Discours de Lydia Mutsch à l'occasion de l'inauguration des nouveaux locaux du réseau Psy Grevenmacher

"Onser daags huet ons modern Psychiatrie e wäite Wee gemaach"

Seul le discours prononcé fait foi
©MSAN
Lydia Mutsch lors de son allocution à l’occasion l’inauguration des nouveaux locaux du Réseau Psy à Grevenmacher

"Et ass mir eng grouss Éier haut bei der Aweiung vun de neie Raimlechkeeten vum Réseau Psy zu Gréiwemaacher dobäi ze sinn an e puer Wierder kënne bäizedroen.

Et ass eng Tatsaach dat d’Psychiatrie, a méi speziell nach Sozialpsychiatrie zu Lëtzebuerg sech an den leschte Jorzéngten fundamental verännert huet. Esou sinn mir vun engem Modell vun der Asilaire bedriwwen Psychiatrie zu engem Modell vun dezentraliséierte Strukturen eriwwergaangen, Modell dee bei wäitem méi adaptéiert ass fir déi effektiv Besoinen vun de Patienten opzegräifen.

An der Zäit, huet d’Psychiatrie dozou bäigedroen d’Leit mat enger psychescher oder psychiatrescher Krankheet aus der Gesellschaft auszeschléissen an auszegrenzen. D’Gesellschaft huet des Leit agespaart well se jo gestéiert hunn. An de Fait, dat en psychiatresche Ghetto opgebaut ginn ass, wor eng Realitéit, well déi concernéiert Leit écartéiert gi sinn.

Onser daags huet ons modern Psychiatrie e wäite Wee gemaach an huet sech no baussen wäit opgemaach. D’Kenntnisser an den psychotherapeuteschen Techniken hunn sech massiv verbessert an d ‘Entwécklung an der Efficacitéit vun de Medikamenter huet och e gewaltege Sprong gemaach an huet erlaabt dat déi psychesch krank Leit eng gewëssen Autonomie entwéckele kënnen an dat se nees lues a lues an déi modern Gesellschaft zeréck kënne fannen.

Mir wëssen hautzedags méi wéi soss dat mir probéiere mussen d’Behandlung am stationäre Kader esou kuerz wéi méiglech ze halen. A wann et méiglech ass iwwerhaapt esou wäit wéi méiglech ouni Hospitalisatioun an der Psychiatrie Leit ambulant ze behandelen. An dëst ass och a wäert weider ee vun den Haaptziler vun ambulante Strukturen wéi de Réseau Psy sinn, d.h. den Traitement hospitalier esou kuerz wei méiglech ze halen, a wa méiglech souguer ze verhënneren.

D’Strukture vun der Psychiatrie extra-hospitalière hu sech missen a mussen sech deementspriechend weiderhin zäitgeméiss upassen, sech konzeptuell weiderentwéckelen, an och sou gudd wéi méiglech ausgebaut ginn, fir de Besoine vun de Patiente gerecht ze ginn. Et handelt sech z.B. hei meeschtens ëm Krankheete bei psychiatresche Patienten mat engem chronesche Verlaf, Schizophrenien oder aner Psychosen, chronesch Dépressiounen, chronesch Angschtstéierungen oder och Persoune mat enger schwiereger Perseinlechkeetsstéierung oder mat Substanzofhängeschkeetsproblemer. Heefeg sinn dës Stéierungen d’Ursaach oder och d’Konsequenz vu weidere Problemer wéi d‘Schwieregkeet eng adäquat Aarbecht ze fannen, d’Schwieregkeet eng Wunneng kënnen ze bezuelen oder weider finanziell oder och familiär Problemer, d’sozial Isolatioun oder och den exzessive Konsum vun Alkohol, Medikamenter oder Drogen. Dohier d’Noutwennegkeet vun enger globaler, holistescher, multidisziplinärer Prise en Charge.

