Discours de Lydia Mutsch à l'occasion de la séance académique 30 ans "Fondation Jugend- an Drogenhëllef"

"Eng Ariichtung déi 30 Joer kritt huet eng Geschicht. Eng Geschicht déi an dësem Fall räich un Evolutiounen an Entwécklungen ass."

Seul le discours prononcé fait foi
©MSAN
Photo de famille - Dr Alain Origer, coordinateur national drogues; Günter Biwersi, directeur adjoint JDH; John F. Ryan, directeur Commission européenne; Lydia Mutsch, ministre de la Santé; Mars Di Bartolomeo, Président de la Chambre des Députés; Jean-Nico Pierre, directur JDH;

"Här Chamber-President,

Här President,

Madame Buergermeeschter,

Dir Dammen, Dir Hären,

Ech freeë mech haut bei dëser „Séance académique“ am Kader vum 30ten Anniversaire vun der Fondatioun Jugend – an Drogenhëllef (JDH) kënnen dobäi ze sinn. Eng Ariichtung déi 30 Joer kritt huet eng Geschicht. Eng Geschicht déi an dësem Fall räich un Evolutiounen an Entwécklungen ass. 

D’Fondatioun Jugend– an Drogenhëllef bidd haut déi verschiddenst an flächendeckendst Servicer am Beräich Drogenaarbecht zu Lëtzebuerg un: vu nidderschwëlleger Kontaktaarbecht, iwwer therapeutesch Prise en chargen bis hin zu encadréierte Logementer fir Mënschen déi genau esou verschidde Problemer mat an duerch Drogekonsum hunn.

Et war e laangen an net ëmmer einfache Wee fir déi ganz Panoplie vun Offeren, déi mer haut scho bal als eng Selbstverständlechkeet ugesinn, ze schaafen an ëmmer erëm ze adaptéieren oder auszeweiden. 

Wéi d’a.s.b.l. Jugend-an Drogenhëllef (JDH) 1986 gegrënnt gouf war et hir Aufgab eng Berodungsstell fir Mënsche mat Drogeproblemer a mat Fokus op d’Jugend hei zu Lëtzebuerg opzebauen. Deemools war et eng Équipe vu 4 Leit déi di éischt Bausténg geluecht hunn.

1989 beschléisst d’Regierung de Programm "Lutte contre le sida et la toxicomanie" a beoptraagt d’JDH mat neie Projeten. Et gouf dunn och eng Conventioun mam Gesondheetsministère ënnerschriwwen. De Methadonprogramm a Projeten vun Streetwork a Sprëtzentausch goufen doropshin an d‘Liewe geruff.

1990 gouf d’JDH am Süden vum Land méi aktiv an huet hir Ulaf-an Berodungstell zu
Esch opgebaut. Am Joer 2000 ass d’nidderschwelleg Kontaktstell mam Numm "Kontakt 25" entstanen an och e neie Projet vu betreitem Wunnen "Les Niches" huet ugefaangen.

2002 ass zu Ettelbréck eng Berodungstell derbäi komm an den Ausbau vum "Service médical" vun der Fondatioun ass an d’Weeër geleet ginn.

2003 ass dunn e weidere ganz wichtege Service derbäi komm and zwar deen vun der "Parentalité", deen sech em Eltere mat Drogeproblemer an hir Kanner këmmert. Dräi Joer drop gouf du geplënnert: vum Haaptsëtz vun der Rue Fort Wedell an d’Rue d’Anvers, wou d’Clienten nach besser betreit konnte ginn, an d’Aarbechtsbedingungen fir d‘Personal verbessert goufen.

Och de Kontakt 25 huet dunn d‘Adress gewiesselt an gouf de Kontakt 28 an därselwechter Strooss. Déi verschidden Ariichtungen an Offeren déi an der Drogepräventioun täteg waren an och di spezialiséiert Behandlungsstrukturen hunn sech an deene Joeren dann och progressiv vernetzt fir deene Betraffenen e bescht méiglechen Accès zu enger ëmmer méi grousser a méi diversifizéierter Offer ze erméiglechen.

Déi successiv national Drogenaktiounspläng hu virrangeg op d’Schaafe vu Synergien am bestoenden Netzwierk gesat an op eng Verbesserung vum Accès, souwéi der Diversificatioun an  Dezentralisatioun vun den spezialiséierten Offeren an hirer ganzer Vielfalt.

D’JDH ass Deel vun dëser Gesamtarchitektur an huet duerch hir Dynamik an hiren Engagement erreecht, dass mer haut 2 Siten an der Stad, 1 zu Esch an 2 am Norden zu Ettelbréck hunn, wat d’Resultat vun engem laangjäregen, konsequenten a gemeinsamen Entwécklungskonzept ass.

Zënter 2013 huet d’JDH sech och am Kader vun engem europäesche Projet iwwert "Sucht am Alter" konzeptuell mat de spezifeschen Besoine vun enger ëmmer méi grousser Zuel vun eeleren Drogenkonsummenten ausernee gesat a - wéi et och am nationalen Drogenaktiounsplang virgesinn ass - schonn eng éischt Logements-Offer fir déi Zilgrupp geschaf.

