Allocution de bienvenue de Lydia Mutsch à l’occasion de la Journée internationale de l'infirmière, le 12 mai 2017

"Internationalen Dag vun der Infirmière an dem Infirmier"

Léif Memberen vun der Direction des soins vum CHL,
Léif Infirmièren an Infirmieren,
Dir Dammen an Dir Hären,

 

Et ass mir eng grouss Freed fir iech op dësem Dag dierfen ze begréissen.

D’Thema vum Internationalen Dag vun der Infirmière an dem Infirmier behandelt dréit sech dëst Joer ëm d’Roll vun ärem Beruff am Kontext vun der nohalteger Entwécklung, ënnert dem Titel:  "La profession infirmière : une voix faite pour diriger et atteindre les objectifs du développement durable".

An deem Sënn verfollegt dësen Dag direkt en duebelt Ziel:

  • Éischtens geet et drëm fir d‘Infirmièren an Infirmieren iwwert déi 17 Objektiver vun der nohalteger Entwécklung z’informéieren an ze sensibiliséieren.
  • Zweetens – an dat ass mengen ech den wichtegsten Aspekt - gëllt et eis Zivilgesellschaft an och Décideuren drop opmierksam ze man, wat dësen Beruffsstand - also dir - elo schonn alles un Engagement bréngt fir dass mir all zesummen dës wichteg Zieler, déi 2015  vun der UNO fixéiert goufen, kënnen erreechen.

Bis 2030 soll dat de Fall sinn.

Dës Objektiver orientéieren sech un den gréissten Problemer fir d’Entwécklung vun der Welt, wéi zum Beispill:

- d’Aarmut an den Honger ze stoppen,
- den Zougang zur Gesondheet an zur Bildung ze verbesseren
- an d’Ongläichheeten op verschiddenen Niveauen ze reduzéieren.

Loosst mech hei kuerz op dëst 3. Ziel agoen:

den Zougang vun alle Mënschen op der Welt zu engem Liewen a Gesondheet, zu enger beschtméiglechster medezinescher prise en charge, ze verbesseren.

Och hei zu Lëtzebuerg, well och dat ass net ëmmer selbstverständlech.

Wéi dir all wësst, sinn déi éischt Doudesursaachen hei am Land, déi chronesch Krankheeten, a virun allem Häerzkreeslafkrankheeten, an de Kriibs.

Des Entwécklung zitt mat sech dass déi primäre, sou wéi déi secondär an tertiär Präventioun ëmmer méi wichteg gëtt, fir eng gutt Gesondheet an en allgemengt Wuelbefannen, vun der Gesellschaft z’erreechen.

Dës chronesch Krankheeten hunn natierlech och en Afloss op aner Aspekter vum Liewen, wéi zum Beispill d’Akommes, d’Aarmut an d’Verstäerken vun den Sozialen Ongläichheeten.

Ëmgedréint hunn d’Bildung an aner sozial Determinanten en Effekt op d’Gesondheet an d’Wuelbefannen vum Mënsch.

An dëser Optik, kennt dem Gesondheetssecteur an natierlech och den Infirmiers an d’Infirmièren eng wichteg Aufgab zou.

Infirmier an Infirmière sinn déi Beruffler déi am Gesondheetssecteur am meeschten vertrueden sinn, a mat deenen di meeschte Leit och deen heefegsten Kontakt hunn.

Den Infirmier an d’Infirmière spillen eng wichteg Roll bei der éducation thérapeutique an beim Empowerment vum Patient, mee och an der Kommunikatioun mat aneren Gesondheetsberuffler an den Dokteren. Dëst ass immens wichteg, wann een weess dass Mënschen mat enger chronescher Krankheet ëmmer méi laang, an duerfir esou gutt wéi méiglech, mat hirer Krankheet kenne liewen.

Ech si mer bewosst, dass dir als Infirmier an Infirmièren an dësem Beräich an och an aneren haut schonns ganz engagéiert sidd fir d’Gesondheet an d’Liewensqualitéit vum Patient ze verbesseren. An duerfir soen ech iech en häerzleche Merci.

Mee mir dierfen net hei stoe bleiwen.

Ech hu bis elo vill iwwer déi chronesch Krankheeten an d’Präventioun geschwat, mee ech wollt och drop opmierksam man, dass den Beruffsstand vum Infirmier immens diversifiéiert ass.

Et ginn eng ganz Rei vu verschiddenen Originen, Ausbildungen, Kompetenzen, Weiderbildungen an Beruffsweeër.

Mir brauchen des Diversitéit fir an deenen verschidden Beräicher vum Gesondheetssecteur kennen eis Zieler z’erreechen an eng fair, mënschewierdeg an nohalteg Behandlung vum Patient ze garantéieren.

Et sinn grad esou Deeg wéi dësen déi dozou bäidroen an déi eis un Hand vun verschiddene Perspektiven weiderbréngen. Duerfir sinn ech och frou dass dir haut, ewéi all Joer, erëm zu esou dacks komm sidd.

Ech wënschen iech e ganz flotten Dag an hoffen dass dir an deenen eenzelne Virträg nach vill nei a spannend Saachen gewuer gitt.

 

Merci fir är Opmierksamkeet.

Dernière mise à jour