun 3 Fäll gëtt e Spezialist consultéiert.

D’Ursaach vu Schwindel ka schwéier, brutal an eventuell esouguer déidlech sinn (zum Beispill bei engem Hireschlag) oder awer lues an onbemierkt, wéi beim Otemstëllstand während dem Schlof, deen doduerch dass kee Sauerstoff méi a verschidden Zone vum Gehir oder dem bannechten Ouer fléisst, Schwindel provozéiert.

Duerfir ass et esou wichteg fir eng fréizäiteg Erkennung vum Schwindel z’erméiglechen, grad ewéi fir e ganz präzisen Diagnostik kënnen z’erstellen, op Grond vun deem duerno kann dee curativen oder symptomateschen Traitement ausgeschafft ginn, deen am beschten fir  de jeeweilege Patient adaptéiert ass.

Zënter e puer Joer schonn interesséiert sech de CHEM méi genee fir de Schwindel. Esou huet de CHEM 2010 de "Réseau Vertige" lancéiert. Dës Initiative huet als Haaptobjektif, eng gemeinsam Weiderbildung - esouwuel theoretesch, wéi och praktesch - z’assuréieren; dës Weiderbildung adresséiert sech och un all concernéiert Professioneller, onofhängeg dovunner, ob si am CHEM schaffen oder net.

Haut gëtt donieft d’Clinique du Vertige ageweit. Dës offréiert di komplett Palette vun Méiglechkeeten bei der Diagnos vum Schwindel, an dat an der Logik vun enger strukturéierter Zesummenaarbecht, ënnert der Form vum Parcours vum Patient.

An dëser Optik schafft d’Clinique du Vertige aktiv mat de Servicer vun der Neurologie an den ORL’en zesummen, grad ewéi och mat alle Partner aus dem Spidolssecteur an dem extrahospitalier.  Dëst soll all Patient, deen ënnert Schwindelgefiller leid, erlaben, eng fiabel Diagnose ze kréien a vun enger multidisziplinärer Prise en Charge kënnen ze bénéficiéieren.

Esou eng Prise en Charge ass fir mech e Garant vu Qualitéit!

Fir ofzeschléissen wëll ech nach emol betounen, dass ech d‘Realisatioun vun dësem Projet ausdrécklech begréissen. Et ass e Projet, deen ronderëm d’Besoinen vum Patient organiséiert ass, wou de Patient am Mëttelpunkt steet; e Projet bei deem d‘Équipen vun Dokteren, Soignanten an anere Gesondheetsberuffler multidisziplinär zesummeschaffen, fir sech optimal an effizient ëm de Patient ze këmmeren.

Ech wënschen iech weiderhin eng gutt Zesummenaarbecht!"

Dernière mise à jour