Allocution de Lydia Mutsch à l'occasion du projet "Hope 4 Parkinson" au CHL

Seul le discours prononcé fait foi

"Här Direkter,

Dir Hären Professeren,

Dir Dammen an Dir Hären,

Léif Frënn vum Rotary,

Et as mir eng ganz besonnesch Éier a Freed fir den Owend kenne bei Iech ze sinn, fir d’Inauguratioun vun der Installatioun vun dësem wichtegen Équippement déen der Fuerschung iwwer Parkinson zegutt kennt.

Wéi dir wësst, gehéiert Parkinson zu den neurodégénérative Krankheeten; an dësem Grupp vu Krankheeten ass Alzheimer di héefegst, un zweeter Plaz kënnt Parkinson. Heivunner sinn ongeféier 1.000 Persounen hei zu Lëtzebuerg betraff.

D’Traitementer déi hautdesdags disponibel sinn, erlaben et net dës Krankheet ze héelen.

Nawéll ginn et medikamentös Behandlungsméiglechkeeten, grad ewéi Stratégien fir d’Prise en charge, déi d’Kinésithérapie, d’Ergothérapie, oder och aaner Thérapien vun Spezialisten an der Medezin, matabezéien, an et esou erlaben, fir d’Symptômer ze reduzéieren.   

D’Fuerschung ass duerfir en onëmgänglecht Element fir d’Wëssen an d’Verstoën vun de Mechanismen an den Auswierkungen vun dëser Krankheet weiderzebréngen.

Nëmmen esou kennen Konzepter fir nei Approchen an Usätz ausgeschafft ginn, fir d’Fortschreiden vun dëser Krankheet ze verhënneren oder awer wéinstens ze bremsen. Domatt kënnen och d’Symptômer an Komplikatiounen minimiséiert ginn, grad ewéi d’Auswierkungen vu Parkinson op d’Liewensqualitéit vun de Betraffenen.     

D’Fortschrëtt déi d’Équipp vum CHL an dem LCSB di léscht Joren an der Recherche iwwert Parkinson gemach huet, sinn impressionnant! 

Ech begréissen duerfir ausdrécklech dës lëtzebuerger Erfollegsgeschicht, déi gebuer gouf aus der interdisziplinärer Zesummeféierung vu Wëssen a Savoir-Faire am medezineschen, wëssenschaftlechen, techneschen a biologëschen Beräich. 

Dir kënnt mäi groussen Interessi fir d’Recherche am medezineschen Beräich an dir wësst ëm d’Wichtegkeet déi ech der Verbesserung vun de Kenntnisser fir de Benefice vum Patient bäimoossen.

Di stratégesch lëtzebuerger Investissementer fir d’Recherche an d’Innovatioun, grad ewéi och di digital Stratégie vun der Regierung, mussen um Enn der Gesondheet an dem Wuelbefannen vun der Populatioun ze gutt kommen.

De Stellewert déen de CHL esou Fuerschungs-Projeten araumt gehéiert zu sénge Missiounen, déi ée muss unerkennen. An déem Sënn muss och de Statutt vum médecin-chercheur promouvéiert ginn, fir him et z’erlaben aus dem Grondsatz vun der onmëttelbarer Wirtschaftlechkeet vun den Spidolsaktivitéiten auszebriechen.

Heimatt wéll ech dem Rotary Club Lëtzebuerg, dem Rotary International a sénger Fondatioun méng Unerkennung fir hir aussergewéinlech generéis Ënnerstëtzung ausdrécken, déi et erlabt Fuerschungsprojeten wéi dësen, déen vun den Professeren Diederich a Balling mat hiren Mataarbechter ausgeschafft a geléed gouf, weiderzeféieren.

Op dësem Internationalen Dag vun der Fra, kann ech mer et awer och net verknäifen, fir d’Wichtegkeet vun der "gendered innovation and research" unzeschwätzen, eng europäesch Initiativ déi drop erauszielt fir d’Gender-Froën an alle Fuerschungs-Projeten ze considéréieren.

E bëssert Verstoën vun der Manéier wéi d’Geschlecht Risikofakteuren, d’Ausdrécken, d’Évolutioun an d’Äentwert op Traitementer beaflosst, ass entscheedend fir eng signifikativ Verbesserung vun de Resultater an der Gesondheet vun der Populatioun insgesamt, weiblech a männlech.

Ech invitéieren iech demno fir d’Fro vum Genre och an iere Projeten ze berücksichtegen.

Ech sinn iwerzeegt, dass dës Projeten zu villverspriechenden Erkenntnisser fir de Patient wäerte féieren, a weider zu der Réputatioun vun der Exzellenz vun den implizéierte Partner bäidroën. Ech wënschen iech vill Succès an ieren Aarbechten!

Merci fir Ier Opmierksamkeet, a Merci fir ieren Engagement an ier Generositéit."  

Dernière mise à jour