Discours de Lydia Mutsch à l'occasion de la première pierre du bâtiment E, extension de la ZithaKlinik

"De medezineschen Fortschrëtt bitt eng sëllechen nei Chancen an Erausfuerderungen"

©MSAN
Lydia Mutsch à la pose de la première pierre du bâtiment E, extension de la ZithaKlinik

"Dir Dammen an Dir Hären,

Et ass ëmmer e schéine Moment fir de Gesondheetsminister wann e bei den verschiddenen Etappen vum Entstoen vun engem Spidolsbau dobäi ka sinn, wéi elo hei, wou de Grondsteen fir de Vergréisserungsbau vun der Zithaklinik geluecht gëtt.

Dëst ass och e schéine Moment fir all déi déi voller Ongedold op dësen Neibau waarden, well e virop méi Plaz fir d’Fleeg a fir di diagnostesch Aktivitéiten, grad ewéi méi Méiglechkeeten fir eng héichwäerteg medezinesch prise en charge, wäert bidden.

Esou en Événement ass fir mech als Gesondheetsministesch och de visibelen Beweis dofir, dass esouwuel eis gutt Zesummenaarbecht, wéi och di néideg Iwwerzeegungsaarbecht bei mengem Kolleg Finanzminister, zu engem konkrete Resultat féiert. Hien ass ëmmerhin mat ganz ville Bauprojete aus deene verschiddene Secteure konfrontéiert.

Wéi dir wësst, iwerhëllt de Staat 80% vum Investissement an d’Spidolsbauten an déi aner 20% ginn vun der Gesondheetskees gedroën. D’Bauhäre wëssen och, dass et sech hei nawell em héich Investissementer handelt.

Unanime gouf d’Gesetz den 16. Abrëll 2015 an der Chamber ugeholl, dat de Staat autoriséiert de Bauprojet vun der Zithaklinik ze subsidiéieren, duerchgaangen.

Déi meescht vun Iech wëssen och sécherlech genau esou gutt wéi ech, dass d‘Spidolsbauten eng gewësse Preparatiounszäit brauchen, ier  dann déi eigentlech Bauzäit kann ufänken.

Dës Preparatiounsphase ass eng ganz wichteg Phase, a ka méi laang daueren wéi villäicht d’Utilisateurs – Patienten grad esou gutt wéi d’Personal - sech et wënschen,  ënnert anerem well et drëms geet déi richteg Décisioune fir en zukunftsfäegen a flexibele Bau ze huelen. Wiem wär gehollef wann an engem Spidol fréi no der Fäerdegstellung schonns erëm Ëmbauaarbechte misste virgeholl ginn oder – nach méi schlëmm- wann déi, obwuel néideg, duerno nëmme schwéier duerchzeféiere wären?

D’ Fondation Hôpitaux Robert Schuman huet en ambitiéise Wee ageschloen, fir de ganze Grupp, zesumme mat de Mataarbechter vun all sengen Spidols-Siten op dat nächst Joerzéngt virzebereeden.

Ech begréissen ganz besonnesch, dass d’HRS dobäi och ganz vill Wäert op di ambulant Behandlung wëlle leeën.

Wéi dir all wësst, ass de virage ambulatoire fir eis e wichtegt Uleies an duerfir och e bedeitenden Aspekt vum neien Spidolsplang.

De Gesondheetsministère péckt och seng Hausaufgaben vun der Planification hospitalière mat vill Engagement un, fir dass eis Awunner vun allen Altersklassen och déi medezinesch Leeschtungen an Fleeg déi si brauchen, an héijer Qualitéit kënne kréien: Dëst si mir hinne schëlleg!

De medezineschen Fortschrëtt bitt eng sëllechen nei Chancen an Erausfuerderungen.

Fir dass Spidols-Leeschtungen qualitativ héichwäerteg a mat der néideger Kontinuitéit vun de Soins’en kënnen erbruecht ginn, sinn e Mateneen an en Zesummeleeën vu Siten, néideg, an dëst am kontinuéierlechen Dialog mat alle Bedeelegten.

Zu dësem konstruktiven Dialog stinn ech!

Ech wëll bei dëser Geleeënheet all de Mataarbechter vum Spidolsgrupp meng Unerkennung fir hiren Asaz fir d’Patienten ausspriechen.

Donieft freet et mech, dass de Grupp et fäerdeg bruecht huet, no zum Deel schwieregen internen Diskussiounen, seng ganz Équipen hannert sech ze bréngen. 

Iech alleguer, och de Planificateuren a Baufirmen mäi Merci; ech wënschen e gutt Geléngen.

Dëse Neibau stellt e weidere Meilesteen an der laanger Geschicht vun der Zithaklinik duer, enger Klinik, déi hiren exzellente Ruff net méi brauch ze maachen an där hir Zukunft ofgeséchert ass."

Dernière mise à jour