Discours de Lydia Mutsch à l’occasion du 20ième anniversaire de la "Stëmm vun der Strooss"

"A virun allem gëtt d’Stëmm vun der Strooss och deenen erëm eng Stëmm déi soss dacks net gehéiert ginn"

  1. ©MSAN

    Mars Di Bartolomeo, président de la Chambre des Députés; Alexandra Oxaceley, directrice Stëmm vun der Strooss; Lydia Mutsch, ministre de la Santé; Marcel Detaille, président de la Stëmm vun der Strooss, avec les responsables de la Stëmm-Kichen
  2. ©MSAN

    Lydia Mutsch lors de son discours
  3. ©MSAN

    Lydia Mutsch avec le Premier ministre et le président de la Stëmm vun der Strooss

Här Chamberpresident,

Madame Buergermeeschter,

Här President vun der Stëmm,

Madame Direkter,

Léif Clienten a Mataarbechter vun der Stëmm,

Dir Dammen an Dir Hären,

D’Stëmm vun der Strooss feiert dëst Joer hiren 20ste Gebuertsdag, an ech well iech fir unzefänken ganz häerzlech gratuléieren.

D’nächst Joer am Februar ginn et och 20 Joer dat Dir eng Konventioun mam Gesondheetsministère ënnerschriwwen hutt.

An dat woren 20 Joer konstruktiv  Zesummenaarbecht!

Bei der Grënnungsversammlung den 1te Februar 1996 huet wahrscheinlech keen dru geduecht wat fir e Succès är Associatioun, déi an engem klengen Appartement an der Allée Scheffer um Lampertsbierg ugefaang huet, nach sollt kréien.
 
D’Stëmm vun der Strooss, dat sinn haut:

  • 37 Mataarbechter, op 29,5 plein-temps Posten, déi op 5 verschidde Siten aktiv sinn;
  • Iwwer 300 Leit déi an den Opfankstrukturen hei an der Stad an zu Esch all Dag eng waarm Moolzecht an och Kleeder kréien;
  • 140 Mënschen déi am Kader vun de verschiddenen Atelier’en vun der Stëmm eng sënnvoll Beschäftegung fannen;
  • 26 Leit, déi eng Wunneng bei der Immo-Stëmm kruten;
  • 12,3 Tonne Liewensmëttel vum Auchan, déi all Mount am Stëmm-Caddy verschafft an ausgedeelt ginn, an sou net verbëtzt ginn;
  • 30 Plaze fir Ofhängeger, déi no hirer Therapie zu Schëndels schaffen, an dovun kënnen der 15 och do wunnen;
  • Méi wéi 500 Gratiskonsultatiounen bei de bénévolen Dokteren vum Stëmm-Dokter;
  • Eng ganz Rei vu Bénévolen, déi Leit an de Prisong oder an d’Klinik besiche ginn, Fräizäitaktivitéiten organiséieren oder, ganz wichteg, op e Nomëtteg laanscht kommen fir hinne nozelauschteren;
  • Do sinn d‘Madamme Josianne  Silvapull a Michèle Walzing, an d’Häre Gast Girres an Nico Brendel, déi vun Ufank un derbäi sinn, a nie am Mëttelpunkt stinn, an dofir wëll ech si hei nennen als Beispill fir vill anerer;
  • Net ze vergiesse schliisslech di vill Donateuren déi d’Stëmm ënnerstëtzen, vun der grousser Firma iwwer de klenge Club, bis zur Schoulklass déi Kichelcher baakt a verkeeft. 
  • An d’Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte. Duerch hir Generositéit kënne nei Projet‘en ugestouss ginn. 

Als Ministesch kann ech versécheren dat dës Suen gutt ugeluecht sinn an do ukomme wou se gebraucht ginn;

Eng vun den Stäerkte vun der Stëmm wor an ass et ganz flexibel op nei Problemer ze reagéieren.

Dat ass e Verdéngscht vun engem ganz engagéierte President, dem Marcel Detaille, engem aktive Verwaltungsrot an enger dynamescher Direktesch, der Madame Alexandra Oxacelay.

Am Plaaz, sou wéi dat an dësem Secteur dacks üblech ass, Problemer ze beschreiwen, ze diskutéieren a vill Grënn ze fannen firwat et net virugeet,  gi bei der Stëmm pragmatesch Léisunge gesicht an och fonnt.

Och d'Zesummenaarbecht mat Verwaltungen, wéi Nature et Forêts, Sites et Monuments, Bâtiments publics, Fonds de Logement, de Gemenge Lëtzebuerg, Esch a Miersch ass exzellent.
Si all droen derzou bäi, datt dëse grousse Projet dee mat enger Iddi vun e puer Leit ugefaang huet, dat ginn ass wat mir haut kennen.

Mäi Ministère ass houfreg datt mir, all déi Zäit d’Stëmm konnte begleeden a mat virubréngen.

D’Stëmm vun der Strooss ass en engagéierten a kompetente Partner vum Ministère sengen Aktiounen fir Leit mat medezineschen, psycheschen a soziale Problemer ginn, wou d'Ofhängegkeet leider oft de gemeinsame Nenner ass.

Fir d’Leit op der Strooss ass "keen Dach iwwer dem Kapp hunn", jo leider meeschtens net deen eenzege Problem, mee bal ëmmer d’Konsequenz vu Gesondheets- an Ofhängegkeetsproblemer, an dofir ass och de Ministère vun der Santé gefuerdert.

Wann haut d’Stëmm esou een Erfolleg ass, muss een hir félicitéieren, mee et kann een dat och op enger Säit bedaueren: et wier jo vill besser wann een eng Stëmm vun der Strooss guer net géing brauchen, wann et jidderengem géing gutt goen!

