Discours de Lydia Mutsch à l'occasion de la remise des diplômes de la promotion 2014-2015 de la formation spécifique en médecine générale

"D’Wëssenschaft an d’Technik evoluéiert konstant, an do muss jiddereen um Ball bleiwen."

©MSAN
Remise des diplômes de la promotion 2014-2015 de la formation spécifique en médecine generale

"Gudden Owend,

Mir sinn haut hei zesumme fir d’Remise des diplômes vun den Absolvente vun der Formation spécifique en médecine generale, an ech géif als Gesonndheetsministesch gären e puer Wierder un iech all riiten.

Wéi ech d’läscht Joer op dëser Platz stung, hunn ech a menger Ried ee Rëckblëck op d’Vergangenheet gemat – op d’Ufäng  vun der  Formation spécifique en médecine générale an den 1. Zyklus vu  viru gutt 10 Joer.

Dowéinst, wëll ech dëst Joer léiwer an d’Zukunft kucken, an e puer Wierder iwwer Changementer déi op eis duerkommen, respektiv iwwer d’Défien déi eis erwaarden.

Wann ech vu Changementer schwätzen, da mengen ech domadder verschidden Ännerungen an de Gesetzer déi de Beruf vum Medeziner encadréieren.

Wéi dir sécherlech wësst ass d’Ausbildung vum Medeziner op europäeschem Niveau harmoniséiert, dat heescht et gi gewësse Critèren déi d’Formatioun an all Land muss erfëllen; dat gëllt och fir d’Formation spécifique en médecine générale.

Ziel vun der Harmonisatioun ass dass d’Medeziner innerhalb vun der EU einfach vun engem Land an dat anert kënne migréieren a sech nidderloossen.

Dat doten ass an a fir sech näischt neies, mee dat wat ab dem 16. Januar 2016 wäert nei sinn, ass dass ët en europawäiten Alertmecanism gëtt, duerch deen d’Länner innerhalb vun der EU sech géigesäiteg mussen informéieren wa si engem Medeziner säin Droit d’exercer suspendéieren, respektiv ewechhuelen.

Dëst soll verhënnere, dass ee Medeziner deen an engem Land eng komme gelooss huet a bestroft guef, an en aanert EU-Land geet fir do ze praktizéieren. Duerch dee Système d’alerte wäert et nach besser méiglech sinn d’Patiente viru schwaarze Schof aus dem Corps médical ze schützen.

Desweideren, gëtt och een zentrale Register an d’Platz gesat wou de Public sech kann informéieren iwwer all Persounen déi zu Lëtzebuerg eng Profession réglementée ausüben. Zu deene reglementéierte Beruffer ziele natierlech och all d’Gesondheetsberuffer, wéi den Dokter zum Beispill.

Dëst wäert de Patienten erlaben ze kucken ween autoriséiert ass ee bestëmmte  Beruff auszeüben a wee  net.

Dat doten sinn elo just e puer Beispiller vu legislative Changementer déi op eis duerkommen – dowéinst halt an Zukunft d’Aen an d’Ouren op fir dass dir matkritt wa nei Texter a Kraaft trieden.

Ech wëll awer och op dëser Platz kuerz op d’Defien agoen déi sech eis an Zukunft an de Wee stellen.

Ee grousse Punkt ass do sécher d’Formation professionelle continue. Et geet haut a kengem Beruf méi duer sech seng ganz Carrière laang op dem Wëssen auszerouen wat een an der Formation initiale geléiert huet.

D’Wëssenschaft an d’Technik evoluéiert konstant, an do muss jiddereen um Ball bleiwen.

Dee Constat gëlt natierlech ëmsou méi fir d’Medeziner wou d’Formation professionelle continue essentiell ass fir ze garantéieren dass den Dokter seng Patiente beschtméiglech encadréiere kann.

Dee Message läit mir besonnesch um Häerz wann ech haut virun iech jonke Medeziner stinn – an dowéinst wëll ech wierklech un iech appeléieren,  dass dir am Laaf vun ärer hoffentlech laanger Carrière net vergiesst iech ëmmer rëm ze forméieren an domat äre Patienten  optimal Soinsen unzebidden.