Och spezifesch Offere fir Fraen a Mammen mat Drogeproblemer goufe net vergiess. An et ass dann och am Kader vun der Konkretisatioun vum nationalen Drogen Aktiounsplang, dass eng Extensioun vun den akzeptanzorientéierten an nidderschwëllechen Offeren am Land stattfënnt, an 2013 de "CONTACT Nord" zu Ettelbréck opgemaach ginn ass.

D‘Stéchwuert dat hannert deenen Efforten stécht, ass Dezentralisatioun vun den Offeren fir drogenofhängeg  Mënschen. Déi Dezentralisatioun ass néideg well se zu enger Verbesserung vun der Accessibilitéit vun Hëllefleeschtungen bäidréit a verhënnere kann, dass scho bestoend Servicer kuerz oder laangfristeg iwwerlaascht ginn.

"CONTACT 28", "Contact Nord a Sud" sinn dann och déi passend Nimm fir dës Servicer well et hei an éischter Linn drëm geet fir Kontakt zu Mënschen mat Drogeproblemer opzehuelen, dee Kontakt ze halen an deene Betraffenen nei Perspektiven ze ginn, sief dat um soziale Plang oder am Beräich vun der Gesondheetsförderung. Et kann een effektiv nëmmen engem Mënsch hëllefen wann een och weess, dass dee Mënsch Hëllef brauch an dofir sinn esou nidderschwëlleg Ulafstelle wichteg.

Et handelt sech hei em komplementair Offeren déi sech an enger globaler Strategie aschreiwen déi vum präventiven Usatz iwwert therapeutesch Betreiung bis hin zu sozialer Réinsertioun reecht. Dëse leschte Volet, a speziell d’Offere vun encadréiertem Wunnen ass an deene leschte Joeren och an deene verschiddene Regioune vu Lëtzebuerg, wéi geplangt, an ënnert anerem duerch Zesummenaarbecht mat der JDH, weider développéiert ginn.

Wat déi 3 regional Berodungsstelle vun der Fondatioun ugeet, consultéieren aktuell am Duerchschnëtt 500 Persounen am Joer; iwwert 100 Leit ginn am Substitutiounsprogramm betreit; an ëm déi 12.500 Kontakter fannen all Joer am nidderschwëllege Beräich statt.

D’Fondatioun Jugend- an Drogenhëllef huet eng grouss Équipe déi sech am Moment d’Aarbecht vun 8 verschiddene Servicer deelt. Déi Entwécklungsdynamik weist, dass mer am Beräich Drogen- a Suchthëllef permanent an engem Adaptatiounsprozess sinn.

Wa virun 30 Joer de Begrëff Sucht nach relativ iwwersiichtlech war an och d’Zuel vun de Substanzen déi konsomméiert goufe begrenzt, an hir Qualitéit am Verglach zu haut nach gréisstendeels konstant war, hu mer haut e ganz anert Bild. 

Et si net nëmme nei, a gréisstendeels synthétesch Substanzen, iwwert déi een nach ze wéineg weess, derbäi komm; et  observéiert een haut och eng ganz Rei vu neie Konsum-Musteren, mee och Suchtverhalen déi net Substanzgebonne sinn.

Eis national Strategie muss dëser Dynamik gerecht ginn an eis national Ariichtungen, wéi d’JDH mussen an deem Sënn och ëmmer erëm bereet sinn fir sech Deels nei ze erfannen.

Dir Dammen an dir Hären, d‘Acquisen vun der JDH si menger Meenung no beispillhaft fir eng strukturéiert a langzäitorientéiert Zesummenaarbecht vu Ministèren, Gemengen a Fachkräften.

Ech verloosse mech dofir och op d’Kompetenzen vun all de Vertruedenen a  net vertruedenen Partnern, haut op dësem 30. Gebuertsdag vun der Fondatioun, fir dass mir eis och weiderhin deenen Défien déi op eis duer kommen kënne stellen an d’Qualitéit an d’Entwécklung vun der Aarbecht vun der JDH och weiderhin kënne garantéieren a matdroen.

Well Défien wäerten et weider ginn. Ech sinn dofir och frou, dass mer esou en erfahrungsräiche Partner an der Fondatioun Jugend- an Drogenhëllef hunn mat deem mer nei Projeten wéi zum Beispill den Heroinprogramm an eng weider Opfangstruktur, mat ënnert anerem och engem superviséierten Drogenkonsumraum, zu Esch an d‘Liewen ruffe wäerten.

Et bleift mer lo nach just iech Merci ze soen fir dat wat geleescht ginn ass an eis weider esou eng gutt Zesummenaarbecht ze wënschen wéi déi déi di lëscht 30 Joer geprägt hunn. Merci an Happy Birthday!"

Dernière mise à jour