Op der aner Säit bitt sech eng Geleeënheet fir datt eng Gesellschaft, vertrueden duerch d'Associatioun an och duerch de Staat, an dësem Fall der Gesondheetsministesch, konkret hir Solidaritéit ka weisen, net nëmmen theoretesch, mee ganz praktesch, an dat all Dag.

De Clientë vun der Stëmm soll a muss gehollef ginn, an iergendwou muss ugefaang ginn. Fir d’éischt mat engem waarmen Iessen a Kleedung a medizinescher Versuergung, an da muss viru gekuckt ginn.

Wat fir Problemer, mee och wat fir Méiglechkeeten huet deen Eenzelnen fir eppes u senger Situatioun ze änneren.

D’Stëmm vun der Strooss gëtt sech vill Méi fir den Däiwelskrees vun Ursaachen a Konsequenze vun der Ausgrenzung ze ënnerbriechen, wou villes mat Gesondheetsproblemer, Drogen, Alkohol, Medikamenter an och Formatiounsdefiziter ufänkt.

A virun allem gëtt d’Stëmm vun der Strooss och deenen erëm eng Stëmm déi soss dacks net gehéiert ginn.

Och si hunn eppes ze soen an dat elo schonn 88 Editiounen vun hirer Zeitung laang.
D’Stëmm probéiert duerch hir vill Aktivitéiten, Viruerteeler ofzebauen a Mentalitéiten ze änneren. Si bréngt Leit zesummen, sief et all Dag an hirem Restaurant oder duerch hir aner Aktivitéiten.

A wann d'Mataarbechter bei der Stëmm zu Esch Sportsgezei zur vollster Zefriddenheet vun 280 Équipë vu 40 Clibb wäschen, da kritt een domatt méi Leit iwwerzeegt wéi mat Sonndespriedegten iwwer sozial Integratioun!

No 20 Joer ass et mer wichteg nach eng Kéier un d’Grondiddi ze erënneren, mat där d‘Stëmm gegrënnt ginn ass:

Do ze sinn fir déi, déi et méi schwéier hunn eng Hëllef ze fannen, déi schwaach, déi psychesch krank, déi ofhängeg…  déi, déi heiansdo kee méi wëllt:

  • Mënschen, déi net a Strukture kënne bleiwen, well se Alkohol mussen drénken, oder en Hond hunn dee vill Institutiounen net wëlle mat eraloossen;
  • Leit déi net ëmmer an dat schéint pedagogescht Konzept passen, dat héichqualifizéiert Professioneller fir si virgesinn;
  • Leit déi méi Schwieregkeeten hunn vill Regelen ze akzeptéieren.


Mee och fir si muss et eng Plaz ginn, wou si sech wëllkomm spieren.

D’Symbol vun der Stëmm ass e Männchen deen d’Traap eropgeet. D’Stëmm ass d‘Traap déi jidderengem eng Chance bitt eppes ze änneren. Mee d’Stëmm ass och d’Netz wat dech opfänkt, wanns de net méi viru kënns.

Dës Iddi vum "Bas seuil" ass ëmmer vu mengem Ministère mat gedroe ginn. Hei gi keng ze héich Erwaardungen un d’Clientë gestallt, mee si ginn esou akzeptéiert wéi si sinn.

No 20 Joer ass et nëtzlech dorun ze denken, well aus enger klenger asbl mat engem Posten, ass e Betrib mat 37 Mataarbechter ginn.

Ganz groussen Idealismus huet méi Professionalitéit Plaz gemat, wat gläichzäiteg eng Chance an och e Risiko ka sinn.

Hei gëtt eng Aarbecht gemat wou een oft nëmme ka stabiliséieren, an trotz groussem Asaatz net ëmmer richteg viru kënnt.

Hei brauch een e gesonden Optimismus, well soss lauert eng Kéier  d‘Flemm oder de „Burn out“ op een. Dofir mäi Respekt a Merci fir d’Direktioun an de Verwaltungsrot vun der Stëmm déi lo schonns 20 Joer hannert dëser Iddi stinn.

Fir hir net ëmmer einfach Aarbecht verdéngen d‘Mataarbechter vun der Stëmm vun der Strooss um Terrain eise Merci.

De Ministère kann déi finanziell a materiell Virbedéngunge fir eng gutt Aarbecht schaafen. An dofir garantéiert mäi Ministère 2016 de Fonctionnement vun der Stëmm vun der Strooss zesumme mat iwwer 3,7 Mio € (3.744.809.-€).

Mee de grousse Mérite fir déi konkret Ëmsetzung vun de Projeten gehéiert Associatioune wéi ärer, déi am direkte Kontakt mat de Betraffene schaffen.

D’Zesummenaarbecht mam Ministère war ëmmer exzellent, an dofir well ech haut dovu profitéiere fir all deene Merci ze soen, déi zënter laange Joere vill Zäit an Energie an dës Servicer investéiert hunn: d‘Membere vum Verwaltungsrot, d’Personal vun der Stëmm, an déi vill aner déi op déi eng oder aner Manéier zum Erfolleg vun der Stëmm bäidroen.

D’Stëmm vun der Strooss ka no 20 Joer houfreg sinn op dat wat si erreecht huet, a si fiert virun an huet och nach Projeten.

Ech si sécher dat si hir wichteg Missioun mat deem selwechten Dynamismus an Erfolleg wäert viru féieren. An d'Gesondheetsministesch wäert och weiderhin en oppent Ouer fir d’Stëmm vun der Strooss hunn!"

Dernière mise à jour