Een anere wichtege Punkt fir mech ass, dass zu Lëtzebuerg garantéiert ass, dass all Patient Zougang zu engem Généralist kann hunn. Grad haut, mat deene ville Spezialisten déi et ginn, ass a bleiwt den Allgemeng Medeziner nämlech den éischten Ulaafpunkt wann e Patient medezinesch Hëllef brauch.

Dofir ass et em sou méi wichteg, dass eist Land eng gutt Couverture vu Généraliste fir d’ganz Bevölkerung huet.

An deem Kontext kréien ech a Reuniounen oft gesot “déi jonk Généraliste schaffen net méi souvill wéi mir Aal”, déi “liewe net fir ze schaffen, mee schaffe fir ze liewen”. Da kréien ech och nach ze héiere, dass eng ze grouss “Feminisatioun” vum Beruf vum Généralist dozou féiert, dass et an Zukunft eng manner gutt Couverture u Généralisten fir d’Bevölkerung géif ginn. Dee läschte Satz, kommentéieren ech elo léiwer net a menger Fonktioun als Chance-Gläichheetsministesch.

Déi 2 Virwërf vun der aler Garde kann een am Fong drop resüméieren,  dass déi nei Doktoren och wëllen eng Famill grënnen an Zäit fir Kanner an hire Partner hunn, dat heescht dass si wëllen ee Liewe nierft der Aarbecht hunn.

Bis haut hunn ech nach keng Zuele krut déi déi Aussoe bestätegen, an ech si sécher, dass viru 50  Joer och schonn déi eeler Medeziner gesot hunn, dass déi “nei Generatioun” net souvill schafft wéi si...

Onofhängech dovun ween dann elo Recht huet, mengen ech dass al jonke Medeziner muss d’Recht hunn op ee Liewen nierft der Aarbecht. Dofir ass et wichteg dass de Staat Mesüren hëlt fir daat ze erméiglechen an domat de Beruff attraktiv ze halen.

An deem Kontext wéilt ech op de Regierungsprogramm verweisen, wou d’Méiglechkeet fir Cabinet de Groupe ze maachen ganz kloer ënnerstëtzt gëtt.

Duerch sou Cabineten, kënne sech d’Généralisten hir Aarbechtszäiten sou andeele fir dass eng Permanence fir de Patient ka garantéiert ginn, an trotzdem déi eenzel Medeziner Zäit fannen fir hir Kanner an hir Famill.

Deen Zesummeschloss erlaabt eben deenen eenzele Généralisten eng gewëssen Flexibilitéit vun der Aarbechtstzäit an domatter eng besser Work-life Balance.

Ee weidere Punkt deen an Zukunft op d’Généraliste wäert duerkommen ass d’Digitaliséierung vum Beruff, e-health an Dossier Patient Electronique sinn do zwee Stëchwieder.

Allerdéngs maachen ech mir do bei iech net vill Suergen, dass dir mat der neier Technik gréisser Problemer wäert hunn, vu que dass dir mat Computeren grouss gi sitt, an haut Tablets a Smartphones fir iech zum Alldag gehéieren.

An deem Domäin hutt dir dann och sécherlech verschiddene vun äre méi eelere Confrèren eppes viraus, well net fir all vun hinne si Computer an Tablets eng Selbstverständlechkeet...awer wéi ëmmer gëllt: d’Ausnahm bestätegt d’Regel.

No dësem klengen Ausblëck, wëll ech awer elo fir ofzeschléissen och rëm vun der Geleeënheet profitéieren fir all de Leit Merci ze soen ouni déi d’Formation spécifique en médecine générale hei zu Lëtzebuerg net méiglech wier, sief et de Maîtres de stage bei deenen déi zukënfteg Allgemeng Medeziner hir Stage maache kënnen, mee och der Uni Lëtzebuerg déi déi ganz Formatioun encadréiert.

Ech wëll meng Ried dann och elo ofschléissen an deem ech den zukënftegen Allgemeng Medeziner, déi haut den Owend hiren Diplom kréien, gratuléieren zu hirer Leeschtung, an hinnen alles Gutts fir hir professionell an awer och privat Zukunft wënschen. Ech géif si bieden eng Kéier kuerz opzestoen fir dass se e klengen Applaus kréien.

All deenen Aneren wënschen ech schéi Feierdeeg an e schéint neit Joer 2016."

Dernière mise à jour