Discours de Lydia Mutsch à l'occasion de l'inauguration du Mondorf Parc Hôtel du Domaine Thermal Mondorf-les-Bains

"Et ass eng nei Dynamik opkomm"

"Léif Dammen an Hären,

Et ass nach net esou laang hir, dass ech d’Bändchen duerchgeschnidden hunn, fir de neie Saunasberäich anzeweien. Dat war de 5. Mee.

Haut, knapps 5 Méint méi spéit, hunn ech d’Éier, fir den Hotel no de Renovatiounsaarbechten anzeweien.

Eng Feststellung drängt sech op: et gi nei Entwécklungen hei am Domaine. Et ass eng nei Dynamik opkomm.

Mir gesinn haut, dass Mondorf keng Méih scheit, fir all d’Elementer vum Domaine den Uspréch vun enger exigenter Clientèle unzepassen an esou d‘Konditioune schaaft, déi et erlaben, sech op laang Dauer hei am Land an och an der Groussregioun ze profiléieren.

Als Tutellsministesch begréissen ech dës Efforten natierlech ganz besonnesch, ëmsou méi dass de Chiffre d’affaires vum Hotel net substantiell duerch d’Aarbechten affektéiert gouf – an dat Dank enger exemplarescher Gestioun vum Chantier.

Et ass wichteg, dass d’Clienten vum Domaine, a besonnesch d’Kuristen, e beschtméiglechen Encadrement am Kader vun hirem Openthalt am Domaine gebuede kréien.

An ech wëll dofir haut der Direktioun an dem Verwaltungsrot vum Domaine mäin Dank ausspriechen fir hiren Asatz a fir d‘Décisiounen déi si an de leschte Méint a Joeren am Intérêt vu Mondorf geholl hunn an och fir déi, déi si an deene nächste Joeren huele wäerten.

Ech wëll och der Administration des Bâtiments Publics, déi d‘Renovatioun vum Hotel mat erméiglecht huet, e grousse Merci ausdrécken.

Dës Zesummenaarbecht wäert och an de Joeren, déi bevirstinn, zum Droe kommen, wann et drëm geet, de Rescht vun de Gebailechkeeten vum Domaine thermal ze moderniséieren.

Déi lescht Zuelen hu gewisen, dass Mondorf lues a sécher amgaangen ass, sech ze erkrabbelen an dass d‘Investissiounen an d‘Renovatioun vum Hotel an  d‘Modernisatioun vum Rescht vum Domaine sech bezuelt maachen.

Ech wënschen dem Domaine alles Guddes dir d’Zukunft an Iech, léif Dammen an Hären, en agréabelen Owend an dësem schéinen an erhuelsame Kader!"

 

 

 

 

 

Dernière mise à jour