D’Associatioun “Réseau Psy – Psychesch Hëllef Dobaussen” ass 1993 aus der Fusioun entstanen tëschent der “Psychesch Hëllef Dobaussen” asbl déi 1986 am Süden zu Esch-Uelzecht gegrënnt ginn ass an dem “Réseau Psy – Oppen Psychosozial Betreiung” asbl déi 1990 am Osten zu Gréiwemaacher. Des lescht hunn en 3 Zëmmer Appartement bezunn, am Gebai vum fréiere Centre Médico-Social zu Gréiwemaacher. D’Ufro un Consultatiounen fir déi psychesch krank Persounen si säitdem konstant gewuess. Innerhalb vun  dëse fréiere Bureauen sinn am Joer 2015 zu Gréiwemaacher an am Bureau zu Iechternach, iwwert honnert (103) nei Patiente gesi ginn, ëm déi 160 Patienten (161) insgesamt suivéiert ginn,  ëm déi 2000 Consultatiounen (1.948) hu stattfonnt, an d’Unzuel vun de Visiten vun den psychesch Kranken doheem sinn an de leschte Joeren konstant erop gaangen, 272 am Joer 2015 an 274 am Joer 2016.

D’psychosozial psychiatresch Offeren hu sech am Süden relativ séier vergréissert an  diversifizéiert, sou ass niewent dem Centre de Consultation – dem “Centre Oppen Dir” , den Centre de Jour mat der “Villa Reebou”, dem Centre de Rencontre mat dem “Kasparhaus”, dem Service Logement, mat e.a. der “Maison Dicks” och nach de “Service Parentalité” kierzlech dobäi koum. Dem Gesondheetsministère wor et awer an de leschte Joeren och wichteg d’Offer am Osten unzepassen, an och wann et net esou einfach wor eng adäquat an adaptéiert Plaz ze fannen, sinn ech haut méi wéi frou ze gesinn dat d’Waarden sech absolut gelount huet a soen den Propriétaire vum Haus e ganz grousse Merci, dat si mat op de Wee gaange sinn, dat den Centre de Consultatioun an de neien Centre de Rencontre mat der “Villa Dillendapp” hier Plaz an dësem Haus fonnt hunn.

Et ass och hei nach eng Kéier wichteg ze soen dat de Bléck ob laang Sicht hautzedags nach méi wéi fréier absolut wichteg ass, an sécherlech och ganz speziell hei fir den Osten vum Land, wat elo d’psychiatresch Betreiung vun de Patienten ugeet, d.h. des esou no wei méiglech un déi alldeeglech Gesellschaft runzebréngen. Dofir ass déi néi Offer an dësem Haus vun der Méiglechkeet vun engem neien “Centre de Rencontre” absolut noutwenneg, wou betraffe Persounen aus hirer Isolatioun gehollef ka ginn, psychosozial Kontakter ze knäppen an u verschidden Aktivitéiten deelhuelen ze kënnen.

Zum Schluss ee grousse Merci un de Verwaltungsrot mat sengem President, dem Dr Marc Gleis an all seng Memberen, dem Chargé de Direction vum Réseau Psy, dem Dr Erik Ceusters,  der Responsabel vum Site Réseau Psy Gréiwemaacher, der Madame Berg, an all de verschidden Équipen, déi all déi lescht Joeren souwuel am Süden wéi am Osten vum Land eng exzellent Aarbecht geleescht hunn a mat de neie Raimlechkeeten eng optimal Versuergung fir déi psychiatresch d’Patienten aus dem Osten offréieren kann.

Och nach dem Buergermeeschter, dem Här Léon Gloden a senger ganzer Équipe e grousse Merci.

Weiderhin bléift mir nach e grousse Merci ze soen all de weideren Acteuren déi an der Begleedung vun dësem Projet mat implizéiert waren an nach weider sinn, well är Aarbecht ass vun onschätzbarem Wäert fir déi betraffe Leit ëm déi et hei geet."

 

 

 

 

 

 

 

Dernière mise à jour