Discours de Lydia Mutsch à l’inauguration du service d’accueil bas-seuil "Contact Nord" de la Fondation Jugend- an Drogenhëllef à Ettelbruck

"Wat mer Haut hei aweien ass deemno e weideren an noutwennegen Schrëtt am Ausbau vun der nationaler Offer. Et ass d‘ Concretisatioun vum Drogen Aktiounsplang 2010-2014 deen eng Restrukturatioun an Extensioun vun den akzeptanzorienteierten an nidderschwëllechen Offeren am Norde vum Land virgesinn huet."

Här Buergermeeschter, Här President, dir Dammen an dir Hären,
Fir d’éischt emol Merci fir d‘Invitatioun op d’Aweiung vun dëser neier Offer vun der Fondatioun Jugend- an Drogenhëllef.

Wei d’JDH eng Berodungsstell am Joer 2002 zu Ettelbréck opgemaach huet war scho gewosst, dass et net vu Muttwëll war fir am Norden eis Offeren auszebauen. D ‘Gemeng Ettelbréck ass mat eis op deeselwechte Wee gaang an huet deemools och dat éischt Lokal zu Verfügung gestallt. De Service huet sech entwéckelt an ass lues awer sécher zum feste Bestanddeel vun der spezialiséierter Prise en Charge an der Regioun Norde ginn.

Séit 2003 huet sech Zuel vun de Clienten, déi vun der JDH Ettelbréck betreit ginn, verduebelt an 2012 waren 50% vun de Clienten nei Demandeuren, wat dorop hin deit, dass Demande an dësem Beräich am Norden net ofhëlt!

Wat mer Haut hei aweien ass deemno e weideren an noutwennegen Schrëtt am Ausbau vun der nationaler Offer. Et ass d‘ Concretisatioun vum Drogen Aktiounsplang 2010-2014 deen eng Restrukturatioun an Extensioun vun den akzeptanzorienteierten an nidderschwëllechen Offeren am Norde vum Land virgesinn huet.

D‘Stéchwuert wat hannert deenen Efforte stécht, ass Dezentralisatioun vun den Offere fir drogenofhängeg Mënschen. Déi Dezentralisatioun ass néideg well se zu enger Verbesserung vun der Accessibilitéit vun Hëllefleeschtungen bäidréit a verhënnere kann, dass scho bestoend Servicer kuerz oder laangfristeg iwwerlaascht ginn.

‘CONTACT Nord’ ass dann och e passenden Numm fir dëse Service well et hei an éischter Linn drëm geet fir Kontakt zu Mënsche mat Drogeproblemer opzehuelen, dee Kontakt ze halen an deene Betraffenen nei Perspektiven ze ginn, sief dat um soziale Plang oder am Beräich vun der Gesondheetsförderung. Et kann een effektiv nëmmen engem Mënsch hëllefe wann een och weess, dass dee Mënsch Hëllef brauch an dofir sinn esou Ulafstelle wei déi heite wichteg

Et muss een awer och wëssen, dass et net einfach ass fir Servicer wei dësen op d‘Been ze stellen well déi néideg Ressourcen hu misste fonnt ginn an awer och déi passend Lokaler. A wann ee Lokaler seet, seet een och Standuert. Mir wëssen, dass d‘Integratioun vun nidderschwëllegen Servicer an d‘sozialt Ëmfeld vun engem Quartier e wichtege Bestanddeel vun senger Akzeptanz a schlussendlech vun senger Langliewegkeet ass.

Et ass ënnert anerem och dofir décidéiert ginn, dass déi scho bestoend Berodungsstëll op der Place de la Libération weider fonctionnéiere wäert am Sënn vun enger lokaler Dezentralisatioun déi eng besser Gestioun vun den Demanden erméiglecht an et erlaabt méi diversifizéiert op d‘Besoine vun de Clienten anzegoen.

Et handelt sech bei dësem Service em eng komplementar Offer déi sech an enger globaler Strategie aschreift déi vum präventiven Usatz iwwert therapeutesch Betreiung bis hin zu sozialer Réinsertioun reecht. Dëse leschte Volet, a speziell d’Offere vun encadréiertem Wunnen ass an deenen zwee leschte Joren och hei an der Regioun, wei geplangt, weider développéiert ginn.

Här Buergermeeschter, Här President, dir Dammen an dir Hären ech hoffen, dass mer haut e weidere Steng an der Versuergungsketten fir Mënsche mat Drogeproblemer setzen.

Dernière mise à jour