Discours de Lydia Mutsch lors de la visite inaugurale du plateau technique du Centre François Baclesse

©Centre Baclesse / Lukas Huneke (De g. à dr.) Professeur Philippe Nickers, oncologue radiothérapeute; Docteur Michel Nathan, président du conseil d'admin. du Centre François Baclesse; Lydia Mutsch; Docteur Michel Untereiner, Directeur général et médical du Centre François Baclesse
(De g. à dr.) Professeur Philippe Nickers, oncologue radiothérapeute; Docteur Michel Nathan, président du conseil d'admin. du Centre François Baclesse; Lydia Mutsch; Docteur Michel Untereiner, Directeur général et médical du Centre François Baclesse

Dir Dammen an Hären,

Et ass mir ee Plëséier fir den technesche Plateau vun dene neien Équipementer am nationale Strahlentherapiezentrum, dem Centre François Baclesse, anzeweien.

An dat aus e puer Ursaachen.

Et ass flott mech an deser Institutioun, déi physesch am CHEM integréiert ass, erëmzefannen. An dësem CHEM wou ech Presidentin vum CA während ….. Jore war. D’architektonesch Integratioun ass gutt gelongen, wann ech un all déi technesch a strukturell Schwieregkeeten denken. Eis gemeinsam Beméiungen, vum CHEM a vum Baclesse, goufe ganz gutt belount.

De nationale Strahlentherapiezentrum huet seng Dieren 2000 opgemaach an de Räim, déi schonns an de 70 Jore fir Strahlentherapiezwecker opgebaut goufen. E puer Joere spéider gouf da festgestallt dat de Baclesse schonns ze kleng woer a net méi konnt all denen therapeuteschen Demanden nokommen. 2002 goufe schonns déi éischt Pläng fir d’Vergréisserung gezeechent. Des Vergréisserung huet eng Verdueblung vun de Kapazitéite fir extern Strahlentherapie virgesinn. Lëtzebuerg huet ee Retard gehat an dësem Feld. Eent muss een och wëssen dat Strahlentherapie, mat engem curativen Ziel , zu Lëtzebuerg virun dem Joer 2000 gefeelt huet.

Déi Responsabel vum Baclesse, an do muss een och d'Membere vum CA ernimmen, alles Persounen déi Responsabilitéiten an de lëtzebuergesche Spideeler droen, huet näischt ënnerlooss vir déi politesch Responsabel op den Defizit vun der Strahlentherapie zu Lëtzebuerg opmierksam ze machen. Strahlentherapie gët jo benotzt fir Patienten ze behandelen, déi eng Tumeur a sech droen, eng Krankheet déi ënnert anerem, bedingt duerch eis Demographie, ëmmer nach zouhëlt. Dëst gouf och vermëttelt mat Hëllef vun engem jäerlechen Aktiviteitsbericht, deen op déi vill a gutt Aarbecht hiweist, mee och op Erausfuerderunge vun der Zukunft. Sou ass et dozou komm dat de Baclesse schonns 2009 proposéiert huet ee CYBERKNIFE unzeschafen. Dës Installatioun, déi mier haut aweien, ka Behandelunge machen déi net méiglech sinn mat deene konventionellen, klassesche Beschleuniger. Déi éischt Behandelungen op dem CYBERKNIFE si palliativ, mee präzis ausgerichte Behandelungen si schonns programméiert a wäerten an nächster Zukunft ugefange ginn. Mat der Installatioun, an zesumme mat deenen 3 klassesche Beschleuniger, déi mier haut hei aweien, wäert de Baclesse an engem Emkrees vun 300 km eng Spëtzepositioun an der Strahlentherapie anhuelen.

Ech profitéiere vun dëser Geleeënheet fir iech matzedeelen dat ech an e puer Méint de nationale Kriibsplang virstelle wäerd. Dëse Plang wäert Virschléi machen, fir dës Krankheet unzegoen, um präventive Plang sou wéi och um kurative Plang. Strahlentherapie ass eng vun deene kurativen Approchen. Ech stellen an dësem Kontext fest, datt mir am Land allgemeng ganz gutt équipéiert sinn, fir dees Krankheet unzegoen, mee dass mir all nach eng Rei organisatoresch Efforte mache mussen.

Ech wëllt och der ganzer Équipe vum Baclesse Merci soe fir hiert professionellt Engagement fir Patienten, déi Kriibs hunn, sou gutt wei méiglech ze behandelen. Fir des héich Technologie gutt ze beherrsche, muss ee motivéiert Personal hunn an eng Equipe, déi gutt organiséiert ass. Wou dach dës Strahlen, déi hei benotzt ginn dem Mënsch ze hëllefen, och bekannt sinn fir souvill Ongléck op der Welt ze machen. Dës Équipe, déi gutt um technesche Plang opgestallt ass, mee och duerch hier alldeeglech Ustrengungen se beméit ass fir de Patient, dee jo ongeféier 30 mol zréckkënnt, an den Zentrum vun hiren Aktivitéiten ze setzen.

Dann ënnerléisst d’Équipe och näischt fir ze beweisen, dat dësen héichen Investissement optimal vun hinne benotzt gët. Virun e puer Joer huet de Baclesse sech engem externen Audit gestallt, engem externe Bléck vun Experten an der Strahlentherapie, déi an hier Institutioun eragekuckt hunn. Resultat: De Baclesse ass e Centre d’Excellence.

Een anere positiven Element, deen ech speziell wëllt avirhiewen, ass dat d'Medeziner vum Baclesse regelméisseg un den RCP’en – Réunions de concertation pluridisciplinaire - an den 5 Spideeler dobaussen Deel huelen. Ech soen hinnen, am Numm vun de Patienten, ausdrécklech Merci, fir dësen Effort fir sech der interdisziplinäerer Diskussioun am Intérêt vun de Patienten dobaussen ze stellen.

Fir ofzeschléissen, géif ech de Responsabelen, dem Personal vum Baclesse, sou wéi och dem CA félicitéiere fir hir Ustrengunge fir hire Beitrag ze machen fir d’Kriibskrankheet an eisem Land ze behandelen.

Dernière mise à jour