Discours de Lydia Mutsch au sujet du Plan National Cancer 2014 - 2018: Bilan des travaux réalisés et perspectives

"Firwaat hu mir ons esou ee nationale Kriibsplang ginn, a firwaat direkt esou een ambitiéisen?"

©MSAN Lydia Mutsch, ministre de la Santé
Lydia Mutsch, ministre de la Santé

"Ech si ganz frou iech haut zu souvill hei begréissen ze kënnen. Dëst weist dass den Intérêt un onsem éischte nationale Kriibsplang nach ëmmer grouss ass, an dass vill Leit bereed sinn matzehëllefen fir dass mer dësen ambitiéise Plang mat sengen 10 Axen an 73 eenzelnen Aktiounen bis 2018 och ëmgesaat kréien.

Firwaat hu mir ons esou ee nationale Kriibsplang ginn, a firwaat direkt esou een ambitiéisen?

Fir d’éischt emol wéinst dem Ausmooss vum Problem Kriibs!

Kriibs as mëttlerweil ee vun deene gréisste Gesondheetsproblemer an den industrialiséierte Länner, an och hei zu Lëtzebuerg.

Et kann een dovun ausgoen, dass all Joers bal 3.000 Mënschen hei am Land mat der Diagnose Kriibs confrontéiert ginn. Onse Staatslaboratoire signaléiert a sengem Tumorregëster 2013 eng Inzidenz vu neie Fäll vu 452 pro 100.000 bei de Männer an 432 bei de Fraen. Dovun eleng 417 nei Broschtkriibsfäll, 286 Fäll vu Prostatekriibs an 265 nei Daarmkriibsen.

Trotz enorme Fortschrëtter an der Behandlung vum Kriibs, sinn och daat läscht Joer erëm 1.164 Mënschen, 673 Männer a 491 Fraen, un dëser Krankheet gestuerwen. Daat sinn der 100 méi wi 2013. Domat mécht de Kriibs 30,6% vun allen Doudesursaachen hei am Land aus a kënnt direkt no den Häerz- an Oderekrankheeten déi mat 31,3% momentan nach esou just un där éischter Plaatz leien.

Bei de Männer ass de Kriibs mëttlerweil di éischt Doudesuersaach ginn (34% vun allen Doudesuersaachen am Joer 2014, géint nach 32% 2012.)

Bei de Fraen ass e nach di zweethéefechst Doudesuersaach, an war d‘läscht Joer Schold u 27% vun allen Doudesfäll.

Un éischter Plaatz an den Doudesstatistiken duerch Kriibs steet bei de Männer a mëttlerweil och bei de Fraen de Longekriibs (262 am Joer 2014). Op zweeter Plaatz kënnt elo de Kriibs vun der Bauchspaicheldrüs, deen an de läschte Joren zougeholl huet; et ass e ganz béise Kriibs, géint dee mer nach net ganz vill Behandlungsméigelechkeeten hun. Als drëtt kënnt dann den Darmkriibs, géint dee mer an de nächste Méint e nationale Fréierkennungsprogramm lancéieren, durch dee mer hoffen duerch eng méiglechst fréi Behandlung d’Doudesfäll duerch dëse Kriibs signifikativ erofzesetzen.

Firwat awer gläich esou een ambitiéise Plang?

Abee, mir si bei allen Akteure vum Terrain déi mer konsultéiert hunn fir ons ze hëllefen onse nationale Plang opstellen, - et waaren der eng 150 -, op esouvill Propositiounen an Enthousiasmus gestouss, dass mer hoffen kënnen dëse Plang, oder op d’mannst ganz grouss Deeler dervun, mat Hëllef vun hinnen all bis Enn 2018 durchgezunn ze kréien.

D’Emsetze vum Plang gët, ënnert menger Leedung, vun enger Plattform koordinnéiert, déi vum Direkter vun der Santé präsidéiert gëtt, an an där Vertrieder vun alle wichtegen Akteuren op dësem Gebidd, inklusiv Patientevertrieder, zesummeschaffen.

Dës Plattform huet am September 2014 hir Aarbecht opgeholl; mat Hëllef vu bis elo 10 verschiddenen Aarbechtsgruppen, huet sie schonn eng ganz Rei Konzepter ausgeschafft, déi dir de Mëtte präsentéiert kritt an déi elo an der Emsetzung sinn.

Et kann een dervun ausgoen, dass vun deenen 73 Aktiounen der haut, no eppes méi wi engem Joer, 15 ofgeschloss a weider 26 an der Ausaarbechtung an deelweis scho wäit fortgeschratt sinn. 32 bleiwen der da nach bis Enn 2018 fäerdeg ze stellen.

Och um Conseil EPSCO deen ech dëse 7. Dezember zu Bréissel präsidéiert hunn konnt ech 2 Dossiers, déi och um Gebidd vum Kriibs hir Wichtegkeet hunn, virubréngen.

Esou huet de Conseil Conclusiounen adoptéiert an deenen d’Kommissioun opgefuerdert gëtt, bis Enn 2016 eng nei Strategie géint den Alkoholmëssbrauch, ee nach net genuch bekannte Risikofakteur fir Kriibs, virzeleen.

Mir hunn hei zu Lëtzebuerg allerdëngs net dorop gewaard, an am Kader vum Kriibsplang huet en Aarbechtsgrupp e ganz komplette Plan Alkohol opgestallt, deen Dir an de groussen Zich haut präsentéiert kritt, an deen an deene nächste Wochen am Détail färdeggestallt an dann ëmgesaat wäert gin.

Een zweete ganz wichtege Punkt vun onsem Conseil waren d‘Conclusiounen iwer d’Médecine personnalisée, déi mir am Kader vun enger grousser europäescher Konferenz hei zu Lëtzebuerg ënner onser Présidence ausgeschafft hunn an déi, ech sinn es iwerzeecht, d’Jalonen fir eng europäesch Strategie an dëser komplexer a wichteger Matière gesaat huet, am Intérêt vun onse Patienten.

Et bleift mer, iech alleguerten, de Memberen vun der nationaler Plattform an all den Experten aus den Arbechtsgruppen, esou wéi der Koordinatioun vum Plan Cancer, der Madame Lair, e grousse Merci fir di gudd Aarbecht ze soen.

Ech hoffen, dass Dir mat deemselwechten Engagement an der selwechter Begeeschterung weiderschafft, sou dass mir Enn d‘nächst Joer, eng positiv extern Evaluatioun vun onsem Plang hei kënne virstellen!

Ech wënschen iech an äre Familljen nach schéi Feierdeeg an e ganzt glëcklecht a gesond neit Joer!"

Dernière mise à jour